Consultatiounsdebatt – Digitaliséierung

Säit dem Rifkin Rapport iwwer déi 3. industriell Revolutioun, huet d’Regierung nëmmen nach ee Wuert am Mond : Digitaliséierung.

Wann een sech awer méi genee mam Sujet befaasst, a wësse wëll a wéi enger Form a wou genee d’Regierung de Prozess vun der Digitaliséierung wëll ëmsetzen, da mierkt een, dass

Éischtens, d’Regierung kee wierkleche Plang huet wat se mat der Digitaliséierung genee wëll bewierken,

Zweetens, d’Problemer falsch erkennt op déi d’Digitaliséierung sollt awierken

Drëttens, d’Risike vun der Digitaliséierung net viraussetzt, oder einfach net wouerhëlt.

Trotzdeem, gëtt an all politeschem Dokument an op all politeschem Optrëtt vun de Regierungsparteien an der breeder Oppositioun dovu profitéiert d‘Digitaliséierung als Allheelmëttel duerzestelle fir all sozial, ekonomesch an ekologesch Problemer . D’Digitaliséierung frësst sech pêle mêle an all Gesellschaftsberäicher eran. De Begrëff ass onkloer. Eng Kéier ass domat den technologesche Fortschrëtt gemengt, déi aner kéier d’Robotiséierung, déi Kéier drop d’Automatiséierung. Egal wéi een de Sënn dovun dréint, d’Digitaliséierung bréngt eis Gesellschaft weider. Et ass eppes cooles déi Digitaliséierung. Jidderee wëll se, a kee ka méi ouni si liewen. Dat ass den dominante Message, géint deen ee schwéier an d’Oppositioun goe kann. Mee stopp emol: Firwat brauche mer d’Digitaliséierung dann sou dréngend. Wann et Problemer ginn, ewéi d’Klimakris, d’Logementskris, Ressouceknappheet a klammend Aarmut, dann huet dat eppes mat der Wuesstemslogik ze di vum kapitalistesche System an deem mir liewen. Wéi kann d’Digitaliséierung dogéint ukämpfen?  Dat géing eis interesséieren.

Mir mengen, dat se dës Problemer nach weider verschäerft wann se blann ëmgesat gëtt, an dat ass awer europawäit de Fall. Eis Regierung leeft dem Hype vun der Digitaliséierung hannendrun. Dësen Hype gëtt gesteiert vun Entreprisen déi dës Technologien an hir Support’en entwéckelen. Si sinn déi eigentlech grouss Gewënner bei der Digitaliséierung. An alt erëm steet de Mënsch a seng elementär Besoin’e déi vun de natierlechen a soziale Liewensbedingungen ofhänken net am Mëttelpunkt.

Mir hu nogekuckt wou hei zu Lëtzebuerg d’Digitaliséierung geziilt agesat gëtt :

Allgemeng bei der Kompetitivitéit vun der Wirtschaft, op d’Finanzplaz an nei ekonomesch Nische bezunn. Hei kommen technologesch Entwécklungen ewéi Fintech a blockchain an d’Spill, déi kee gesellschaftlechen Notzen hunn. Den Aarbechtsmarché gëtt fit gemaach fir d’Digitaliséierung. Dofir verbreeden sech digital Plattformen, déi digital Auslagerung vun ëmmer méi Servicen, déi dann och d’Autoentrepreneuriat fuerderen. Dat fierft op Dauer negativ op d’Ofsécherung vun eisem Sozialsystem of, mee stellt och fir d’Salariéen d’Aarbechtsorganisatioun op d’Kopp. Fir déi Onqualifizéiertst bedeit dat eng prekär a repetitiv Beschäftegung am Kader vun der Datenverschaffung.

Fir dat dat Ganzt vu vir eran Zousproch bei de jonke Generatioun kréie kann, ginn se fréizäiteg an der Schoul fir déi digital Gesellschaft ausgebilt ginn, mat Tabletten, Smartphones asw. Wat fir Auswierkungen dat op d’Gesondheet vun de Kanner huet déi och an der Schoul op hiren Ecran’e hänken, ass eng Fro déi sech net stellt. Grad ewéi d’Fro vun der Hierstellung vun deenen digitale Supporten, déi en Abléck op d’Exploitatioun vu rare Ressource gëtt, bei där d’ekologesch a mënschlech Schied op aner Länner ausgewise ginn.

Schlussendlech, steet d’Digitaliséierung zu Lëtzebuerg am Déngscht vun der ekologescher Moderniséierung. Nei Technologië sollen d’Energieeffizienz fuerderen an d’Zäregase reduzéieren. Elektromobilitéit an intelligent Energienotzung duerch digital Compteuren, ginn doraus ervir.

Mee och hei ginn et zwou Säite vun der Medail. Dës Technologië verursaachen Ëmweltschied op anere Plazen, si sinn ofhängeg vum Zougang zu privaten Donnéeën a verstäerken Ongläichheeten, well net jiddereen d’Moyen’e huet vun deene moderne Supporten ze profitéieren.

5G – Mobillen Internet fir jiddereen (Ried vum David Wagner)

Wärend zu Lëtzebuerg vill Leit keen Zougank zu 3G oder 4G hunn a soumat de mobillen Internet net oder net richteg notze kënnen, interesséiere sech d’Techindustrie an d’Telekom-Konzerner just nach fir 5G. Domat kann dat grousst Geld verdéngt ginn. D’Regierung laut déi selwescht Klack, 5G wier ee vun den Haaptpilier’en fir eng duerch an duerch digitaliséiert Gesellschaft an d’Ëmsetzung vum Rifkin-Plang. Vun dësem Techniséiere vun der Gesellschaft ginn sech Léisunge fir sozial an ekologesch Problemer erhofft. An eisen Ae kann den Ausbau vum mobillen Internet sécher verschidden interessant Entwécklunge mat sech bréngen. Mee déi nei Infrastruktur a Servicer musse fir jiddereen accessibel sinn, d’digital Ongläichheete mussen ofgebaut ginn. De 5G-Netzausbau riskéiert awer genee dat onméiglech ze maachen.

De politesche Stamminee – KONTERBONT – Thema „Télétravail – Homeoffice“

Konterbont

(journal électronique en luxembourgeois – projet de Autisme Luxembourg asbl)

(-) D’Schaffe vun doheem gëtt en ëmmer méi wichtegt Thema. Wéi steet Är Partei zum Télétravail?

D’Schaffe vun doheem ass en zweeschneidegt Schwäert:

Engersäits kann et eng positiv Flexibiliséierung am Interessi vum Salarié sinn, deen den (ëmmer méi laangen) Trajet op d’Aarbecht spuert, respektiv et him generell besser erméiglecht Aarbecht a Privatliewen openeen ofzestëmmen.

Op där anerer Säit kann dës Flexibiliséierung jee no Handhabung awer och zu sengen Ongonschten ausgeluecht ginn an zu enger gréisserer Aarbechtsbelaaschtung féieren, andeems z.B. net déi geschafften Aarbechtszäit gekuckt an ugerechent gëtt, mee réng d’Resultat vun der Aarbecht. Eng weider Gefor läit am Verloscht vum soziale Lien mat den Aarbechtskollegen an de méigleche Schwieregkeete fir Salariéë fir sech kollektiv gewerkschaftlech ze organiséieren.

Nawell ass den Télétravail mëttlerweil eng Realitéit an duerch en interprofessionellen Accord tëscht Gewerkschaften a Patronat vun 2006 och rechtlech garantéiert. Als déi Lénk si mer duerfir, dat d’Reglementatioun vum Télétravail iwwerschafft gëtt a Richtung vun enger Vereinfachung am Interessi vum Salarié.

(-) Kann d’Politik den Télétravail fërderen a wat wieren déi konkret Mesuren?

Den Télétravail spillt sech an engem Kader of, deen d‘Politik maassgeeblech mat definéiert. Net nëmmen de Code du Travail spillt hei eng Roll, mee och europäesch Texter zur Sozialversécherung a bilateral Ofkommesse mat eisen Nopeschlänner am Beräich vun de  Steieren. Besonnesch bei Frontaliere – déi ëmmerhi bal d’Halschent vun de Salariéen hei am Land ausmaachen – ginn et am Moment eng ganz Rëtsch Restriktiounen: esou däerf e Grenzgänger no europäeschem Reglement net méi wéi 25% vu senger Aarbechtszäit a sengem Residenzland schaffen, soss fält hien ënner d’Sozialgesetzgebung vun deem Land a verléiert domadder sozial Rechter zu Lëtzebuerg. Och bei der Fiskalitéit ginn et Reegelen, déi d’Zuel vun den Deeg begrenzen, déi en Grenzgänger doheem schaffen däerf, ouni an deem Land Akommessteiere bezuelen ze mussen.

Wann een zu Lëtzebuerg vun “Télétravail fërderen” schwätzt, da geet et meeschtens ëm en vereinfachten Zougang zum Télétravail an engem komplizéierten europäeschen Ëmfeld.

(-) Wéi muss den Télétravail duerch de „Code de travail” reglementéiert ginn oder ass dat, ärer Meenung no, net néideg?

Als déi Lénk menge mer, datt den Télétravail éischter duerch Kollektivverträg soll gereegelt ginn. Mee et brauch eiser Meenung no awer och en méi kloren gesetzleche Kader am Code du Travail. Dëst gëllt besonnesch wat d’Recht op Onereechbarkeet ugeet. Dëst ass net nëmme mee besonnesch fir Leit, déi vun doheem aus schaffe wichteg, well d’Recht op Deconnectioun eigentlech eréischt d’Grondlag ass, fir d’Recht op Privatliewen och an der Realitéit ëmzesetzen

 

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe