Space Mining: Kapitalismus ouni Grenzen an internationale Rechtsbroch.

Här President,

Mir schwätzen haut hei iwwer d’Regierungsinitiativ spaceresources.lu, opgrond vun enger Ufro vun der CSV, eng CSV, déi – wann een déi lescht Woche revue passéiere léisst – sech doru stéisst, dass en Investissement vun der SNCI  zu Gonschte vun der amerikanescher newspace-Entreprise Planetary Resources an der Héicht vun circa 12 Milliounen duerch d’Päif ass, wëll des Entreprise wéi mer mëttlerweil all wëssen, faillite gaangen ass.

Dass et bei dëser Initiativ gréisser ekonomesch Onsécherheet a Risike ginn an doriwwer eraus ganz onsécher ass, ob et iwwerhaapt eng Kéier wirtschaftlech Retombée’en zu Lëtzebuerg wäerte ginn duerch des nei Nisch a virun allem, wien dann eppes dovunner huet, war zumindest déi Lénk vu vir era kloer. Ënner anerem dowéinst hu mir 2017 och als eenzeg géint dat Gesetz gestëmmt, dat des Initiativ encadréiere soll.

De Sënneswandel vun der CSV a besonnesch dem Här Mosar, den deemools wéi haut fir seng Fraktioun schwätzt ass awer schonn erstaunlech. Huet en de Wirtschaftsminister 2017 nach gelueft fir seng visionär Iddi’en an de Risiko, huet en deemools hei gesot, dass hien a seng Partei déi Initiativ ënnerstëtzen an se, sou war zumindest eraus ze héiren, wuel am léifste selwer ëmgesat hätten, sou ass et haut bemol de Contraire. D’Risikobereetschaft, déi virun 18 Méint nach dem Här Schneider seng grouss Dugend war, ass elo bemol en Zeeche vun Irresponsablitéit. Do derbäi muss ech soen, dass net eleng den Här Mosar sou engagéiert fir d’spaceresources-Initiativ geschwat huet. All d’Riedner, ob aus der Majoritéit oder der Oppositioun (ausser déi Lénk), hunn deemools hei gesot, wéi sënnvoll dat wier.

Mir mengen, dass dat wat mir an de leschte Wochen a Méint erlieft hunn, de Verloscht vum ëffentlechen Investissement a Planetary Resources an elo kierzlech och den Echec vun Deep Space Industries Europe zu Lëtzebuerg d’Spëtzt vum Äisbierg ass. Wéi vill finanziell Hëllefen des Entreprise vum Staat krut, woufir se geduecht waren a wou se lo hi sinn, ass d’ailleurs net gewosst. Mee dat sinn net d’Ausnamen, mee d’Reegel vun enger héichspekulativer Finanz- an Industrienischen, déi riskéiert Milliarden a Milliarden ëffentlech Gelder ze friessen a Fuerschungsgelder am allgemengen Interesse fir kommerziell a militäresch Interesse vun e puer Räichen a Mächtegen ze detournéieren. Dat ass jo och schonn sou am Gaang ze geschéien.

Sollt et iergendwann eng Kéier zu gräifbaren ekonomesche Resultater kommen, da gi se 99,9% vun der Mënschheet carrement hannelaanscht. Déi hunn aner Suerge wéi dass een a 50 Joer fir 500.000 Dollar am Weltraum ka spadséiere gefouert ginn, dat sinn d’Fantasme vu Megalomanen Typpe wéi Jeff Bezos oder Elon Musk. Oder dass ee Satellitte ka betanke fir sou hir Liewensdauer ze verlängeren, wouru souwisou an éischter Linn de militäresch-industrielle Komplex Interesse huet, wëll ganz vill vun de Satellitten an der Ëmlafbunn si schliisslech Militärsatellitten. E ganz neie Member an där Famill kënnt jo, wéi mer wëssen, vu Lëtzebuerg.

A fir dëse Multimilliardäre mat hire schiedlechen Aktivitéiten zu Lëtzebuerg de rouden Teppech auszerullen,  verréckelt d’Regierung mat der Ënnerstëtzung vum Parlament d’juristesch an d’ekologesch Barrièren, déi – an dat muss een ënnersträichen – als fundamental Finalitéit de Schutz vun der Mënschheet, also vun eis selwer hunn.

International Traité’en ginn iwwergaangen, ënnerwandert oder souguer gebrach, Lëtzebuerg stellt mat enger weiderer Souveränitéitsnisch, engem weideren Alleingang, seng international Reputatioun op d’Spill, fir dësen Aktivitéiten eng legal Basis ze verschafen an ënnerstëtzt op dem Wee déi fatal Usiicht, dass d’Grenze vum Kapitalismus a vum Wirtschaftswuesstem – nodeem op der Äerd bis an déi entleeënst Urwälder, déifste Mieresgrond a verfroossenst Biergregiounen alles futti gemaach a verbraucht ginn ass – elo an de Weltraum verréckelt musse ginn.

Lëtzebuerg mécht sech domat zu engem Pionéier, jo. Mee zu engem Pionéier vun engem neien Ausaarte vun enger Raubwirtschaft, déi d’Appropriatioun vu Ressourcen als iewescht Zil huet, egal wéi héich de Präis dofir ass.

Här President,

Virun e puer Deeg hu mer net fir d’éischt d’Bestätegung dofir krit, dass néierens an Europa d’Betriber sou wéineg Steiere bezuele wéi hei. Dat ass sécherlech och en Element an der new space Wirtschaft, wëll och do wäert et an éischter Linn iergendwann em d’Fro goen, wien vun dësem Secteur profitéiert a ivill vun dëse Gewënner un d’Staate fléissen a soumat der Allgemengheet ze gutt komme kënnen. Wëll et sinn d’Staaten, déi eleng de Risiko an d’Käschten, sief et politescher, ekologescher oder finanzieller, vun dësen Eskapaden droen.

 

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe