Staat a Gemenge maache gënschtegt Wunne méiglech: Ëffentlech bauen.

„Stell der fir du bass eng jonk Fra an du sichs zesumme mat denger Partnerin en Haus zu Lëtzebuerg. Du schaffs als Journalistin um Radio an deng Partnerin fireng ONG. Du hues ëmmer a Wunngemeinschafte gelieft, mee déi Zäit ass elo eriwwer, et ass Zäit fir den nächste Schrëtt. Du bezils säit 7 Joer däi Studenteprêt of, mee konnts trotzdeem e bëssen eppes op d’Säit leeën, wëll du bass e spuersame Mënsch. Mee geet dat duer? Déng Partnerin huet keng Suen op der Säit. D’Pai ass trotz Studium net sou déck, säi Loyer an der Stad huet alles opgefriess. D’Eltere kënnen net hëllefen, héchstens mat enger klenger Finanzsprëtz, mee net genuch fir d’Bank z’iwwerzeegen. Dir probéiert et dofir mol beim Fonds du Logement a bei der SNHBM, mee d’Waardelëschten si laang, dir sidd net eleng op der Sich no engem bezuelbaren Doheem. »

Dës Geschicht ass eng Realitéit fir eng ëmmer méi breet Spart vun eiser Gesellschaft.

Déi Kategorien vu Leit déi am meeschten vun der Aarmut betraff sinn, sinn och déi, déi am Meeschten ënnert der Wunnengsnout leiden. Besonnesch fir grouss Familljen mat klengem Akommes, a fir Elengerzéiend Familljen ass et schwéier eng Wunneng um private Marché ze fannen.

D’Loyer’en um private Marché sinn esou héich dat ëmmer méi Leit op eng Sozialwunneng ugewise sinn. Zu Lëtzebuerg si nëmmen 2% vum Immobiliepark Sozialwunnengen. Nëmmen déi allerwéinegst kënnen also sou eng kréien. All déi aner mussen déi deier Loyeren um Privatmarché bezuelen a maachen dofir an der Moyenne all Mount iwwer 30% Prozent vun hirem Revenu drop. Den Zougang zu der Proprietéit ass fir déi jonk Generatiounen quasi onméiglech ouni Ënnerstëtzung vun der Famill, an ouni Prêt bei der Bank.

Et gëtt awer en Auswee aus dëser geckeger Spiral.

déi Lénk wëllen méi an den ëffentleche Wunnengsbau investéieren. Nëmmen de Staat an d‘Gemengen baue net fir de Profit. Dofir wëllen déi Lénk eng ëffentlech Wunnengsbaugesellschaft grënnen déi eng seriö Analys vun de Besoin’e soll opstellen, d’Mëttel fir den ëffentleche Wunnengsbau soll un d’Gemengen, an déi ëffentlech Promoteuren verdeelen, ekologescht Wunnen soll ënnerstëtzen a gréisser nohalteg Bauprojet’en soll superviséieren a gesetzlech duerchsetzen.

Duerch den ëffentleche Wunnengsbau, kann dee Wunnraum geschaaft ginn deen och jiddereen sech ka leeschten.

http://2018.dei-lenk.lu/

Fir de Leit e Recht op gënschtegt Wunnen ze erméiglechen fuerderen mir donieft och:

(-) Eng Erhéijung vum Budget vun den ëffentleche Promoteuren, dem Fonds de logement an der SNHBM;

(-) Eng Prise en charge vun den Agencekäschten vum Opdraggeber (meeschtens de Propriétaire) fir de Locataire ze entlaaschten (Proposition de loi vun déi Lénk);

(-) Eng nei Berechnung vun de Loyeren, déi der Kafkraaft an der Entwécklung vun de Liewenshaltungskäschten Rechnung dréit an déi d’Deierecht duerch d’Spekulatioun um Wunnengsmaart neutraliséiert. (Proposition de loi vun déi Lénk)

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe