« Stell der vir du schaffs als Bürossekretärin. Du waars net besonnesch gutt an der Primärschoul. Du has Problemer doheem, déng Elteren si gescheet ginn an dat huet dech matgeholl. Du bass an den Enseignement technique orientéiert ginn. Eréischt um Enn vum Lycée hues du bemol deng literaresch Oder entdeckt. Du waars ëmmer relativ gutt an de Sproochen, mee eréischt mat 16 Joer hues du ugefaange vill ze liesen, selwer bëssen ze schreiwen. Haut sees du dir, dass du eigentlech vill léiwer Sprooche gemaach häss, vläicht häss kënne studéiere goen an dono vläicht eng Aarbecht an dem Beräich häss kënne maachen, als Proff oder vläicht als Journalist. Mee du goufs mat 11 schonn an den Technique orientéiert, däin Horizont ass ze fréi ze kleng gemaach ginn. Aner Leit hunn d’Choix’en fir dech geholl. Dono war et ze spéit. »
Vill Leit hu keng gutt Erënnerung un hir Schoulzäit. Fir 13,5 % vun de Jonke gouf dës souguer fréizäiteg ofgebrach. Eise Schoulsystem verstäerkt Inegalitéiten amplaz d’Kanner weiderzebréngen. Dem Bildungsminister seng Schoulreform ass ee Waasserkapp : déi sëleg Strukturen, Gremien an Organismen déi geschaf goufen iwwer déi lescht 5 Joer, droen zu der Fragmentéierung an der Bürokratiséiserung vum Enseignement an der Zerspléckung vum Schoulpersonal bäi.
déi Lénk wëllen eng Schoul fir jiddereen a net fir jiddereen eng Schoul. Mir wëllen en inklusive Schoulsystem, den op Stäerkten opbaut an net opgrond vu soziale Schwächten ausschléisst. Mir wëllen all Fach an all Ausbildung dee selwechte Stellewäert zouschreiwen, a keng Hierarchien opstellen tëscht secondaire général (technique), secondaire classique, a formation professionnelle.
D’Orientéierung an der Schoul soll bewosst vun de Schüler decidéiert ginn, an zwar a Funktioun vun hiren Interessien, hire Stäerkten, hire beruffleche Virstellungen. D’Orientéierung dierf net op Grond vun enger Kompetenzlogik als soziale Filter genotzt ginn. Dofir wëlle mer de Modell vum Tronc commun, der Gesamtschoul, aféieren, wou d’Kanner bis 16 Joer zesummen am selwechte Parcours sinn. Iwwer déi Jore léieren si souwuel praktesch, manuell ewéi theoretesch Fäegkeeten ze entwéckelen a profitéiere vun engem polyvalenten Unterrecht: vun Handwierk, Technik, Naturwëssenschaft iwwer Literatur a Sprooche bis zu den humane Wëssenschaften. Dono kënnen si entscheeden a wéi eng Richtung si sech méi spezifesch weiderbilde wëllen. All Kand/Schüler huet Fäegkeeten, den Opbau an den Asaz vun hire Fäegkeeten an der Schoul a spéiderhin op der Aarbecht bréngen eis all weider. Den aktuelle kompetenzorientéierten Unterrecht baséiert op enger utilitaristescher Approche: Kompetenze sinn déi, déi och am aktuelle Wirtschaftsmodell rentabel sinn!
déi Lénk wëllen eng staark ëffentlech Schoul déi pedagogesch an organisatoresch autonom ass, keng Privatiséierung vun der ëffentlecher Schoul déi d’Autonomie als Virwand benotzt fir den Entreprisen d’Bestëmmung iwwer de pedagogeschen Inhalt vun de Schoulprogrammer ze iwwerloossen an dem Staat erméiglecht sech aus der Verantwortung ze zéien, souwuel finanziell ewéi wat d’Formatioun vum Personal betrëfft. Mir wëllen all d’Moyen’e déi néideg si fir anstänneg Schoul ze halen do investéiere wou se gebraucht ginn, beim Personal an an de Klassesäll. Mir wëlle multi-professionnell Equippen an de Klassesäll aféieren, fir sou gutt ewéi méiglech op d’spezifesch Besoin’e vun all Kand anzegoen an der Klass, fir net mussen op en separaten Unterrecht an engem vun de sëlege Kompetenzzentren an an der Ediff zeréckzegräifen.
Méi zu der Schoulpolitik a weider Mesurë kënnt Dir an eisem Wahlprogramm noliesen: