Nee zu enger Corona Tracing-App.

Durant la pandémie, et surtout dans la discussions autour des stratégies de déconfinement, différents pays ont commencé à discuter et à envisager la mise en place d’une application de traçage (contact tracing app). Une telle application permettrait de savoir qui a été en contact avec qui permettant ainsi, si une personne est identifié infectée, de retracer les personnes avec qui elle a été en contact et de les tester et/ou placer en quarantaine.

Si le Gouvernement luxembourgeois s’est, depuis le début, montré défavorable face à l’instauration d’un tel système, le Parlement a, sur initiative des Pirates, voté une motion concernant les conditions dans lesquelles une telle application devrait agir. Ainsi son utilisation devra être basée sur le volontariat et son code-source devra être publié.

déi Lénk estime, outre les doutes sur la faisabilité technologique, qu’une telle application de pose un réel danger pour les libertés fondamentales de la population ainsi que pour la protection des données individuelles et a donc décidé de ne pas soutenir cette motion. Si vous voulez vous informer un peu plus sur le fonctionnement et les modalités des applications de traçage, nous vous conseillons de lire les articles de l’association la Quadrature du net disponible ici (https://www.laquadrature.net/).

Ried vum Marc Baum

Déi Diskussioun wou mir hei féieren ass ganz bosseg. Jiddereen deen ech lo hei héieren hunn, all Fraktioun, och d’Regierung, huet gesot si wéilten keng Tracing App. Ma dann halen mer dat fest an mir gi der Regierung en kloren Optrag: komm mer maachen keng Tracing App. Dat ass jo Jidderengem seng Meenung. Dofir fannen ech déi Motioun, och wann se gutt gemengt ass, wierklech superfétatoire. Et ass ongeféier esou wéi wann een géif soen mer wëllen keen Krig géint Schwäiz féieren. An dann gi mir eng Motioun eran, jo mä wann Krich géint Schwäiz, dann hätten mier awer gär déi an déi Konditiounen. Ne, komm mir bleiwen kloer. Mier wëllen keen Krich. Mier wëllen keng Tracing App. Komm mir loossen et dofir si.

Firwat? Firwat wëllen mer keng Tracing App? Éischtens, et gëtt awer guer keng wëssenschaftlech Etüd déi den Notzen vun esou enger Tracing App, bis elo, ob iergend eng Aart a Weis bewisen huet. Am Géigendeel, an ech si frou dass déi fréier Gesondheets-Ministesch dorop higewisen huet, et ass net sécher dass esou eng App iergend eppes bréngt.

Firwat? Well viraus gesat gëtt, souguer bei deenen déi dofir si, dat 60 bis 80 Prozent vun enger Populatioun mat enger Tracing App missten ausgestallt si vir dass déi iwwerhaapt en theoreteschen Notzen huet. Verschidden Länner hätten se scho agefouert an ganz kuerz drop, aus genau deene Grënn, nämlech well d’Populatioun net genuch matgemaach huet, hunn se d’App erëm ausgesat.

Ech fäerten dat dermadder eppes Aneschters gemaach gëtt, nämlech e Fouss an d’Dier gesat gëtt vir eng Beschneidung vun wesentlechen Fräiheetsrechter, vir eng Beschneidung vum Dateschutz. An ewéi gesot, wann mir eis Alleguer Eens sinn dass mer dat net wëllen, dann brauchen mir keng esou eng App.

Wann elo gesot gëtt, jo mä et ka sinn dass eis Nopeschlänner oder d’Europäesch Union eis dat opzwéngen, an domadder eventuell Rees-Beschränkungen verbannen, dann muss een ganz kloer soen dat dat en Broch vun europäeschen Traitéen ass. Also éischter brescht d’Europäesch Union zesummen ewéi dass datoen eng Bedingung gëtt vun Rees-Beschränkungen.

Dofir stëmmen mir dat heiten net mat. Mier mengen d’Regierung soll en ganz kloert Verhandlungs-Mandat hunn. Déi Positioun wou si d’ailleurs am Ufank haten, nämlech vir ze soen « Mier wëllen esou eng App net », an och dobäi bleiwen. Mier mussen eis scho bewosst sinn et gëtt am Moment een groussen Gewënner vun dëser Kris, an dat sinn all déi grouss Boiten ronderëm Digitaliséierung. Dat sinn d’Gafa, Google, Amazon, Facebook. Dat sinn d’ailleurs déi wou am stäerksten hei hannendrun si datt dat realiséiert gëtt.

Mier däerfen et net dozou kommen loossen dat Grondleeënd Fräiheetsrechter den groussen Verléiere vun dëser Kris sinn. Dofir stëmmen mir déi Motioun net mat.

Consultatiounsdebatt – Digitaliséierung

Säit dem Rifkin Rapport iwwer déi 3. industriell Revolutioun, huet d’Regierung nëmmen nach ee Wuert am Mond : Digitaliséierung.

Wann een sech awer méi genee mam Sujet befaasst, a wësse wëll a wéi enger Form a wou genee d’Regierung de Prozess vun der Digitaliséierung wëll ëmsetzen, da mierkt een, dass

Éischtens, d’Regierung kee wierkleche Plang huet wat se mat der Digitaliséierung genee wëll bewierken,

Zweetens, d’Problemer falsch erkennt op déi d’Digitaliséierung sollt awierken

Drëttens, d’Risike vun der Digitaliséierung net viraussetzt, oder einfach net wouerhëlt.

Trotzdeem, gëtt an all politeschem Dokument an op all politeschem Optrëtt vun de Regierungsparteien an der breeder Oppositioun dovu profitéiert d‘Digitaliséierung als Allheelmëttel duerzestelle fir all sozial, ekonomesch an ekologesch Problemer . D’Digitaliséierung frësst sech pêle mêle an all Gesellschaftsberäicher eran. De Begrëff ass onkloer. Eng Kéier ass domat den technologesche Fortschrëtt gemengt, déi aner kéier d’Robotiséierung, déi Kéier drop d’Automatiséierung. Egal wéi een de Sënn dovun dréint, d’Digitaliséierung bréngt eis Gesellschaft weider. Et ass eppes cooles déi Digitaliséierung. Jidderee wëll se, a kee ka méi ouni si liewen. Dat ass den dominante Message, géint deen ee schwéier an d’Oppositioun goe kann. Mee stopp emol: Firwat brauche mer d’Digitaliséierung dann sou dréngend. Wann et Problemer ginn, ewéi d’Klimakris, d’Logementskris, Ressouceknappheet a klammend Aarmut, dann huet dat eppes mat der Wuesstemslogik ze di vum kapitalistesche System an deem mir liewen. Wéi kann d’Digitaliséierung dogéint ukämpfen?  Dat géing eis interesséieren.

Mir mengen, dat se dës Problemer nach weider verschäerft wann se blann ëmgesat gëtt, an dat ass awer europawäit de Fall. Eis Regierung leeft dem Hype vun der Digitaliséierung hannendrun. Dësen Hype gëtt gesteiert vun Entreprisen déi dës Technologien an hir Support’en entwéckelen. Si sinn déi eigentlech grouss Gewënner bei der Digitaliséierung. An alt erëm steet de Mënsch a seng elementär Besoin’e déi vun de natierlechen a soziale Liewensbedingungen ofhänken net am Mëttelpunkt.

Mir hu nogekuckt wou hei zu Lëtzebuerg d’Digitaliséierung geziilt agesat gëtt :

Allgemeng bei der Kompetitivitéit vun der Wirtschaft, op d’Finanzplaz an nei ekonomesch Nische bezunn. Hei kommen technologesch Entwécklungen ewéi Fintech a blockchain an d’Spill, déi kee gesellschaftlechen Notzen hunn. Den Aarbechtsmarché gëtt fit gemaach fir d’Digitaliséierung. Dofir verbreeden sech digital Plattformen, déi digital Auslagerung vun ëmmer méi Servicen, déi dann och d’Autoentrepreneuriat fuerderen. Dat fierft op Dauer negativ op d’Ofsécherung vun eisem Sozialsystem of, mee stellt och fir d’Salariéen d’Aarbechtsorganisatioun op d’Kopp. Fir déi Onqualifizéiertst bedeit dat eng prekär a repetitiv Beschäftegung am Kader vun der Datenverschaffung.

Fir dat dat Ganzt vu vir eran Zousproch bei de jonke Generatioun kréie kann, ginn se fréizäiteg an der Schoul fir déi digital Gesellschaft ausgebilt ginn, mat Tabletten, Smartphones asw. Wat fir Auswierkungen dat op d’Gesondheet vun de Kanner huet déi och an der Schoul op hiren Ecran’e hänken, ass eng Fro déi sech net stellt. Grad ewéi d’Fro vun der Hierstellung vun deenen digitale Supporten, déi en Abléck op d’Exploitatioun vu rare Ressource gëtt, bei där d’ekologesch a mënschlech Schied op aner Länner ausgewise ginn.

Schlussendlech, steet d’Digitaliséierung zu Lëtzebuerg am Déngscht vun der ekologescher Moderniséierung. Nei Technologië sollen d’Energieeffizienz fuerderen an d’Zäregase reduzéieren. Elektromobilitéit an intelligent Energienotzung duerch digital Compteuren, ginn doraus ervir.

Mee och hei ginn et zwou Säite vun der Medail. Dës Technologië verursaachen Ëmweltschied op anere Plazen, si sinn ofhängeg vum Zougang zu privaten Donnéeën a verstäerken Ongläichheeten, well net jiddereen d’Moyen’e huet vun deene moderne Supporten ze profitéieren.

5G – Mobillen Internet fir jiddereen (Ried vum David Wagner)

Wärend zu Lëtzebuerg vill Leit keen Zougank zu 3G oder 4G hunn a soumat de mobillen Internet net oder net richteg notze kënnen, interesséiere sech d’Techindustrie an d’Telekom-Konzerner just nach fir 5G. Domat kann dat grousst Geld verdéngt ginn. D’Regierung laut déi selwescht Klack, 5G wier ee vun den Haaptpilier’en fir eng duerch an duerch digitaliséiert Gesellschaft an d’Ëmsetzung vum Rifkin-Plang. Vun dësem Techniséiere vun der Gesellschaft ginn sech Léisunge fir sozial an ekologesch Problemer erhofft. An eisen Ae kann den Ausbau vum mobillen Internet sécher verschidden interessant Entwécklunge mat sech bréngen. Mee déi nei Infrastruktur a Servicer musse fir jiddereen accessibel sinn, d’digital Ongläichheete mussen ofgebaut ginn. De 5G-Netzausbau riskéiert awer genee dat onméiglech ze maachen.

7363 – circulation des titres (Blockchain)

Ëm wat geet et ?

D’Technologie vun den « distributed database », wou déi bekanntste Variant de sougenannten « Blockchain » ass, gëtt et elo scho säit ronn 10 Joer. Trotzdeem stécht se nach ëmmer an de Kannerschong. Vereinfacht gesot handelt et sech dobäi ëm elektronesch Datebasen, déi dezentral vu ganz ville Computer gläichzäiteg geréiert ginn an déi dofir als relativ fälschungssécher gëllen. Eng bekannten Uwendung vun dëser Technologie ass déi virtuell Wärung Bitcoin.

Mat dësem Projet de Loi kréien d’Finanzdéngschtleeschter d’Méiglechkeet, Wäertpabeieren (z.B. Aktien) mat dëser Technologie ze stockéieren an ze handelen (ze transferéieren). Et ass dat éischte Gesetz hei zu Lëtzebuerg, dat dës nei Technologie vun den « distributed database » behandelt.

Wat ass wichteg ?

D’Méiglechkeeten, déi sech theoretesch aus dëser neier Technologie erginn, kënne potentiell ganz positiv sinn. Blockchain kann den Austausch tëschent de Mënschen demokratiséieren, andeems d’Intermediairen ausfalen, an trotzdeem en héijen Niveau u Sécherheet garantéieren. Si kann d’Transparenz vun Transaktiounen erhéijen an et kënnen sech domadder néi Méiglechkeeten erginn, fir d’ëffentlech Servicer ze verbesseren oder fir d’Energietransitioun ze gestalten. Och am Beräich vun der Gesondheet, der Educatioun oder der Mobilitéit si potentiell ganz positiv Entwécklunge méiglech.

Nieft de Chancë ginn et awer och eng ganz Rei gravéierend Risiken, déi am Moment nach keng richteg Äntwert hunn : Wéi eng Standarden a Norme wäerten sech schlussendlech duerchsetzen a sinn tatsächlech am ëffentlechen Interêt ? Wéi een Impakt huet dat op déi ëffentlech Gouvernance, op eis Steiersystemer, op den Aarbechtsmaart oder op d’Regulatioun vun de Finanzmäert? Wéi kann een eng kriminell Notzung verhënneren a wéi wierkt sech dat op den Dateschutz aus ? Wéi kann de Problem vun deem enormen Energieverbrauch geléist ginn, dee mat Blockchain verbonnen ass ?

Dat sinn nëmmen e puer ganz wichteg a richtungsweisend Froen, déi weder international a scho guer net national duerchdiskutéiert sinn. Zu engem Moment, wou d’Europäescht Parlament d’Kommissioun grad emol opgefuerdert huet, de potentiellen Impakt ze evaluéieren a Propose fir eng effektiv Regulatioun ze maachen, prescht déi lëtzebuergesch Regierung scho fir an erlaabt den Handel vu Wäertpabeiere mat dëser Technologie.

Et ass bezeechnend fir d’Politik vu dëser Regierung, datt déi éischt Applikatioun, déi hei zu Lëtzebuerg legal encadréiert gëtt, den Handel vu Wäertpabeiere betrefft. Et ass net déi potentiell Notzung vun dëser Technologie am Interessi vun der Allgemengheet, déi fir d’Regierung am Mëttelpunkt steet, mä d’Notzung vun dëser Technologie fir d’Finanzwelt. 

Wéi huet déi Lénk gestëmmt ?

Dogéint. Mir sinn natierlech net géint dës nei Technologie u sech, déi e grousst Potential huet. Mä mir mengen, datt et fir d’éischt eng breet ëffentlech an international Debatt muss ginn iwwert déi Aart a Weis, wéi dës Technologie am ëffentlechen Interessi soll genotzt an encadréiert ginn. Dem Finanzsecteur elo scho gréng Luucht ze gi fir Fakten ze schafen, ass do sécher net de richtege Wee. De Projet de Loi 7363 ass mat 57 Jo-Stëmmen an 2 Nee-Stëmmen ugeholl ginn.

Méi Informationen iwwert de Projet de Loi 7363 fannt Dir hei.

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe