Visite bei den BEO-Baueren am Ourdall

Aanescht produzéieren, kooperativ schaffen a selwer vermaarten ass méiglech ! Dëst weist eng Visitt vun déi Lénk (als éischt Partei déi sech fir des Pionéieraarbecht sur place interesséiert!) bei de BEO-Baueren am Ourdall (Bauereninitiativ fir d’Éislek an den Naturpark Ourdall). Eis Deputéiert Nathalie Oberweis an eise Spriecher Gary Diderich wéi och eis Gemengerotsmemberen aus der Stad, Ana Correia a Guy Foetz hunn sech mat weider Militant*innen konnten dovunner iwwerzeegen datt ee ganz wuel am Beräich vun der Landwirtschaft, Gesondheet a wann een e bëssi ambitiéis ass och wat Isolatiounsmaterialien ugeet ka lokal, solidaresch an ekologesch sënnvoll wirtschaften. Hanf, Mohn, Léngen, Sonnenblummen a Wëllkar ass d’Biodiversitéit op déi des Baueren an hirem Ubau setzen an deen och vill a gudden Hunnég erfirbréngt an Zësummenaarbescht matt enger ganzer Rei Imker aus der Regioun. Pionéier wuar d’BEO net nëmmen am Ubau vum Industriehanf*, beim Opbau vun enger Mikrobrauerei, beim weiderbrénge vum Naturpark Ourdall, etc. mee och elo viru ronn 10 Joer bei der Hierstellung vun héichqualitativem CBD-Extrakt aus den Hanfbléien. Vun de viregten an der aktueller Regierung sinn si awer leider ni à la hauteur vun hirem Engagement a Potential ënnerstëtzt ginn an domadder huet Lëtzebuerg bis elo trotz Virreider um Terrain net d’Opportunitéite fir eis Landwirtschaft, Gesondheet an d’Energiesanéierung saiséiert déi sech ugebueden hunn. Do stellt sech dann och kloer elo d’Fro wéi d’Regierung den Ubau a Vertrieb vun dem an Zukunft legaliséierten THC-haltege Cannabis wäert ugoe wou een eiser Meenung voll op eng lokal a staatlech kontrolléiert Approche muss setzen amplaz de Cannabis aus dem Kanada oder soss z’importéieren. (*Industriehanf ass d’Hanfpflanz matt ganz niddregem Undeel un THC (<1%), dem psychoaktive Bestanddeel vun der Pflanz deen am Marihuana ass an nach ëmmer illegal ass zu Lëtzebuerg)

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe