David Wagner – Bilan vun der COP23

Bescheiden: Sou kann een d’Resultater vun der COP23 nenne wann een optimistesch ass. Technesch Froe fir d’Ëmsetzung vum Paräisser Ofkommes sollten do gereegelt ginn a konkret erauskomm ass schlussendlech just d’Grënnung vun enger ganzer Rei vu Berodungsgremien. Vill vun eis kennen dat jo aus dem Alldag: Wann een sech net eens gëtt oder keng Decisioun wëll huelen, da grënnt een einfach mol e puer Aarbechtsgruppen.

Dat muss een awer alleng schonn als Echec bewäerten, wann een sech d’Urgence vun der Klimaproblematik virun Aen hält. De konsequenten Ëmbau vun der Weltwirtschaft vun de fossillen Energien erwësch zu den erneierbaren Energie misst scho laang am Gaang si fir d’Erwiermung a Grenzen ze halen. Währenddessen gëtt 2 Joer no Paräis nach ëmmer iwwer Reegele gestridden, wéi de CO2-Ausstouss vun engem Land soll gemooss ginn. An dat, nodeems 2016 esou vill CO2-ausgestouss gouf, wéi nach ni virdrun an der Geschicht.

Besonnesch d’EU huet bei där Veranstaltung en trauregen Androck gemaach. Keng Spur méi vu Leadership oder enger eenheetlecher Positioun, all Memberland schéngt mëttlerweil erëm seng eegen Zopp ze kachen. Däitschland kënnt mat senger Energiewende net méi virun an hält sech mol léiwer eraus, Holland bréngt op eemol nei EU-Zieler an d’Spill ouni sech ofzeschwätzen, während Frankräich seng Atom- a Lëtzebuerg seng Finanzindustrie promovéieren. 

Déi lëtzebuergesch Initiativ a Saache Green-Finance ass jo ganz léif, mä e bëssen hypokritesch, wann ee bedenkt datt iwwert d’Lëtzebuerger Fongenindustrie Milliarden a Milliarden un déi grouss Uelegkonzerner fléissen, fir nei Pëtrolsfelder ze erschléissen. Esouguer de Pensiouns- an den Zukunftsfong investéieren hir Suen a fossil Energien. Et gëtt en d’Gefill net lass, dat déi Green-Finance-Initiativ mat hire puer mickreg Millioune just e Marketing-Gag ass fir den Image vun der Finanzplaz ze verbesseren, eng Zort Greenwashing fir d’Fongenindustrie.

Mä bon, wat hätt dës Regierung soss sollten zu Bonn maachen? Vill Opweises huet se jo net: Eis Pro-Kapp-Emissioune gehéiere nach ëmmer zu den Héchsten an der Welt an den Ausbau vun erneierbaren Energië kënnt net vun der Plaz, sou datt mer mëttlerweil scho mussen an de baltesche Staate Statistiken akafe goen. Et komme keng politesch Impulser a keng ëffentlech Investitiounen, vun dem ugekënnegten neie Klima-Aktiounsplang schwätzt kee méi a beim Tanktourismus gëtt de Kapp an de Sand gestach.

Déi heite Regierung riskéiert bei der Klimapolitik nach méi ze versoen, wéi déi Regierunge virdrunner, wat wierklech eng reif Leeschtung ass…

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe