This page uses cookies for statistical purposes. The statistics are anonymous, but for security reasons you IP-address is saved for a limited period of time.
De 14. Oktober hunn sech déi Lénk an d’Union des syndicats OGBL-LCGB op enger Entrevue iwwer déi onsozial Politik vun der Regierung ausgetosch. D’Gewerkschaftsunioun an déi Lénk si sech eens an hirer Aschätzung iwwer de Bilan vun zwee Joer CSV-DP: dës Regierung huet et kloer op déi schaffend Leit ofgesinn an zéckt net fir ëmmer erëm nei rout Linnen z’iwwerschreiden an d’Gewerkschafte virun de Kapp ze stoussen.
Deementspriechend gëllt et weider konsequente Widderstand géint all Verschlechterunge fir déi schaffend Leit ze leeschten, wann néideg och op der Strooss. Méi wéi 25.000 Mënschen hunn den 28. Juni op der Strooss géint de Sozialofbau vun dëser Regierung protestéiert. Dës beandrockend Präsenz huet d’Regierung deels zum Alenke bruecht, wëll se eng Partie vun hire Reformvirschléi huet misse fale loossen, besonnesch bei de Renten. De Gesetzesprojet dee lo fir d’Rentereform um Dësch läit wierkt och dowéinst guer net duerchduecht a werft méi Froen op wéi en der beäntwert. D’Regierung gesäit mat dësem Projet, wéi bei villen aneren och, net gutt aus. Dobäi wier eng gerecht an nohalteg Rentereform déi eise System iwwer déi nächst 30 Joer ofgeséchert hätt, mat de Virschléi vun de Gewerkschaften an och vun déi Lénk méiglech gewiescht.
Fir déi kommend Méint muss de Fokus elo um Kampf géint déi annoncéiert Verschlechterunge beim Aarbechtsrecht leien. Den Aarbechtsminister Georges Mischo huet mat senger Annonce d’Plattformaarbecht am CPTE ouni d’Gewerkschaften ze diskutéiere kloer Faarf bekannt. Hien sicht den nächste Konflikt a probéiert laanscht d’Gewerkschaften ze legiferéieren. Sollt den Här Mischo bei senger Haltung bleiwen, riskéieren déi dausende Plattformaarbechter an – aarbechterinnen och an Zukunft net déi Rechter an déi sozial Ofsécherung ze kréien, déi hinnen zousteet.
OGBL-LCGB an déi Lénk si sech eens dat et net zu weidere Verschlechterungen am Aarbechtsrecht kommen dierf. Dofir blécke mir och besuergt op d’Verhandlungen déi d’Regierung wëll iwwer d’Aarbechtsorganisatioun féieren. Hei riskéiert d’Béchs vun der Pandora opgemaach ze gi fir eng Afrostellung op breeder Front vun de Reegelen iwwer d’Aarbechtszäiten, sou wéi sech d’Patronat dat och wënscht. Sollt d’Regierung op dee Wee goen, wier dat e massive Réckschrëtt fir all déi schaffend Leit an hir Familljen.
D’Union des syndicats an déi Lénk wäerten dowéinst weider am enken Austausch bleiwe fir den Drock op d’Regierung héich ze halen a géint déi réckschrëttlech Politik zesummen unzekämpfen.
Entretien Union des syndicats – déi Lénk : Une opposition résolue contre les détériorations du droit du travail.
Le 14 octobre, déi Lénk et l’Union des syndicats OGBL-LCGB se sont rencontrés pour un entretien au sujet de la politique antisociale du gouvernement. L’Union syndicale et déi Lénk partagent le même constat concernant le bilan de deux ans de gouvernement CSV-DP : ce gouvernement s’en prend clairement aux travailleuses et travailleurs, et n’hésite pas à franchir à répétition de nouvelles lignes rouges, heurtant ainsi les syndicats de plein fouet.
En conséquence, il s’agit de continuer à opposer une résistance déterminée à toute détérioration des conditions pour les travailleurs, y compris dans la rue si nécessaire. Plus de 25 000 personnes ont manifesté le 28 juin contre le démantèlement social mené par ce gouvernement. Cette impressionnante mobilisation a partiellement fait reculer le gouvernement, qui a dû renoncer à une partie de ses propositions de réformes, notamment en matière de pensions. Le projet de loi actuellement sur la table concernant la réforme des retraites apparaît ainsi peu réfléchi et soulève plus de questions qu’il n’en résout. Avec ce projet – comme avec beaucoup d’autres – le gouvernement ne donne pas une bonne image de lui. Pourtant, une réforme des retraites juste et durable, qui aurait assuré notre système pour les 30 prochaines années, aurait été possible avec les propositions des syndicats et de déi Lénk.
Dans les mois à venir, la priorité doit désormais être donnée à la lutte contre les détériorations annoncées du droit du travail. Le ministre du Travail, Georges Mischo, a clairement montré ses intentions en annonçant vouloir discuter du travail sur plateforme au CPTE sans les syndicats. Il cherche la confrontation et tente de légiférer en contournant les organisations syndicales. Si M. Mischo persiste dans cette voie, des milliers de travailleuses et travailleurs de plateformes risquent de ne toujours pas bénéficier des droits et de la protection sociale qui leur reviennent.
L’OGBL, le LCGB et déi Lénk s’accordent sur le fait qu’il ne doit pas y avoir de nouvelles détériorations du droit du travail. C’est pourquoi nous regardons également avec inquiétude les négociations que le gouvernement souhaite entamer sur l’organisation du travail. Il y a un risque réel que la « boîte de Pandore » soit ouverte, permettant une remise en cause généralisée des règles relatives au temps de travail, comme le souhaite le patronat. Si le gouvernement emprunte cette voie, ce serait un recul massif pour toutes les travailleuses, tous les travailleurs et leurs familles.
L’Union des syndicats et déi Lénk continueront donc à rester en étroite concertation afin de maintenir la pression sur le gouvernement et de lutter ensemble contre cette politique rétrograde.
Am Hierscht 2024 Joer huet d’Regierung mat hirem Ugrëff op breeder Front géint de Sozialmodell ugefaang. Haut elo, ee Joer méi spéit, sti mir virun engem Koup Schierbelen an deem mir net nëmmen de Lëtzebuerger Modell vum Sozialdialog erëmfanne mee och elementar sozial Rechter vun de schaffende Leit. D’Regierung Frieden-Bettel wollt de sozialen Ofbau em all Präis a se wier och gär méi wäit gaangen, hätt d’Gewerkschaftsfront net zéngdausende Leit dogéint op der Strooss mobiliséiert. Dobäi ginn et gutt a gerecht Alternativen zum Regierungspak. Mee d’Regierung wollt vu Virschléi vun de Gewerkschaften an e.a. och vun déi Lénk näischt wëssen.
Dës Regierung huet de Sozialdialog futti gemaach.
De Wee bis den 3. September 2025 war laang a vu Regierungssäit aus voller Pannen an Onzoulänglechkeeten. D’Regierung ass ugetrueden ouni Reformoptrag bei de Renten, mee mat dat éischt wat se Enn 2023 annoncéiert huet war eng grouss Rentereform. Mat den eegene Virstellungen huet d’Regierung hannert dem Bierg gehalen an huet eng Pseudoconsultatioun ofgehalen. Wärend dëser Zäit huet d’Regierung dunn och annoncéiert, dass se de Gewerkschaften d’Verhandlungsmonopol bei de Kollektivverträg wéilt ewechhuelen an den Aarbechtsminister Mischo huet ouni Ofsprooch mat de Gewerkschaften e Gesetzestext virgeluecht mam Zil, d’Sonndesaarbecht komplett ze liberaliséieren. Am Mee schliisslech huet de Premierminister Luc Frieden mat der Ukënnegung dass jiddereen an Zukunft 3-5 Joer méi laang muss schaffe goen déi grouss Bomm platze gelooss.
D’Gewerkschaften hunn an der Regierung keen éierlechen a verlässleche Verhandlungspartner méi gesinn an hunn als Gewerkschaftsfront de soziale Konflikt op d’Strooss gedroen an dat mat Erfolleg. D’Regierung huet missten zréckrudderen an a Verhandlungen antrieden. Mee och hei war d’Regierung mat hirem Chef Luc Frieden net éierlech an d’Gewerkschaften den 3. September an d’Messer lafe gelooss. D’Decisioune ware scho längst geholl an d’Verhandlungspartien goufe just nach invitéiert fir sou ze maache wéi wann. Eng Verhandlung gouf et keng, dofir eng eesäiteg Entscheedung vun der Regierung.
De Lëtzebuerger Modell vum Sozialdialog, deen op Vertrauen, Verhandlungen a Kompromëssbereetschaft baséiert, ass domat bis op Weideres Geschicht. Wéi och solle Gewerkschafte mat enger Regierung verhandelen, déi hanner hir Wierder zréckgeet a mat enger verstoppter Agenda a Verhandlunge rageet fir um Enn eleng z’entscheeden? Wann d’Gewerkschaften net méi hiert Gewiicht a Verhandlungen zum Droe brénge kënnen, da mussen se hir Stäerkt an Zukunft eben op der Strooss weisen.
D’Decisioune vun der Regierung hunn et awer a sech. A Saache Pensiounen an Ëffnungszäiten am Commerce handelt et sech ëm Sozialofbau an ëm Réckschrëtter vun de Rechter vun de schaffende Leit. Och wann et de Gewerkschaften an de ville Leit, déi mat hinnen op der Strooss waren, gelongen ass, dat Allerschlëmmst ze verhënneren, bleift ënnert dem Stréch awer e Verloscht fir déi allermeeschte Leit.
Verléierer sinn all déi schaffend Leit.
Mat Ausnam vun de Cotisatiounserhéijunge vun 3 Mol 8% op 3 Mol 8,5% kommen all d’Decisioune vum Wonschziedel vum Patronat. Och déi annoncéiert Verhandlungen iwwer d’Flexibiliséierung vun der Aarbechtszäit wäert net op eng besser work-life balance a méi Schutz vun de schaffende Leit erauslafen. Domat ass kloer, dass déi schaffend Leit d’Verléierer sinn.
Bei den Ëffnungszäiten am Commerce soll et zu folgende Verlängerungen kommen:
Jour
Heures d’ouverture (loi en vigueur)
Heures d’ouverture Sozialronn
Lundi-vendredi
6h – 20h (21h pour une seule journée en semaine)
5h – 21h + dérogation possible de 19h à 01h00 (seulement avec CC)
Samedis
6h – 18h
5h – 19h + dérogation possible de 19h à 01h00 (seulement avec CC)
Veilles de jours fériés
6h – 18h
5h – 19h + dérogation possible de 19h à 01h00 (seulement avec CC)
Dimanches et jours fériés
6h – 13h
5h – 19h + dérogation possible de 19h à 01h00 (seulement avec CC)
Autre nouveauté
les magasins vendant des produits de première nécessité peuvent profiter d’une dérogation complète, donc 24/7 (seulement avec CC)
Et handelt sech also em eng massiv Auswäitung vun den Ëffnungszäiten, déi zolidd Belaaschtunge fir d’Gesondheet an d’work-life balance vun de Salariéen an engem Secteur bedeite wäert, den sech haut schon duerch schlecht Léin, héijen Drock a Personalmanktem auszeechent. Kee Wonner also, dass d’Personal an dem Secteur eng Liberaliséierung vun den Ëffnungszäiten a vun der Sonndesaarbecht – och mat Kollektivvertrag – net wëll.[1]
Vun den neie Méiglechkeete profitéiere wäerten am Endeffekt just déi grouss Surfacen a Chaînen, déi mat dësem neie Gesetz déi kleng Commercen nach méi séier verdränge wäerten an hiert Personal mat prekäre Verträg jee no Besoin asetzen a schikanéiere kënnen.
Bei de Rente wollt d’Regierung per force eng Verlängerung vun der Liewensaarbéchtszäit duerchsetzen. Dat ass hir gelongen, obwuel um Enn just e Brochdeel vun dem iwwreg bleift, wat e wahnwitzege Luc Frieden am Mee nach annoncéiert huet. Déi relativ kleng Zuel u Leit, déi ab nächstem Joer da méi laang musse schaffe goen (ronn 22% vun allen départs en retraite, Zuele vun 2024) kann en dobäi op zwou Aart a Weise verstoen.
Engersäits weist déi kleng Zuel wéi lächerlech den Impakt vun dëser Mesure op d’Soliditéit vum System wäert sinn, wëll all des Leit jo och dann zousätzlech Pensiounsrechter wäerte kréien. Wärend d’Erhéijung vun de Cotisatiounen e Plus bei de Recetten ëm 540 Milliounen € d’Joer bedeit, wäert de Plus bei de Recetten duerch d’Verlängerung vun der Cotisatiounszäit ëm 8 Méint fir déi betraffe Leit schätzungsweis bei knapps 50 Milliounen € (minus méi Pensiounsrechter) leien, also mol kéng 10% vun dem wat d’Cotisatiounserhéijung ausmécht.
Anerersäits gëtt gebrach mat enger fir jidderee geltender Reegel no där ee mat 40 Versécherungsjoren a Pensioun ka goen. Domat ass mat dëser reng ideologesch motivéierter Verlängerung vun der Liewensaarbéchtszäit d’Dir opgemaach fir weider Verlängerunge vun der Aarbechtszäit a mir riskéieren an Zukunft reegelméisseg Virstéiss an dem dote Sënn ze kréien.
Dass d’Regierung beim Ajustement och hannert hiert Wuert zréckgaangen ass an awer wëlles huet dëst sozial regressiivt Instrument ab den 2030er Jore spillen ze loossen, wäert alleguer déi zukünfteg Rentner a Rentnerinnen treffen.
Donieft verzicht d’Regierung och op eng Erhéijung vun der Mindestpensioun, eng Fuerderung, déi awer vun alle Sozialpartner an och vun de Leit am Pseudoconsultatiounsprozess ënnerstëtzt ginn ass. Leit – a ganz oft Fraen – mat ganz klenge Rente wäerten also an Zukunft speziell Hëllefe beim FNS mussen ufroen a bleiwen an der Roll vum Bittsteller.
Par contre kréien d’Assurancen a Leit mat enger méi décker Pai nach e Steiercadeau gemeet andeems de Fräibetraag vun private Versécherungen vun 3.200 op 4.500€ gehéicht gëtt. Daat kascht de Staat all Joer ronn 25 mio.€
Besser Alternative louchen a leien um Dësch.
Dat ganzt Leed an de ganze Chaos aus de leschte Méint wier ze verhënnere gewiescht mat enger kompetenter Regierung, déi Bereetschaft fir de Kompromëss gehat hätt. Säit dem Ufank vun der Pensiounsdebatt Enn 2023 hunn d’Gewerkschaften an d’Salariatskummer gangbar Virschléi präsentéiert fir de Pensiounssystem iwwer Joerzéngten op eng gerecht Manéier ofzesécheren. D’Noutwendegkeet vu Reforme gouf ëmmer vun der Salariatssäit no vir gestallt. Mee d’Regierung war net bereet eeschthaft doriwwer ze schwätzen.
déi Lénk hunn als alleréischt politesch Partei scho virun zimmlech genee engem Joer (17. September 2024) Reformvirschléi an d’Debatt bruecht an sech déi och vun der IGSS beziffere gelooss:
De Cotisatiounsdeckel (5 mol de soziale Mindestloun) ofschafen, fir datt déi héchst Léin hiren Deel bäidroen
Op all Elementer vun der Aarbecht cotiséieren → d‘Mesuren 1 an 2 bréngen zousätzlech Recette vu ronn800 Milliounen Euro.
D’Ausgabe vun der Pensiounskeess reduzéieren, déi keen direkten Zesummenhang mam Ausbezuele vun de Pensiounen hunn. Hei kënne ronn 220 Milliounen Euro agespuert ginn;
D’Bäibehale vum Ajustement vun de Pensiounen a vun der Allocation de fin d’année.
de Montant vun der Mindestpensioun op den Niveau vum soziale Mindestloun setzen.
mëttelfristeg (ongeféier 2040): d‘Erhéijung vun der Cotisatioun vun 3×8 op 3×9%.
D’IGSS huet des Proposen am Mäerz dëst Joer duerchgerechent an ass zum Resultat komm, dass d’Cotisatioune vun 3 Mol 8% bis 2039 duergaange wiere fir d’Renten (mat de Mesuren 1 bis 4) komplett iwwer d’Cotisatiounen ze finanzéieren. Réischt 2040 hätten deementspriechend d’Cotisatioune missten op 3 Mol 9% eropgesat gi wat d’Ofsécherung vum System bis 2058 erméiglech hätt, also fir méi wéi 30 Joer.
Am résumé : et wier ouni Weideres méiglech gewiescht, de Rentesystem fir déi nächst 15 Joer ofzesécheren, ouni Cotisatiounserhéijung haut an ouni Verlängerung vun der Cotisatiounsdauer an dobäi och nach eng sozial gerecht Ëmverdeelung iwwer Cotisatiounen a Mindestrent virzehuelen. D’Regierung huet hei ganz kloer de Wee vum Chaos a vum Konflikt gesicht, net dee vun der Vernonft an der Nohaltegkeet vum System.
Wéi geet et elo weider ?
D’Regierung ass an eng politesch Sakgaass gelaf an huet hiert politescht Kapital verspillt. De Luc Frieden ass als CEO vun der Regierung gescheitert. Dat heescht näischt Guddes an enger Zäit wou vill Erausfuerderunge mat Konfliktpotential op d’Land waarden, sief et beim Wunnengsbau, der Aarmutsbekämpfung, der Aarbechtswelt oder beim Klimaschutz.
D’Gewerkschaften hu schonn ugekënnegt an Zukunft en aneren Ëmgank mat dëser Regierung ze fleegen. D’Bereetschaft ze verhandelen a Kompromësser anzegoen ass op Gewerkschaftssäit staark strapazéiert ginn an d’Gewerkschaftsfront wäert sech anescht a warscheinlech vill méi haart Gehéier verschafen. déi Lénk wäerten d’Gewerkschaften dobäi ënnerstëtzen. Mir hu mat dëser Pressekonferenz d’Opfuerderung vun de Gewerkschaften a vum Patronat fir sech op der Rentefro ze positionéieren ugeholl a mir zécken och net fir aus der Rentefro e Walkampfthema fir 2028 ze maachen an dat mat der Zilsetzung fir onsozial Reformen erëm réckgängeg ze maachen.
Travailler plus longtemps et de façon plus irrégulière : Le gouvernement CSV-DP mène une politique contre les travailleur∙euses.
En automne 2024, le gouvernement a lancé une offensive de grande envergure contre notre modèle social. Aujourd’hui, un an plus tard, nous faisons face à une situation désastreuse pour le modèle luxembourgeois de dialogue social, mais aussi pour les droits sociaux fondamentaux des travailleurs. Le gouvernement Frieden-Bettel voulait démanteler le système social à tout prix et aurait certainement aimé aller plus loin s’il n’y avait pas eu la grande mobilisation des syndicats. Pourtant, il existe des alternatives valables et justes au projet du gouvernement. Mais celui-ci refuse d’entendre les propositions des syndicats et de déi Lénk.
Ce gouvernernement a détruit le dialogue social.
Le chemin jusqu’au 3 septembre 2025 a été long et, du côté du gouvernement, semé d’embûches et d’insuffisances. Bien que le gouvernement ait pris ses fonctions sans mandat de réforme des retraites, il a annoncé dès la fin 2023 une grande réforme des retraites. Le gouvernement a longtemps gardé ses propres idées secrètes et a préféré organiser une pseudo-participation citoyenne.
Pendant ce temps, le gouvernement a également annoncé qu’il souhaitait supprimer le monopole des syndicats dans les négociations collectives, et le ministre du Travail Mischo a présenté, sans consultation préalable des syndicats, un projet de loi visant à libéraliser le travail dominical. En mai, le Premier ministre Luc Frieden a finalement provoqué un tollé en déclarant qu’à l’avenir, chacun devrait travailler trois à cinq ans de plus.
Le gouvernement n’a pas été considéré comme un partenaire de négociation fiable par les syndicats qui ont décidé, en tant que front syndical, de porter le conflit social dans la rue. Le gouvernement a dû faire marche arrière et entamer des négociations. Mais là encore, le gouvernement, dirigé par son chef Luc Frieden, n’a pas fait preuve d’honnêteté et a conduit les syndicats, le 3 septembre, droit dans la gueule du loup. Les décisions étaient déjà arrêtées depuis longtemps, et les partenaires sociaux n’ont été conviés qu’à jouer la comédie. Il n’y a donc pas eu de véritable négociation, mais bien une décision unilatérale imposée par le gouvernement.
Le modèle luxembourgeois de dialogue social, fondé sur la confiance, la négociation et le compromis, apparaît aujourd’hui comme révolu — au moins temporairement. Comment les syndicats pourraient-ils encore négocier avec un gouvernement qui renie sa parole, s’entête à avancer avec des intentions dissimulées et, au final, décide seul ? Si leur voix ne pèse plus autour de la table des négociations, ils n’auront d’autre choix, à l’avenir, que de se faire entendre dans la rue.
Les décisions du gouvernement ne sont pas anodines : elles entraînent des conséquences lourdes. Qu’il s’agisse des retraites ou des horaires d’ouverture des commerces, elles marquent un démantèlement social et un recul des droits des travailleurs. Certes, l’action des syndicats et le soutien massif de la population mobilisée ont permis d’éviter le pire, mais le constat reste sans appel : la majorité des citoyens en sortira perdante.
Les travailleur∙euses sont les perdant∙e∙s.
À l’exception de l’augmentation des cotisations, passées de 3 fois 8 % à 3 fois 8,5 %, toutes les décisions du gouvernement reprennent directement les desiderata du patronat. Quant aux négociations annoncées sur l’organisation du temps de travail au sein du CPTE, elles n’offriront très probablement ni davantage de protections ni une meilleure conciliation entre vie privée et vie professionnelle pour les salarié·e·s. En définitive, ce sont donc les travailleurs et les travailleuses qui sortent perdants.
Les adaptations suivantes sont prévues en matière d’heures d’ouverture des commerces de détail :
Jour
Heures d’ouverture (loi en vigueur)
Heures d’ouverture (Sozialronn)
Lundi-vendredi
6h – 20h (21h pour une seule journée en semaine)
5h – 21h + dérogation possible de 19h à 01h00 (seulement avec CC)
Samedis
6h – 18h
5h – 19h + dérogation possible de 19h à 01h00 (seulement avec CC)
Veilles de jours fériés
6h – 18h
5h – 19h + dérogation possible de 19h à 01h00 (seulement avec CC)
Dimanches et jours fériés
6h – 13h
5h – 19h + dérogation possible de 19h à 01h00 (seulement avec CC)
Autre nouveauté
les magasins vendant des produits de première nécessité peuvent profiter d’une dérogation complète, donc 24/7 (seulement avec CC)
Il s’agit d’un élargissement massif des horaires d’ouverture, qui mettra à rude épreuve la santé ainsi que l’équilibre entre vie professionnelle et vie privée des salariés, dans un secteur déjà caractérisé par de bas salaires, une forte pression et une pénurie chronique de personnel. Il n’est donc guère surprenant que les travailleurs du secteur s’opposent à la libéralisation des horaires d’ouverture et du travail dominical, même dans le cadre d’une convention collective.[1]
En définitive, seuls les grands supermarchés et les chaînes tireront profit de ces nouvelles dispositions. Grâce à cette loi, ils écarteront encore plus rapidement les petites entreprises et pourront adapter leur main-d’œuvre à leurs besoins, en recourant à des contrats précaires qui accentuent la pression sur le personnel.
En matière de retraites, le gouvernement a voulu imposer un allongement de la vie active. Il y est parvenu, même si, au final, il ne subsiste qu’une fraction de ce qu’un Luc Frieden exalté avait annoncé en mai. Le nombre relativement limité de personnes qui devront travailler plus longtemps à partir de l’année prochaine (environ 22 % de l’ensemble des retraités, selon les chiffres de 2024) peut être interprété de deux manières.
D’une part, ce faible pourcentage démontre l’impact dérisoire de la mesure sur la solidité du système, puisque toutes ces personnes acquerront de nouveaux droits à la retraite. Alors que l’augmentation des cotisations devrait générer 540 millions d’euros de recettes supplémentaires par an, l’allongement de la durée de cotisation de huit mois pour les personnes concernées ne rapportera qu’un peu moins de 50 millions d’euros (avant déduction des droits acquis supplémentaires), soit moins de 10 % du produit de l’augmentation des cotisations.
D’autre part, cette réforme rompt avec la règle générale permettant de partir à la retraite après 40 années d’assurance. L’allongement de la vie active, motivé par des raisons purement idéologiques, ouvre ainsi la voie à de nouvelles prolongations de la durée de travail. Il est donc à craindre que de nouvelles étapes en ce sens ne suivent dans les prochaines années.
Le fait que le gouvernement soit revenu sur sa promesse d’ajustement, tout en maintenant sa volonté de laisser cet instrument socialement régressif produire ses effets à partir des années 2030, pèsera sur l’ensemble des futurs retraités.
Par ailleurs, le gouvernement a renoncé à une revalorisation de la pension minimum, une revendication pourtant partagée par tous les partenaires sociaux ainsi que par les participants à la pseudo-consultation. Les personnes – souvent des femmes – touchant de très faibles retraites devront donc continuer, à l’avenir, à solliciter une aide spéciale du FNS et à demeurer dans la position de « pétitionnaires ».
En revanche, les assurés sociaux disposant de revenus plus élevés bénéficieront d’un avantage fiscal : le plafond de déductibilité de l’assurance privée passe de 3 200 € à 4 500 €. Cette mesure coûtera environ 25 millions d’euros par an à l’État.
De meilleures alternatives étaient et sont toujours sur la table.
Toutes les souffrances et le chaos des derniers mois auraient pu être évités avec un gouvernement compétent et disposé à faire des compromis. Depuis le début du débat sur les retraites, fin 2023, les syndicats et la Chambre des salariés ont présenté des propositions viables pour garantir l’équité et la pérennité du système pendant plusieurs décennies. La nécessité de réformes a toujours été reconnue par les représentants des salariés, mais le gouvernement a refusé d’en discuter sérieusement.
déi Lénk a été le premier parti politique à mettre des propositions de réforme sur la table, il y a presque un an jour pour jour (17 septembre 2024), et à en faire chiffrer l’impact par l’IGSS :
Supprimer le plafond de cotisation (5 fois le SMIC) afin que les salaires les plus élevés contribuent équitablement.
Assujettir à cotisation tous les éléments de rémunération. → Ces deux mesures généreraient environ 800 millions d’euros de recettes supplémentaires.
Réduire certaines dépenses du fonds de pension qui ne sont pas directement liées au paiement des retraites, soit une économie potentielle de 220 millions d’euros.
Maintenir la revalorisation des pensions et l’allocation de fin d’année.
Fixer le montant de la pension minimale au niveau du SMIC.
À moyen terme (vers 2040) : relever les cotisations de 3 × 8 % à 3 × 9 %.
En mars dernier, l’IGSS a analysé ces propositions et conclu que le système aurait pu être intégralement financé par les cotisations jusqu’en 2039 (avec les mesures 1 à 4), sans augmentation immédiate des taux ni allongement de la durée de cotisation. Ce n’est qu’en 2040 qu’il aurait été nécessaire de relever les cotisations à 3 × 9 %, ce qui aurait garanti la pérennité du système jusqu’en 2058, soit plus de 30 ans.
En résumé : il était possible de préserver le système de retraite pour les 15 prochaines années sans hausse immédiate des cotisations ni prolongation de la vie active, tout en assurant une redistribution socialement plus équitable et une pension minimale décente. Le gouvernement a clairement choisi la voie du chaos et du conflit, plutôt que celle de la stabilité et de la durabilité.
Que va-t-il se passer maintenant ?
Le gouvernement s’est retrouvé dans une impasse et a dilapidé son capital politique. Luc Frieden a échoué dans sa fonction de Premier ministre. Ce constat n’augure rien de bon à l’heure où le pays devra affronter de nombreux défis potentiellement conflictuels : construction de logements, lutte contre la pauvreté, évolution du monde du travail ou encore protection du climat.
Les syndicats ont déjà annoncé qu’ils ne traiteront plus ce gouvernement de la même manière. Leur volonté de négocier et de rechercher des compromis a été sérieusement mise à l’épreuve, et le front syndical adoptera désormais une posture plus combative. déi Lénk se tiendra à leurs côtés dans cette démarche.
Par cette conférence de presse, nous avons répondu à l’appel des syndicats et du patronat à prendre clairement position sur la question des retraites. Et nous n’hésiterons pas à en faire un enjeu majeur de la campagne électorale de 2028, afin de faire reculer les réformes antisociales.
Haut stëmmen déi Lénk resolut géint d’Gesetz fir d’Indexmanipulatioun. Op eisem Meeting fir den Index gëschter, hunn den Direkter vun der Chambre des Salariés, Sylvain Hoffmann, d’Presidentin vum OGBL, Nora Back, an déi Lénk Spriecherin, Carole Thoma,nach ee Mol all d’Argumenter géint Indexmanipulatioun kloer opgezielt.
Dës Manipulatioun ass ee Kafkraaftverloscht fir d’Leit, an en trëfft déi am häertsten, déi am mannsten hunn. Fir d’Patronat ass et risege Kaddo: déi 2,5% Erhéijung déi Salariéen an Rentner a Rentnerinnen elo net kréien, fléissen an hir Täschen. Dobäi kréien d’Entreprise scho méi ënnert d’Äerm gegraff wéi néideg.
D’Carole Thoma hat et gëschter um Meeting op de Punkt bruecht: “D’Leit gi fir domm verkaf.” Fir déi Lénk ass dës Politik net nozevollzéien. E “Nee” ass déi eenzeg Positioun déi et gëtt, wann ee sech wëll fir déi Lounofhängeg asetzen.
Leider gesäit d’Majoritéit an déi gréissten Oppositiounspartei dat net esou. Dofir wäert dëse 15. Juni als ee vun de schwaarzen Deeg vum sozialen Ofbau an d’Lëtzebuerger Geschicht agoen. De Kampf fir den Index muss trotzdeem weidergoen, well déi nächst Manipulatioun wäert net laang op sech waarde loossen.
Fir den Index.
Basta!
Loi sur l’index :déi Lénk vote NON !
Aujourd’hui, déi Lénk votera contre la loi qui va manipuler l’automatisme de l’index. Lors de notre meeting pour l’index, le directeur de la Chambre des salariés, Sylvain Hoffmann, la présidente de l’OGBL, Nora Back, et notre porte-parole Carole Thoma ont à nouveau clairement énuméré tous les arguments pour s’opposer à une manipulation de l’index.
Cette manipulation signifie une perte de pouvoir d’achat pour les salarié.e.s et retraité.e.s. Et ce sont celles et ceux qui ont le moins, qui seront les plus durement touché.e.s. Pour le patronat, c’est un énorme cadeau : les 2,5% qu’ils n’auront pas à verser à leurs salarié.e.s viennent gonfler leurs bénéfices. Et ce alors que les entreprises reçoivent déjà plus d’aides qu’il n’en faut.
Carole Thoma l’a parfaitement résumé lors du meeting : « On prend les gens pour des imbéciles ! » Pour déi Lénk cette politique est intolérable. Un « non » est la seule position possible si l’on veut défendre les intérêts des salarié.e.s et retraité.e.s.
Malheureusement, les partis de la majorité et le plus grand parti d’opposition ne sont pas de cet avis. Pour cette raison, ce 15 juin entrera dans l’histoire comme une des journées noires de la casse sociale. Mais la lutte pour l’index doit continuer, car la prochaine manipulation ne se fera pas attendre longtemps.
Den Index war ni als Deel vun der Sozialpolitik geduecht, mee reng fir d’Léin an d’Rentnen un d’Inflatioun d’unzepassen. Dofir kritt och all Salarié an all Rentner a Rentnerin déi 2,5%. Eng gerecht Lounpolitik geet iwwert eng gerecht Verdeelung vum geschafene Räichtum. Aarbecht soll gerecht bezuelt ginn. Dofir muss een zu Lëtzebuerg zum Beispill de soziale Mindestloun erhéijen. Eng gerecht sozial Politik kann een duerch eng gerecht Steierpolitik maachen, déi et erlaabt d’Ongläichheeten ze behiewen. Eng Manipulatioun vum Index profitéiert eleng de Patronen. Déi 2,5% vun enger Indextranche, déi ausfält, fléissen nämlech an hir Profitter! Dat ass net sozial gerecht, mee e Kaddo vun all Lounofhängegn u säi Patron! D’Argument von der sozialer Ongerechtegkeet, dat gäre vun de Patrone benotzt gëtt, déngt dozou d’Salariat ënnert sech ze splécken, an dës Spléckung erlaabt et de Patronen sech ze beräicheren. Dofir : D’Fangere wech vum Index !
Ligen 2 : D’Indexmanipulatioun ass solidaresch.
D’Manipulatioun, déi d’Regierung proposéiert, ass alles anescht ewéi solidaresch. Déi sougenannte Kompensatiounsmoossname ginn nämlech duerch d’Steiergelder finanzéiert, déi zu zwee Drëttel vun der Akommessteier an der TVA kommen. Dat heescht vun de Lounofhängegen an de Rentner a Rentnerinnen. Op der enger Säit huelen de Staat an d’Patronat de Leit also eng Indextranche, an op där anerer Säit bezuelen d’Leit déi sougenannte Kompensatioun fir déi geklauten Tranche selwer. Dat ass jo wuel ee schlecht e Witz. Vun der Manipulatioun profitéieren natierlech just d’Patronen. A Wierklechkeet sinn d’Leit also solidaresch mat den Entreprisen. Et ass eng Solidaritéit an eng eenzeg Richtung. Déi 2,5%, déi déi Lounofhängeg an d’Rentner an d’Rentnerinnen net kréien, fléissen an déi souwisou scho fett Gewënner vun de Patronen. Déi freeë sech natierlech iwwert déi Solidaritéit.
Ligen 3 : D’Situatioun ass exzeptionell wéinst dem Krich.
D’Explosioun vun den Energiepräisser war den Ausléiser fir d‘Tripartite, déi schlussendlech zur der aktueller Indexmanipulatioun gefouert huet. D’Regierung hëlleft de Betriber awer net geziilt wéinst den héijen Energiepräisser, mee verdeelt ondifferenzéiert d’Suen un all d’Entreprisen, egal ob se un den héijen Energiepräisser leiden oder net. Eng Bank profitéiert also genau sou vill, wéi eng Entreprise, déi wierklech Schwieregkeete mat den Energiepräisser huet. Dat weist, dass de Krich just als Virwand genotzt gouf. Dat nennt ee wuel Zynismus. En plus kréien déi Betriber, déi am meeschte Verschmotzen eng zousätzlech Hëllef fir dass se sech d’Verschmotzungsrechter um Maart vun den CO2 -Zertifikater weider kënne leeschten. Eng staatlech Hëllef, déi Sënn an Zweck vum Emissiounshandel ënnergrueft. Amplaz dass grouss Konzerner mat de néideg Moyenen op méi klima- an ëmweltfrëndlech Produktiounsweisen ëmklammen, kréie se vum Staat gesot: “Verschmotzt roueg weider!”. Dat ass ee Signal wat natierlech och déi gären héieren, déi mat CO2-Zertifikater spekuléieren.
Lige 4 : Den Index gëtt net a Fro gestalt.
Dat wichtegst um Index ass dass en automatesch ausbezuelt gëtt nodeems de Leit hir Kafkraaft ëm 2,5% erofgaangen ass. Duerch d’Ophiewe vum Automatismus, gëtt den Index strukturell ugegraff. Och wann d’Regierung gären erzielt dass keng Tranche wäert ausfale, esou ginn et dofir keng Garantien. Ausserdeem ass den Index ee Mechanismus deem säi Funktionement gesetzlech festgehalen ass. Eng Ännerung vum dem Gesetz, déi den Automatismus ausser Kraft setzt ass alles anescht wéi ee staarkt Bekenntnis zum Index. Säit der éischter Manipulatioun ass et ëmmer erëm zu Manipulatioune komm, déi Lounofhängeger a Rentner a Rentnerinne mussen ausläffelen. Wann een den Index manipuléiert, da stellt een e ganz a Fro.
Lige 5 : D’Entreprisë sinn a Schwieregkeeten.
Et geet natierlech net all den Entreprisë gutt. Mee den Index ass dorunner net schold, soss wiere jo vill méi Entreprisen vill méi reegelméisseg a Schwieregkeeten. Sue mat der Strenz iwwert all d’Entreprise schëdden, sou wéi d’Regierung dat mam “Solidaritéitspak” mécht, ass och keng Léisung. Well hei gëtt jo net deenen Entreprise gehollef, déi Schwieregkeeten hunn, mee hei gëtt ondifferenzéiert all den Entreprise gehollef. Op se Problemer duerch d’Energiepräisser hunn oder net. Kuerz nom Tripartite-Accord hunn dann och eng Rei Entreprisen, dorënner Banken, sech mat hire Rekordprofitter gebretzt. Da kënnt ee sech natierlech domm vir.
Lige 6 : Et fält keng Indextranche ewech.
Nodeems den Accord ënnerschriwwe gouf, ass gesot ginn, dass all d’Indextranchen, ausbezuelt géife ginn. Mee wéi et ausgesäit ass d’Inflatioun méi héich wéi Ufanks geduecht. Et géingen also méi Indextranchen ufale wéi d’Regierung dat gemengt hat. Et huet bis elo nach kee garantéiert, dass all Tranchen, déi ausfält och erëm ausbezuelt gëtt. Ganz am Géigendeel, d’Ausbezuelen vun all den Tranchen gëtt schonn a Fro gestalt. Sou gëtt déi nächst Manipulatioun scho virbereet.
Les mensonges sur l’index
Mensonge 1 : L’index est socialement injuste.
L’index n’a jamais été pensé comme un outil de la politique sociale, mais pour adapter les salaires et pensions à l’évolution réelle des prix. Pour cette raison, chaque salarié.e et chaque retraité.e profitent des 2,5%. Une politique salariale plus juste passe par une meilleure répartition des richesses créées. La travail doit rémunéré de manière équitable. Pour cette raison, il faudrait par exemple augmenter le salaire social minimum au Luxembourg. Une politique sociale juste passe par une politique fiscale juste qui permet de gommer les inégalités. Une manipulation ne profite qu’au patronat. Car les 2,5% d’une tranche indiciaire supprimée viennent gonfler leurs bénéfices ! Ce n’est pas juste, c’est un cadeau du/dela salarié.e à son patron. L’argument de l’injustice sociale de l’index, que le patronat utilise à tout bout de champ, sert à diviser les salarié.e.s. Cette division permet aux patrons de s’enrichir. Donc : Pas touche à l’index !
Mensonge 2 : La manipulation de l’index est solidaire.
La manipulation proposée par le gouvernement est tout sauf solidaire. Les soi-disant mesures de compensation sont financées par le budget de l’État dont les deux tiers des recettes proviennent de l’impôt sur les salaires et de la TVA. Ce sont donc les salarié.e.s et retraité.e.s qui paient les compensations. D’un côté le gouvernement et le patronat supprime une tranche indiciaire et de l’autre côté, les salarié.e.s et retraité.e.s lésé.e.s par cette tranche supprimée paient eux-mêmes leur « compensation ». C’est une mauvaise blague. Seul le patronat profite de la manipulation. Les gens sont donc solidaires avec les entreprises. Les 2,5% refusés aux salarié.e.s et retraité.e.s viennent gonfler leurs bénéfices déjà considérables. C’est une solidarité à sens unique. Le patronat dit merci.
Mensonge 3 : La situation est exceptionnelle à cause de la guerre.
L’explosion des prix de l’énergie était à l’origine de la réunion tripartite qui a finalement abouti à une manipulation de l’index. Or, le gouvernement ne propose pas d’aides ciblées aux entreprises pâtissant de la hausse des prix, mais il distribue de l’argent à toutes les entreprises sans se poser de questions. Une banque profite donc autant qu’une entreprise vraiment menacée par les hausses de prix de l’énergie. Cela montre que la guerre n’est qu’un prétexte. Cela s’appelle du cynisme. En plus, les entreprises polluant le plus reçoivent des aides supplémentaires afin qu’elles puissent continuer à acheter à des prix modérés leurs certificats CO2 qui sont des droits de pollution. C’est donc une aide étatique qui sape les fondements mêmes du système d’échange de quotas d’émission. Au lieu de faire en sorte que les multinationales se dotent de productions moins polluantes, l’État leur dit: “Continuez à polluer!”. C’est de la musique pour les oreilles de ceux qui spéculent avec les fameux certificats de CO2.
Mensonge 4: L’index n’est pas remis en question.
L’index se définit par le fait qu’il est automatiquement versé aux salarié.e.s et retraité.e.s après que leur pouvoir d’achat a baissé de 2,5%. La suppression de l’automatisme est une attaque structurelle contre le mécanisme de l’index. Bien que le oguvernement répète sans cesse qu’aucune ne tranche ne sera supprimé, personne n’a pu donner de garanties. De plus, l’index est un mécanisme dont le fonctionnement est fixé par une loi. Un changement de cette loi dans le but de supprimer l’automatisme n’est pas vraiment une profession de foi pour l’index. Depuis la première manipulation du mécanisme, les manipulations, que les salarié.e.s et les retraité.e.s ont dû payer, se sont succédées. Lorsqu’on manipule l’index, on le remet en question.
Mensonge 5 : Les entreprises connaissant de grandes difficultés.
Bien sûr, il existe des entreprises avec des problèmes. Mais ces difficultés ne sont pas liées à l’index, sinon énormément d’entreprises auraient des difficultés beaucoup plus souvent. Distribuer de l’argent à toutes les entreprises sans différencier n’est donc pas la bonne solution. Parce que cette aide ne s’adresse pas aux entreprises en difficultées, mais à toutesles entreprises. Qu’elles souffrent de la hausse des prix de l’énergie ou pas. Peu après la signature de l’accord tripartite, de nombreuses entreprises, des banques notamment, ont d’ailleurs annoncé des bénéfices records. On a l’impression qu’on se moque de nous.
Mensonge 6 : Aucune tranche indiciaire ne sera supprimée.
Après la signature de l’accord tripartite, on nous a assuré que chaque tranche indiciaire impayé serait payé. Mais, il semble que l’inflation est plus importante que les responsables politiques ne l’avaient prévu. Il y aurait donc plus de tranches à payer que le gouvernement ne le pensait. Jusqu’à présent, il n’y a pas eu de garantie pour le paiement des toutes les tranches, bien au contraire, le paiement de certaines tranches est re mis en question. Comme ça, gouvernement et patronat préparent la prochaine manipulation.
Aujourd’hui, le gouvernement a présenté des amendements pour la loi tripartite sur la manipulation de l’index. Les références à l’année 2024 ont été supprimées, et, si nécessaire, les questions qui restent ouvertes vont être débattues lors d’une nouvelle réunion tripartite. Ainsi, les partis du gouvernement essaient de faire machine arrière sans perdre leur face. Mais on ne sait toujours pas si une tranche indiciaire sera supprimée ou pas.
La critique fondamentale de déi Lénk est donc confirmée. Début avril, la coalition voulait agir rapidement pour faire un cadeau aux entreprises. Sa décision se basait sur des scénarios trop optimistes et elle n’avait pas cerné l’intégralité des conséquences d’une manipulation de l’index. L’inflation reste à un niveau très élevé et de nombreux ménages risquent de voir leur pouvoir d’achat diminuer. Grâce à la pression de l’OGBL, de déi Lénk et d’autres organisations, le gouvernement s’est défilé.
déi Lénk campe sur sa position et s’oppose à toute manipulation de l’index. La loi sur cette la manipulation de l’index doit être retriée. Avec les centaines de millions d’euros que le gouvernement économiserait ainsi, il pourrait venir en aide aux ménages les plus vulnérables et aux entreprises qui pâtissent véritablement de cette crise, au lieu d’offrir une tournée générale au patronat.
Une manipulation de l’index est toujours une attaque structurelle contre le mécanisme de l’index qui est défini par son automatisme. Lorsqu’on manipule l’index, ne serait-ce qu’un peu, on le remet intégralement en question.
Donc: Pas touche à l’index !
Communiqué par déi Lénk.
Och no den Amendementer: D’Fangere wech vum Index!
Haut huet d’Regierung Ännerunge vum Tripartitesgesetz iwwert d’Indexmanipulatioun presentéiert. All Referenz op d’Joer 2024 gëtt aus dem Gesetzesprojet eraus geholl an déi oppe Froe solle wa néideg vun enger neier Tripartite diskutéiert ginn. Domadder probéieren d’Regierungsparteien zeréckzerudderen ouni hiert Gesicht ze verléieren. D’Fro, ob Tranchen entfalen, bleift weider oppen.
Mir fillen eis op e neits an eiser fundamentaler Kritik bestätegt. D’Koalitioun wollt Ufank Abrëll séier handele fir dem Patronat eng Freed ze maachen. Se huet hir Decisioun op Basis vun ze vill optimisteschen Zenarioe geholl an d’Konsequenze vun der Index-Manipulatioun net bis zum Enn duerchduecht. D’Inflatioun bléift awer weider op héijem Niveau an d’Leit riskéiere vill Kafkraaft ze verléieren. Duerch den Drock vum OGBL, déi Lénk an aneren Organisatioune krut d’Regierung elo kal Féiss.
déi Lénk bleiwe bei hirer Positioun a si weider géint all Form vu Manipulatioun vum Indexmechanismus. D’Gesetz vun der Indexmanipulatioun muss zréck gezu ginn! Mat deenen Honnerte Milliounen Euro, déi de Staat doduerch géif aspueren, kéint ee souwuel de vulnerabele Stéit, wéi och deenen Entreprisen, déi wierklech betraff sinn, gezielt duerch dës Kris hëllefen, amplaz dem ganze Patronat eng Tournée générale ze spendéieren.
All Manipulatioun vum Index ass ee strukturellen Ugrëff op de Mechanismus, deen duerch säin Automatismus definéiert ass. Wann een den Index manipuléiert, sief dat just e bëssen, da stellt een de ganze Mechanismus a Fro.
déi Lénk hate schonn am Virfeld vun der leschter Tripartite gewarnt, dass et géing ëm den Index goen, an net ëm d’Explosioun vun den Energiepräisser, wéi ugekënnegt. Eng Desinformatiounscampagne vum Patronat huet nämlech Stëmmung géint den Index gemaach soubal d’Regierung d’Triparite annoncéiert hat. Déi Lénk hunn och net missen an d’Kristalkugel kucke fir ze wësse wou d’Reess higeet, mee an d’Geschichtsbicher. Bei all Kris gëtt systematesch den Index a Fro gestalt. Mat ëmmer deem selweschten Argument: den Index ass sozial ongerecht, well eng Persoun déi méi verdéngt, méi dovu profitéiert wéi eng Persoun déi wéineg verdéngt. Dat schéngt esou op deen éischten Bléck richteg, mee et ass just eng Hallefwourecht. Den Index war ni als Hiewel vun der Sozialpolitik geduecht. Mee als Mechanismus fir all d’Léin an d’Pensiounen un d’Entwécklung vun de Liewenskäschten unzepassen. Sozialpolitik ass ëmmer eng Fro vun der Ëmverdeelung. Gerecht Ëmverdeelung ass haaptsächlech eng Fro vu Steierpolitik.
Dat Argument vun der sozialer Ongerechtegkeet ass awer net nëmmen eng Hallefwourecht, et ass och nach pervers, well et d’Solidaritéit tëschent de Lounofhängegen a Pensionéierten a Fro stellt, an do reiwe sech d’Patronen natierlech d’Hänn, well schlussendlech si se di eenzeg, déi vun enger Indexmamipulatioun profitéieren, well déi gespuerte Suen direkt an hir Täsche fléissen. Souvill also zu der sozialer Gerechtegkeet vun enger Indexmanipulatioun.
Vun de grousse Gewerkschaften huet leider just den OGBL d’Enjeuxen vun esou enger Manipulatioun erkannt, an also zu Recht dee faméisen « Solidaritéispak » net ënnerschriwwen. Dofir gouf et vun der Regierung vill Kritik. Fir déi Lénk ass dem OGBL seng Haltung déi eenzeg responsabel, a si weist dass d’Salariéen an d’Rentner zu Lëtzebuerg ee staarke Partner hunn am Kampf géint de Sozialofbau.
Wat ass also wierklech geschitt ënnert dem Virwand vun der aktueller Energiekris. Dat éischt: eng Indexmanipulatioun, déi just de Patronen ze gutt kënnt. Dat zweet : eng Subventiounspolitik, déi CO2-Ausstéiss fërdert. De 7,5 Cents Rabatt op all Liter Bensinn, Diesel a Masout ass esou eng Subventioun. Et handelt sech hei awer net just ëm een handfeste Klimaskandal, mee och nach ëm sozial Ongerechtegkeet. Leit mat décken Autoen, déi vill verbrauchen porfitéieren hei am meeschten. En plus, ass et eng Moossnam, déi versicht den Tanktoursimus ze schützen, deen dës Regierung jo awer bekämpfe wollt…
Fir d’Entreprisen ass och en änleche Kado dran : d’Kompenséierung vun der Hausse vum Präis vun deene sougenannten Emissiounszertifikater, déi d’Entreprise kaafe fir kënnen ze verschmotzen. Dobäi ass Sënn an Zweck vum sougenannten Emissiounshandel awer d’Entreprisen duerch héich Präisser vun den Zertifikaten dozou unzereege manner ze verschmotzen.
Mir wëssen och, dass d’Hausse vun den Energiepräisser net eng direkt Konsequenz vum Putin sengem vëlkerrechtswiddrege Ugrëff géint d’Ukrain ass, mee ee Resultat vu Spekulatioun an willkürlecher Präisspolitik vu Raffinerien an Uelegkonzerner. Mat der Subventiounspolitik, déi eis Regierung bedreift, gëtt dëss Spekulatioun a Praïsspolitik belount. Et ass also ee Schoss an den Uewen.
Dobäi kënnt, dass niewend den Energiepräisser och nach wichteg Liewensmëttel méi deier ginn. Do hëlleft et natierlech näischt wa just fossil Energie subventionnéiert ginn. déi Lénk proposéieren dofir een Energiegeld wat a Form vun engem besteierbarem Complément de revenue soll all Stot zeguttkommen. Stéit mat engem Akommes ënnert dem Medianloun bezuele naïscht zeréck. Stéit déi méi wéi de Medianloun kréien bezuelen dee Complément progressiv zeréck. Esou een Energiegeld kann fir all méiglech Depense benotzt ginn, vu dass jo mat der aktueller Inflatioun villes méi deier gëtt. Et ass sozial gestaffelt an et fléisst net nëmmen a fossil Energien.
Et ass vill iwwert d’Moossnamen aus dem sougenannte « Solidaritéitspak » geschwat ginn, mee déi staatlech Hëllefe fir de Präis vun den Emissiounszertifikater am Kader vum europäeschen Emissiounshandel ze kompenséiere goufe wéineg kommentéiert. Dës Hëllef ass awer symptomatesch fir déi politesch Linn vun enger Regierung, déi d’Verschmotzungsrechter vun den Entreprisë mat de Sue vun de Salariéen an Rentner.inne bezilt. Dat ass ee sozialen an ekologesche Skandal.
D’Staatshëllefen, déi d’Betriber kréie fir en Deel vun hire Verschmotzungsrechter ze bezuelen, wäert de Staat 500 Milliounen Euro bis 2030 kaschten. Dës Hëllefe ginn natierlech iwwert de Staatsbudget finanzéiert, deen zu zwee Drëttel duerch d’Lounsteier an d’TVA gespeist gëtt. Et sinn also déi Lounofhängeg an d’Rentner.innen, déi dës Moossnam bezuelen, déi ëmweltpolitesch gesinn een absolutten Nonsens ass.
D’Zil vum europäeschen Emissiounshandel ass et nämlech d’Betriber unzereegen an eng méi gréng Produktioun z’investéiere well d’Zertifikater ze deier ginn. Haut läit de Präis vun engem Zertifikat bei ongeféier 80 Euro. Mee amplaz d’Betriber elo an eng méi ëmweltfrëndlech Produktioun investéieren ze loossen, huet d’Regierung decidéiert en Deel vum Zertifikatspräis ze bezuelen. Andeems se dat mécht, gräift se d’Fundament vum Emissiounshandel hunn, dee liberal a gréng Politiker.innen zum Wonnermëttel géint d’Klimakatastroph héichstiliséiert haten.
Déi grouss Betriber, déi vum Emissiounshandel betraff sinn, hunn d’Gelder fir an hir Produktiounssitten z’investéieren, mee et geet drëms den Aktionäre weider fett Gewënner an Dividenden auszebezuelen. déi Lénk si skandaliséiert iwwert dës Moossnam, déi duerchgesat gëtt wärend Salariéen, Rentner.innen, Stagiairen, Leit déi eng Léier maachen un der rezenter Indexmanipulatioun leiden. Dës Moossnam, wéi déi aner och, weist ganz kloer dass de « Solidaritéitspak » op eng Solidaritéit grënnt, déi just an eng Richtung geet : Vun de Lounofhängegen a Rentner.inne bei d’Betriber. D’Betriber sinn dann och ganz ouni Zweiwel déi grouss Gewënner vun dëser liberaler Opfaassung vun der Solidaritéit.
Matgedeelt vun déi Lénk.
Hei fannt Dir eng méi detailléiert Analys vum Emissiounshandel.
« Paquet de solidarité » :Le gouvernement paie les entreprises pour polluer.
Parmi les mesures du soi-disant « paquet de solidarité », les aides étatiques pour compenser la hausse du prix des certificats d’émission de gaz à effet de serre dans le cadre du système européen d’échange de quotas d’émission ont été peu commentées. Elles sont pourtant symptomatiques de la ligne politique d’un gouvernement qui paie les droits de pollution des entreprises avec l’argent des salarié.e.s et retraité.e.s. Un scandale social et écologique.
Les aides que l’État attribuent aux entreprises pour compenser la hausse du prix des droits de pollution pourraient s’élever à 500 millions d’euros jusqu’en 2030. Elles sont évidemment financées par le budget de l’État dont deux tiers des recettes proviennent de l’impôt sur les salaires et la TVA. Ce sont donc toutes les personnes travaillant pour un salaire et les retraité.e.s qui paient cette mesure qui est un non-sens absolu du point de vue écologique.
En effet, le but du système d’échange de quotas d’émission est d’inciter les entreprises à investir dans des processus plus écologiques par une hausse continuelle des prix des certificats d’émission. Aujourd’hui, le prix d’un certificat s’élève à environ 80 euros. Mais au lieu de laisser les entreprises investir dans une production plus verte, le gouvernement a décidé de compenser une partie du prix du certificat, sapant ainsi les fondations mêmes du système d’échange qu’écologistes et libéraux avaient érigé en solution miracle contre le réchauffement climatique.
Les grandes entreprises concernées par le système d’échange disposent des fonds nécessaires pour investir dans leurs sites de productions, mais il s’agit avant tout de ne pas priver les actionnaires de leurs profits et dividendes. déi Lénk est scandalisé par cette mesure qui intervient alors que salarié.e.s, retraité.e.s, indépendant.e.s, stagiaires et apprenti.e.s pâtissent des conséquences d’une manipulation de l’index. Cette mesure, comme les autres, montrent que le « paquet de solidarité » est fondé sur une solidarité à sens unique qui va des salarié.e.s et retraité.e.s aux entreprises. Ces dernières sont, sans l’ombre d’un doute, les grandes gagnantes de cette conception libérale de la solidarité.
Communiqué par déi Lénk.
Ici vous trouvez une analyse détaillée sur le l’échange de quotas d’émissions.
No der Verëffentlechung vum Tripartitesaccord, dee mat ënnerschriwwe gouf vum LCGB a vun der CGFP, huet sech séier erausgestallt, dass d’Regierung, mat Hëllef vun der LSAP, de Leit eng virgegaukelt huet. Eng einfach Rechnung weist nämlech, dass vill Stéit wäerte Sue verléieren
Sécherlech kréien d’Leit, déi de Mindestloun (2.313,37 Euro) oder de qualifizéierte Mindestloun (2776,06 Euro) verdéngen e puer Su bäi. Mee déi Montanten (+26,17 Euro respektiv +14,6 Euro de Mount )si lächerlech am Verglach zur Präisexplosioun vun der Energie. Wie sinn dann elo d’Verléierer ? Mat enger Pai vun 3.667 Euro de Mount, verléiert ee 7,67 Euro all Mount. Verdéngt ee 5.667 Euro de Mount, verléiert ee scho 65,67 Euro. Huet een e Salaire vun 8.333 Euro, da verléiert ee souguer 208,33 Euro de Mount.
D’Patrone mussen also elo net méi de Index ausbezuelen, obwuel en hei am Land zur Gehälterstruktur gehéiert. De Staatsbudget soll awer net d’Charge salariale vun de Patronen iwwerhuelen. Ëmsou méi well am éischten Deel vum Accord dee gëschter ënnerschriwwe gouf, eng Ganz Rei net chiffréiert Mesure fir d’Patronen dra stinn. Eleng fir d’Staatsgarantien si 500 Milliounen Euro virgesinn. Mee déi Mesure ass mol net an der Chamber debattéiert ginn, well d’Regierung séier huet missen hire « Succès » géint Salariat feiere goe wärend enger Pressekonferenz mat den zwou Gewerkschaften, déi och ënnerschriwwen hunn.
An der Chamber ass gëschter Owend och nach eng « Commission spéciale tripartite » gegrënnt gi fir déi Mesure ëmzesetzen. D’Kandidatin déi fir déi Lénk sollt an där Kommissioun setzen, d’Myriam Cecchetti, gouf net vun der Majoritéit eragewielt.
Matgedeelt vun déi Lénk.
Tripartite : Bettel, Lenert et Bausch trahissent les salariés !
Après la publication de l’accord tripartite, co-signé par le LCGB et la CGFP, il s’est vite avéré que le Gouvernement, avec la complicité du LSAP, a induit en erreur l’opinion publique.
Un simple calcul révèle qu’il y aura beaucoup de ménages lésés par la manipulation de l’index.
Si les bénéficiaires du salaire minimum (2.313,37 euros) et du salaire minimum qualifié (2776,06 euros) gagnent en effet quelques euros, le montant de ces gains (+26,17 voire 14,6 euros par mois) est ridicule par rapport à l’augmentation des prix de l’énergie ! Mais qui sont les perdants de la manipulation ? Avec un revenu mensuel de 3.667, l’on perd déjà 7,67 euro par mois. Avec un revenu de 5.667 euros par mois l’on subit une perte nette importante de 65,67 euros par mois. Avec un revenu mensuel de 8.333 euros, la perte s’élève même à 208,33 euros par mois.
Les patrons sont désormais dispensés du payement de l’indexation qui fait pourtant partie de la structure des salaires. Or, le budget de l’État n’est pas censé supporter la charge salariale des patrons, d’autant plus que la première partie de l’accord comporte d’innombrables mesures non chiffrées en faveur du patronat. Rien que pour le régime d’aides sous forme de garantie, une enveloppe globale de 500 millions est prévue. Cette mesure n’a pas été débattue à la Chambre des Députés que le Gouvernement a quittée précipitamment pour savourer son « succès » aux détriments du salariat en conférence de presse avec les deux syndicats signataires.
A la Chambre des Députés a été constituée en fin de soirée une « commission spéciale tripartite » pour accompagner la législation à venir. La représentante désignée par déi Lénk, Myriam Cecchetti, a été écartée par les voix de la coalition.
Fir déi Lénk war een Tripartitesaccord mat enger Indexmanipulatioun ni eng Optioun. Mir begréissen also, dass den OGBL de sozialen Ofbau, deen d’Regierung an d’Patronat gefuerdert hunn, net matdréit. Eng Indexmanipulatioun bedeit ganz einfach ee Kafkraaftverloscht, deen net méi kann opgefaange ginn. Och eng eemoleg Kompensatioun iwwer de Budget ass do nëmmen ee schwaachen Trouscht.
Nieft de Paien, verléieren déi immens wichteg “Prestations familiales” och u wäert. D’Regierung huet dann och elo mat där Indexmanipulatioun déi nodréiglech Reindexatioun vun de Prestatiounen aus dem Oktober 2021 mat annuléiert.
Et sief un dëser Stell nach ee Mol drun erënnert, dass d’Entreprise wärend der Pandemie massiv ënnert d’Äerm gegraff kruten. Sief et duerch een ugepasste Chômage partiel, duerch spendabel Direkthëllefen oder nach Staatsgarantien. Dat schéngt d’Patronat awer vergiess ze hunn, a mengt, ganz ouni Schimmt, dass elo d’Salariéen an déi Vulnerabelst fir dës systemesch Kris musse bezuelen. Well d’Präishausse kënnt duerch d’Spekulatioun an déi aggressiv Präispolitik vun den Ueleg- a Gaskonzerner.
Mir sinn also erëm beim neoliberale Business as usual ukomm. De grousse solidareschen Elan vun der Pandemie ass definitiv fort. Déi Kleng bezuelen erëm fir déi Grouss. Dobäi sinn et d’Stéit mat klenge Revenuen, déi un der aktueller Explosioun vun den Energiepräisser am meeschte leiden. Eng Indexmodulatioun, wéi d’Regierung an d’Patronat se elo wëllen, ass also ganz einfach inakzeptabel.
déi Lénk fuerderen nach ëmmer en Energiegeld, dat a Form vun engem besteierbare Complément de revenu soll un all Stot ausbezuelt ginn. Dat bleift eng séier an onkomplizéiert Aart a Weis fir deene Stéit, déi et am meeschte brauchen, ze hëllefen. Mir sinn doriwwer eraus och der Meenung, dass nëmmen eng richteg Steierreform Gerechtegkeet bei de Léin schaafe kann.
déi Lénk si bestierzt iwwer d’Positioun vun de „roude“ Regierungsmemberen, wéi der Paulette Lenert, déi dëse sozialen Ofbau ouni mat der Wimper ze zucke matdroen. Dat seet villes iwwer dës Koalitioun aus, an där d’DP an déi Gréng a soziale Froe kloer d’Soen hunn. An dofir bléist deene Schwächsten elo esou ee kale Wand an d’Gesicht.
Matgedeelt vun déi Lénk.
Réunion tripartite :Le démantèlement social par le gouvernement et le patronat.
Pour déi lénk, un accord entérinant une manipulation de l’index a toujours été impensable. Nous saluons la décision de l’OGBL de s’opposer au démantèlement social revendiqué par le gouvernement et le patronat. Une manipulation de l’index correspond simplement à une perte de pouvoir d’achat irrécupérable. Une compensation unique n’est qu’une faible consolation.
A côté des salaires, les prestations familiales, cruciales pour de nombreux ménages, perdront également en valeur. Avec cette manipulation de l’index, le gouvernement a aussi réussi l’exploit d’annuler la réindexation des prestations familiales d’octobre 2021.
Rappelons que les entreprises ont bénéficié d’un soutien sans précédent lors de la pandémie. Qu’il s’agisse d’un chômage partiel adapté, d’aides directes généreuses ou encore de garanties étatiques. Mais il semble que le patronat a la mémoire qui flanche, car il demande sans vergogne que les salarié.e.s et les plus vulnérables paient pour cette crise systémique. Car l’explosions des prix de l’énergie est le fruit de la spéculation et de la politique de tarifs agressive des entreprises de gaz et de pétrole.
Le business as usual néolibéral reprend donc le dessus. Le grand élan de solidarité de la pandémie est définitivement enterré. Les petits paient é nouveau pour les grands. Alors que ce sont les ménages aux revenus modestes qui souffrent le plus de l’explosion des prix de l’énergie. Une manipulation de l’index telle que le patronat et le gouvernement la revenidque est donc tout simplement inacceptable.
déi Lénk revendique toujours un chèque énergie sous la forme d’un complément de revenu imposables versé à tous les ménages. Cette aide soulagerait rapidement et sans complications administratives les ménages qui en ont le plus besoin. déi Lénk estime également que le seul moyen pour rétablir la justice au niveau des salaires est une réforme fiscale en profondeur.
déi Lénk est consterné par l’attitude des ministres du LSAP, comme Paulette Lenert, qui portent ce projet de démantèlement social sans broncher. Cela en dit long sur cette coalition au sein de laquelle le DP et déi Gréng dominent les questions sociales. Et c’est pour cette raison que les plus vulnérables sont confrontés à une forte pression sociale.