Interessekonflikt ass fir de Staatsrot ee Kavaléiersdelikt.

Nodeems de Lucien Lux sengem eenzege Client, dem Entreprenuer Flavio Becca, den Avis zu engem Gesetzestext zougespillt hat eet dësen Text am Conseil d’Etat zum Vote koum, huet déi héich Kierperschaft haut bekannt ginn dass den eemolegen LSAP-Minister Lux eng « réprimande » kritt.

An anere Länner, wou d’Demokratie ee méi héiche Stellewäert huet, hätt de Lucien Lux wuel missen säin Hutt huelen, zu Lëtzebuerg kritt hien de béise Fanger gewisen. Esou ass dat am Land vun de kuerze Weeër, wou d’Big Four an Affekoten déi wichteg Finanzlegislatioune schreiwen, wou eemoleg Ministere kuerz no hirer Demissioun sech an der Privatwirtrschaft eng gëlle Nues verdéngen, wou eng Ministerin kuerz mol hir Ministerkap ausdoe ka fir e bësse Lobbyaarbecht an eegener Saach ze maachen, wou kuerz virun de Walen de ganze Politgratin sech vun engem Grousspromoteur ob ee Festmol invitéiere léisst.

Et däerf also kee wonneren dass d’Leit zu Lëtzebuerg d’Vertrauen an d’Politik verléieren. Déi Lénk widderhuelen nach ee Mol wat si schon am August dëst Joer gesot hunn, wou dës Affär duerch reporter.lu un d’Luucht koum: „(…) de Staatsrot (ass) eng ontransparent an ondemokratesch Institutioun am Staat(…). D’Interessekonflikter vu ville vu senge Memberen an d’Vetternwirtschaft déi dorausser entsteet sinn net méi tragbar a schueden der demokratescher a pluralistescher politescher Kultur an eisem Land. déi Lénk wëllen de Staatsrot a senger aktueller Form ofschafen an en duerch e gesellschaftlech representatiivt Berodungsgremium fir d’Chamber ersetzen.“[1] déi Lénk bleiwen och der Meenung dass et sech hei ëm ee Fall handelt, deen u Korruptioun grenzt an deen hätt misse viru Geriicht ausgespillt ginn.

An deem Kontext sief och nach ee Mol un d’Recherche vum Wort erënnert, déi gewisen hunn dass den Alain Kinsch, „Managing Partner“ bei EY, den Avis zur Steierreform geschriwwen hat. Fir de Staatsrot hat dat och näischt mat Interessekonflikt ze dinn.

Dës Decisioun, dem Lucien Lux just eng Rüg ze ginn, bestäerkt eis Positioun. De Staatsrot gëtt hei ee ganz schlecht Signal of. Wann ee beim engem Interessekonflikt mat eng bloen A dovu kënnt, wann esou Machenschaften keng weider Froen iwwer d’Fonctionement vun der Institutioun opwerfen, dann ass dat eng demokratesch Failliteerklärung.


[1] https://dei-lenk.lu/2023/08/24/dese-staatsrot-geheiert-ofgeschaaft/


Le conflit d’intérêt est une peccadille pour le Conseil d’État.

Après que Lucien Lux a fait parvenir un avis sur un projet de loi à son unique client, l’entrepreneur Flavio Becca, avant que ce texte n’ait été voté au Conseil d’État, nous apprenons aujourd’hui que la haute corporation a prononcé une réprimande à l’égard de l’ancien ministre LSAP.

Dans d’autres pays, où la démocratie a une plus grande valeur, Lucien Lux aurait probablement dû démissionner, au Luxembourg, on lui donne une légère tape sur la main. C’est ainsi dans notre landerneau où les Big Four et les avocats rédigent les lois qui régissent la Place financière, où d’anciens ministres, peu après leur démission, amassent des fortunes dans l’économie privée, où une ministre peut brièvement retirer sa casquette ministérielle pour faire du lobbying dans le but de promouvoir ses intérêts privés, où, peu avant les élections, l’ensemble du gratin politique est invité à un grand festin par un grand promoteur.

Personne ne devrait donc s’étonner que les Luxembourgeois perdent confiance dans la politique. déi Lénk répète une fois de plus ce qu’il disait déjà en août de cette année, lorsque cette affaire a été révélée par reporter.lu : « (…) le Conseil d’État (est) une institution opaque et antidémocratique au sein de l’État(…). Les conflits d’intérêts de nombre de ses membres et le népotisme qui en découle ne sont plus supportables et nuisent à la culture politique démocratique et pluraliste de notre pays. déi Lénk veut supprimer le Conseil d’État sous sa forme actuelle et le remplacer par un organe consultatif socialement conseillant la Chambre. »[1] déi Lénk reste de l’avis que ce scandale qui frôle la corruption, aurait dû être porté devant un tribunal compétent. Dans ce contexte, rappelons encore une fois les recherches du Wort, qui ont montré qu’Alain Kinsch avait rédigé l’avis sur la réforme fiscale alors qu’il est « managing partner » chez EY. A l’époque le Conseil d’État avait refuser d’y voir un conflit d’intérêt.

Cette décision, de prononcer une simple réprimande, renforce notre position. Le Conseil d’État envoie ici un très mauvais signal. Si l’on ferme les yeux sur un conflit d’intérêts, si de tels actes ne soulèvent pas d’autres questions sur le fonctionnement de l’institution, il s’agit alors d’une déclaration de faillite démocratique.


[1] https://dei-lenk.lu/2023/08/24/dese-staatsrot-geheiert-ofgeschaaft/

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe