Demokratie ass kee Spill.


Säit Méint a fir verschiddener säit Joren, investéieren eng Rei Parteien a Politiker vill Suen an Zäit fir Walkampf bei sougenannten Neo-Lëtzebuerger a Brasilien an an den USA maachen ze goen. Dës Woch gouf elo bekannt, dass nëmmen eng ganz geréng Zuel Convocatioune fir d’Walen am Oktober a Brasilien an an d’USA geschéckt goufen. De groussen Opwand vu Clement, Wiseler a Wolter huet sech also net bezuelt gemaach. Dat verwonnert eis net, wëll déi Leit meeschtens wéineg bis guer net vu politeschen Decisiounen zu Lëtzebuerg betraff sinn.  déi Lénk hu sech un dësem Walkampf a Brasilien an den USA net bedeelegt. 

Iwwer e Passus am Nationalitéitegesetz hat den deemolege Justizminister an aktuelle Spëtzekandidat vun der CSV, de Luc Frieden, et 2008 méiglech gemaach, dass Leit, déi beleeë kënnen, dass si ee Virfaren hunn deen am Joer 1900 d’Lëtzebuerger Nationalitéit hat, iwwert de „recouvrement“ d’Nationalitéit kënne kréien. Eng vun de politesche Konsequenze vun dëser Reform ass et, dass haut schonn zéngdausende Leit uechter d’Welt d’Lëtzebuerger Nationalitéit hunn a soumat och hei wiele kënnen, obwuel se nach ni hei waren an och vläicht ni plangen heihinner ze kommen.

déi Lénk waren deemols a sinn haut weider géint dës ethnesch Conceptioun vun der Nationalitéit mat där d’Nationalitéit weiderverierft ka ginn. D’Gesetz vum Luc Frieden huet de sougenannten “droit du sang” op d’Spëtzt gedriwwen, wëll et säitdeem duergeet fir en obskure Lien zu Lëtzebuerg iwwert e Stammbaam nozeweisen.

Fir déi Lénk ass et bedenklech, wéi eng Ustrengunge politesch Vertrieder a Vertriederinne vun enger Partie Parteien ënnerholl hunn, fir Wielerstëmmen a Brasilien an an d’USA sichen ze goen. Emsou méi batter stéisst dat op, wëll zu Lëtzebuerg ronn 50% vun den Awunner an Awunnerinnen net wielen dierfen, wëll se d’Nationalitéit net hunn. Si verbënnt mat Lëtzebuerg net just Folklore an e Stammbaam, mee hir alldeeglech Existenz. Se wunnen hei, schaffen hei, engagéieren sech hei, d’selwescht wéi mir alleguer och. Se si vun deem betraff wat zu Lëtzebuerg geschitt an decidéiert gëtt a missten dowéinst och politesch matentscheede kënnen.

Den Echec fir Wieler a Wielerinnen a Brasilien an an d’USA mobiliséieren ze goe misst jidderengem nach eng Kéier kloer maachen, dass Demokratie kee Spill ass.

Vill Parteien a Politiker, déi an de leschte Méint jenseits vum Atlantik op Stëmmefang waren, schéngen dat net verstanen ze hunn. Se wollte bequeem en net-existent Stëmmereservoir unzape goen, ouni sech dobäi mat de Problemer ausernee mussen ze setzen, déi d’Leit zu Lëtzebuerg hunn.


La démocratie n’est pas un jeu.

Depuis des mois, voire des années, certain partis et politiciens investissent beaucoup d’argent et de temps pour faire campagne auprès de néo-Luxembourgeois au Brésil ou aux Etats-Unis. Cette semaine nous avons appris que peu de convocations pour les élections ont été envoyées au Brésil et aux Etats-Unis. La débauche d’énergie des Clement, Wiseler et Wolter a donc été vaine. Ce qui ne nous étonne pas puisque ces néo-Luxembourgeois ne sont pas ou très peu concernés par les décisions politiques prises au Luxembourg. déi Lénk n’a pas participé à cette campagne au Brésil et aux Etats-Unis.

En 2008, Luc Frieden, l’actuelle tête de liste CSV qui était alors ministre de la Justice, a introduit un passage dans la loi sur la nationalité qui permet de recouvrer la nationalité luxembourgeoise si l’on parvient à prouver que l’on avait un ancêtre qui avait la nationalité luxembourgeoise en 1900. Cette procédure s’appelle le « recouvrement ». Une des conséquences est que des dizaines de milliers de personnes à travers le monde ont obtenu la nationalité luxembourgeoise et donc le droit de vote alors qu’elles n’ont jamais été au Luxembourg et qu’elles n’ont probablement pas l’intention d’y venir un jour.

A l’époque déjà, déi Lénk s’était opposé à cette conception ethnique de la nationalité qui permet en quelque sorte de léguer le passeport luxembourgeois. La loi de Luc Frieden a poussé la notion du droit du sang à l’extrême parce qu’il suffit de prouver un lien ténu et obscur au Luxembourg pour acquérir la nationalité.

déi Lénk est préoccupé par l’ampleur des efforts fournis par les représentants de certains partis politiques pour grappiller des voix au Brésil et aux Etats-Unis. Cette démarche est d’autant plus scandaleuse qu’environ 50% des habitants du Luxembourg n’ont pas le droit de vote parce qu’ils n’ont pas la nationalité.  Or le lien de ces habitants dépasse amplement le folklore et la généalogie. Il est forgé au quotidien. Ces personnes auxquelles nous refusons le droit de vote habitent ici, travaillent ici, s’engagent ici, comme nous tous. Elles sont concernées au premier chef par les décisions politiques prises au Luxembourg et pour cette raison elles doivent pouvoir codécider.

déi Lénk espère que l’échec cuisant de la mobilisation d’électeurs au Brésil et aux Etats-Unis aura fait comprendre que la démocratie n’est pas un jeu.

Les partis et les politiciens qui ont essayé ces derniers mois de grappiller des voix outre-Atlantique ne semblent en tout cas pas l’avoir compris. Ils pensaient pouvoir s’approvisionner tranquillement dans un réservoir électoral inexistant sans devoir répondre aux problèmes qu’ont les gens au Luxembourg.

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe