Här President,
Viru knapps zwou Woche sinn 2 Etüde presentéiert ginn, an deene Lëtzebuerg europäesche Champion ass : déi eng ass déi vun Eurostat iwwer déi mer haut schwätzen, wou Lëtzebuerg sech hannert Rumänien op der 2. Platz befënnt, wat den Undeel vu jonke Working Poor ugeet, an déi zweet ass déi vun der grénger Fraktioun am EP, aus där ervirgeet, datt a kengem anere Land de reelle Besteierungstaux esou niddreg ass wéi zu Lëtzebuerg.
Op där enger Säit ginn déi déck Profitter an déi héich Beneficer esou niddreg besteiert wéi soss néierens, an op där anerer Säit klemmt den Aarmutsrisiko ëmmer weider – dës Kéier besonnesch siichtbar bei Jonker, déi schaffen.
Här President,
Des Etüden an déi Zuelen, déi aus hir ervirginn, sinn nët nei. Se accentuéieren awer eng Tendenz, déi mir schonns zanter Jore gesinn. Se sinn eng Fotografie vun der sozialer an ekonomescher Situatioun hei am Land : déi räich ginn ëmmer méi räich, a gläichzäiteg geet d’Zuel vun deenen, déi seriö Problemer hunn, déi zwéin Enner um Enn vum Mount zesummenzekréien, ëmmer méi grouss. Et sinn zwou Säite vun derselwechter Medail. Ween vun Aarmut schwätzt muss och vu Räichtum schwätzen.
Elo ass vu menge Virriedner vill probéiert ginn, dës Zuelen ze relativéieren, speziell an dëser Debatt natierlech déi iwwer d’Jugendaarmut. Mee wéi der et och dréint a kéiert, egal wéi eng Indicateure mer huelen, fir den Aarmutsrisiko versichen ze moossen, se weisen alleguerten an eng traureg Richtung : no uewen.
Wann all 5. jonken tëschent 18 a 24, dee schafft – wuelverstanen: deen eng Aarbecht huet! – riskéiert an d’Aarmut ofzerutschen, dann hu mer e seriöe Problem am Land vum Nation Branding a Space Mining. Da si mer matzen an enger Tendenz, déi ëmmer manner Jonke glafhaft Perspektive bitt, fir en éierbart Liewen ze féieren. Oder besser ausgedréckt: fir e gerechten Undeel ze kréien, un deem Räichtum, deen an eisem Land geschaaft gëtt.
Ech kann an deene puer Minutte just resuméiert eenzel Aspekter oppicken:
- Aarbechtsverhältnisser si besonnesch fir Jonker an deene leschten 10-15 Joer ëmmer méi prekär ginn: onbezuelte Stagen, prekär Beschäftegungsmesurë si fir vill Jonker schonn zum bal klasseschen Astig an d’Beruffsliewe ginn, bezuelt ganz dacks kaum iwwer Mindestloun-Niveau.
- E Mindestloun, dee wéi mer wëssen, selwer net duergeet fir « dezent » ze liewen, dorunner ännert déi versprachen Erhéijung vun 0,9% och kaum eppes.
- Eise Sozialsystem ass immens graff gesponnen, besonnesch an där Alterskategorie vun 18-24 iwwer déi mer hei schwätzen. Well et si grad sinn, deenen et onméiglech ass op sozialpolitesch Instrumenter wéi de REVIS zeréckzegräifen. Mer wousste scho beim RMG, datt ronn 90% vu de Beneficiairë Leit sinn, déi schaffen. Also och genee an déi Kategorie fale vun deene mer schwätzen. Wann mär als Lénk och schonns kritiséiert, datt och de REVIS net duergeet, esou muss een hei gesinn, datt grad Jugendlecher, déi schaffe mol net Méiglechkeet hunn, an den zweiwelhafte Genoss vun deenen Instrumenter ze kommen. An anere Wierder: fir Jonker vun 18-24, déi schaffe gëtt et kee Rettungsnetz…. bei deene verseet eise Sozialsystem carrement. Dat eenzegt wat hinne bleift ass de Wee op den Office social vun hirer Gemeng, wou mer wëssen, dass dat vu Gemeng zu Gemeng ganz staark variéiere kann.
Här President,
Wann een iwwer Aarmutsrisiko bei Jonke schwätzt, da misst een natierlech och nach iwwer de Logement schwätzen, iwwer déi quasi Onméiglechkeet déi héich Loyeren ze bezuelen an unzefänken op eegene Féiss ze stoen. Aner Wunnforme musse brauchen och en anere legale Kader…
Et misst een awer natierlech och iwwer eisen Educatiounssystem schwätzen, deen déi sozial Ënnerscheeder verdéift, amplaz se ze nivelléieren. Iwwer d’Formation professionelle, déi nach ëmmer net anstänneg funktionéiert. Eng Gesamtvisioun fir d’Ausbildung vun de Jonken, der Zukunft vun eisem Land, gëtt et net. Am Jugendpakt vun der Regierung, grad ewéi an de verschiddene Schoulreform Gesetzer vun de leschte 5 Joer, klengt ëmmer erëm ee ganz utilitaristeschen Aspekt vun der Educatioun eraus: Jonk Leit esou ausbilden dat se dem Aarbechtsmaart, beschtefalls dem digitaliséierten Aarbechtsmaart entspriechen. An dobäi berout d’Entwécklung vum Aarbechtsmaart op politeschen Decisiounen. Zil vum Jugendpakt ass et och Jonk Leit méi a participativ Prozesser a politesch Decisiounen anzebannen. Mee wéi kënne Jonker iwwer hir Zukunft matbestëmmen, wann se vu vir eran duerch wirtschaftlech Interessie verbaut ass, déi hinnen net zu Gonschte kommen, sief et bei der Ausbildung, de Beruffsperspektiven, der Aarbechtsorganisatioun, de Léin an natierlech dem Logement?!