Em wat geet et am Gesetzprojet?
Mat dësem Gesetz ratifizéiert Lëtzebuerg en Accord mat der Belsch an Holland iwwer de Schutz vum lëtzebuergesche Loftraum géint net-militäresch Menacen aus der Loft, z.B. terroristesch Ugrëffer. Am Fall vu souenger Menace sollen zukünfteg de Loftraum an d’Loftraumsécherheet vun den 3 Länner matenee verschmëlzen. D’Prozedure fir d’Ofwier vu souenger Menace ginn och festgeluecht.
Wat ass wichteg?
Am Fall wou eng Menace identifizéiert gëtt sollen déi belsch an hollännesch Loftwaffe fir d’Ofsécherung suergen. Et ass eng Prozedur a 4 Stufe virgesinn, déi vun der Kontaktopnahm iwwer d’Ofdrängen oder Erzwénge vun der Landung vum Objet (z.B. engem Passagéierfliger), iwwer Warnschëss bis hin zum Ofschoss ka goen. Iwwer lëtzebuergeschem Territoire dierf awer keen Ofschoss stattfannen.
Fir déi Lénk ginn et awer eng Rei grondsätzlech Problemer bei dësem Accord:
1) D’Entscheedungs- a Kontrollprozedure sinn eis net bekannt, wëll déi an engem techneschen Accord festgehale ginn, den net ëffentlech ass. Dowéinst bleiwen eng Rei Froen onbeäntwert: Wéi kann een zweifelsfrai feststellen, ob e Fliger tatsächlech eng Menace duerstellt? Wéien Ausmooss kann déi Menace hunn? Wéi soll déi Instanz, déi a souengem Fall eng Entscheedung muss huelen (-> de Verdeedegungsminister) a sou kuerzer Zäit, déi richteg Entscheedung treffen? Wéi kënnen d’Ëffentlechkeet an d’Chamber iwwerpréiwen, ob eng Interventioun berechtegt war?
2) An der proposéierter Revisioun vun der lëtzebuergescher Verfassung steet am Artikel 11 La dignité humaine est inviolable. Dat däitscht Verfassungsgeriicht huet op Basis vum Artikelen an der däitscher Verfassung, déi d’Recht op Liewen an de Schutz vun der mënschlecher Dignitéit virgesinn, den Ofschoss vun net-militäresche Flugobjet’en als net verfassungskonform erkläert.
3) Lëtzebuerg stëmmt mat dësem Accord dem Prinzip vum Ofschoss zou, och wann en iwwer lëtzebuergeschem Territoire net erlaabt ass. Et stellt sech och d’Fro wéi den Ofschossverbuet iwwer Lëtzebuerg am Eeschtfall wäert gehandhaabt ginn.
Wéi hunn déi Lénk gestëmmt?
Enthalung! D’Regierung huet bei dësem Accord ähnlech Bedenke gehat wéi déi Lénk, wat den Ofschoss an den Doud vu potentiell onschëllege Mënschen a soumat de Schutz vum Recht op d’Dignitéit ugeet. Dofir ass den Ofschoss iwwer Lëtzebuerg och ausgeschloss. Fir eis ass de Prinzip vu souengem Accord awer ëmmer nach bedenklech, besonnesch, wëll d’Detailer net bekannt sinn.
D’Gesetz gouf ugeholl mat 55 Jo-Stëmme géint 3 Nee-Stëmmen (den ADR huet dogéint gestëmmt, wëll hinnen d’Gesetz net wäit genuch geet – sie hätten der Méiglechkeet vun Ofschëss iwwer Lëtzebuerg zougestëmmt), bei zwou Enthalunge vun déi Lénk. All d’Dokumenter iwwer dëst Gesetz sinn HEI ze fannen.