Ëm wat goung et an dëser Debatt?
D’Verschwendung vu Liewensmëttel léisst sech am einfachsten un Hand vun e puer Zuele veranschaulechen. Zu Lëtzebuerg ginn all Joer 175kg Liewensmëttel pro Persoun ewechgeheit. Domadder beweegt sech Lëtzebuerg am europäesche Mëttelfeld. Hannert dëser Zuel verstoppt sech d’Verschwendung an der gesamter Ekonomie, also an der Liewensmëttelindustrie, am Handel, an der Restauratioun, an der Landwirtschaft an och vun de Stéit.
An dëser Debatt sollte méiglech Pisten fir d’Bekämpfung vun dëser Liewensmëttelverschwendung diskutéiert ginn.
Wat ass wichteg bei dësem Thema?
Éischtens muss ee soen, dass d’Zuelematerial iwwer d’Verschwendung onvollstänneg an eesäiteg ass. D’Verschwendung vun der Liewensmëttelindustrie oder der Landwirtschaft ass guer net berécksiichtegt ginn an d’Stéit gi fir d’Hallschent vun der Verschwendung verantwortlech gezeechent, ouni dass dëse Constat hannerfrot géif ginn.
Zweetens muss ee bei der Verschwendung och beuechten, dass net nëmmen d’Iesswuer selwer verschwent gëtt, mee och all d’Ressourcen, déi an d’Produktioun gefloss sinn: Buedem, Energie, Waasser, mee och déi mënschlech Aarbecht. Den ekologeschen Impakt vun der Verschwendung ass also gewalteg.
Drëttens spillt sech d’Verschwendung vu Liewensmëttel an engem sozio-ekonomesche Kader of. Deen zeechent sech aus duerch déi grouss Muecht vu Liewensmëttelkonzerner an Handelschâinen, déi an engem permanente Standuertwettbewerb stinn, Produktiounen delokaliséiere fir laanscht Ëmweltregelen an d’Ausbezuelung vun anstännege Léin ze kommen a sou d’Liewensmëttelketten ëmmer méi komplex an onkontrolléierbar maachen. Iwwer Handelsaccord’en imposéiere sie de Baueren Normen, wouduerch vill Iesswueren net méi zum Verkaf zougelooss sinn an direkt eliminéiert ginn. D’Verpakungs- an d’Marketingindustrie imposéiert de Konsumenten e System, an dem se net méi fräi hire Choix treffe kënnen.
Den duerchschnëttleche Konsument dee gestresst tëscht Aarbecht, Heemwee an oft nach d’Kanner an d’Crèche oder an d’maison relais siche goen, nach séier eppes akafe goe muss, ouni wierklech Zäit gehat ze hunn, fir moies ze kucke wat nach am Frigo ass, respektiv wat gekacht soll ginn, huet oft guer keng Méiglechkeet de richtege Choix beim Akaf ze treffen. Engersäits wëll e vläicht iwwerfuerdert ass mam Choix a mam Stress, anerersäits wëll säi Budget vläicht just duergeet fir beim Discounter anzekafen, wou bei Verpackungen an Offere vu Produkter an ze grousse Quantitéiten iwwerhaapt net opgepasst gëtt.
Véiertens muss een drun erënneren, dass Iesswueren, déi benotzt gi fir Energie ze maachen, z.B. Biogas oder Agrosprit, an eisen Aen och verschwent sinn. Riseg Agrarfläche ginn dofir genotzt, mat alle Problemer am Beräich Buedem- a Waasserqualitéit, Verloscht vu Biodiversitéit, Klimawandel a Steigerung bei de Präisser vu wichtege Liewensmëttel, déi domadder zesummenhänken.
Wat soen déi Lénk ?
Am Géigesaz zu dem wat d’Regierung an déi aner Parteie proposéieren, si mir der Meenung, dass een de Problem net mat Info- a Sensibiliséierungscampagne geléist krit. Guer net richteg ass ausserdeem d’Approche, fir d’Stéit als Haaptverantwortleche vun der Verschwendung ofzestempelen. Eis Virschléi ginn an eng aner Richtung:
Éischtens brauche mir vollstänneg Informatiounen iwwer d’Verschwendung, iwwer d’Ausmooss an déi Haaptverantwortlech. Déi leien awer net vir, wëll an den Etüde vun der Regierung d’Liewensmëttelindustrie an d’Landwirtschaft net als Verschwender matacalculéiert sinn. E Stot ass net verantwortlech fir d’Produktioun, d’Verpackung an den Transport vun enger Iesswuer.
Zweetens, an dat hänkt mat der Informatioun zesummen, misst et eng besser Transparenz an der Liewensmëttelkette ginn. Bei all Liewensmëttel misst kloer an däitlech iwwerpréift kënne ginn, wéi eng Ressourcen a wéinegem Moss an d’Produktioun agefloss sinn. Dofir misst d’Liewensmëttelindustrie an -Handel hire Wuerebilanzen opleeën. Dorun uknäppend misst et och méiglech sinn, dass Konsumenteschutzorganisatiounen e Recht op Informatioun bei dësen Entreprisen hunn.
Drëttens muss d’Verpakungsindustrie méi staark reguléiert ginn an déi grouss Handelsketten a Supermarché’en mussen dozou verflicht ginn, all d’Iesswueren, bei deenen et méiglech ass, eenzel auszeleeën, fir dass e Konsument beim Akaf och wierklech de Choix huet fir just dat ze kafen, wat e wierklech brauch. Dat ass och zu Lëtzebuerg a grousse Supermarché’en haut guer net assuréiert.
Véiertens musse Supermarché’en dozou verflicht ginn, Wueren, déi eng gewëssen Zäit virum Oflaftermin stinn, méi bëlleg unzebidden, a Wueren, déi ofgelaf awer nach verwäertbar sinn, gratis erauszeginn.
Fënneftens musse lokal Produktiouns- a Konsumkreesleef gestäerkt ginn. Op lokalem oder regionalem Niveau sinn d’Weeër tëscht Produzent a Konsument méi kleng. Mee virun allem kennt e lokale Produzent seng Client’en a weess wat se wéi a wéini wëllen hunn. Genee sou kann eng Epicerie am Duerf aschätzen, wéi vill Wueren se akeeft, wëll se genee weess, wien wéi oft eppes kafe kënnt. Op lokalem Niveau entsteet och e Vertrauensverhältnes vun de Konsumente par rapport zum Produzent oder Verkeefer, wat och zu engem aneren Ëmgang mat de Produkter féiert.