One Minute Silence

Dëse Freideg ginn am russesche Sotschi déi zweeanzwanzegst Olympesch Wanterspiller erëffnet. An eben deem Land, dat an de vergaangene Wochen a Méint wéint massiven Aschränkungen vun de Mënscherechter zolitt an der Kritik stoung.
Virun allem wéint dem sougenannten “Anti-Homo-Propaganda”-Gesetz, wat “d’Reklamm-maache vun net-traditionelle sexuelle Bezéihungsmodeller” an der Ëffentlechkeet ënner Strof stellt. Opgrond vun dësem Gesetz sinn zum Beispill Symboler wéi de Reeboufändel oder Händchenhalen vun enger gläichgeschlechtlecher Koppel an der Ëffentlechkeet strofbar.
Dës verschlechtert d’Situatioun vun der LGBT-Minoritéit a Russland drastesch, wou elo schon en homophobt Klima an der Gesellschaft herrscht.
Jugendlecher ginn vu rietsradikale Gruppen erniddregt, mësshandelt oder suguer ëmbruecht. Dës Aktiounen ginn dack gefilmt an an de sozialen Netzwierker verbreet. D’Täter brauchen an deene meeschte Fäll keng strofrechtlech Verfolgung ze fäerten. Dëst ass d’Situatioun an deem Land, an deem d’Welt während den nächsten knapp dräi Wochen zu Gaascht wäert sinn.

Fir sech mat all denen, déi am Alldag an och per Gesetz keng Stëmm méi hunn, solidaresch ze weisen, rifft d’Aktiounsbündnis #GayFolksMovement zu der One Minute In Silence-Aktioun op.
Dës Schweigeminutt wäert dëse Freideg, den 7. Februar, zäitgläich och an anere Stied weltwäit, virun der russescher Ambassade stattfannen.

Mir lueden dofir jiddwer Ënnerstëtzer, dee sech fir universell Mënscherechter a géint Verfolgung an Ënnerdréckung vu Minoritéiten asetzt, dozou an, sech eiser Aktioun unzeschléissen an deen Dag virun d’Ambassade ze kommen.

Den offizielle Programm:

  • 16:45 – Rassemblement an der Rue Cyprien Merjai
  • 17:14 – Schweigeminutt “One Minute In Silence”

Am Sënn vun der Kampagne, déi vun der Hirschfeld-Eddy-Stiftung vum däitschen LSVD-Verband an d’Liewe geruff ginn ass, luede mer jiddwer Participant op,  sech zum Zeechen vu Protest, an de Fuerwe vu Russland, d’Aaebraaen blo an en roude Schnurres ze molen resp. eng Guy Fawkes-Maske ze droen. Dës Mask, déi duerch Mouvementer wéi Anonymous oder den Occupy-Beweegungen bekannt ginn ass, steet haut wéi keen zweet Zeechen fir grenziwwergräifend Solidaritéit an de Kampf géint Ënnerdréckung.

  • Rosa Lëtzebuerg a.s.b.l.
  • SCHMIT-Z, schwul-lesbischen Zentrum Trier e.V.
  • LSVD Saar
  • Déi Lénk
  • Piratepartei Lëtzebuerg
  • Jonk Piraten
  • JDL
  • JSL
  • Couleurs Gaies, Centre LGBT Metz
  • Jonk Gréng
  • CET – Centre pour l’égalité de traitement

Pot du nouvel an

déi Lénk vous remercie de votre soutien lors de cette année mouvementée et compte sur vous en 2014. Nous continuons à représenter l’unique alternative politique pour une société solidaire et écologiste et nous ferons entendre notre voix de manière conséquente lors de la campagne européenne en printemps.

Nous vous souhaitons des jours de fête reposants et une excellente nouvelle année.

Vous êtes cordialement invité-e-s à notre Pot du Nouvel An le jeudi, 9 janvier 2014 à 18 heures au Centre Culturel de Bonnevoie, 2 ,rue des Ardennes.

Fabienne Lentz, porte-parole de déi Lénk, prononcera un discours de nouvel an.

Pot du Nouvel An

Pot du Nouvel An

Jeudi, 9 janvier 2014 à partir de 18h00 au Centre Culturel de Bonnevoie, 2 rue des Ardennes.

Eist Iessen – Eist Liewen

1238955_427065020736755_1934418346_nRendez-Vous: 12. Oktober  – 14 Auer um Glacis 

Départ: 14 Auer 30 an Richtung Knuedler. Rieden an Infostand bis 18 Auer um Knuedler.

Den 12 Oktober ass et nees seuwait Lëtzebuerg solidariseiert sech erem mat der Weltwaiter Graswuezel Bewegung Marsch geint Monsanto. Sief och du derbai an hellef een Zeechen ze setzen. Deel des Info iwer Facebook, Twitter, Mail oder Mond zu Mond. Losst eis gemeinsam den Knuedler dess keier voll kreien.

Journée d’action – Travail et redistribution

De Méindeg 14. Oktober verdeelen mir op verschiddenen Garen am Land Trakten zum Thema Aarbecht, Emverdeelung a Wirtschaftspolitik.

Le lundi 14 octobre nous allons distribuer un tract sur le travail, la redistribution des richesses et la politique économique.

Journée d’action – Logement

déi Lénk organiséieren de Mëttwoch, 16. Oktober um 12 Auer eng öffentlech Aktioun zum Thema Logement.

Treffpunkt: 12 Auer, Place du Théâtre, Entrée Parking Sous-terrain

Le mercredi 16 octobre à 12h00 déi Lénk organisera une action publique sur le thème du logement.

Rendez-Vous: 12h, Place du Théâtre, Entrée Parking Sous-terrain

Meeting électoral 100% SOZIAL

Serge Urbany – député

Marisa Matias – députée européenne du Bloco de Esquerda du Portugal

Justin Turpel – conseiller communal à Luxembourg

Gary Diderich – conseiller communal à Differdange

Marc Baum – conseiller communal à Esch-sur-Alzette

Guy Foetz – membre de la Coordination Nationale

Freedom Not Fear 2013

581px-Freedom-not-FearDen 28. September ass et nees esou wäit. Dann ass erëm “Freedom Not Fear” Demo. déi Lénk ënnerstëtzen des Demo a wärten och präsent sin.

Hei sinn dei wichtegst Informatiounen op engem Coup:

Wat?

Freedom Not Fear Demo 2013 ënnert dem Motto “1984 war net als Gebrauchsanweisung geduecht!

Weini?

28. September (Samschdes) um 14h00 Auer.

Wou?

Virun der Gare an der Stad

Oflaaf:

A) Stater Gare. Hei fänken mer eisen Marsch un.

B) Virum Parlament. Éischten Zwëschestopp. Hei gëtt et een 5 Minutte Virtrag iwwert d’Iwwerwaachung zu Lëtzebuerg.

C) Beim Europahaus. Eisen zweeten Zwëschenstopp. Hei get et een 5 Minutte Virtrag iwwert Iwwerwaachung op EU Niveau.

D) Beim Inneministère. Eisen drëtten Zwëschestopp. Hei get et een 5 Minutte Virtrag zum Punkto E-Perso.

E) Op der Plëss. Hei ass eist Ziel vun der Demo. Den Iwwerwaachungswahnsinn gëtt nach eng kéier Thematiséiert an duerno ass oppene Mikro fir jiddereen de gären eppes well zur Iwwerwaachung soen.

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe