Tribune libre RTL Radio/Radio 100,7
En Dënschden huet de Premierminister Bëttel seng virleefeg leschte Ried zum Etat de la Nation gehalen. Dobäi goufe vill Aspekter vun der aktueller Situatioun vun eisem Land a senge Bewunner ausgelooss. Vill dovunner sinn och direkt kommentéiert ginn, natierlech de Wunnéngsnoutstand, d’Aarmut, déi ëmmer méi grouss gëtt, souwéi och déi sozial Ongerechtegkeeten. Esouwuel an der Ried selwer wéi och an de sëlleche Reaktioune gëtt et ee groussen Abwesenden: déi Jonk.
Eng Ried zur Lag vun der Natioun misst op d’Defi’en agoen a Perspektiven opmaachen, wéi et de Leit geet, an domadder och de Jonken, an wat misst gemaach ginn.
De Jugendchômage ass mat 15,1% 2017 nach ëmmer héich, an domadder si mer op 9ter Plaz vun der Euro-Zone. Wann een elo de Jugendchômage a Relatioun bréngt mam allgemenge Chômage da muss ee feststellen dass Jonker méi dem Risiko vu Chômage ausgesat si wéi de Rescht vun der Bevëlkerung. Am Verglach mam Rescht vun Europa ass dëse Risiko 2,7 mol méi héich wéi déi europäesch Moyenne. Ee groussen Deel vun deenen déi am Chômage sinn a bleiwe sinn déi sougenannte Jonker an NEET Situatioun, dat heescht déi wou weder an der Schoul nach an enger Formatioun sinn oder eng Aarbecht hunn. Dëst betrëfft virun allem déi wéineg qualifizéiert. An grad déi wäerten et an der Zukunft ëmmer méi schwéier kréien deemno wéi eng politesch Decisioune geholl ginn. Wat d’Aarbechtswelt méi a méi digitaliséiert an automatiséiert gëtt desto méi onqualifizéiert Aarbechtsplaze falen ewech.
Dobäi kënnt dass ëmmer méi Jonker sech a prekären Aarbechtssituatiounen, onbezuelte Stagen, CDD Kontrakter oder Mesurë vun der ADEM befannen.
Et muss dofir eng prioritär Aufgab vun der ëffentlecher Hand sinn d‘Recht op Aarbecht och an der Realitéit ëmzesetzen. Dëst muss eng vun de Prioritéite vun zukünfteger Politik sinn.
Am Géigesaz zu där Prioritéit steet een anere Beräich an dem mer traurege Spëtzereider an Europa sinn: an dat ass dee vun der Aarbechtszäit. Mer hunn zwar formal eng 40 Stonnen-Woch, mee an der Moyenne schafft en Vollzäitbeschäftegten zu Lëtzebuerg bal 41 Stonnen. An Europa leie mer do just virun… Griicheland. All déi aner Länner hunn däitlech manner héich reell Aarbechtszäiten.
Zanter iwwer 40 Joer hunn mer hei am Land kéng Aarbechtszäitverkierzung méi gehat. De gesellschaftleche Fortschrëtt, d’Digitaliséierung, d‘Automatiséierung an och d’Verdichtung vun der Aarbechtszäit, also de Stress an seng Folgen, wéi z.B.: burn-out a psychosozial Problemer, sinn net begleet duerch e Méi u Liewensqualitéit, duerch e méi un fräier Zäit oder duerch e Méi un Selbstbestëmmung.
Als déi Lénk si mer der Iwwerzegung, datt ët héich Zäit gëtt, datt d’Mënschen endlëch och an de Genoss vun de Friichten vu den technologëschen Fortschrëtter an der Produktivitéitsentwécklung kommmen. An datt mer eng Perspektiv zum Hamsterrad an deem vill Leit sëch gefaangen spieren bidden mussen. Et gëtt Zäit fir eng progressiv an strukturell Reduzéierung vun der Oarbéchtszäit ouni Lounverloscht.
Et muss awer och dofir gesuergt ginn dass eise Schoulsystem méi inklusiv gëtt an d’Leit net ze fréi auserneerappt an no ënnen orientéiert ginn, an domadder net déi néideg Perspektiven opbleiwen. Och d‘ADEM muss de Jonker real Perspektive bidden a méi mat aneren Acteuren a Ministèren zesummeschaffen, wat leider mat der Garantie Jeunes net gelongen ass. déi Lénk wäert fir all déi Volete konkret Proposen entwéckelen a kucken dass déi Jonk net ausbleiwe beim ustoende Wahlkampf, mee déi wichteg Plaz kréien déi se eis wäert sinn.