DEINE FRAGE: Setzt Ihr euch für ein Grundeinkommen ein?

FRAGE:

Vor- und Nachnamen der Fragesteller werden anonymisiert.

Setzt Ihr euch für ein Grundeinkommen ein?

ANTWORT

Danke für die Frage.
déi Lénk spricht sich in ihrem Wahlprogramm (Kapitel 3, Punkt 23) für eine Grundabsicherung für alle aus. Über ein bedingungsloses Grundeinkommen (BGE) soll öffentlich diskutiert werden.
Wegen einer großen Vielfalt an unterschiedlichen BGE-Konzepten soll dabei die Diskussion nicht auf eine simpele Ja-Nein-Frage zum Grundeinkommen reduziert werden. Ein Grundeinkommen kann je nach Auslegung auch sozial unverantwortlich sein. Jedoch begeistert das Thema BGE viele Menschen und rückt Fragen nach Grundrechten und Grundbedürfnissen ins Zentrum der öffentlichen Diskussion.
Generell setzt sich déi Lénk bei Fragen nach der Grundabsicherung dafür ein, dass die Gratuität der öffentlichen Dienstleistungen ausgebaut wird.
So wäre z.B. nicht ein Geldbetrag für Benutzung von Bus und Bahn in einem Grundeinkommen inbegriffen, sondern der Transport wäre gratis und in öffentlicher Hand. Somit wäre er auch individuellen Bedürfnissen besser angepasst und das Geld würde nicht in eventuell private Transportunternehmen fliessen, womit der Staat dann diese subventionieren würde.
Wir hoffen Ihnen Ihre Frage ausreichend beantwortet zu haben.
Viele Grüße,

DEINE FRAGE: Gerechtegkeet = Suen forthuelen?

FRAGE:

Vor- und Nachnamen der Fragesteller werden anonymisiert.

Moien
muss hei mol meng meenung soen, wei kann een soen dass een fir gerechtechkeet ass. Dir wellt dass Reicher mei besteiert gin nemmen well dei Arm ed brauchen. Ech kommen ned aus enger reicher Famill, mee trotzdem hun ech keen Haas op Reich Leit well se mei ereecht hun wei ech an mei Suen. An ed huet keen een Recht iwer aner Leit hieren PRIVATEN Reichtum ze wielen an waad domadder ze maachen ass. Dad ass aleng dem Besetzer seng Decisioun. Dad huet naicht mad Gerechtechkeet ze din mee vilmei iwer den Neid un dei Leit. Dir sid vill mei vir all Mensch glaich am Aarmut ze maachen, an dad seuguer wann se ned wellen mad dem gebrauch vun Gewalt. Wann der och är Principien geift haalen wärt der ned op Facebook. Well Facebook ass an get duerch Kapitalismus finanzeiert. An nach ze soen dass Privat-Betrieber, Privat-Geschäfter, Privat-Krankenkeesen,Privat-Mobiliteitsgesellschaften besser vum Staat iwerholl sollen gin ass onresponsabel an ignorant. Well all Staatlech Intistution huet mad der Zeit Qualiteit verluer. Zb. an der DDR, Kuba alles Länder vum totalen Versooen vun Lenker-Politik. Liest anstatt mol den Karl-Marx, den seuwiseu sein Buch aus Verzweiflung geschriwen huet, den Milton Friedman , Friedrich von Hayack, … all dei Leit dei Preizer an den Economie an Wirtschaftwessenschaft kruuten.

ANTWORT

Här M.,
Merci fir Är Kommentarer.

Gerechtegkeet:
déi Lénk well Räicher net enteegenen, mee well fir Stéiergerechtegkeet suergen. Mir sinn politesch dovunner iwwerzeegt, dat et gerecht ass, Leit mat héijem Akommes an grouss Konzerner méi ze besteieren. Dat huet verschidde Grënn:
– Mir sinn der Meenung, dat de Räichtum vun Eenzelnen ni ALLENG vun dëser Persoun geschaf gouf. Eis Gesellschaft schaaft zesummen de Räichtum, also muss de Räichtum och fair verdeelt ginn. Dat heescht awer net, dat mir fuerderen, dat all d’Gehälter gläich sinn, einfach just dat d’Ennerscheeder gerecht sinn.
– Mir sinn der Meenung dat an eiser Gesellschaft Aarbecht net op eng fair Art a Weis remuneréiert gëtt. Dat heescht, dat déi enorm Ënnerscheeder vum Akommes tëscht Leit déi 8 Stonnen den Dag schwéier op Chantieren ze schaffen hunn, oder Krankenschwesteren déi Nuetsschichte maachen op der enger Säit, an Leit aus de Virstänn vu Banke awer och zB. Politiker net gerechtfäerdegt sinn. Eis däitsch Schwesterpartei huet virgeschloen, dat innerhalb vun enger Firma dat heichstent Gehalt max. 10 mol sou héich sinn däerf, wei dat nidderegsten. Een deen méi Verantwortung dréit, däerf méi verdéngen – awer w.e.g. an engem reellen Verhältnis.

déi Lénk op Facebook:
Mir haten partei-intern eng gréisser Diskussioun, ob mir op Facebook präsent sinn sollen oder net. Schlussendlech hu mir eis dofir entscheed, awer eis Page ze benotzen, aus deem einfache Grond fir Leit erreechen ze kënnen an well mir als Partei d’Verantwortung hunn Leit do ofzehuelen wou se sinn. Mir verzichten allerdéngs op bezuelten FB-Reklamm, am Géigensaatz zu anere Parteien, an mir plangen laangfristeg vun Facebook ewech ze kommen.

Vergesellschaftung vu Betriber:
déi Lénk fuerdert eng méi staark ëffentlech Hand, mee mir sinn net fir d’Vergesellschaftung vun allen Privatbetrieber.
Et geet eis virun allem dorëm, dat wichteg Industrien an Servicer ënnert demokratescher Kontroll stinn, aplaz no kommerziellen Interessen ausgeriicht ze ginn. E Beispill: En privaten Telekommunikatiouns-Resesau huet keen Interessi méi ländlech Regiounen un een gutt Internetnetz unzeschléissen, well des Regiounen keen potentiellen Marché duerstellen. De Staat huet awer eiser Meenung no d’Verantwortung dofir ze suergen, dat jiddvereen Access op een gudden Internet huet.
Et gëtt fir déi Lénk Beräicher, déi einfach net „um Marché“ si sollen, well se sou elementar fir eis Gesellschaft sinn, dat net mat hinnen spekuléiert ginn däerf. Dozou gehéiert zB. Dat d’Waasserversuergung net privatiséiert ginn soll.

Mir hoffen, dat mer Iech eis Positiounen ee bëssi méi kloer maachen konnten. Weider Informatiounen fannt dir op eiser Themensäit.

P.S.: Déi Leit, déi Economies-Präisser kruten, sinn och déi Leit, déi eis an déi aktuell Wirtschaftskris gefouert hunn. Et ass wichteg, dat et politesch Alternativen gëtt, an dat Leit no néie Weeer sichen.

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe