Neijoerschried vum Carole Thoma

Fënnt hei d’Neijoerschried vum Carole Thoma vum 12. Januar 2023

Léif Eiregäscht,

Vertrieder vun der Presse,

Kolleeginnen a Kolleegen,

Erlaabt mer als alleréischt, Iech natierlech och alles Guddes fir dat neit Joer ze wënschen. Grad a Krisenzäiten wéi deene leschte Joeren, wënschen ech iech vill Gléck an eng gutt Gesondheet.

Net grad ee Joer ass et elo hier, dass de Krich, dee scho säit 2014 an der Ukrain herrscht eng nei Form ugeholl huet. Mäer hunn et mat engem kloer illegalen Ugrëffskrich ze dinn, wou Russland e souveränt Land a seng demokratesch gewielte Regierung attackéiert. Dausenden onschëlleg Leit si bis elo Affer vun desem onsënnege Krich ginn a mäer kënnen nëmmen hoffen, dass trotz den onzuelegen Eskalatiounen a Provokatiounen vum Putin-Regime esou séier wéi méiglech eng diplomatesch Léisung fonnt gëtt an d’Gewalt en Enn fënnt. Weltwäit, an och hei zu Lëtzebuerg, misst nees vill méi an Diplomatie investéiert ginn, wéi a Militariséierung, well déi aktuell Oprüstungsspiral wäert nach méi Konflikter mat sech bréngen.

Niewt deenen dramatesche Konsequenzen fir d’Affer aus der Ukrain, huet de Krich natierlech och Répercussiounen op de Rescht vun der Welt. Energieknappheet an eng Präisexplosioun vu quasi alle Gidder, déi mer konsomméieren, maachen och hei ville Leit d’Liewe méi schwéier, an dat direkt no 2 Joer Covid-Kris, déi och schon déi sozial Inégalitéiten vergréissert hunn.

Mäer befannen eis an enger Zäit, an däer eng Kris déi nächst schon am Gepäck huet. Sozial Ongläichheeten an d’Klimakrise féieren zu sozialen Onrouhen, Migratiounen, Pandemien a Kricher. Dest zesummegerechent mat Iwwerschwemmungen an Drëschenten si keng zoufälleg Geschehnisser, mä Deel vun enger multidimensionaler Kris, déi ëmmer méi gravéierend Formen wäert unhuelen, wa mer net sou séier wéi méiglech en anere Wee aschloen.

Eis Regierung allerdings schéngt dat nach net verstanen ze hunn. D’Equipe ronderem de Premier Bettel ass an e gewëssene Krisemodus gerutscht, deen awer just schéngt doraus ze bestoen, eng Kris no der anerer ze géréieren. Do, wou d’Feier grad am héchste brennt, gëtt probéiert ze läschen, ouni awer de riisege Schwielbrand ënner der Surface ze bekämpfen. Amplaz ze agéieren, an d’Feier un der Source ze läschen, gëtt se ëmmer nees vun engem neie Brand iwwerrascht a kann da just nach réagéieren.

D’Majoritéit an der Chamber schéngt nach ëmmer ze hoffen, dass se just laang genuch muss de Kapp iwwer Wasser halen, bis dass se nees iergendwann zum ale Muster kënnen zeréck kommen, ouni ze réaliséieren dass et vläit grad dat Muster woar, deen eis dat ganzt agebrockt huet.

Kolleeginnen a Kolleegen,

A senger Ried zur Lag vun der Natioun, huet de Premier ee Wuert ëmmer nees widderholl: Verantwortung.

Et wier effektiv sënnvoll, wann d’Regierung am Moment ging Verantwortung iwwerhuelen. Penibel gëtt dat awer, wann dat Wuert vun engem Premier an de Mond geholl gëtt, deen am Neijoersinterview geklongen huet, wéi wann hien näicht mat der Logementspolitik an der Emweltpolitik vu senger Regierung ze dinn hätt. Richteg problematesch gëtt et, well dem Premier seng Regierung während de leschten Joeren eng klassesch neoliberal Politik verfollegt huet, déi dora bestanen huet, sech sou wéineg wéi méiglech anzemëschen an de fräie Marché d’Saachen reegelen ze loossen. Logement, Klima, Gesondheetspolitik, Steiergerechtegkeet – an all deene Sujet’en gëtt et een enormen Handlungsbedarf, mä d’Approche vun der Regierung loung éichter bei Fräiwëllegkeet an Incentives fir dass de Marché sech selwer soll reegelen.

Loosst eis mol d’Regierung no 9 Joër blo-roud-grénger Politik virun hier Verantwortung stellen.

Den Taux vun de “Working Poor” as dauernd geklommen. Hautesdags ass bal all 8. Résident hei am Land, dee schafft, dem Oarmutsrisiko ausgesat. Lëtzebuerg beleet domat déi leschte Plaz am europäesche Verglach.

D’Majoritéit bretzt sech elo domat, dass de Mindestloun am Januar erhéijt gouf, obwuel se just den absolute Minimum gemat huet, dee souwisou virgesinn ass. A Wierklechkeet misst de Mindestloun strukturell e gutt Stéck méi héich gehuewe ginn, fir dass d’Leit endlech kënnen anstänneg dovu liewen. Als Lénk fuerdere mer awer och, dass déi reegelméisseg Upassung vum Mindestloun un d’Lounentwécklung, wéi eben elo geschitt, an en Automatismus emgewandelt gëtt, fir dass Parteien wéi d’DP an Zukunft iwwerhaapt net méi d’Méiglechkeet kréien, des méi wéi néideg Adaptatioun ze blockéieren.

Wa mer scho bei gerechte Salairen sinn, da kommen ech natierlech net dolaanscht , eppes aneres unzeschwätzen – dat insgeheimt Wuert vum Joer – den Index. D’Regierung behaapt, se hätt den Index gerett – dobäi woar en guer net a Gefor, bis en duerch en Tripartitesaccord op eemol massakréiert gouf! Déi eenzeg, virun deenen de Mechanismus also gerett gouf, woaren d’Patronat an d’Regierungsparteien selwer.

D’UEL huet hiere Kampf dann och nach net opginn, an déi lescht Woch um Radio erklärt, den Indexsystem wier – ech zitéieren – „absolut asozial“. Här Reckinger, den Indexsystem spigelt d’Lounverdeelung am Land erem: net den Index ass asozial, ma déi ongläich a vill ze niddreg Léin, déi Dir de Leit fir hier Oarbecht bezuelt!

Och wa verschidde Leit et net wëlle verstoen, ass den Index keng Erhéijung vum Loun an och keng sozial Mesure, mä ganz einfach en Instrument fir de Wäert vun de Léin konstant ze halen an un d’Inflatioun unzepassen. Wa mer elo scho bei 12% Working Poor leien, wat mengt der, wéi deen Taux ging explodéieren, wann d’Salairen net méi gingen un d’Präisdeierescht ugepasst ginn? Déi Lénk woaren 2022 déi eenzeg, déi kloer an zesummen mam OGBL den Index verdeedegt hunn!

Erënnert der iech drun, 2018 huet d’LSAP souguer Wahlspots gedréit, an deenen se versprach huet, mat hinnen ging et keng Manipulatioun vum Index ginn. An 2022 huet se ebe grad den Index manipuléiert. Zumindest op deem Punkt huet d’LSAP bäigeléiert. Haut gëtt se ëffentlech zou, dass se keng geschlosse Positioun méi zum Index huet an sech enger Diskussioun iwwer eng zukünfteg Manipulatioun net méi verschléisst. Mat esou enger bëlleger Sozialdemokratie, wie brauch do nach eng DP?

Ma net nëmmen déi Leit, déi schaffen leiden zu Lëtzerbuerg ënner Oarmut. Den Undeel u Leit, déi an Oarmut musse liewen, geet ongebremst erop, an dat iwwerduerschschnëttlech stoark an Ofhängegkeet vum Alter. Kanner ënner 18 Joer hunn hei am Land en Oarmutsrisiko vun 28.6%. 28.6%! An dat am räiche Lëtzebuerg. Dobäi kënnt dann nach, dass de Bildungsbericht kloer weist, dass déi sozial Inégalitéiten an eisem Schoulsystem weider verstäerkt amplaz ofgebaut ze ginn.

Dat heecht, wann de Premierminister houfreg matdeelt, seng Regierung ging Verantwortung iwwerhuelen, da muss een e mol froen, fir wien genau se da Verantwortung iwwerhëllt?

Iwwerhëllt d’Regierung Verantwortung fir all déi Kanner hei am Land, vun deenen all 4. muss an Oarmut liewen? Fir déi Kanner, déi dann nach vum Schoulsystem vernoléissegt ginn an ni eng richteg Chance kréien.

Iwwerhëllt d’Regierung Verantwortung fir all déi Schüler, déi musse während der Schoulzäit streike goen, fir dass d’Regierung d’Klimakris endlech serieux ugeet? Fir déi Jugendlech, déi ënner Zukunftsängscht a Panikattacken en vue vun der Klimakris – dem sougenannte Phänomen vun eco-anxiety – leiden.

Iwwerhëllt d’Regierung Veranwortung fir all déi jonk Leit, déi vun der Uni kommen a fir d’éischt mol mussen Joere laang schaffe goen, éier se iwwerhaapt emol kënnen driwwer nodenken, doheem erauszeplënneren? Kafen kënnt fir déi meecht iwwerhaapt net a Fro, sou dass sie dem Wohlwollen vun de Propriétairen an hieren horrende Loyer’en ausgesat sinn. An enger Gesellschaft, an der et näicht méi wichteges schéngt ze ginn, wéi de Privatbesëtz, sinn d’Locatairen déi kastenlos, déi souguer bei Minusgraden kënnen matten am Wanter virun d’Dier gesat ginn, wann se hiere Loyer net méi kënne bezuelen. An déi Leit, déi sech dann zesummendinn, fir sech en Dag iwwer dem Kapp ze deelen, déi ginn vun Gemengen wéi der Stat Esch nach bekämpft an illegalerweis guer net ugemellt, wouduerch se hier sozial Rechter verléieren.

Kolleeginnen a Kolleegen,

Wann d’Bettel-Regierung Verantwortung iwwerhëllt, dann net fir d’Majoritéit vun de Leit am Land.

Se iwwerhëllt virun allem Verantwortung fir d’Propriétairen, déi et an Zukunft mat dem Minister Kox sengem Gesetz nach méi einfach gemat kréien, skandaléis héich Loyeren ze froen. Wann de Minister hätt wëllen d’Loyeren effektiv limitéieren, dann hätt e sech kënnen un eiser Gesetzespropositioun inspiréieren. Mä d’Protektioun vun de Locatairen schéngt ni d’Prioritéit vun deser Regierung gewierscht ze sinn. Nodeem d’Kritik um Gesetzesprojet aus allen Ecken ëmmer méi hoart gëtt, ass d’Äntwert vun der grénger Presidentin vun der Logementskommissioun, d’Leit hätten d’Gesetz net verstanen, well „de Minister ging dach kee Gesetz schreiwen, dat kontraproduktiv wier.“

Da kommt, mer kucken emol, wat am neie Bail à loyer-Gesetzesprojet drasteet. De Plafond vum maximale Loyer gëtt vu 5% op 3,5% vum „capital investi“ erofgesat. Ma tiptop. Mä opgepasst: am selweschte Moment gëtt ganz nei définéiert wat de „capital investi“ ass, dat wäert nämlech absurderweis an Zukunft näicht méi mam real investéierte Kapital ze dinn hunn, mä un d’Evolutioun vum Logementsmarché ugepasst ginn. Wat ass dat fir eng Brems, wann d’Limite all Joer monter no uewen adaptéiert gëtt? Dowéint dach, de Minister huet e Gesetz proposéiert, dat kontraproduktiv ass, wann d’Zil soll sinn, d’Locatairen ze schützen an d’Loyer’en ze limitéieren.  Wann d’Iddi woar, de Propriétairen weiderhin héich Margen ze garantéieren, dann hunn déi Gréng voll an d’Schwaarzt getraff.

Genau esou katastrophal wéi dat Gesetz, dat de Moment um Dësch läit, woar awer d’Behuelen vun deenen aneren Majoritéitsparteien déi läscht Wochen. Als éicht huet de Premier am Neijoersinterview d’Gesetz kritiséiert, wéi wann hien et iwwer d’Feierdeeg ënnert dem Chrëschtbeemchen entdeckt hätt an dono huet och d’LSAP behaapt, sie wier zwar net domat d’accord.

Säit iwwer 20 Joër explodéieren d’Wunnéngspräisser, de Logement ass d’Oarmutsursaach Nummer 1 hei am Land, an amplaz endlech Neel mat Käpp ze maachen, maacht Dir politique politicienne a Wahlkampf um Réck vun de Leit!

Kolleeginnen a Kolleegen,

D’Regierung iwwerhëllt och Verantwortung fir déi grouss Betrieber. Trotz Rekordgewënner ass se an de läschte Joeren ëmmer nees mat der Stränz doriwwer gefuer an huet hinnen ee Kaddo no dem anere gemat. Sozial Selektivitéit gëtt grouss geschriwwen, wann et em Privatpersoune geet – et kinnt jo sinn, dass eng allengerzéihend Mamm (déi zu wäit iwwer 40% dem Oarmutsrisiko ausgesat ass) eng Kéier 50 Euro ze vill iwwerwise kritt. Ma bei de grousse Betrieber gëtt dat net esou enk gesinn. Do kann de Bankesecteur nach esou héich Profitter maachen, trotzdeem kritt en nach Milliounen duerch d’Indexmanipulatioun geschenkt, well e Ciblage vun Hëllefe wier jo ze komplizéiert.

Ma dat geet awer nach laang net duer, well d’UEL fuerdert elo schon nees offensiv en vue vun de Wahlen Steiererliichterungen. Et gëtt mat Sécherheet vill Betrieber, virun allem klénger, déi a leschter Zäit vill gelidden hunn an och elo nach em d’Iwwerliewe kämpfe mussen. Ma fir déi setzt d’union des entreprises sech net an. Well: Steiere ginn op Gewënner bezuelt, eng weider Reduktioun vun de Steieren wier also just nees e Wahlkaddo un déi Betrieber, deenen et och elo scho gutt geet an et ginge gläichzäiteg nees finanziell Mëttel feelen fir deenen ze hëllefen, déi dat och bréichten.

Dobäi ass d’Steierlascht vun de Betrieber an de leschten 30 Joër souwisou schon ëmmer méi niddreg ginn, iwwer 2 Drëttel vun de Steieren ginn haut vun de private Ménage bezuelt. An deen Undeel hëllt andauernd nach zou, schon alleng wéint der kaler Progressioun. Nach eng Kéier zur Erënnerung: net d’Upassung vun der Steiertabell un d’Inflatioun ass e Kaddo fir d’Leit. D’Décisioun, d’Steiertabell net unzepassen ass déi eigentlech Mesure, duerch déi bei all Indextranche d’Steierlaascht op déi schaffend Leit gehuewe gëtt.

Et ass näicht neies, mäer widerhuelen säit Joeren, dass mer fir méi sozial Gerechtegkeet endlech eng strukturell Steierreform an desem Land brauchen. Ma déi gouf zwar versprach, mä mäer wëssen dach alleguer, dass eng richteg Steiergerechtegkeet fir keng vun deenen anere Parteien eng politesch Prioritéit ass.

Amplaz eng strukturell Steierreform auszeschaffen, huet d’Regierung sech fir den einfache Wee décidéiert. Eng „Steiererliichterung bis an d’Mëttelschicht“ huet d’Finanzministesch versprach, zoufälleg e puer Méint virun de Wahlen. Natierlech mussen déi ënnescht Akommensschichten steierlech entlaascht ginn, dat soe mer säit Joeren. Mä gläichzäiteg mussen och nei Revenue généréiert ginn, duerch d’Bäisetzen vu méi héije Steiertaux’en fir Leit mat ganz héijem Akommes an duerch méi eng konsequent Besteierung vu Kapitalgewënner. Well op wiem seng Käschte geet elo schlussendlech nees déi Tournée générale vun der Regierung? Um Enn wäerten nach méi Suen an der Staatskeess fehlen, wat wäert als Excuse geholl ginn fir sozial Mesuren ofzebauen a wichteg Investissementer an d’Zukunft vum Land ze bremsen. E klénge Kaddo virun de Wahlen un déi Leit, déi en déi nächst Joër mat groussem Effort wäerte mussen zeréckbezuelen.

Kolleeginnen a Kolleegen,

En einfachen Trick, wann ee politesch Mesuren net wëll emsetzen, ass d’Verantwortung un d’europäesch Unioun ofzeginn an deen huet eis Regierung nawell perfektionnéiert.

Zanter Joeren kämpft d’Zivilgesellschaft zum Beispill dofier dass Lëtzebuerg sech e Liwwerkettegesetz gëtt fir d’Betrieber endlech dofier zur Verantwortung ze zéihen, dass hier Produiten am Respekt vun de Mënscherechter a vum Emweltschutz hiergestallt ginn. Am 21. Joerhonnert misst dat scho längst Normalitéit sinn. Mä hei am Land gëtt déi Diskussioun ëmmer nees ofgewiert andeems op d’europäesch Unioun verwise gëtt.

Net manner penibel ass et a Punkto Plateformeoarbecht, also Uber, Wedely a wéi se all heechen. Emmer méi Leit verkafen hier Oarbechtskraaft iwwer dese Wee a wéint mangelnder bis net-existanter Reglementéierung ginn se net anstänneg dofier bezuelt, riskéieren an d’Scheinselbststännegkeet ze rutschen a si kaum sozial ofgeséchert. Hei brauche mer schnellstméiglech e gesetzlesche Kader fir déi Leit ze schützen, mä et geschitt näicht, well all Responsabilitéit un d’EU ofgi gëtt. Et ass dach lächerlech, dass de lëtzebuergeschen Kommissär fir Oarbecht iwwerall Reklamm fir eng Reegelung a Punkto Plateformeoarbecht mécht, mä a sengem eegene Land, wou seng eege Partei den Oarbechtsminister stellt, net op deem Sujet geschafft gëtt! Natierlech brauche mer a ganz ville Beräicher e legale Kader, deen iwwer déi national Grenzen erausgeet, mä dat eent verhënnert dach net dat anert. En attendant, dass sech déi europäesch Institutiounen op eppes eenege – wat an desem Fall nach kinnt daueren – ass et un der lëtzebuergescher Regierung Responsabilitéit z’iwwerhuelen a mam gudde Beispill virzegoen. Am Fall vun der Plateformeoarbecht wier dat mol net komplizéiert. D’Salariatskummer huet eng détailléiert Gesetzespropositioun formuléiert, déi mer als déi Lénk och offizell bei der Chamber déposéiert hunn. D’Majoritéit misst just Neel mat Käpp maachen an domat hieren eegenen Kommissär zu Bréissel ënnerstëtzen.

Dat gravéierendst Beispill wéi d’Regierung sech weigert, Verantwortung z’iwwerhuelen ass a bleiwt awer de Klimaschutz an dat ass inakzeptabel. Lëtzebuerg huet den zweethéchsten ekologesche Foussofdrock hannert der Fussballnatioun Qatar! Mäer funktionnéieren net nohalteg a wëssen dat säit Joeren.

Ma d’Regierung erkläert eis, mier wieren um gudde Wee, well mer an de leschte Joeren eis Ziler aus dem Paräisser Klimaaccord respektéiert hätten. An de leschte Joeren. Während der Pandemie. Duerch Akafen vu Bilanzen. Hu mer Ziler agehalen vun engem Accord, deen emol net duergeet, fir d’Erderwäermug op 1,5° ze begrenzen.

Mäer maachen den absolute Minimum an eis Engagementer fir den CO2-Ausstouss ze reduzéieren si vill manner ambitéis wéi an anere Länner. An d’Regierung verschléisst béid Aan virun der Réalitéit. Wéi kann et zum Beispill sinn, dass Lëtzebuerg iwwer säi Pensiounsfong ëmmer nach massiv a fossil Energien, Fracking an Entreprisen investéiert, déi et mat de Mënscherechter net ganz esou serieux huelen? Dat ass aus ekologeschen a soziale Grënn – a franchement gesondem Mënscheverstand – net ze verstoen.

Kolleeginn a Kolleegen,

4 Joer ass et hier, dass déi Lénk 2019 an der Chamber eng Résolutioun agereecht hunn fir dass d’Urgence climatique sollt als solch unerkannt ginn. Dir wësst, dass déi aner Parteien déi Résolutioun deemools ofgewiert hunn. Ma wann eng Majoritéit sech schon net dozou beweeje léisst, den Terme „urgence“ ze akzeptéieren, wéi soll se dann kapabel sinn, déi néideg politesch Mesuren emzesetzen?

„Qui aurait pu prédire – il y a un an – la crise climatique aux effets spectaculaires?“ Dat sot den Emmanuel Macron, gudde Kolleeg vum Xavier Bettel, sënngeméis a senger Neijoersried – vun desem Joer wuelgemierkt. Sou lächerlech et kléngt, genau dat schéngt de Problem ze sinn. Mäer schwätzen net réicht säit gëschter iwwer d’Klimakrise a mäer heibannen an och vill Leit dobaussen, déi wëssen, dass et net 5 vir mä 5 op 12 ass, an dass mer elo nach esou just kënnen d’Steier eremräissen fir déi schlëmmste Katastrophen ze verhënneren. D’Zäite vu klenge Reformen, wou e Schallimo-Verbuet a Joghurtsmaschinnen d’Klima gerett hätten, si scho laang eriwwer. 

Mäer si matten an der Klima-Kris dran. Eng Kris ass e Wendepunkt a mäer hunn de Choix: wëlle mer esou virufueren wéi bis elo oder wëlle mer eng aner Politik maachen? Déi 1. Optioun, de “Weider-esou” kann nëmmen d’Äntwert si vu Leit, déi d’Ausmoss vun der Kris nach net verstanen hunn: „qui aurait pu prédire la crise climatique?“.

Fir all déi aner, déi an der Réalitéit liewen, ass kloer: mäer brauchen e system change. Mäer mussen erausklammen aus der Logik vum éiwege Wirtschaftswuesstum hin zu enger sozial gerechter an nohalteger Gesellschaft. Säit eiser Grënnung kämpfe mer fir ekosozialistesch Verännerungen, wéi zum Beispill d’Aféieren vun engem gestaffelte Waasserpräiss op lokalem Niveau. Mäer mussen iwwerall dofier suergen, dass jidderee genuch huet fir ze liewen – an dass gläichzäiteg d’Verbëtze bestrooft gëtt. An déi selwescht Logik gëllt bei der Oarbecht. Eng strukturell Reduzéierung vun der Oarbechtszäit ass net nëmmen héich iwwerfälleg, se ass och méiglech a souguer néideg fir d’Oarbecht méi gerecht ze verdeelen an der Iwwerproduktioun entgéintzewierken.

Kolleeginnen a Kolleegen,

2023 sti wichteg Décisiounen virun eis. Mat de Gemengewahlen am Summer an de Chamberwahlen am Hierscht wäerten déi politesch Weichen gestallt ginn fir déi nächst 5 Joer. Et däerfe keng 5 Joer vum “Weider-esou” ginn.

Vill Leit, virun allem Jonker hu keng Perspektiv méi. D’Verspriechen, dass et deenen nächste Generatiounen eng Kéier soll besser goen, wéi deene virrëschten, ass just nach woarm Loft.

Sie gesinn, wéi d’Schéier tëschent oarm a räich ëmmer weider ausernee geet an dass et quasi onméiglech gëtt, sech aus eegene Mëttel aus der Oarmut erauszehiewen. Während ëmmer méi Leit dem Oarmutsrisiko ausgesat sinn an an net adaptéierten kléngen Wunnéngen mussen ënnerkommen, gëtt gläichzäiteg eng Minoritéit ëmmer méi räich, op Käschten vun der Allgemengheet.

Während vill Jonker ënner Depressiounen an eco-anxiety leiden, well se d’Konsequnzen vun der Klimakris an 20, 30 joer komme gesinn, mussen se nokucken, wéi d’Regierung während Méint de Spritverbrauch vun décken SUV’en subventionnéiert.

Eis Gesellschaft schaft keng Perspektive méi fir déi Leit. An deene jonke Generatiounen mécht sech eng Roserei an eng Frustratioun breed, well sie d’Gefill hunn – a sie hu Recht domat – dass se net gehéiert, net eecht geholl ginn.

Et gëtt héich Zäit, dass eng aner Politik hei am Land gemat gëtt. Eng Politik, déi net de Profit an de Besëtz un éischter Plaz gesäit, mä déi d’Intérêten vun der Majortéit vun de Leit vertrëtt. Wien d’Debatten an der Chamber verfollegt, dee weess, wéi oft d’Kräfteverhältnisser 2 géint 58 sinn. Déi Lénk sinn ganz oft déi eenzeg, déi sech konsequent asetzen fir méi sozial Gerechtegkeet. Déi d’Oarmut wëlle bekämpfen an net déi Oarm.

E stoarkt Resultat vun déi Lénk bei de Wahlen dest Joer wäert e Signal sinn.

E Signal un déi aner Parteien, dass d’Zäite vum “Weider-esou” eriwwer sinn. Dass d’Leit eng aner Politik wëllen fir a Richtung vun enger méi gerechter, enger ekosozialistescher Gesellschaft ze goen. Dass et net duergeet, vu sozialer Gerechtegkeet a grénger Politik ze schwätzen, ouni ze handelen. Dass d’Leit real Suergen hunn an sech net méi mat bëlleger Angschmacherei virum “Auslänner op der Stater Goar” splécke loossen. Dass Oppositioun méi ass, wéi inhaltsleer Propaganda, déi je nom leschte Politmonitor ugepasst gëtt. Dass de “séchere Wee” ausgedingt huet.

Eng Stäerkung vun déi Lénk wäert och e Signal sinn un d’Zivilgesellschaft: Gewerkschaften, Emwelt- a Mënscherechtsorganisatiounen, déi Dag fir Dag fir méi sozial Gerechtegkeet a Klimaschutz kämpfen. E Signal, dass hier Fuerderunge gehéiert ginn an dass et sech lount, fir déi Wäerter ze kämpfen.

An eng Stëmm fir déi Lénk wäert e Signal sinn fir all déi Leit, déi Dag fir Dag am Hamsterrad dréien, déi trotz Oarbecht an Oarmut musse liewen.

Grad a Krisenzäiten wéi der aktueller, ass et wichteg, de Leit opzeweisen, dass déi sozial Inégalitéiten, d’Politik am Intérêt vun enger Minoritéit, Spekulatioun um Wunnéngsmarché an d’Klimakris keng Naturgesetzer sinn. Mäer alleguer hunn et an der Hand.

Eis Aufgab – an domat halen ech op – wäert et sinn, an desem Joer de Leit nees eng Perspektiv opzeweisen.

Eng Perspektiv, dass et och aanescht geet, wa mer eis net splécke loossen mä zesummen de Wee ginn a Richtung vu Gerechtegkeet a Solidaritéit. A genau dofir stinn déi Lénk.

Pas de prime de présence, pas de flexibilisation, mais de bons salaires

Pour un droit du travail fort.

Une prime de présence qui consiste à récompenser financièrement les salariés qui ne sont jamais absents, n’est aux yeux de déi Lénk pas une solution adéquate pour lutter contre l’absentéisme. Il faut tout d’abord essayer de comprendre quelles raisons sont à l’origine du phénomène. De mauvaises conditions de travail, des salaires insuffisants par rapport au coût de la vie, l’absence d’un droit à la déconnexion, une loi anti-harcèlement qui se fait attendre, et un taux de couverture par des conventions collectives de seulement 50% alors que l’Union européenne exige un taux de 80%. La liste n’est pas exhaustive.

L’on constate également, si l’on s‘intéresse aux secteurs où ces primes sont monnaie courante, qu’il s’agit souvent d’emplois pénibles et mal rémunérés. Or, une prime de présence s’attaque simplement aux symptômes, mais elle ne constitue en aucun cas un remède contre un malaise plus profond.

De plus, une telle prime a des effets pervers et envoie un message désastreux. Ne faut-il plus rester chez soi lorsque l’on est malade ? Bien sûr qu’un salarié avec un salaire à peine suffisant pour vivre, fera tout pour obtenir cette prime. Il va prendre le risque de rendre malade ses collègues, voire d’aggraver son état de santé. Est-ce ainsi que nous voulons remercier les travailleurs essentiels dont nous avions salué le courage durant la pandémie ?

Mais ce que proposent les représentants du patronat est d’un cynisme difficilement imaginable. Ils demandent purement et simplement de na pas payer pendant un jour les salariés en maladie. Ils appellent cela le jour de carence. Or, l’assurance maladie, à l’instar des pensions ou du chômage, est un des piliers de la sécurité sociale des salariés au Luxembourg. Cette proposition est une attaque frontale contre des droits acquis de haute lutte, elle remet en question la sécurité sociale dans son intégralité. C’est irresponsable et extrêmement dangereux.

Le proposition du président du DP et ministre des Classes moyennes, Lex Delles, d’un temps de travail annuel tout en maintenant les 40 heures par semaine est tout aussi insoutenable puisque les salariés seraient confrontés à une flexibilisation outrancière qui les mettrait à la merci de leur patron.

Pour combattre l’absentéisme, il faut une revalorisation des salaires, à commencer par le salaire social minimum, il faut plus de conventions collectives, une législation protégeant réellement les salariés qui font un travail pénible et une réduction du temps de travail.

Communiqué par déi Lénk


Keng « Prime de présence », keng Flexibiliséierung, mee besser Léin.

Fir ee staarkt Aarbechtsrecht.

Eng sougenannte « prime de présence », déi dora besteet, Salariéen, déi ni feelen, finanziell ze belounen, ass an den Ae vun déi Lénk keng gutt Léisung fir géint den Absenteismus ze kämpfen. Et muss ee sech vill méi d’Fro stellen, firwat et Absenteismus gëtt. Schlecht Aarbechtskonditiounen, kleng Léin mat deenen een d’Liewenskäschte kaum gedeckt kritt, keen „droit à la déconnexion“, een Anti-mobbingsgesetz, dat op sech waarde léisst, a just 50% vun de Salariéen, déi duerch ee Kollektivvertrag geschützt sinn obwuel d’europäesch Unioun eng Couverture vun 80% vu Lëtzebuerg verlaangt. An et kéint een nach eng jett aner Beispiller opzielen.

Ee gesäit een och, wann ee kuckt a wéi enge Secteuren esou Primmen ausbezuelt ginn, dass et sech oft ëm schwéier Aarbecht handelt, an och ëm schlecht bezuelten Aarbecht. Mat enger „prime de présence“ bekämpft ee just Symptomer amplaz ee Mëttel géint den Ursprong vun der Krankheet ze fannen.

Weider ass esou eng Primm scho bal pervers an et weist och, dass keng Léieren aus der Pandemie gezu goufen. Muss een elo net méi doheem bleiwe wann ee krank ass? Wat ass dat fir en Zeechen, dat een do setzt? Natierlech wäerte Salariéen, déi kleng Paien hunn an net wëllen op déi sousätzlech Primm verzichten, och krank schaffe goen an hir Kolleegen ustiechen oder riskéiere selwer nach méi krank ze ginn. Ass et esou, wéi mir deene Salariée Merci soen, déi mer nach wärend der Pandemie fir hiren Asaz gefeiert hunn ?

Wat d’Patronatsvertrieder awer vu sech ginn, schléit dem Faass de Buedem aus. Si froe ganz einfach d’Salariéen, déi am Krankeschäi sinn, een Dag net ze bezuelen. D‘Krankeversécherung ass nieft dem Chômage oder och der Renten, ee vun de Piliere vun der sozialer Ofsécherung vun de Salariéen zu Lëtzebuerg. Dës onverschimmte Propos ass ee frontalen Ugrëff géint haart erkämpfte Rechter, si stellt d’sozial Ofsécherung hei am Land a Fro. Dat ass onverantwortlech an immens geféierlech.

D’Propos vun enger Joresaarbechtszäit ouni d’40-Stonnewoch ofzeschafen, déi den DP President a Mëttelstandsminister Lex Delles an d’Spill bruecht huet, ass genau esou schlecht. Et handelt sech hei ëm eng radikal Flexibiliséierung, déi d’Salariée géing komplett dem Wëlle vun hire Patronen ënnerwerfen.

Wat ee wierklech brauch fir den Absenteismus ze bekämpfen, ass eng konsequent Opwäertung vun de Léin, ugefaange mam Mindestloun, méi Kollektivverträg, eng Legislatioun, déi besser Salariée schützt, déi schwéierer a penibeler Aarbecht ausgesat sinn an eng Aarbechtszäitverkierzung. Salariéen, déi gäre schaffen, feelen och net.

Matgedeelt vun déi Lénk.

“Kann een d’Logementskris iwerhaapt léisen?” – Tribune libre

Tribune libre vun eise Spriecher Gary Diderich. Lauschtert hei.

Kann een d’Logementskris iwerhaapt léisen? Dat ginn ech oft gefroet, d’Désillusioun setzt déiw no iwer 40 Joer wou et fir emmer méi Leit méi schwiireg gett een Doheem ze hunn deen net méi wéi een Drettel vun den Friischten vun hiirer Aarbescht opfresst. Ja an nach eng Kéier ja, et ass méiglech wann den politeschen Wellen an Courage dofir do ass. Aktuell gesellt sech bei d’Wunnéngskris och nach eng Immobilienkris an eng Baukris dobäi. D’Wunnengskris dreckt sech aus an emmer méi héich Präisser déi emmer méi Leit et méi schwéier bis onméiglech maachen fir kennen ze wunnen. D’Immobilienkris dreckt sech aus doranner datt Leit Wunnengen kaaft hunn fir iwerdeiert Präisser an dann d’Präisser falen, d’Zensen an aner Käschten klammen an et fir zevill Leit déi zum falschen Moment kaaft hunn net méi opgeet. An d’Baukris ass wann zevill Akteuren wéinst emmer méi héigen Käschten (Zensen, Baukäschten,…) an ze niddregen potentiellen Recetten nom Bau einfach net méi bauen well et riskéiert net opzegoen. Mäer stiechen zu Letzebuerg matten an desen 3 Krisen déi zesummen een ganz explosiven Cocktail erginn. Och ouni des Verschärfung konnten Jonker, Monoparentaux, Fraen aus Fraenhäiser, Aarmer, immigréierend Persounen, Arbechter an Arbechterinnen, Flüchtlingen, Familles nombreuses et j‘en passe schon ganz oft keng Wunnéng fannen oder hunn missten an Wunnéngen ennerkommen déi iwerbeluegt an onsecher sinn bis hinn zu hiir Gesondheet oder wéi rezent zu Kayl carrément hiirt Liewen dobäi op d’Spill setzen beim Unterfangen fir méi schlecht wéi Recht enner Daach ze kommen. Nierwt dem menschlechen Aspekt ass dest och eng Gefor fir eis Ekonomie, wann mäer keng Aarbechtskräften méi kennen unzéien well se näischt fannen wou se kennen wunnen, dann steet de Butték.

Immobilien- an Baukris riskéieren zum Bau vu manner Wunnéngen, méi Verscholdung vun de Leit an Chômage (partiel) an domadder enger perte de compétences ze féieren. Dest ze verhenneren geet net iwer Steierdkadoen u grouss Promoteuren well laangfristeg brengt dat just méi Margen a Plus-Valu’en fir déi, déi schon zu de Gewenner vun der Wunnéngskris gehéieren.

Immobilien- an Baukris sinn villméi eng Chance fir den groussen Retard un effentlechen Wunnéngen zu Letzebuerg opzehuelen andeems een elo schnell d’Mesuren asetzt déi et brauch. D#effentlech Suen mussen virun allen an d’Zil fléissen fir déi aktuell 1-2% Wunnéngen déi dem Fonds de Logement, der SNHBM, enger ASBL oder enger Gemeng gehéieren mettelfristeg op 10% an laangfristeg op 25% ze hiewen. Et gett dofir keen besseren Moment wéi deen wou Promoteuren Bauprojeten opginn, Terrain’en verkafen mussen an een op kee Fall am Endeffekt nach manner well bauen. Fir dest z’erreeschen brauch et elo een groussen Wunnengsbau-Pak deen 4 Akteuren befähegt fir gläichzäiteg komplementär hiir spezifesch Stärken zu desem kollektiven Effort beizedroen:

  1. All Gemengen déi alleng oder zu e puer iwer 20.000 Awunner hunn an eng Wunnéngsbaugesellschaft à la SNHBM grennen kréien vum Logementsministär dat néidegt Personal finanzéiert fir direkt aktiv ze ginn an iwert den Pensiounsfong een Startkapital geléint. Pro Wunnéng déi zweschen 2023 an 2026 fäerdeg gestallt gett, gett et dat duebbelt u Primen fir déi jeweileg Gemeng wéi dat wat aktuell am Pacte Logement 2.0 virgesin ass
  2. ASBL’en wéi Abitatio vun der AIS kréien och d’Basispersonal finanzéiert fir verstärkt als sozial Promoteuren ze kafen an ze bauen
  3. Staatlech Akteuren, iwert den Ministère du Logement, den Fonds du Logement, d’SNHBM an een neien „Service Public de l’Habitat“ ennerstetzen des Akteuren an kafen & bauen selwer matt engem Fokus op déi ganz grouss Projet’en
  4. Den Pensiounsfong gett exklusiv Wunnkooperativen mam SIS Statut, wéi z.b. Adhoc, Accès zu Prêt’en op 99 Joer an den Staat verzicht bei desen Kooperativen op d’Droits d’enregistrement, d’Droits d’inscription an op den 14% TVA. Esou kennen Privatleit investéieren fir bezuelbaren Wunnraum ze schafen a selwer ze wunnen ouni datt aus deenen subventionnéiertem Modell een sech eng Plus-Value kann erauszéien.

Fir desen Wunnengsbau-Pak laangfristeg ofzesecheren an allen Akteuren planungssecherheet ze ginn, muss déi aktuell Reform vum 79er Gesetz dréngend iwerschafft ginn fir den Kritiken vun der SNHBM an der FEDAS gerecht ze ginn.

Mindestloun: +3,2% ginn net duer fir gutt dovunner kënnen ze liewen.

Ried vum Myriam Cecchetti

Här President,

De Mindestloun ass zu Lëtzebuerg net héich genuch. En ass net héich genuch par rapport zu den duerchschnëttleche Léin déi zu Lëtzebuerg bezuelt ginn an domat och net héich genuch aus dem Bléckwénkel vun der EU-Direktiv iwwer d’Mindestléin an Europa.

Mee virun allem ass en net héich genuch fir zu Lëtzebuerg en anstännegt Liewe kënnen ze féieren, net bei deene Logementspräisser an och net mat Steierkreditter a sozialen Hëllefen.

Zum Ausdrock kënnt d’Diskrepanz tëscht de Liewenshaltungskäschten an der Héicht vum Mindestloun, wann een de Budget de reference vum Statec erunzitt. D’CSL huet sech d’Méi gemaach an hirem Avis fir deen op d’Joer 2023 ze simuléieren, ausgoend vum Basiscalcul vum STATEC aus dem Joer 2019. Dobäi kënnt sinn op e Montant vun 2330 Euro fir eng Persoun eleng. Den Netto vun engem Mindestloun ass allerdéngs e gutt Stéck vun dësen 2330 Euro ewech, wat näischt anescht heescht wéi dass des Leit trotz enger Vollzäitaarbecht onfräiwëllege Verzicht bei Basisbesoin’en mussen üben. Des Leit sinn also dem Aarmutsrisiko ausgeliwwert. An de meeschte Fäll wäert sech dëse Verzicht bei de Liewensmëttel, der Hygiène oder den Ausgabe fir Kultur néierschloen, wëll de Präis vun enger Wunneng oder vum Transport – falls een net mam ëffentleche ka fueren – sinn net einfach sou ze reduzéieren.

Dorunner ännert och dëst Gesetz mat der Upassung vum Mindestloun un d’Entwécklung vun de Léin aus de Joren 2020 an 2021 net vill. Déi 3,2% si besser wéi guer keng Opwäertung, dat stelle mär hei net a Fro. Dofir stëmme mär dësen Text och mat. Mee och mat dëser Opwäertung an trotz Steierkreditter läit den Netto vum Mindestloun ronn 240€ ënnert dem Referenzbudget fir eng Persoun.

Här President,

Ech erënneren dowéinst och gär un d’Debatt iwwer de Mindestloun, déi ech am Juni vun dësem Joer an der Chamber ugefrot hat. Deemools hu mir eng Erhéijung vum Mindestloun opgrond vun de Critèrë vun der neier EU-Direktiv hei gefuerdert. Déi beseet, dass en dezent Liewe mam Mindestloun muss méiglech sinn a recommandéiert dofir de Mindestloun op 60% vum Mediansalaire z’erhéijen oder op 50% vum Salaire moyen.

Deemools hunn eis den neien Aarbechtsminister an de Riedner vun der LSAP-Fraktioun erkläert, dass sinn der Meenung wieren, dass d’Upassung, iwwer déi mir elo hei ofstëmmen, am Prinzip géif duergoe fir sech mat der Direktiv ze konforméieren oder zumindest ganz no drun ze kommen.

Mir stellen awer elo fest, dass dat net de Fall ass. D’CSL mécht sech als eenzeg d’Méi dat mol ze rechnen a stellt fest, dass de Mindestloun bei 54,9% vum Mediansalaire läit an eng Erhéijung em 9,3% néideg wier, fir op 60% ze kommen. De Mindestloun misst domat mindestens bei circa 2530€ leien. Dat deckt sech zimmlech genee mat dem, wat mir deemools als minimale Montant genannt hunn.

Geet een elo vum Salaire moyen als Referenz aus, misst et souguer eng Erhéijung sinn em 15,1%, also 350€ méi wéi haut.

Mir bleiwen dowéinst och bei eiser Fuerderung fir dass de Mindestloun un de Salaire médian gekoppelt gëtt an an Zukunft ëmmer dofir gesuergt soll ginn, dass dëse bei 60% vum Montant soll leien, den am Virjoer als Salaire median bezuelt ginn ass. Deementspriechend soll des Upassung vum Mindestloun och all Joer passéieren an net just all zwee Joer.

Här President,

Ech soen nach e Wuert zu der Haltung vum Patronat. Dass dëst net Demandeur fir eng Erhéijung vum Mindestloun ass, ass zumindest net iwwerraschend. Allerdéngs versti mer och net ganz, wéi sech iwwer e Manktem u Main d’oeuvre ka beschwéiert ginn, wann ee gläichzäiteg net bereet ass déi Leit, déi sou dréngend gebraucht ginn och anstänneg ze bezuelen. Wëll loosse mer net vergiessen: eng Opwäertung vum Mindestloun bedeit eng Opwäertung vun all de Léin an den ënneschte Lounschichten, wat natierlech och Beruffer an dem Beräich méi attraktiv maache kann.

Wat awer besonnesch stéiert ass déi ofschätzend Haltung, déi de Salarié’en hei entgéint bruecht gëtt. Leit déi an den Entreprisë schaffen an de Méiwäert schafen, ginn hei einfach just als Käschtefacteur ofgedoen.

Dobäi ass d’Patronat de gréissten eigentleche Käschtefacteur fir de Staat an d’Allgemengheet ginn an de leschte Joren, wëll et ass d’Patronat, wat mat Aiden a Kompensatioune – Stéchwuert Indexmanipulatioun – zougeschott gëtt.

Question parlementaire concernant les besoins de traduction lors de contrôles des agents de l’ITM.

Monsieur le Président,

Conformément à l’article 80 du Règlement de la Chambre des Députés, je vous prie de bien vouloir transmettre la question parlementaire suivante à Monsieur le ministre du Travail.

Le rapport annuel de l’Inspection du Travail et des Mines (ITM) communique pour l’année 2021 8511 contrôles et 2874 contrôles Covid dans les entreprises au Luxembourg. Ces contrôles concernent des matières très diverses, allant du détachement de salarié.e.s, de la sécurité et de la santé au travail et du respect du droit du travail jusqu’au travail illégal et clandestin et la traite d’humains.

Lors de leurs contrôles les agents de l’ITM peuvent se retrouver dans des situations dans lesquelles la communication dans une des langues officielles du pays avec les salarié.e.s et les employeurs concernés par un contrôle devient difficile ou même impossible. Dans ces cas, l’établissement d’un rapport complet et véridique des faits et des infractions potentielles peut s’avérer compliqué et nécessiter le recours à une traduction simultanée de et vers la langue maîtrisée par les salarié.e.s (et les employeurs) concernés.

Partant je voudrais poser les questions suivantes à Monsieur le ministre du Travail :

  1. L’ITM emploie-t-elle des traducteurs et traductrices pour accompagner les agents lors de leurs contrôles en entreprise ? Dans l’affirmative, de combien de traducteurs.ices s’agit-il ?
  2. Dans l’affirmative encore, combien de contrôles des agents de l’ITM ont nécessité l’intervention d’un.e traducteur.ice ?
  3. Dans la négative à la première question, l’ITM prend-elle recours à ces traducteurs.rices externes en cas de besoin ? Dans l’affirmative, combien de fois un tel recours à un.e traducteur.ice a-t-il eu lieu en 2021 ?
  4. Dans la négative aux questions 1 et 3, comment les agents de l’ITM peuvent-ils s’assurer de la complétude et de l’exactitude de leurs rapports ?
  5. Des personnes tierces (d’autres salarié.e.s p.ex.) ont-elles le droit de traduire les témoignages de collègues de travail qui ne maîtrisent pas suffisamment une des langues officielles en vue de l’établissement d’un rapport des faits?

Veuillez croire, Monsieur le Président, à l’expression de mes sentiments respectueux.

Myriam Cecchetti

Députée

De Katar boykottéieren, net de Fussball.

déi Lénk rifft seng Sympathisantinnen a Sympathisanten op, sech iwwert déi vill Skandaler ronderëm d’Weltmeeschterschaft am Katar Gedanken ze maachen an hiren Onmutt ze äusseren.

D’Vergab vun der Weltmeeschterschaft 2022 un de Katar ass d’Resultat vun engem korrompéierte Vott bei der FIFA. De Bau vun den néidegen Infrastrukturen huet dausenden Aarbechterinnen an Aarbechter d’Liewe kascht, déi an der Reegel an aarme Länner rekrutéiert ginn an ënner sklavenänlechen Zoustänn musse schaffen. De Katar ass keng Demokratie a finanzéiert terroristesch Organisatiounen a ville Länner.

D’Meenungsfräiheet gëtt am Katar net respektéiert, genee sou wéineg wéi d’Rechter vun de Fraen oder vu LGBTQI*-Persounen. Dobäi kënnt deen enormen ökologesche Foussoftrëtt vun dëser Weltmeeschterschaft an d’Tatsaach, datt de Sport erëm op vulgär Aart a Weis kommerzialiséiert gëtt. Dëst Evenement illustréiert schéin, datt d’Mënscherechter, déi sozial Rechter an d’Zukunft vum Planéit deenen internationalen Elitten häerzlech egal sinn.

Fussballfrënn ronderëm d’Welt sinn elo mat enger verzwackter Situatioun konfrontéiert. Soll een drop verzichten d’Matcher ze kucken an seng Lieblingsekipp unzefeieren, obwuel een net responsabel ass fir de Choix vun der FIFA an all deene Problemer ronderëm d’Weltmeeschterschaft?

All Persoun muss säin eege Choix maachen, mä mir invitéieren all eis Sympathisantinnen a Sympathisanten, sech op alle Fall Gedanken ze maachen iwwert d’Dériven vum Kapitalismus, d’Hypokrisie vun den Elitten, d’Verstéiss géint d’Mënscherechter an déi sozial Rechter, iwwert d’Kommerzialiséierung vum Sport an d’Geschäftsverbindungen tëscht Lëtzebuerg a Länner wéi dem Katar.

Wichteg ass virun allem ze verhënneren, datt de Katar mat dëser Weltmeeschterschaft kann säin Image wäiss wäschen. Am Géigendeel, et ass wichteg all Geleeënheet ze notzen, fir déi Skandaler ze thematiséieren an säin Onmutt ze äusseren, sief et a sengem noen Entourage oder an de soziale Medien.


Boycotter le Qatar, pas le foot.

déi Lénk appelle ses sympathisantes et sympathisants à mener la réflexion sur les nombreux scandales qui entourent la coupe du monde de football au Qatar et à manifester leur mécontentement.

L’attribution du mondial 2022 au Qatar a été le résultat d’un vote corrompu au niveau de la FIFA. La construction des infrastructures nécessaires a coûté la vie à des milliers de travailleuses et travailleurs qui sont généralement recrutés dans des pays pauvres pour travailler dans des conditions qui s’apparentent à de l’esclavagisme. Le Qatar n’est pas une démocratie et finance de nombreux groupes terroristes dans le monde.

La liberté d’expression, ainsi que les droits des femmes et les droits des personnes LGBTQI* y sont bafoués au quotidien. S’y ajoute que l’empreinte écologique de cette coupe mondiale est énorme et que le sport y est à nouveau commercialisé d’une façon vulgaire. Ce mondial illustre de façon parfaite le dédain des élites internationales de l’argent pour la planète et les droits sociaux.

De fait, les amoureux du ballon rond sont malgré eux confrontés à un dilemme profond. Faut-il s’abstenir d’allumer la télé et de supporter l’équipe favorite, sans être responsable des choix politiques de la FIFA et des multiples ignominies qui entourent l’événement?

Chaque personne doit faire ses propres choix, mais nous invitons nos sympathisantes et sympathisants avant tout à mener une réflexion sur les dérives du capitalisme, sur l’hypocrisie des élites, sur la violation des droits humains et des droits sociaux, sur la commercialisation du sport et plus particulièrement sur les relations commerciales entre le Luxembourg et des pays comme le Qatar.

Le plus important, c’est de ne pas accepter que le Qatar blanchisse son image à travers l’organisation de la coupe mondiale. Au contraire, il est nécessaire d’utiliser le temps de chaque match pour thématiser les scandales qui entourent cette coupe mondiale et pour exprimer notre mécontentement, que ce soit dans l’entourage immédiat ou sur les réseaux sociaux.

Question parlementaire relative à des aides diverses mises à disposition des apprenti.e.s issu.e.s et en cours de formation professionnelle.

Conformément à l’article 80 du Règlement de la Chambre des Députés, je vous prie de bien vouloir transférer la question suivante à Monsieur le ministre de l’Education nationale ainsi qu’à Monsieur le ministre du Travail.

À l’Institut National des Langues, les cours de langue proposés coûtent 280 € par cours. Si un élève peut faire attester par son école que la fréquentation d’un cours est utile à sa formation, il peut bénéficier d’une réduction de 270 € . Par conséquent, un cours ne lui coûtera que 10 €. En revanche, il n’est pas clair si des personnes à faible revenu qui pour pouvoir s’intégrer socialement sur leur lieu de travail sont incitées par leur employeur à suivre des cours de langues à l’INL bénéficient également d’un tarif réduit.

Partant je voudrais poser la question suivante à Monsieur le Ministre du Travail :

1. Des personnes à faibles revenus qui sont incitées par leur employeur à suivre des cours de langue à l’INL, sont-elles obligées à payer le plein tarif ? Dans l’affirmative, Monsieur le Ministre envisage-t-il une solution à cette discrimination ?

Pour l’année scolaire 2020/2021 les livres scolaires de l’enseignement secondaire classique et général ainsi que de la formation professionnelle sont devenus gratuits. Des discussions sont en cours autour de la gratuité du matériel de sécurité dont ont besoin les élèves de la formation professionnelle. Ce matériel pèse considérablement sur le budget des apprentis dont le patron ne met pas à disposition le matériel requis pour la formation à l’école, de même que des différences considérables existent par rapport aux indemnités versées. Partant, je voudrais savoir de la part de Monsieur le ministre de l’Education nationale :

2. Quand est-ce que le service de la Formation professionnelle mettra en place la gratuité du matériel de sécurité pour les élèves de la formation professionnelle ?

Veuillez agréer, Monsieur le Président, l’expression de mes sentiments distingués,

Myriam Cecchetti

Députée

déi Lénk est solidaire avec les salarié.e.s des raffineries en grève.

Ces derniers mois ont été particulièrement fastes pour l’industrie pétrolière qui a engendré des milliards d’euros de bénéfices et redistribué des milliards d’euros de dividendes à ses actionnaires.

En même temps les salariés de la majorité des raffineries françaises Totalenergies et Esso sont en grève pour des revalorisations salariales et leurs conditions de travail.

C’est bien le travail des salariés-e-s des industries concernées qui a permis au groupe d’obtenir des résultats-records, et de verser plus que 2 milliards d’euro de dividendes aux actionnaires.

La lutte menée par les salarié-e-s et soutenue par la CGT est exemplaire et légitime.

Les seuls responsables d’une situation dégradée qui impacte fortement l’approvisionnement en carburant sont ceux qui par choix, s’accaparent les richesses produites. Au détriment de celles et ceux qui travaillent chaque jour dans des conditions de plus en plus difficiles.

C’est pourquoi déi Lénk Luxembourg adresse tout son soutien aux salarié-e-s qui font le choix légitime d’agir par la grève afin d’obtenir de véritables augmentations salariales.

Communiqué par déi Lénk

Solidaritéit ass kee Slogan mee e politesche Programm – De sozial-ökologesche Mesurëpak géint d’Kris.

D’Präisdeierecht huet sech an de leschte Méint weider verschäerft an déi fir den Hierscht ugekënnegt Verdueblung bei de Gaspräisser riskéiert vill Leit an eng ganz uerg Lag ze bréngen, wann net direkt déi néideg Krisemossnamen ergraff ginn. déi Lénk maachen dofir konkret Virschléi fir de Leit an dëser Kris ze hëllefen déi souwuel sozial gerecht ewéi ökologesch sënnvoll sinn.

Kloer ass fir déi Lénk, dass eng weider Manipulatioun vum Index net méi dierf zougelooss ginn. D’Indexéierung vun de Salairen weider no hannen ze réckele bedeit e Kafkraaftverloscht fir déi schaffend Leit an d’RentnerInnen an e Kaddo un d’Patronat. Déi nächst Indextranche mussen op alle Fall ausbezuelt ginn! D’Leit brauchen déi Suen méi wéi jee. Betriber, an hei besonnesch déi kleng, déi opgrond vun der Deierecht a Problemer geroden, sollen geziilt Hëllefe vum Staat kréien.

Zousätzlech brauchen d’Leit staatlech Ënnerstëtzung fir duerch d’Krise ze kommen. Mir brauchen Hëllefen déi direkt wierken an ouni bürokrateschen Opwand ausbezuelt ginn. Dofir fuerdere mir zënter Februar schon en Krisegeld mat engem Basismontant vu minimum 200€ pro Mount fir ee Stot an e Supplement vu 50€ fir all weider Persoun am Stot. Dëst Krisegeld muss elo un déi aktuell Zuelen vum Statec ugepasst ginn a soll progressiv gestaffelt sinn, wouduerch Leit mat manner Akommes méi kréien.

Donieft wëlle mir eng Deckelung vum Präis fir de Basisbedarf bei Gas a Stroum aféieren. De Verbrauch, dee vum gedeckelte Präis ofgedeckt ass, gëtt opgrond vu der Wunnfläch an der Zuel vun de Persounen am Stot festgeluecht. Fir de Bedarf deen doriwwer eraus geet, gëlle méi héisch Präisser je no Verbrauch. Esou eng Deckelung respektiv Stafflung vu Präisser gesinn déi Lénk och als Energiespuermesure, wëll grouss Verbraucher en Ureiz gesat kréie fir manner Energie ze verbrauchen.

Wichteg ass fir eis och, datt d’Déconnexioune vu Gas a Stroum gesetzlech ausgesat ginn fir en Ustuerm op d’Offices sociaux ze verhënneren. Parallell sollen d’Expulsiounen aus Wunnengen erëm verbuede ginn, fir ze verhënneren, dass Locatairen opgrond vun héijen Niewekäschte gekënnegt kréien.

Mëttelfristeg brauche mir awer nach ganz aner Léisungen, fir aus der aktueller Krise eraus ze kommen. D’Renovatioun vu Wunngebaier muss prioritär beschleunegt ginn fir datt souvill Stéit wéi méiglech aus der Energiefal befreit ginn. déi Lénk hunn e Modell entwéckelt, dee genee dësem Problem géif Rechnung droen: méi sozial gestaffelt Aiden, ëffentlech Kreditter, déi opgrond vun de reellen Energieerspuernisser géife rembourséiert ginn a virun allem awer eng vill méi aktiv Roll vun de Gemenge vun der Energieberodung bis zur Gestioun vun den Renovatiounsaarbechte selwer. Fir dat z’ennerstëtzen, muss an Zukunft och den energeteschen Zoustand vun enger Wunneng an der Locatioun en Afloss op de maximale Loyer hunn.

Verhënnert gi muss och, datt déi klammend Zënsen dozou féieren, dass Propriétairen, déi en Immobiliëkredit fir hir Residence principale hunn, hir Wunneng ouni eegent Verschëlde mussen opginn. Mir schloen dofir eng nei Mutuelle vir, déi virum Verloscht vun der Wunneng opgrond vu klammenden Zënsen schützt. Dëss Mutuelle soll gréisstendeels mat Hëllef vun de Garanties locatives an duerch Beiträg vun de Banken an de Bailleure gespeist ginn. Am Fall wou e Stot ouni eegent Verschëlden a finanziell Problemer geréit, soll des Mutuelle iwwer eng gewëssen Zäit eng finanziell Ënnerstëtzung liwweren.

Desweideren muss den Accès zum ëffentlechen Transport flächendeckend verbessert ginn fir der sougenannter mobilité subie – also der Ofhängegkeet vun ëmmer méi deiere Privatauto’en – en Enn setzen. Fir de Grondbesoin u Mobilitéit fir jiddereen ze garantéiere, brauche mer och e flächendeckende Ruffbus a Carsharing-System an ëffentlecher Hand.


La solidarité n’est pas un slogan, mais un programme politique – un paquet de mesures éco-sociales pour contrer la crise.

L’inflation s’est encore accentuée ces derniers mois et sans mesures d’urgence, le dédoublement des prix du gaz annoncée pour l’automne risque de mettre de nombreux ménages dans de sérieuses difficultés. Pour cette raison, déi Lénk fait une série de revendications concrètes pour aider les gens à surmonter la crise qui sont socialement équitables et qui font du sens d’un point de vue écologique.

Il est évident pour déi Lénk que l’index ne doit subir plus aucune manipulation. Décaler encore une fois l’indexation automatique des salaires signifie une perte du pouvoir d’achat pour les salariés et retraités. La prochaine tranche indiciaire doit en tout cas être déclenchée comme prévu ! Les gens ont besoin de cet argent plus que jamais. Les petites entreprises qui ont des difficultés à cause de l’inflation doivent pouvoir compter sur des aides étatiques ciblées pour surmonter ces temps difficiles.

En complément, les citoyennes et citoyens ont besoin d’une aide étatique pour affronter la crise. Nous plaidons pour des aides qui produisent un effet immédiat et qui sont accessibles sans démarches bureaucratiques. Ainsi, nous revendiquons depuis le mois de février une aide de crise avec un montant de base de 200€ par mois pour chaque ménage et 50€ supplémentaires pour chaque personne dans le ménage. Le montant de cette aide de crise doit être adapté avec les nouvelles chiffres du Statec et être échelonnée de manière progressive pour que les revenus faibles reçoivent d’avantage d’argent.

Aussi, nous avons besoin d’un gel des prix pour la consommation de base en gaz et en électricité. La quantité de gaz et électricité qui est couverte par le gel des prix est fixé en fonction de la surface habitable et du nombre de personnes dans le ménage. Pour la consommation au-delà de ce seuil, des prix plus élevés sont facturés selon la hauteur de la consommation. Ce modèle est également une mesure pour économiser de l’énergie, puisque la consommation abusive est pénalisée.

Pour déi Lénk, il est également important d’interdire temporairement les déconnexions de l’approvisionnement en gaz et en électricité pour éviter une ruée sur les offices sociaux. En parallèle, les expulsions doivent à nouveau être suspendues pour éviter que les locataires soient expulsés à cause des charges locatives qui explosent.

A moyen terme, d’autres solutions sont encore nécessaires pour sortir de la crise. Il est ainsi prioritaire d’accélérer considérablement la rénovation énergétique des logements pour extirper le plus de gens possible du piège énergétique. déi Lénk a développé un modèle pour affronter ce défi : des aides qui sont échelonnés selon le revenu des bénéficiaires, des crédits publics qui sont remboursés selon les économies réelles en énergie et surtout un rôle beaucoup plus actif pour les communes qui doivent s’impliquer depuis le conseil énergétique jusqu’à la gestion des travaux de rénovation. Pour soutenir cette offensive, nous plaidons également pour que l’état énergétique d’un logement soit un critère pour déterminer la hauteur du loyer maximal

Il est également nécessaire d’éviter que les propriétaires perdent leur logement parce qu’ils ne peuvent plus honorer leur crédit immobilier à cause de la hausse des taux d’intérêt. Dans ce contexte, nous proposons la mise en place d’une mutuelle qui protège contre le risque de la hausse des taux d’intérêts et qui serait financé par les garanties locatives, ainsi que par des contributions des banques et des bailleurs. Dans le cas où un ménage se retrouve dans des difficultés financières sans faute de sa part, cette mutuelle pourrait fournir des aides temporaires.

Finalement, l’accès au transports publics doit être amélioré sur tout le territoire national pour en finir avec la mobilité subie, c’est-à-dire la dépendance vis-à-vis des voitures individuelles de plus en plus chères. Pour couvrir les besoins de base en matière de mobilité, nous avons également besoin d’un système public de bus sur demande et d’un système public de Carsharing.

D’Index-Tranchë mussen nees voll ausbezuelt ginn!

No de neiste Statec-Previsiounen, déi weiderhin eng héisch Inflatioun fir 2022 an 2023 virgesinn, bréngen d’Majoritéitspolitiker schonn déi nächst Index-Manipulatiounen an d’Spill. Mä esou eng Flucht no fir wäert de Problem just nach vergréisseren. Fir déi Lénk gëtt et an der aktuellerSituatioun just eng vernënfteg Léisung : D’Index-Tranchë mussen nees voll ausbezuelt ginn!

D’Regierung huet sech mat hirer Index-Manipulatioun zolidd verkalkuléiert. Se huet am Fréijoer drop vertraut, datt d’Inflatioun sech am Laf vum Joer géing normaliséieren ouni en alternative Plang am Tirang ze hunn. Elo gesäit de Statec nach zwou weider Index-Tranche kommen, är datt iwwerhaapt déi Tranche vum Juli 2022 am Fréijoer 2023 soll ausbezuelt ginn. D’Këscht vun der Pandora, déi d’Koalitioun Ufank des Jores opgemaach huet, riskéiert elo Land a Leit zolidd an d’Laberenten ze bréngen.

Wärend d’Stéit vun Dag zu Dag duerch de Kafkraaftverloscht ëmmer méi ënner Drock geroden, ass d’Upassung vun de Salairen a Pensiounen un d’Inflatioun bis Abrëll d’nächst Joer staark a Fro gestallt. De Steierkredit, deen d’Index-Manipuléierung géigefinanzéiert huet, rappt riseg Lächer an de Staatsbudget an déi verréckelt Index-Tranchë riskéieren sech ze kumuléieren. D’Regierungsparteie wäerte viraussiichtlech probéieren sech iwwert d’Walen am Oktober 2023 ze rette fir déi waarm Gromper un déi nächst Regierung weider ze ginn. Mä och dat wäert de Problem net léisen.

Fir déi Lénk gëtt et an der aktueller Situatioun just eng vernënfteg Léisung : D’Index-Tranchë mussen nees voll ausbezuelt ginn. Amplaz mat weideren Index-Manipuléierungen nach weider Kaddoen un dat ganzt Patronat ze verdeelen, also och un déi Betriber déi praktesch keng Energie-Käschten hunn an déck Gewënner verbuchen, soll d’Regierung gezielten Hëllefen asetze fir déi kleng Betriber, déi tatsächlech Schwieregkeeten hunn. Déi vulnerabel Stéit mussen zousätzlech zu den ausbezuelten Index-Tranchen nach weider ënnerstëtzt ginn, an zwar mat deene Staatsmëttelen, déi soss rëm musse fir weider Steierkreditter verpolvert ginn.

Mir stellen eis op alle Fall op e waarmen Hierscht a wäerten eis och weiderhi mat ganzer Kraaft fir d’Interessi vun de Salariéen a Retraitéierten asetzen an all weider Index-Manipulatioun bekämpfen.


L’indexation des salaires doit être rétabli entièrement !

Suite aux nouvelles prévisions du Statec, qui continuent à anticiper une inflation importante pour 2022 et 2023, des représentants de la majorité commencent déjà à préparer le terrain pour les prochaines manipulations au système de l’indexation automatique des salaires. Mais cette fuite vers l’avant ne fera qu’aggraver le problème. Pour déi Lénk, la seule solution raisonnable est de rétablir entièrement le système de l’index.

Le gouvernement a commis une erreur d’appréciation sérieuse avec sa manipulation de l’index. Elle a parié au printemps sur une baisse significative de l’inflation au cours de l’année sans considérer des scénarios alternatifs. Aujourd’hui, le Statec prévoit encore deux autres tranches indiciaires avant même que la tranche de juillet 2022 ne soit versé au printemps 2023. La boîte de pandore ouverte par la coalition en début d’année risque de coûter cher au pays et à la population.

Alors que les ménages perdent leur pouvoir d’achat au jour le jour, l’adaptation des salaires et des retraites à l’inflation est sérieusement mise en cause jusqu’en avril 2023. Le crédit d’impôt qui a contre-financé la manipulation de l’index pèse lourd sur le budget d’État, tandis que les tranches indiciaires reportés risquent de se cumuler. Les partis gouvernementaux essayeront probablement de sauver la face jusqu’aux élections législatives en octobre 2023 avant de refiler la patate chaude au prochain gouvernement. Mais cela ne résoudra pas le problème.

Pour déi Lénk, la seule solution raisonnable dans la situation actuelle est de rétablir entièrement le système de l’indexation automatique des salaires. Au lieu de prévoir de nouvelles manipulations et de distribuer encore davantage de cadeaux au patronat tout entier, y compris aux entreprises qui n’ont pratiquement pas de coûts énergétiques et qui affichent de gros bénéfices, le gouvernement doit mettre en place des aides ciblées aux petites entreprises qui sont réellement en difficulté. De l’autre côté, les ménages vulnérables doivent être soutenus en sus de l’adaptation des salaires et des retraites à l’inflation avec des aides ciblées, financées par de l’argent public qui autrement servira à payer de nouveaux crédits d’impôt.

En tout cas, nous prévoyons de rudes débats en automne. déi Lénk continuera de s’engager de toutes ses forces pour les intérêts des salarié.e.s et retraité.e.s et combattra toute nouvelle manipulation de l’index.

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe