Léieren, schaffen, wunnen: Perspektive fir Jonker schafen!

Tribune libre RTL Radio/Radio 100,7

En Dënschden huet de Premierminister Bëttel seng virleefeg leschte Ried zum Etat de la Nation gehalen. Dobäi goufe vill Aspekter vun der aktueller Situatioun vun eisem Land a senge Bewunner ausgelooss. Vill dovunner sinn och direkt kommentéiert ginn, natierlech de Wunnéngsnoutstand, d’Aarmut, déi ëmmer méi grouss gëtt, souwéi och déi sozial Ongerechtegkeeten. Esouwuel an der Ried selwer wéi och an de sëlleche Reaktioune gëtt et ee groussen Abwesenden: déi Jonk.

Eng Ried zur Lag vun der Natioun misst op d’Defi’en agoen a Perspektiven opmaachen, wéi et de Leit geet, an domadder och de Jonken, an wat misst gemaach ginn.

De Jugendchômage ass mat 15,1% 2017 nach ëmmer héich, an domadder si mer op 9ter Plaz vun der Euro-Zone. Wann een elo de Jugendchômage a Relatioun bréngt mam allgemenge Chômage da muss ee feststellen dass Jonker méi dem Risiko vu Chômage ausgesat si wéi de Rescht vun der Bevëlkerung. Am Verglach mam Rescht vun Europa ass dëse Risiko 2,7 mol méi héich wéi déi europäesch Moyenne. Ee groussen Deel vun deenen déi am Chômage sinn a bleiwe sinn déi sougenannte Jonker an NEET Situatioun, dat heescht déi wou weder an der Schoul nach an enger Formatioun sinn oder eng Aarbecht hunn. Dëst betrëfft virun allem déi wéineg qualifizéiert. An grad déi wäerten et an der Zukunft ëmmer méi schwéier kréien deemno wéi eng politesch Decisioune geholl ginn. Wat d’Aarbechtswelt méi a méi digitaliséiert an automatiséiert gëtt desto méi onqualifizéiert Aarbechtsplaze falen ewech.

Dobäi kënnt dass ëmmer méi Jonker sech a prekären Aarbechtssituatiounen, onbezuelte Stagen, CDD Kontrakter oder Mesurë vun der ADEM befannen.

Et muss dofir eng prioritär Aufgab vun der ëffentlecher Hand sinn d‘Recht op Aarbecht och an der Realitéit ëmzesetzen. Dëst muss eng vun de Prioritéite vun zukünfteger Politik sinn.

Am Géigesaz zu där Prioritéit steet een anere Beräich an dem mer traurege Spëtzereider an Europa sinn: an dat ass dee vun der Aarbechtszäit. Mer hunn zwar formal eng 40 Stonnen-Woch, mee an der Moyenne schafft en Vollzäitbeschäftegten zu Lëtzebuerg bal 41 Stonnen. An Europa leie mer do just virun… Griicheland. All déi aner Länner hunn däitlech manner héich reell Aarbechtszäiten.

Zanter iwwer 40 Joer hunn mer hei am Land kéng Aarbechtszäitverkierzung méi gehat. De gesellschaftleche Fortschrëtt, d’Digitaliséierung, d‘Automatiséierung an och d’Verdichtung vun der Aarbechtszäit, also de Stress an seng Folgen, wéi z.B.: burn-out a psychosozial Problemer, sinn net begleet duerch e Méi u Liewensqualitéit, duerch e méi un fräier Zäit oder duerch e Méi un Selbstbestëmmung.

Als déi Lénk si mer der Iwwerzegung, datt ët héich Zäit gëtt, datt d’Mënschen endlëch och an de Genoss vun de Friichten vu den technologëschen Fortschrëtter an der Produktivitéitsentwécklung kommmen. An datt mer eng Perspektiv zum Hamsterrad an deem vill Leit sëch gefaangen spieren bidden mussen. Et gëtt Zäit fir eng progressiv an strukturell Reduzéierung vun der Oarbéchtszäit ouni Lounverloscht.

Et muss awer och dofir gesuergt ginn dass eise Schoulsystem méi inklusiv gëtt an d’Leit net ze fréi auserneerappt an no ënnen orientéiert ginn, an domadder net déi néideg Perspektiven opbleiwen. Och d‘ADEM muss de Jonker real Perspektive bidden a méi mat aneren Acteuren a Ministèren zesummeschaffen, wat leider mat der Garantie Jeunes net gelongen ass. déi Lénk wäert fir all déi Volete konkret Proposen entwéckelen a kucken dass déi Jonk net ausbleiwe beim ustoende Wahlkampf, mee déi wichteg Plaz kréien déi se eis wäert sinn.

Et ass héich Zäit fir aner Politik! Ried vum Marc Baum iwwer den Etat de la Nation

Déi ganz Ried als PDF

De Premierminister Xavier Bettel (DP) huet a senger Ried iwwer d’Lag vun der Natioun e ganz onvollstännege Bilan vun der LSAP-DP-déi gréng Regierung gezunn, deen eppes däitlech gemaach huet: Des Regierung ass um sozialen Ae blann. déi Lénk zéien de richtege Bilan vun der Regierungsaarbecht.

Wat ass de Bilan vun dëser Regierung?

D’sozial Ongläichheeten si weider geklommen. Den Undeel vun de Léin um geschafene Räichtum geet weider zréck. D’Leit déi schaffen, kréien also ëmmer manner vun dem iwwer hire Loun zréck, wat se produzéiert hunn. Déi Leit, déi anerer fir sech schaffe loossen, kréien dogéint ëmmer méi. Zanter der Wirtschaftskris sinn d’Léin – besonnesch déi ënnescht Léin – quasi guer net méi eropgaangen, d’Kafkraaft ass stoe bliwwen. Des Regierung an hir Virgängerin hunn d’politesch Verantwortung dofir. Sie hunn de Mindestloun net eropgesat an duerch Spuermoossnamen an Indexmanipulatioune vill Leit un den Existenzminimum gedriwwen. Am gläichen Zäitraum gouf eng Steierreform ëmgesat, vun där virun allem Räicher profitéiere konnten. D’Besteierung op Kapitalgewënner gouf deelweis och reduzéiert.

D’Aarmut ass sou héich wéi nach ni. Iwwer 100.000 Mënschen zu Lëtzebuerg hu Problemer all Mount iwwer d’Ronnen ze kommen. Vun deene Leit déi schaffe ginn, geet bei engem vun 9 mat d’Paie net duer, fir dat néidegst fir en anstännegt Liewen ze kafen. Besonnesch Frae sinn dovunner betraff, wëll sie méi oft fir de Mindestloun schaffe ginn. Och hei huet de Spuerpak vun 2014 säint dozou bäigedroen.

D’Aarmut gëtt ëmmer schlëmmer, de Chômage bleift héich. Vill Leit rutschen ëmmer méi an d’Aarmut of a kréie keng Chance méi fir sech z’erkrabbelen. Mat 16.000 bleift d’Zuel vun de Leit am Chômage weider héich, Perspektive kréien der vill vun de Betraffenen net gebueden. Sie rëtschen an den RMG a faassen oft net méi Fouss. D’Reform vum RMG (REVIS), déi d’Regierung aktuell duerch d’Parlament boxe wëll, riskéiert de Problem ze verschlëmmeren. Et geet an éischter Linn drëm, d’Leit ze bestrofe fir hir sozial Situatioun, ëmmer manner fir hinne wierklech ze hëllefen.

D’Logementspolitik ass eng Katastroph. D’Regierung ass wéi hir Virgängerinne schonn der Verantwortung am Logement net gewuess. Et feelen dausende Wunnengen, d’Präisser an d’Loyeren explodéieren, Stéit mat klengen a mëttleren Akommes ouni Ierfschaft oder Patrimoine briechen ënnert der finanzieller Laascht zesummen. Wierklech sérieux Initiativë gouf et vun der Regierung net, héchstens Gepléischters, dat meeschtendeels am Interesse vun Immobiliëspekulanten a Promoteuren ass. Déi vill Virschléi vun déi Lénk huet d’Regierung dobäi ignoréiert.

Steierpolitik gouf weider am Interesse vun de wéinege Räiche gemaach. Mat der Steierreform huet sech den Trend vun der méi staarker Besteierung vun der Aarbecht par rapport zum Kapital verfestegt. Nieft den Ongerechtegkeeten, déi souwisou scho bestanen hunn (Dividenden op Aktien an Obligatioune sinn zu 50% steierfräi, Plus-value op Finanztitelen ass deelweis ganz steierfräi) huet d’Regierung d’Besteierung vu Betribsgrënner weider erofgesat an ausserdeem och d’Steieren op der Plus-Value bei Immobiliëverkeef drastesch reduzéiert. D’Konsequenze vun dëser Politik kann een einfach zesummefaassen: Et profitéieren déi wéineg op Käschte vun de Villen.

Schiedlech Nische goufe weider entwéckelt, d’Wirtschaft steet net op séchere Féiss. Bestoend Nische wéi d’Méiglechkeet vu Multinationalen iwwer d’lëtzebuergesch Finanzplaz keng Steieren op hiren enorme Gewënner ze bezuelen oder den Tanktourismus besti weider. D’Regierung schafft tatkräfteg Hand an Hand mat der Finanzplaz fir ëmmer weider Steiertrickerseien z’erméiglechen. Donieft huet des Regierung awer och nei Nischen opgemaach: de Spacemining an d’Rüstungsindustrie. Sie droen dozou bäi, dass Lëtzebuerg ëmmer méi e schlechte Ruff krit an eis Ekonomie ëmmer manner op nohaltegen Aktivitéite baséiert.

De Wuesstem gëtt net am Interesse vun de Leit organiséiert. D’Landesplanung ass och ënnert dëser Regierung en eenzege Chaos bliwwen. Ob bei der ekonomescher Entwécklung, dem Ëmweltschutz, der Mobilitéit oder dem Logement, déi zentral Enjeu’en ass se net ugaangen. D’Regierung stécht de Kapp an de Sand a léisst dem Wirtschaftswuesstem fräie Laf. Sou gëtt d’Land ëmmer méi vu Privatinteresse geplangt, d’Leit musse mat de Konsequenze liewen: Stau, Wunnengskris, Zersiidlung a Belaaschtunge fir d’Ëmwelt an d’Gesondheet.

Klimapolitik an Energietransitioun si weider net prioritär. No der COP21 konnt een sech eigentlech eng méi konsequent Klimapolitik vun dëser Regierung mat grénger Bedeelegung erwaarden. Mee dem war net esou. Bei kengem wichtege Pilier fir de Klimaschutz, ob beim Tanktourismus, der Ausriichtung vun der Landwirtschaft, dem Ausbau vun den erneierbaren Energien oder der energetescher Sanéierung vu Wunnhaiser ass d’Regierung e Schrëtt no virgaangen. Sou si weider 5 Joer vergaangen. Dat ass onverantwortlech.

D’Land brauch nei Perspektive fir d’Zukunft

Dëst Land steet op enger Kräizung, a mer mussen eis decidéieren, wou mer hin wëllen: entweder mer maache weider esou, wéi bis elo, mat all deene Konsequenzen, déi mer elo scho gesinn oder mer orientéieren eis ëm a maachen domadder nei Perspektiven op.

Einfach weidermaache wéi bis elo géif bedeiten: eng Minoritéit beräichert sech op Käschte vun deene Villen hei am Land, gedriwwe vun enger schifer Wuesstemsdynamik, där mer wéi den Zauberlehrling hannendrun lafen an net nokommen. En Wirtschaftsmodell, deen op Steiertricksereie berout, fundamental ongerecht ass a vun deem ëmmer manner Leit hei am Land eppes hunn. Ënnert deem sengem Drock, d’Wunnengspräisser an d’astronomescht klammen, an d’sozial Segregatioun zu Lëtzebuerg ëmmer méi grouss gëtt. An deen eis an der internationaler Ëffentlechkeet ëmmer nees erëm wéi Schmuddelkanner am Eck stoe léisst.

déi Lénk wëllen net esou weiderfueren. D’Land brauch Verännerungen.

D’Ekonomie muss erëm de Mënschen déngen an net ëmgedréint.

D’Leit mussen erëm vun hirer Aarbecht liewe kënnen an net permanent an Angscht virun der Aarmut liewe mussen.

D’Wunnenge mussen erëm fir jidderee bezuelbar sinn, d’Präisser an d’Loyeren dierfen net zu sozialer Ausgrenzung a Veraarmung féieren.

Eise Schoulsystem muss déi sozial Ënnerscheeder tëscht de Kanner méi kléng maachen amplaz se ze verstäerken.

Jonker musse wierklech Perspektiven hunn fir hir Dreem, Wënsch an Hoffnunge kënnen ze erfëllen.

Eis natierlech Liewensgrondlage musse geschützt a kultivéiert ginn, anstatt se um Altor vum Wuesstem an der Kompetitivitéit z’afferen.

Eeler Leit mussen de Respekt an déi Platz an der Gesellschaft kréien, déi se verdéngt hunn.

Fräiheet, Gläichheet a Solidaritéit mussen d’Fundament vun eiser Gesellschaft sinn.

Mir mengen, datt et sech lount, fir des Iddien ze schaffen. Mee duerfir brauche mer en Ëmdenken. Mee virun allem brauchen duerfir eng aner Politik!

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe