Alles ze gewanne mat déi Lénk. Eise Walprogramm

Haut, den 12. Juli, hunn déi Lénk hire Programm fir d’Chamberwalen 2023 virgestalt. Déi 20 Kapitelen an 565 Eenzelpunkten goufen iwwer bal ee Joer ausgeschafft. D’Aarbechtsgruppen vun déi Lénk hunn ënnert der Féierung vum Aarbechtsgrupp“Programm“ dëst Documemt vun iwwer 60 Säiten ausgeschafft. Dono hate sämtlech Membere vun déi Lénk sechs Wochen Zäit de Programm z’amendéieren. Déi sëllegen Amendementer sinn eenzel vum Aarbechtsgrupp „Programm“ duerchgeschafft ginn an den 21. Juni ass an enger grousser Memberversammlung de Programm ugeholl ginn.

Dëse Programm mat deem mir dëst Joer an d’Chamberwale gi steet also op enger zolitter Basis. E geet vum Constat aus dass et héich Zäit gëtt déi grouss Defie vun eiser Zäit endlech unzepacken, dass ëmmer méi Leit endlech erëm Perspektive brauchen. De Schong dréckt am Logement, an der Ëmwelt- a Klimapolitik, an der Sozialpolitik, an der Aarbechtspolitik. Vill Leit, besonnesch Jonker, gesi keen Auswee méi an et brauch elo kloer Alternativen zum business-as-usual. Aus dësem Constat ass dann och eise Slogan entstanen: Alles ze gewannen. Wann ee wierklech eng Logementspolitik wëll, déi d’Recht op Wunne garantéiert, oder wann ee wierklech eng ambitiéis Ëmweltpolitik verlaangt oder sech eng Aarbechtswelt wënscht an där de Salarié rëm am Mëttelpunkt steet, dann huet een alles ze gewanne wann een déi Lénk wielt.

Hei ee Link op eise Programm.


Tout à gagner avec déi Lénk. Notre programme électoral.

Aujourd’hui, 12 juillet 2023, déi Lénk a présenté son programme électoral pour les législatives 2023. Les 20 chapitres et 565 points ont été écrits et rassemblés durant presque une année. Les groupes de travail de déi Lénk ont rédigé ce document de plus de 60 pages sous la direction du groupe de travail « programme ». Ensuite, les membres de déi Lénk ont eu six semaines pour proposer des amendements. Les nombreux amendements ont été analysés par le groupe de travail « programme » et le 21 juin, le texte a été adopté par une réunion des membres.

Ce programme que nous allons défendre durant la campagne électorale a donc une base solide. Il part du constat qu’il est grand temps de s’attaquer aux défis de notre temps, que de plus en plus de personnes ont à nouveau besoin de perspectives. Les politiques de logement, du climat, de l’environnement et du travail sont autant d’échec. Beaucoup de gens, notamment les jeunes, ne voient plus d’issues et il faut donc des alternatives au laisser-faire. Ces constats sont à l’origine de notre slogan : Tout à gagner. Si on veut une politique du logement qui garantit le droit au logement, si on désire une politique climatique et environnementale ambitieuse et si on rêve d’un monde du travail qui placerait le salarié au centre, on a tout à gagner en votant déi Lénk.

Voici un lien vers notre programme.

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe