No den Europawalen: Keng Zäit fir laang ze driibsen

Mir kommen net derlaanscht et anzegesinn: déi Lénk hunn elo am drëtte Walkampf hannertenee Plomme gelooss. Natierlech gëtt et e Rietsruck an Europa an och fir Lëtzebuerg bedeit ee Sëtz fir d’ADR e Schratt weider no riets. Op der lénker Säit vum politesche Spektrum bedeit de Kampf géint riets, dass, besonnesch bei den Europawalen, d’Wieler verstäerkt op de „vote utile“ zeréckgräifen, also éischter deene Parteien eng Stëmm ginn, vun deenen si mengen, dass si eng Chance hunn am Parlament hir Interessien ze vertrieden. Dorunner hu mir gelidden, ma dat erkläert nëmmen zum Deel eist schlecht Resultat.

Mir haten dës Kéier bewosst motivéiert jonk Leit an d’Renne geschéckt, déi zwar net bekannt waren, mee dofir net manner kompetent wéi déi al Zuchpäerd vun den traditionelle Parteien. Mir si frou datt mir esou den internen Erneierungsprozess ukuerbele konnten. Dat huele mer als positive Punkt aus dësem Walkampf mat. Ee Walkampf, dee mir op de grousse Prinzippie gefouert hunn, mat engem Manifest amplaz vun engem detailléierte Programm. Ma mir hunn et net fäerdeg bruecht kloer Messagen zu schwéieren Themen eriwwerzebréngen, déi an dësem Walkampf relevant waren. Mir mussen eis Kommunikatioun dofir a Fro stellen an och bei eis selwer no de Feeler sichen. De Prozess vum selbstkriteschen Hannerfroen an d’Sich no neie Strategien ass schonn am gaangen, a mir wëllen dee weiderdreiwen, fir prett ze sinn fir déi nächst Erausfuerderungen.

Déi Europäesch Vollekspartei, déi weiderhi stäerkste politesch Kraaft an Europa bleift, huet dem extreem rietse Rand wéineg entgéintzesetzen. Déi lénk politesch Beweegungen a Parteie bleiwen déi eenzeg wierklech Alternativ zum Status quo an zu där ëmmer méi grousser Gefor, déi vu Riets ausgeet. Déi biergerlech Parteien, déi sech an der politescher Mëtt drécken, sinn op d’Verdeedegung vun hire Privileegien aus, a preparéieren domadder den Terrain fir déi Riets.

Mir, an och aner lénk Parteien, ginn awer net als déi Alternativ wouergeholl, déi wierklech de sozialen an ekologesche Fortschrëtt bréngt. Mir mussen dofir léieren eis Iddie besser un d’Leit ze bréngen, a mir mussen fir de Vote vun de populäre Klasse kämpfen a probéieren déi 18% vun de Wieler déi hir Stëmm net ofginn hunn, fir eis ze gewannen. Dass nämlech 18% vun de Leit hei net wiele gaange sinn, an 8% ee vote blanc oder nul ofginn hunn, heescht, dass ee Véierels vun de Leit sech politesch net vertruede spiert, an dat bei 13 verschiddene Parteien. Et ass also keng Zäit fir laang ze driibsen. Mir bleiwe motivéiert a mir wëllen deenen Ënnerdréckten an Enttäuschten eng Stëmm ginn, déi net déi vum Frust, vum Haass a vun der Angscht vum Noper ass. Mir wëllen eis weider asetze fir eng liewenswäert a solidaresch Zukunft fir all d’Mënschen.

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe