Neijoersried – Discours du Nouvel An.

Neijoersried.

Carole Thoma, Spriecherin vun déi Lénk.

No 2020 schéngt eng nei Zukunft sécher. Eng global Pandemie huet d’Konsequenze vum Kapitalismus gewisen, deen d’Ëmwelt an déi sozial Institutiounen zerstéiert. Wéi wichteg solidaresch Gemeinschaften an e soziale Staat sinn huet sech eben esou gewisen, wéi dass et noutwendeg ass, een allgemengen a gerechten Zougang zu de Ressourcen a Richesse vun eiser Gesellschaft ze garantéieren. 2021 bleiwe konsequent politesch Entscheedungen a radikal systemesch Verännerungen noutwendeg fir eng Welt z‘iwwerwannen an där d’Ausbeutung vun natierleche Ressourcen a wuessend Ongläichheeten Krankheeten, Aarmut an Naturkatastrophe an exklusiv Privileegien anerersäits produzéieren. Am Joer 2021 geet de Kampf weider fir dass déi nei Zukunft eng gemeinsam Zukunft gëtt.

Discours du Nouvel An.

Carole Thoma, porte-parole de déi Lénk.

Après 2020, un nouveau futur semble certain. Une pandémie globale a démontré les conséquences d’un capitalisme destructif de l’environnement et des institutions sociales. L’importance de communautés solidaires et d’un État social s’est démontrée aussi clairement que la nécessite d’assurer un accès juste et général aux ressources et richesses de notre société. En 2021, des interventions politiques décisives et changements systémiques radicaux restent nécessaires pour vaincre un monde dont l’exploitation des ressources naturelles et des inégalités croissantes produisent maladies, pauvreté, catastrophes naturelles d’un côté et privilèges exclusifs de l’autre. En 2021, la lutte continue pour faire du futur nouveau un futur commun.

Neijoerschpatt 2020.

Dem Porte-Parole Gary Diderich seng Ried um Neijoerschpatt 2020.

De Fokus läit um Klimawandel an de klammenden Ongläichheeten. Besonnesch déi jonk Generatiounen si mat enger ganzer Rëtsch Krise konfrontéiert. Am Beräich vum Logement ass dat zu Lëtzebuerg wuel am däitlechste spierbar. Och d’CO2 Tax gouf staark kritiséiert:

” D’Regierung a virun allem déi Gréng probéieren zwar zënter eiser Motioun zu der Urgence Climatique dat Wuert Urgence op ënnerschiddleche Plazen accessoirement ze placéiere mee esou eng Steier huet näischt mat Urgence ze dinn. Et kann een se méi domadder vergläichen datt ee Paschtouer Sue bei den Aarmen asammelt fir dat Gott se vun der Pescht verschount. De moderne Gott ass an dësem Fall « de Marché », och deen huet nach kee gesinn. “

Déi ganz Ried als PDF -> HEI

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe