Em wat geet et am Gesetzprojet?
Mat dësem Gesetz gëtt en neie Statut vun der société à responsabilité limitée (Sàrl) agefouert, déi sougenannten Sàrl-simplifiée. Fir des Entreprise gëllen déi selwecht Bestëmmunge wéi bei der gängeger Sàrl, mat e puer Ausnahmen. D’Regierungsparteie wéi och d’CSV haten dëse Projet am Koalitiounsaccord respektiv an de Wahlprogrammer als Mesure ugekënnegt, fir méi Firmegrënnunge vu jonke Leit ze favoriséieren a sou fir d’Schafung vun Aarbechtsplazen a méi Innovatioun ze suergen.
Wat ass wichteg?
Par rapport zur Sàrl gëlle bei der Sàrl-simplifiée e puer aner Bestëmmungen, besonnesch bei der Grënnung. Déi muss net per acte notarié, mee kann och sous seing privé erfollegen. D’Startkapital muss och net 12.000€ wéi bei der d’Sàrl bedroen, mee kann theoretesch just aus engem Euro bestoen. Eng Sàrl-simplifiée ka just vu personnes physiques gegrënnt ginn a se ass och just fir Aktivitéite méiglech, déi eng autorisation d’établissement erfuerderen, zougelooss.
déi Lénk hu grondleeënd Bedenke bei dësem neie Statut:
1) Transparenz a Kontroll: Doduerch dass den Notaire net méi intervenéiert, ginn d’ëffentlech Autoritéite Kontrollméiglechkeeten op. Dat selwecht trëfft bei der Kontroll vun der origine vun de fonds zou, déi bei Montant’en ënner 10.000€ net opgeluecht muss ginn.
2) Verantwortung vum Entrepreneur:Eng Entreprise muss seng Fournisseur’en a Creancier’en bezuelen, e muss Steieren un de Staat oder d’Gemeng bezuelen a virun allem stellt se Salarié’en, déi bezuelt musse ginn. Dëser Verantwortung kann eng Entreprise eiser Meenung no just nokommen, wann e substantiellt Kapital do ass. Hei gëtt de Risiko vum Entrepreneur op d’Allgemengheet an d’Salarié’en verluecht.
3) Faux–indépendants: Associé’en vun enger Sàrl-simplifiée ënnerleien net dem Code du travail. Si kréien also kee Mindestloun, sinn net vu Reglementer iwwer Iwwerstonnen oder soss Aarbechtsbedingunge betraff. Et besteet also duerchaus d’Gefor vun der deloyaler Konkurrenz, sou dass Betriber kënne verféiert ginn, firmenintern Servicer a Plazen ofzebauen, fir se extern un eng sàrl-simplifiée ze verginn. D’Konsequenz ass eng Prekariséierung vun der Aarbecht an de Verloscht vun anstännegen Aarbechtsplazen.
Allgemeng ass zur Begrënnung vun der Regierung fir d’Aféierung vun dësem Statut ze soen, dass Aarbechtsplazen an Innovatioun ustriewenswäert, mee sécherlech besser z’erreeche wieren, wann z.B. déi jonk Leit autonom a finanziell ofgeséchert en Universitéitsstudium oder eng Beruffsausbildung kéinte maachen. D’Regierung kierzt awer d’Studiebourssen a léisst sech bei der Reform vun der desastréiser Beruffsausbildung gutt Zäit.
Wéi hunn déi Lénk gestëmmt?
Dogéint! Mir gesinn d’Noutwendegkeet vun dësem Gesetz net a sinn der Meenung, dass sech hannert dësem neie Statut ganz vill Gefore verstoppen.
D’Gesetz gouf ugeholl mat 55 Jo-Stëmme géint 5 Nee-Stëmmen, dovun zwou vun déi Lénk. All d’Dokumenter iwwer dëst Gesetz sinn HEI ze fannen. D’Motioun fir an 3 Joer en Tëschebilan iwwer d’Sàrl-simplifiée ze maachen hu mir awer matgestëmmt.