Politik kann och mol méi lieweg sinn. Politik muss och emol iwwer de Schreifdësch kucken.
Op der Resistenzplaz zu Esch organiséieren déi Lénk hirt traditionnellt Op-positiounsfest.
Mat Concert’en, Foodtrucks, Drinks a Kanneranimatioun ass fir gutt Stëmmung virgesuergt.
Bei eisen Informatiounsstänn kënnt dir eise Kandidat.INN.en fir d’Chamberwahlen déi Froë stellen déi Iech besonneg interesséieren. Är Meenung ass ëmmer gefrot.
Vu 14h – 15h animéiert d’Sandrine Gashonga en Atelier fir op Sexismus opmierksam ze maachen an Toleranzgrenzen a Fro ze stellen.