Zu Gast im Land: Einheitsdenken und reife Früchte ernten

Frank Jost – Endlich haben wir eine Regierung ohne CSV! Das ist wohl eine der häufigsten Äußerungen, die man dieser Tage im Ländchen vernimmt. Die andere, zweifelnde, wäre, wie es ohne die gewohnte Vaterfigur wohl weitergehen wird.

Die Vaterfigur hatte einen recht ungeschickten Einstand als Leader der größten Oppositionspartei. „Was ihr (im Bereich der gesellschaftlichen Reformen) vorhabt, hätten wir sowieso umgesetzt, wenn wir in der Regierung geblieben wären.“ Wenn dem so ist, gibt es keinen Grund, Opposition zu machen…

Gründe, Opposition zu machen gibt es allerdings genug – wenn auch nicht unbedingt aus CSV-Sicht. Es ist nicht selbstverständlich, dass drei politische Strömungen mit grundsätzlich unterschiedlicher politischer Biografie sich am Ende so problemlos auf ein gemeinsames Regierungsprogramm einigen können. Der Kitt, der das Ganze zusammenhält ist das Produkt der politischen Konvergenz im Europa der letzten Jahrzehnte und nennt sich liberales Einheitsdenken. Die Sozialisten haben den Bruch mit dem organsierten Salariat zum großen Teil vollzogen, die Grünen haben ihr stetes Streben nach staatstragender Glaubwürdigkeit soweit vollbracht. Im verjüngten Liberalismus der DP finden sie sich wieder.

So werden denn alle liberalen Konterreformen der vorherigen Regierung unter CSV-Führung weitergeführt: Rentenreform, Indexmanipulation, Verschiebung der Einnahmequellen des Staats vom Kapital zum Salariat, viel mehr austeritäres Sparen auf der Ausgabenseite als Beschaffung von neuen Einnahmequellen, um nur die wichtigsten zu nennen. Hinzu kommt die Erhöhung der Mehrwertsteuer, die als Gebühr für Endabnehmer nochmals die Schaffenden trifft.

Auf der Ebene der europäischen Finanzpolitik wird die Linie Friedens ohne Akzentverschiebung weitergeführt: die Finanztransaktionssteuer ist tabu und wenn sie sich noch so aufdrängt, um die Finanzströme und das Vabanque der Banken zu zügeln. In Sachen automatischem Informationsaustausch wird auf einer isolationistischen Position (gemeinsam mit Österreich) gemauert bis geht nicht mehr.

Auf zwei Gebieten bleibt die Regierungspolitik noch näher abzuschätzen. Die Erziehung ist zurück in den Händen der DP, doch wohl nicht auf der back-to-basics-Linie Brasseurs, eher in der Weiterführung der Delvaux-Linie mit einer noch stärkeren Dosis Liberalismus. Kommt die Frage nach der Schule als Instrument zum Ausgleich der sozialen Ungleichheit überhaupt vor?

Um der Misere im Wohnungsbereich zu begegnen geht es nur mit einer radikalen Umkehr, das sagt heute fast jeder. Hier haben die CSV-Kräfte bereits mittels Syvicol Einspruch erhoben, obgleich sie in dieser Frage als völlige Versager besser schweigen sollten. Anhand der Reform der Dotation für die Gemeinden, je nach ihren Bemühungen, den sozialen Wohnungsbau zu fördern, wird sich schnell zeigen, was Sache ist.

Die DP-LSAP-déi Gréng-Regierung wird einige überfällige gesellschaftliche Reformen durchführen. Die Laizisierung von Staat und Schule und andere fortschrittliche Reformen, wie die Abschaffung der letzten homophoben Bestimmungen, wird auch die Unterstützung der einzigen linken Gruppe in der Kammer finden. Es tut nicht viel zur Sache, doch sollte es erwähnt werden: Diese Reformen sind derart überfällig, dass sie längst eine Mehrheit in der Gesellschaft haben. Die neue Regierung ist in der glücklichen Lage, gereifte Früchte ernten zu können.

Der Mut zu Reformen im gesellschaftlichen Bereich betrifft aber noch lange nicht die Demontage der übelsten Auswüchse des CSV-Staats: der Spitzeldienst wird wie vorher mit ein Quäntchen mehr parlamentarischer Kontrolle schalten und walten wie gehabt. Das tragikomische Vortanzen aller früheren und aktuellen Vertreter der bewaffneten Mächte im Staat vor dem Luxemburger Bezirksgericht, deren offensichtliche Verachtung und Verspottung der Justiz wäre ein anderes Übel des CSV-Staats, das von der neuen Regierung mit kräftigem Besen angegangen werden müsste. Aber das wäre doch wohl wirklich zu viel verlangt.

(Frank Jost ist Mitglied des Koordinationsbüros von dei Lénk.)

Ried zum Koalitiounsprogramm vum Justin Turpel

déi Lénk hunn de Mëtteg an der Chamber zwou Motiounen déposéiert.

Motion (invitant le gouvernement à détailler, au sein de chaque commission parlementaire et pour chaque domaine, ses intentions et échéances approximatives pour les cinq années à venir et de présenter régulièrement un bilan des actions réalisées et à venir)

Motion (invitant le gouvernement à prendre toutes les mesures possibles à ce qu’aucune fiche tenue par le SREL contenant des données personnelles ne sera détruite jusqu’à la mise en place d’une nouvelle législation)  

Ried vum Justin Turpel

view video on chd.lu

 

Här President, Dir Dammen an Hären,

Léif Matbiergerinnen a Matbierger,

An der Regierungserklärung vu gëschter, an der mir näischt méi gewuer gi sinn wéi dat wat schonn am Koalitounsofkommes steet, huet de Premierminister gesot, datt bei de Walen vum 20. Oktober “d’Wieler déi eng Parteie gestäerkt, an déi aneerer geschwächt huet”. (Och dat ass näischt neies, mee wou de neie Premier Recht huet, huet e Recht …).Vun de Parteien, déi hei vertruede sinn, goufen der genee 2 gestäerkt: déi Lénk op der lénker, an d‘DP op der rietser Säit vum politesche Spektrum. D’Piraten koumen och op bal 3%, kruten awer kee Sëtz. All déi aner hu verluer: d’CSV huet 4,4 % verluer, an ass net méi an der Regierung, d’ LSAP, déi grad wéi d’CSV 3% am Zentrum an am Süden verléiert, ass geschwächt an d’Koalitiounsverhandlunge gaang, grad wéi déi Gréng, déi insgesamt 1,5%, am Zentrum bal 3% verluer hunn. Den ADR koum mat engem Minus vun 1,6% mat engem bloen An dervun.

D’Aufgab vun déi Lénk ass et déi Leit ze vertrieden, déi net Schold sinn un der Kris, an awer ëmmer rëm dofir berappe mussen. A mir wäerten weisen, datt et wuel eng Alternativ gëtt zu enger Politik, déi di Räich ëmmer méi räich, an déi aner ëmmer méi arem, an d’sozial Ongläichheeten ëmmer méi grouss mécht.

Ech komme vum Duerf, dem selwechte wéi den Dr. Michel Welter, dee sech vrun 100 Joer an dëser „gesetzgeberescher Versammlung“ als éischten Deputéierten fir mënschewierdeg Aarbechts-, Wunn- a Liewensbedingungen agesat huet. Haut gëtt sou een Asaz rëm ëmmer méi aktuell; sou waren beispillsweis a Spunien d’lescht Joer 6 Mio Leit ouni Aarbecht, 1,4 Mio Leit konnten hiere Stroum net méi bezuele an souzen ouni Heizung do, 400.000 Leit sinn aus hiren Wunnengen ausgewise ginn, well si se net méi bezuele konnten.An déi Situatioun begéine mir an ëmmer méi Länner matzen an Europa. An Lëtzebuerg ass och an där Hinsicht keng Insel …

An elo awer zum Koalitiounsprogramm:

Positiv am Koalitiounsaccord ass d‘Ambitioun de Stëllstand ze behiewen, den Opbroch an verschiddene Beräicher: „d’Fënsteren opmaachen“, wéi si et genannt hunn. Positiv sinn sécherlech eng Rei gesellschaftlech Reformen, déi scho laang iwwerfälleg waren a vun der CSV blockéiert goufen. Mee fir vill Leit wäert duerch dës oppen Fënstere ee ganz kale Wand era blosen, well d‘Ausriichtung vum Koalitiounsprogramm – an doriwwer sinn sech mëttlerweil all Kommentatoren eens – kloer an däitlech vun den Interessen vun der Wirtschaft an dem Finanzsecteur dominéiert gëtt. D’CSV seet selwer, 80% vum Koalitiounsprogramm wier d’Fortféierung vun hirer Politik – an ech mengen d’CSV ass mat deem Prozentsaz nach ganz bescheiden …! An dee neie Finanzminister sträicht d’Kontinuitéit mat der Politik vun sengen Virgänger ervir.

De Lobbyismus vu verschiddene Wirtschaftskreeser huet sech demno bezuelt gemaach, an d’Lëtzebuerger Wort huet Recht wann et schreiwt (LW 4.12.2013): “Die einflussreiche Investmentfondsvereinigung kann also aufatmen und sich für eine gelungene Lobbyarbeit im Vorfeld der Regierungsbildung beglückwünschen.” Deen alen an neie Wirtschaftsminister Etienne Schneider huet ëmmer gefuerdert datt ee fir allemol kloer stelle misst, wat priméiert: d’Wirtschaft oder Sozialpolitik an d’Ëmwelt. Abee: d’Predominanz vun der Wirtschaft iwwert déi aner Politiken huet sech duerchgesat!

Awer d‘Ambitioun sozial Ongläichheeten ze behiewen, gëtt et net; d’Vergréisserung vun de sozialen Ongläichheeten gëtt ouni weideres a Kaf geholl!

Nieft der Predominanz vu Wirtschafts- a Finanzinteressen, dréit de Koalitiounsaccord de Stempel vu villen, ganz villen Ukënnegungen, vill, ganz vill Etuden, Analysen, Iwwerleeungen déi a ville Beräicher gemaach solle ginn. Sou eng Ukënngeungspolitik kenne mir aus der Stad, wou – ausser Ukënnegung – oft näischt méi nokomm ass … Ee Beispill: am Dezember 2011 krute mir an der Stad vum Buergermeeschter versprach, d’Verkéiersimpaktstudie vum Ban de Gasperich zougestallt ze kréien; dat Versprieche – obschonns mir puermol nogefrot hunn – gouf bis haut net agehal a mir hunn déi Etude bis haut nach ëmmer net kritt! An der doten Ukënnegungen gëtt et eng Hellewull am Koalitiounsprogramm …

Fir gewuer ze ginn wat hannert all deenen Ukënnegunge an schéinen Absichten stecht, froe mir – an enger Motioun – datt an all Kommissioun iwwert dat jeeweilegt Gebitt, d‘Intentiounen vun der Regierung an déi méiglech Echeancen, geschwat gëtt.

Ech wëll drun erënneren, datt mir Transparenz ugekënnegt kruten, och an de Koalitiounsverhandlungen (gëscht huet d’Regierung d’Berichter an d’Dokumenter vun de Verhandlungen op hiren Site veröffentlecht, an et war net méiglech déi bis haut ze liesen. Fir wat sinn déi net direkt, mam Koalitiounsaccord, verëffentlecht ginn? A fir war wollt d’Regierung de Koalitiounsaccord réischt gëscht veröffentlechen, wat et onméiglech gemaach hätt sech seriö dermat auserneen ze setzen?!) An zur Transparenz gehéiert awer och d’Offeleeë vun der Zesummesetzung vun den Aarbechtsgruppen, déi sech mat deenen eenzelnen Kapitelen vum Koalitiounsaccord ofginn hunn, fir datt jidderee gesi kann, wéi eng Lobbyen do aktiv waren.

Här President,
Dir Dammen an Hären,

De Premier Xavier Bëttel sot: „mir kënnen nëmmen dat verdeelen, wat mer hunn“; „et duerf ee net iwwert senge Moyenen liewen“. De Spëtzekandidat un der LSAP, Etienne Schneider, gouf net mit z’erklären datt „mir Wuesstem brauchen fir Aarbechtsplazen a Sozialpolitik ze garantéieren“. Dat kléngt wuel gutt, mee sou fonctionnéiert et net, an zwar aus enger ganzer Rei Grënn, vun deenen ech der dräi kuurz duerleeë wëll:

1) Wuestum schaaft net automatesch Wuelstand fir jiddereen. Och de Bundeskanzler Helmut Schmit huet 1974 behaapt: “D’Gewënner vun haut, sinn d’Investitioune vu muer, an d’Aarbechtsplazen vun iwwermuer” – mee a Wierklechkeet ass déi Rechnung net opgaang, well d’Gewënner net investéiert ginn sinn, a wann, da just fir ze rationaliéiseren an Aarbechtplazen ofzebauen; trotz ëmmer méi grousse Gewënner an deene leschten 30-40 Joer huet de Chômage ëmmer méi zougeholl! Den Wirtschaftswëssenschaftler John M. Keynes war schonn 1930 der Meenung, datt duerch Wuesstem an Verbesserung vun der Produktivitéit 100 Joer méi spéit jidderen nach héchstens 15-Stonnne d’Woch schaffe misst. Och hien huet sech geiert, well de geschafene Räichtum sech net automatesch verdeelt;  „d’Naturgesetz vum Kapital“, wéi de Karl Marx se genannt huet, funktionéiert eben anescht wéi sech dat gewënscht gouf!

2) Wirtschaftswuestum – an den An vun der Regierung d’Mamm vun alle Politiken – ass destruktiv fir Mensch an Emwelt, oder, wéi e Mouvement écologique et ausdréckt: Kontinuierliches Wachstum auf einem begrenzten Planeten ist schlichtweg nicht machbar, aus Sicht der weltweiten Gerechtigkeit nicht mehr zulässig, führt a priori nicht zur Lösung des Arbeitslosigkeitsproblems, nicht zu einer Verkleinerung der Schere zwischen Arm und Reich und auch nicht zu mehr Wohlstand. Nicht zuletzt: es ist kaum vereinbar mit dem Ziel des Erhalts von Lebensqualität, Natur und Landschaft u.a.m.”. An och den widerhuelten Zousaz „no nohaltige Kriteren“ ännert näischt drunn, datt de Koalitiounsprogramm den Test vum Mouvement écologique grad an der Hinsicht net bestan huet.

3) d’Konzentratioun vum Räichtum uewen ass eng wesentlech Ursaach vun der Spekulatiounskrise. Mat dëser Politik steiere mir schnurstracks an d’Mauer vun der nächster Kris, déi vill Arbechtplaze kaschten waërt an rëm vun deene bezuelt soll ginn, déi se net verschëld hunn …

De Problem ass, och zu Lëtzebuerg, éischter deen, datt deen enorme Räichtum, de geschafe gëtt, nët bei de Leit ukënnt. Lëtzebuerg ass dat Land an Europa, wou d’Betriber déi héchste Gewënner maachen kënnen, wou d’Lounkäschten am niddregsten sinn an trotz ëmmer méi Räichtum d‘sozial Ongläichheeten konstant zouhuelen a vill Leit an Aarmut oder un der Aarmutsgrenz liewen. Ech spueren iech déi detailléiert Chifferen, mee si sinn kloer!

A wann d’Regierung lo all Joer wëll 1,5 Mia aspueren, souwuel beim Fonctionnement vum Staat – wou trotzdem eng Rei Déngschtleeschtungen verbessert solle ginn – wei vrun allem och bei der Sozialpolitik, déi méi “selektiv” soll ginn, da wäert dat direkt Auswierkungen op d’sozial Situatioun vun ville Leit hunn. Souguer den RMG soll op de Leescht geholl, a ënnert der Sichtweis vun Hartz 4 ënnersicht ginn.

Obschonn zu Lëtzebuerg 2/3 vun de direkte Steieren vun de Stéit an nëmmen 1/3 vun de Betriber bezuelt ginn, gëtt d’Kapitalsteier net erhéicht; am Géigendeel: et gëtt puer mol betount dat déi lächerlech niddreg Taxe d’abonnement sou bleift! Et gëtt ëmmer rëm betount fir wat alles drugesat gëtt, fir duerch d’Steierpolitik nach méi Räicher op Lëtzebuerg unzezéien! Eng sozial gerecht Steierreform ass net geplangt, net nëmmen keng Räichesteier, och keng Verméigenssteier, keng Erhéijung vun der Ierfschaftssteier – alles Saachen déi d’LSAP awer an de Walen gefuerdert huet, och keen Matmaachen bei der internationaler Finanztransaktiounssteier, wéi déi Gréng et gefuerdert hunn, mol keng Upassung vun der Steiertabell un d’Inflatioun oder Ofschafung vun den Ongerechtegkeeten vis-à-vis vun de Witfraen a -männer oder Leit déi gescheet si ginn!

Dem géinteniwwer soll awer d’TVA ropgesat ginn, wahrscheinlech ëm 2%. Dat ass eng vun deene ongerechtesten Steiermossnahmen déi een iwwerhappt huele kann, well do d’Konsumenten an vrun allem déijéieg gestrooft ginn, déi hiert Akommen fir hieren Liewensënnerhalt brauchen. Hiert Liewen gëtt méi deier, an hiert Akommes waërt ëmmer manner duer goen, fir iwwert d’Ronnen ze kommen.

An dann sollen d’Indexmanipulatiounen vun deene leschte Joeren weidergefouert ginn. Sou krut d’Patronat vun 2006-2013 ëmmerhin 1,5 Mia op Käschte vun de Leit hire Léin a Pensiounen geschenkt! An dat soll lo sou weidergoen – an souguer- mam definitive Verloscht vun puer Tranchen –  definitiv an d’Gesetz ageschriwwe ginn …!? Dobäi ass d’Verréckelen an d’Aussetzen vun ganzen Indextranchen total ongerecht, well se jidderee bestrooft, egal wéi niddereg säin Akommes ass!

A sécherlech stinn nach am Kader vun der besoter” méi selektiver” Sozialpolitik, eng Rei aner Moossnamen un, déi maachen, datt déi Leit, déi d’Kris net verschëld hunn derfir bleche mussen, an datt déi, déi wierklech vill hunn, ëmmer méi kréien. Mir wëssen net wat sech hannert der geplangter Reform vun der Fleegeversécherung verstoppt a maachen ons Suergen ëm de Solidaritéitsprinzip vun der Sozialversécherung an dem Pensiounssystem.

Grad am Beräich vum Chômage muss vill geschéien, mee et ass ze faërten, datt de Chômage weider genotzt gëtt fir nach méi bëlleg Aarbechtskräften zer kréien.

Et ginn Alternativen fir eng aner Sozial- an Wirtschaftspolitik. Vrun allem duerch eng aner Steierpolitik a Steiergerechtegkeet, sou wéi mir an d’LSAP se an onse Wahlprogrammer duergeluecht hunn. Mir bräichten och eng Wirtschaftspolitik, déi d’Ofhängegkeet vun der alléngeger Finanzwirtschaft konsequent a Fro stellt. Eng systematesch an konsequent wirtschaftlech Diversifikatioun, grad sou wéi eng aktiv Wirtschaftspolitik vum Staat ass – trotz verschiddenen Neiorientéierung – net geplangt. Den Wirtschaftsminister hat während dem Wahlkampf op enger Patronatsversammlung seng Nolauschterer verséchert all déi Steiermoossnamen déi seng Partei virgesi géif just dozou géifen déngen en Deel vu senger eegener Basis ze berouegen. Elo wësse mer datt daat net ironesch gemengt war.

Här President, Här President,
Dir Dammen an Hären,

Eng Rei Moossnahmen, déi an de Beräich „Demokratie stäerken“ falen, sinn ze begréissen.

Sou wéi mir dat gefuerdert hunn, ass virgesinn eng breet ëffentlech Debatt mat verschiddenen Referenden iwwert d’Verfassungsreform z’organiséieren. Mir hoffen dat eng wierklech demokratesch Debatt, wou jiddereen déiselwecht Mëttel zur Verfügung gestallt kritt fir seng Meenung virzedroen, zustan kënnt. Mir verlaangen datt dobäi och aner Froen, wéi déi véier déi de Koalitiounsprogramm oplëscht, diskutéiert kënne ginn, wéi z. Bsp. D’Stäerkung vun de Grondrechter, vrun allem soziale Rechter – d’Recht op Waasser, Recht op Aarbecht, Recht op Wunnen, solidaresch a kollektiv Sozialversécherung – awer och d’Recht op informationnell Selbstbestëmmung, d’Roll vun der Monarchie am Parlamentarismus; Trennung vu Kierch a Stad oder besser d’Aschreiwen vun engem laizistesche Stad an d’Verfaassung.

Dann geet ët och drëms d’Bierger besser un den Entscheedungsprozesser deelhuelen ze loossen. Den Zougang vun alle Bierger zu den Dokumenter an Informatiounen vum Stad (och der Chamber) a Gemengen soll an an engem neie Gesetz (Säit 7) oder iwwert Amendementer vum Gesetz vun der virrechter Regierung (Säit 64)  – dat ass net kloer – gereegelt ginn. Mir brauchen méi Initiativrechter fir d’Bierger zu Referenden, d’Recht op Ufroen un d’Chamber a Regierung, ee Recht vun de Bierger och op parlamentaresch Initiativen – eppes wat e.a. iwwert d’Petitiounskommissioun méiglech gemaach misst ginn – Dofir si mir och prett d’Presidentschaft vun der Kommissioun – wann d’Chamber domatt d’accord ass – z’iwwerhuelen an aktiv zu enger Stäerkung vun den Initiativrechter vun de Bierger bei ze droen!

Iwwrigens soll och all Deputéierten, egal vun wéi enger Partei, gläich Rechter hunn. Dat war bis lo net de Fall a soll – och dat ass positiv- elo gréisstendeels – och ouni “Trapebesetzung” – realiséiert ginn.

Ganz kloer misst och d’Bespëtzelung vun de Bierger opgeschafft ginn – souwuel déi duerch de SREL, déi “historesch” an déi aktuell, wéi och duerch aner Instanzen – an déi noutwendeg Konsequenzen doraus gezu ginn. Doriwwer bräichte mir weider Opaarbechtung vun enger Enquêtekommissioun! Mir hunn an dem Sënn eng Resolutioun um Chambersbüro hannerluecht. Déi nei Definitioun vun de Missiounen vum Spëtzeldéngscht, sou wéi se nach vun der leschter Regierung geplangt an zu Pabeier bruecht si ginn, sinn fir ons inakzeptabel; dorann kritt de Spëtzeldéngscht weit gefächert Méiglechkeeten, bis hnin zum “grossen Lausch- und Spähangriff”, souwuel am ëffentleche Raum wéi an private Wunnengen! Mir hoffen, datt demnächst och d’Recht op informell Selbstbestëmmung, dat et an anere Länner, z. Bsp. an Däitschland gëtt, och zu Lëtzebuerg endlech rechtlech verankert gëtt, an datt soulaang dat net geschitt ass, ee Moratoire iwwert dat alt Gesetz, wat d’Schreddere vun Dossieren erlaabt, verhaang gëtt. An dem Sënn hu mir eng Motioun verfaasst. Net zulescht wier et wichteg, fir Wistleblower wéi Edward Snowden an Bradley Mannig ze schützen; Lëtzebuerg soll eng Initiativ huelen, fir dem Snowden an Europa Asylrecht a Schutz ze garantéieren.

Losst mech et kloer an däitlech soen:  Mir mengen datt et gutt ass, datt d’CSV net méi an der Regierung ass, an den CSV-Staat ausgebremst gëtt. Mee, vergiesse mer net, datt mat der Politik déi déi nei Regierung mécht, d’CSV awer nach ëmmer mat derbäi ass – sou wéi wann se mat op der Regierungsbänk setze géif wieren. Wann déi nei Koalitioun wollt beweisen, datt een der CSV hier Finanz-, Wirtschafts- a Sozialpolitik och ouni d’CSV ka maachen, dann ass dat hier lo scho gelong!

Dat stëmmt och fir d’Europapolitik vun der neier Koalitioun, deeër hier Oplagen an Austeritéitsvirschrëften dës Regierung unerkennt an, grad wéi déi Regierung virdrun, nach ënnerbitt! An dat, obschonns sou eminent Perséinlechkeeten wéi den Wirtschaftsnobellpreisdréier Joseph E. Stiglitz – grad nach vrun puer Wochen op enger Konferenz um Kierchbierg – vru genee sou enger Politik warnen, well se d’sozial Ongläichheete an d’Viraussetzunge fir an d’Mauer vun der nächster Kris ze rennen, just nach verstäerkt.

Här President, Här President,
Dir Dammen an Hären,

An enger ganzer Rei Beräicher well dës Regierung do weider fueren, wou vrun 5 oder méi Joer opgehal ginn ass. Dat stëmmt fir Transportpolitik (MODU – wou zousätzlech iwwert eng Eisebunnslinn op Saarbrécken geschwat an d’Ausdehunng vum Tram op de Findel, Cloche d’or an Zéisseng beschleunigt soll ginn). Dat stëmmt och fir Landesplanung (IVL), inklusiv plans sectoriels (Wunnen, Landschaften, Transport, Aktivitéitszonen) – déi lo – wéi gefuerdert – (endlech) verëffentlecht an och ëffentlech diskutéiert solle ginn. Et ass just ze hoffen datt och do d’Mëttelen an d’Zäit do sinn, fir déi Diskussioun breet an demokratesch ze féieren.

An aanere Beräicher, wéi Ëmwelt/Energie/Klimaschutz, bleift de Koalitiounsaccord weit hannert den Erwaardungen zréck. 11% erneierbar Energien am Joer 2020 ass alles anescht wéi ambitiéis. Da selwecht stëmmt am Beräich vum Klimaschutz, den och aus Siicht vum Mouvement écologique “onbefriddigend” ass, well “konkret Zieler bei der Reduktioun vun den CO2-Emissiounen feelen”.

Och am Beräich Wunnen ass – iwwert de Fait, dat Bauterrainen vrun allem am Perimeter fräigesat solle ginn – villes onkloer. Dorops wäerte mir am Detail zeréckkommen, grad sou wéi op d’Beräicher Schoul a Kultur.

Ofschléissend well ech matdeelen, datt de Serge Urbany an ech als eng vun onsen éischten Handlungen als nei vereedegt Deputéiert, zesumme mat Deputéierten aus aneren Länner een europäischt Manifest vun Parlementarier géint Faschismus ënnerschriwwe hunn: a ville Länner kommen déi brong a nationalistesch Iddien rëm héich an an Ungarn an Griicheland gëtt rëm an Uniformen am Gleichschritt duerch d’Stroosse marschéiert an Minoritéiten stigmatiséiert. Wann d’Leit vun der Politik – an dozou gehéieren och dës Regierung an dës Chamber – keng Äntwert op hier berechetegt Suerge, Ängschten an Erwaardungen kréien, da wäerten a ganz Europa, och zu Lëtzebuerg, Rietsdemagogen an Nationalisten ëmmer méi Uklang fannen. Sou eng Léisung wëlle mir net an dat musse mir verhënneren!

Här President, Här President,
Dir Dammen an Hären,

Zum Schluss wëll ech betounen, datt villes an onser Gesellschaft gezeechent ass, net nëmmen vun ëmmer méi grouss sozial Ongläichheeten, mee och vun engem absolute Mangel u Respekt vrum Mënsch. Ouni dee Mangel u Respekt vrum Mësch wier et net méiglech datt all 6 Sekonnen op eiser globaler Welt ee Kand un Honger oder enger Krankheet stierft, wou d‘Mëttelen do sinn (an och hei bei eis zu Lëtzebuerg gebunkert ginn), d’Mëttelen fir dat ze verhënneren, ons Gesellschaft et awer net fäerdeg bréngt deenen se zoukommen ze loossen, déi se brauchen. Ouni dee Mangel u Respekt vrum Mënsch géife Leit, déi fort lafen vru Krich an Honger, net kriminaliséiert, ofgewis an erdrénke gelooss (jo si, d’Affer, gi kriminaliséiert, an net d’Krichsdreiwer an déi déi vum Krich an Ausbeutung profitéieren). Leider ass dee Mangel u Respekt vrum Mënsch (an der Natur) net einfach duerch warem Appeller, wéi se ëmmer rëm gär gemaach ginn, ze behiewen, well e méi déif Ursaachen huet: an zwar ee Gesellschaftssystem vu Striewe no Profit,wou „d’Naturgesetzer vum Kapital“ (Karl Marx) méi wichteg sinn wéi d’Liewen vun de Mënschen a vun der Natur. Un dësen Ëmstänn wäert des Chamber näischt grondsätzleches änneren; dofir brauch et ausserparlementaresch Mobiliséierungen an Strukturreformen, déi dee Gesellschaftssystem a Fro stellen … Mee déi kommen réischt dann, wann “déi Uewen net méi kënnen”, an “déi Ënnen net méi wëllen”! Mee mir waarden net bis déi Zäit do ass. Och elo, am Hei an Lo, gëllt et all Mëttelen ze notzen fir Diskriminéierungen an Ongerechtegkeeten ze bekämpfen!

Ech soen Iech Merci fir äer Opmierksamkeet. 

D’Ried vum Justin Turpel als PDF

 

Pressekonferenz iwwer de Regierungsprogramm vun DP-LSAP-déi gréng

 

Justin Turpel begrüßte eingangs die Tatsache, dass in einigen gesellschaftspolitischen Bereichen, der jahrelange Stillstand überwunden zu werden scheint. Gleichzeitig bedauerte er aber, dass im Bereich der nachhaltigen Entwicklung und der Energiewende kaum ambitionierte Ziele ausgewiesen würden. Die Politik der Vorgängerregierungen werde einfach weitergeführt ohne nennenswerte ökologische Akzente. So komme es z.B. weder zu einem Importverbot von Atomstrom noch zu einem höherem Anteil von regenerativer Energie.

Das vorliegende Regierungsprogramm stelle die Wirtschafts-, Finanz- und Sozialpolitik unter das Primat der Interessen der Wirtschaftlobbyisten und führe zu einer massiven Umverteilung des geschaffenen Reichtums von unten nach oben, so Serge Urbany. Die Kaufkraft der Löhne werde sinken durch den (mindestens) zweifachen Ausfall einer Indextranche (´14 und ´19) und der Mindestlohn bleibe weiterhin in Frage gestellt. Die unsoziale TVA werde erhöht während Steuern auf Kapital und hohen Gewinnen tendenziell sogar weiter sinken sollen. Die Austeritätspolitik werde weitergeführt und an den Sozialleistungen solle gespart werden. Der universelle Sozialstaat werde unterhöhlt und durch eine selektive Sozialpolitik in seinem Wesen deformiert.

Die neue Regierung setze in ihrer Wirtschaftspolitik vor allem auf den Finanzplatz, dessen erdrückendes Gewicht noch vergrößert werden soll. Dieses Programm bedeute einen Modernisierungsschub für den finanzmarktgetriebenen Kapitalismus in Luxemburg. Aus der Krise und ihren verheerenden Folgen würden keine Lehren gezogen, im Gegenteil.

Hingegen fände man im Koalitionsabkommen fast nichts über die Bekämpfung der grassierenden Armut und auch nichts über den Kampf gegen die sozialen Ungleichheiten, die in Luxemburg immer stärker wachsen.

Ungeschminkt zeige sich dieses neoliberale Programm aus dem die letzten Reste von Sozialrhetorik verbannt wurden, so Marc Baum weiter, der nicht versteht, wieso LSAP und Grüne sich mit diesem Programm brüsten, das kaum noch deren Inhalte und Wahlversprechen beinhalte.

„Jo, d´Fënster gëtt opgerappt an et gëtt gelëfft. En Deel vum institutionelle Mief wäert och verfléien, mee fir déi meeschte Leit wäert duerno en ganz kale Wand erablosen.“

Weitere Ausführungen zur Haushalts-,Wirtschafts- und Sozialpolitik

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe