Fënnt hei d’Neijoerschried vum Carole Thoma vum 12. Januar 2023
Léif Eiregäscht,
Vertrieder vun der Presse,
Kolleeginnen a Kolleegen,
Erlaabt mer als alleréischt, Iech natierlech och alles Guddes fir dat neit Joer ze wënschen. Grad a Krisenzäiten wéi deene leschte Joeren, wënschen ech iech vill Gléck an eng gutt Gesondheet.
Net grad ee Joer ass et elo hier, dass de Krich, dee scho säit 2014 an der Ukrain herrscht eng nei Form ugeholl huet. Mäer hunn et mat engem kloer illegalen Ugrëffskrich ze dinn, wou Russland e souveränt Land a seng demokratesch gewielte Regierung attackéiert. Dausenden onschëlleg Leit si bis elo Affer vun desem onsënnege Krich ginn a mäer kënnen nëmmen hoffen, dass trotz den onzuelegen Eskalatiounen a Provokatiounen vum Putin-Regime esou séier wéi méiglech eng diplomatesch Léisung fonnt gëtt an d’Gewalt en Enn fënnt. Weltwäit, an och hei zu Lëtzebuerg, misst nees vill méi an Diplomatie investéiert ginn, wéi a Militariséierung, well déi aktuell Oprüstungsspiral wäert nach méi Konflikter mat sech bréngen.
Niewt deenen dramatesche Konsequenzen fir d’Affer aus der Ukrain, huet de Krich natierlech och Répercussiounen op de Rescht vun der Welt. Energieknappheet an eng Präisexplosioun vu quasi alle Gidder, déi mer konsomméieren, maachen och hei ville Leit d’Liewe méi schwéier, an dat direkt no 2 Joer Covid-Kris, déi och schon déi sozial Inégalitéiten vergréissert hunn.
Mäer befannen eis an enger Zäit, an däer eng Kris déi nächst schon am Gepäck huet. Sozial Ongläichheeten an d’Klimakrise féieren zu sozialen Onrouhen, Migratiounen, Pandemien a Kricher. Dest zesummegerechent mat Iwwerschwemmungen an Drëschenten si keng zoufälleg Geschehnisser, mä Deel vun enger multidimensionaler Kris, déi ëmmer méi gravéierend Formen wäert unhuelen, wa mer net sou séier wéi méiglech en anere Wee aschloen.
Eis Regierung allerdings schéngt dat nach net verstanen ze hunn. D’Equipe ronderem de Premier Bettel ass an e gewëssene Krisemodus gerutscht, deen awer just schéngt doraus ze bestoen, eng Kris no der anerer ze géréieren. Do, wou d’Feier grad am héchste brennt, gëtt probéiert ze läschen, ouni awer de riisege Schwielbrand ënner der Surface ze bekämpfen. Amplaz ze agéieren, an d’Feier un der Source ze läschen, gëtt se ëmmer nees vun engem neie Brand iwwerrascht a kann da just nach réagéieren.
D’Majoritéit an der Chamber schéngt nach ëmmer ze hoffen, dass se just laang genuch muss de Kapp iwwer Wasser halen, bis dass se nees iergendwann zum ale Muster kënnen zeréck kommen, ouni ze réaliséieren dass et vläit grad dat Muster woar, deen eis dat ganzt agebrockt huet.
Kolleeginnen a Kolleegen,
A senger Ried zur Lag vun der Natioun, huet de Premier ee Wuert ëmmer nees widderholl: Verantwortung.
Et wier effektiv sënnvoll, wann d’Regierung am Moment ging Verantwortung iwwerhuelen. Penibel gëtt dat awer, wann dat Wuert vun engem Premier an de Mond geholl gëtt, deen am Neijoersinterview geklongen huet, wéi wann hien näicht mat der Logementspolitik an der Emweltpolitik vu senger Regierung ze dinn hätt. Richteg problematesch gëtt et, well dem Premier seng Regierung während de leschten Joeren eng klassesch neoliberal Politik verfollegt huet, déi dora bestanen huet, sech sou wéineg wéi méiglech anzemëschen an de fräie Marché d’Saachen reegelen ze loossen. Logement, Klima, Gesondheetspolitik, Steiergerechtegkeet – an all deene Sujet’en gëtt et een enormen Handlungsbedarf, mä d’Approche vun der Regierung loung éichter bei Fräiwëllegkeet an Incentives fir dass de Marché sech selwer soll reegelen.
Loosst eis mol d’Regierung no 9 Joër blo-roud-grénger Politik virun hier Verantwortung stellen.
Den Taux vun de “Working Poor” as dauernd geklommen. Hautesdags ass bal all 8. Résident hei am Land, dee schafft, dem Oarmutsrisiko ausgesat. Lëtzebuerg beleet domat déi leschte Plaz am europäesche Verglach.
D’Majoritéit bretzt sech elo domat, dass de Mindestloun am Januar erhéijt gouf, obwuel se just den absolute Minimum gemat huet, dee souwisou virgesinn ass. A Wierklechkeet misst de Mindestloun strukturell e gutt Stéck méi héich gehuewe ginn, fir dass d’Leit endlech kënnen anstänneg dovu liewen. Als Lénk fuerdere mer awer och, dass déi reegelméisseg Upassung vum Mindestloun un d’Lounentwécklung, wéi eben elo geschitt, an en Automatismus emgewandelt gëtt, fir dass Parteien wéi d’DP an Zukunft iwwerhaapt net méi d’Méiglechkeet kréien, des méi wéi néideg Adaptatioun ze blockéieren.
Wa mer scho bei gerechte Salairen sinn, da kommen ech natierlech net dolaanscht , eppes aneres unzeschwätzen – dat insgeheimt Wuert vum Joer – den Index. D’Regierung behaapt, se hätt den Index gerett – dobäi woar en guer net a Gefor, bis en duerch en Tripartitesaccord op eemol massakréiert gouf! Déi eenzeg, virun deenen de Mechanismus also gerett gouf, woaren d’Patronat an d’Regierungsparteien selwer.
D’UEL huet hiere Kampf dann och nach net opginn, an déi lescht Woch um Radio erklärt, den Indexsystem wier – ech zitéieren – „absolut asozial“. Här Reckinger, den Indexsystem spigelt d’Lounverdeelung am Land erem: net den Index ass asozial, ma déi ongläich a vill ze niddreg Léin, déi Dir de Leit fir hier Oarbecht bezuelt!
Och wa verschidde Leit et net wëlle verstoen, ass den Index keng Erhéijung vum Loun an och keng sozial Mesure, mä ganz einfach en Instrument fir de Wäert vun de Léin konstant ze halen an un d’Inflatioun unzepassen. Wa mer elo scho bei 12% Working Poor leien, wat mengt der, wéi deen Taux ging explodéieren, wann d’Salairen net méi gingen un d’Präisdeierescht ugepasst ginn? Déi Lénk woaren 2022 déi eenzeg, déi kloer an zesummen mam OGBL den Index verdeedegt hunn!
Erënnert der iech drun, 2018 huet d’LSAP souguer Wahlspots gedréit, an deenen se versprach huet, mat hinnen ging et keng Manipulatioun vum Index ginn. An 2022 huet se ebe grad den Index manipuléiert. Zumindest op deem Punkt huet d’LSAP bäigeléiert. Haut gëtt se ëffentlech zou, dass se keng geschlosse Positioun méi zum Index huet an sech enger Diskussioun iwwer eng zukünfteg Manipulatioun net méi verschléisst. Mat esou enger bëlleger Sozialdemokratie, wie brauch do nach eng DP?
Ma net nëmmen déi Leit, déi schaffen leiden zu Lëtzerbuerg ënner Oarmut. Den Undeel u Leit, déi an Oarmut musse liewen, geet ongebremst erop, an dat iwwerduerschschnëttlech stoark an Ofhängegkeet vum Alter. Kanner ënner 18 Joer hunn hei am Land en Oarmutsrisiko vun 28.6%. 28.6%! An dat am räiche Lëtzebuerg. Dobäi kënnt dann nach, dass de Bildungsbericht kloer weist, dass déi sozial Inégalitéiten an eisem Schoulsystem weider verstäerkt amplaz ofgebaut ze ginn.
Dat heecht, wann de Premierminister houfreg matdeelt, seng Regierung ging Verantwortung iwwerhuelen, da muss een e mol froen, fir wien genau se da Verantwortung iwwerhëllt?
Iwwerhëllt d’Regierung Verantwortung fir all déi Kanner hei am Land, vun deenen all 4. muss an Oarmut liewen? Fir déi Kanner, déi dann nach vum Schoulsystem vernoléissegt ginn an ni eng richteg Chance kréien.
Iwwerhëllt d’Regierung Verantwortung fir all déi Schüler, déi musse während der Schoulzäit streike goen, fir dass d’Regierung d’Klimakris endlech serieux ugeet? Fir déi Jugendlech, déi ënner Zukunftsängscht a Panikattacken en vue vun der Klimakris – dem sougenannte Phänomen vun eco-anxiety – leiden.
Iwwerhëllt d’Regierung Veranwortung fir all déi jonk Leit, déi vun der Uni kommen a fir d’éischt mol mussen Joere laang schaffe goen, éier se iwwerhaapt emol kënnen driwwer nodenken, doheem erauszeplënneren? Kafen kënnt fir déi meecht iwwerhaapt net a Fro, sou dass sie dem Wohlwollen vun de Propriétairen an hieren horrende Loyer’en ausgesat sinn. An enger Gesellschaft, an der et näicht méi wichteges schéngt ze ginn, wéi de Privatbesëtz, sinn d’Locatairen déi kastenlos, déi souguer bei Minusgraden kënnen matten am Wanter virun d’Dier gesat ginn, wann se hiere Loyer net méi kënne bezuelen. An déi Leit, déi sech dann zesummendinn, fir sech en Dag iwwer dem Kapp ze deelen, déi ginn vun Gemengen wéi der Stat Esch nach bekämpft an illegalerweis guer net ugemellt, wouduerch se hier sozial Rechter verléieren.
Kolleeginnen a Kolleegen,
Wann d’Bettel-Regierung Verantwortung iwwerhëllt, dann net fir d’Majoritéit vun de Leit am Land.
Se iwwerhëllt virun allem Verantwortung fir d’Propriétairen, déi et an Zukunft mat dem Minister Kox sengem Gesetz nach méi einfach gemat kréien, skandaléis héich Loyeren ze froen. Wann de Minister hätt wëllen d’Loyeren effektiv limitéieren, dann hätt e sech kënnen un eiser Gesetzespropositioun inspiréieren. Mä d’Protektioun vun de Locatairen schéngt ni d’Prioritéit vun deser Regierung gewierscht ze sinn. Nodeem d’Kritik um Gesetzesprojet aus allen Ecken ëmmer méi hoart gëtt, ass d’Äntwert vun der grénger Presidentin vun der Logementskommissioun, d’Leit hätten d’Gesetz net verstanen, well „de Minister ging dach kee Gesetz schreiwen, dat kontraproduktiv wier.“
Da kommt, mer kucken emol, wat am neie Bail à loyer-Gesetzesprojet drasteet. De Plafond vum maximale Loyer gëtt vu 5% op 3,5% vum „capital investi“ erofgesat. Ma tiptop. Mä opgepasst: am selweschte Moment gëtt ganz nei définéiert wat de „capital investi“ ass, dat wäert nämlech absurderweis an Zukunft näicht méi mam real investéierte Kapital ze dinn hunn, mä un d’Evolutioun vum Logementsmarché ugepasst ginn. Wat ass dat fir eng Brems, wann d’Limite all Joer monter no uewen adaptéiert gëtt? Dowéint dach, de Minister huet e Gesetz proposéiert, dat kontraproduktiv ass, wann d’Zil soll sinn, d’Locatairen ze schützen an d’Loyer’en ze limitéieren. Wann d’Iddi woar, de Propriétairen weiderhin héich Margen ze garantéieren, dann hunn déi Gréng voll an d’Schwaarzt getraff.
Genau esou katastrophal wéi dat Gesetz, dat de Moment um Dësch läit, woar awer d’Behuelen vun deenen aneren Majoritéitsparteien déi läscht Wochen. Als éicht huet de Premier am Neijoersinterview d’Gesetz kritiséiert, wéi wann hien et iwwer d’Feierdeeg ënnert dem Chrëschtbeemchen entdeckt hätt an dono huet och d’LSAP behaapt, sie wier zwar net domat d’accord.
Säit iwwer 20 Joër explodéieren d’Wunnéngspräisser, de Logement ass d’Oarmutsursaach Nummer 1 hei am Land, an amplaz endlech Neel mat Käpp ze maachen, maacht Dir politique politicienne a Wahlkampf um Réck vun de Leit!
Kolleeginnen a Kolleegen,
D’Regierung iwwerhëllt och Verantwortung fir déi grouss Betrieber. Trotz Rekordgewënner ass se an de läschte Joeren ëmmer nees mat der Stränz doriwwer gefuer an huet hinnen ee Kaddo no dem anere gemat. Sozial Selektivitéit gëtt grouss geschriwwen, wann et em Privatpersoune geet – et kinnt jo sinn, dass eng allengerzéihend Mamm (déi zu wäit iwwer 40% dem Oarmutsrisiko ausgesat ass) eng Kéier 50 Euro ze vill iwwerwise kritt. Ma bei de grousse Betrieber gëtt dat net esou enk gesinn. Do kann de Bankesecteur nach esou héich Profitter maachen, trotzdeem kritt en nach Milliounen duerch d’Indexmanipulatioun geschenkt, well e Ciblage vun Hëllefe wier jo ze komplizéiert.
Ma dat geet awer nach laang net duer, well d’UEL fuerdert elo schon nees offensiv en vue vun de Wahlen Steiererliichterungen. Et gëtt mat Sécherheet vill Betrieber, virun allem klénger, déi a leschter Zäit vill gelidden hunn an och elo nach em d’Iwwerliewe kämpfe mussen. Ma fir déi setzt d’union des entreprises sech net an. Well: Steiere ginn op Gewënner bezuelt, eng weider Reduktioun vun de Steieren wier also just nees e Wahlkaddo un déi Betrieber, deenen et och elo scho gutt geet an et ginge gläichzäiteg nees finanziell Mëttel feelen fir deenen ze hëllefen, déi dat och bréichten.
Dobäi ass d’Steierlascht vun de Betrieber an de leschten 30 Joër souwisou schon ëmmer méi niddreg ginn, iwwer 2 Drëttel vun de Steieren ginn haut vun de private Ménage bezuelt. An deen Undeel hëllt andauernd nach zou, schon alleng wéint der kaler Progressioun. Nach eng Kéier zur Erënnerung: net d’Upassung vun der Steiertabell un d’Inflatioun ass e Kaddo fir d’Leit. D’Décisioun, d’Steiertabell net unzepassen ass déi eigentlech Mesure, duerch déi bei all Indextranche d’Steierlaascht op déi schaffend Leit gehuewe gëtt.
Et ass näicht neies, mäer widerhuelen säit Joeren, dass mer fir méi sozial Gerechtegkeet endlech eng strukturell Steierreform an desem Land brauchen. Ma déi gouf zwar versprach, mä mäer wëssen dach alleguer, dass eng richteg Steiergerechtegkeet fir keng vun deenen anere Parteien eng politesch Prioritéit ass.
Amplaz eng strukturell Steierreform auszeschaffen, huet d’Regierung sech fir den einfache Wee décidéiert. Eng „Steiererliichterung bis an d’Mëttelschicht“ huet d’Finanzministesch versprach, zoufälleg e puer Méint virun de Wahlen. Natierlech mussen déi ënnescht Akommensschichten steierlech entlaascht ginn, dat soe mer säit Joeren. Mä gläichzäiteg mussen och nei Revenue généréiert ginn, duerch d’Bäisetzen vu méi héije Steiertaux’en fir Leit mat ganz héijem Akommes an duerch méi eng konsequent Besteierung vu Kapitalgewënner. Well op wiem seng Käschte geet elo schlussendlech nees déi Tournée générale vun der Regierung? Um Enn wäerten nach méi Suen an der Staatskeess fehlen, wat wäert als Excuse geholl ginn fir sozial Mesuren ofzebauen a wichteg Investissementer an d’Zukunft vum Land ze bremsen. E klénge Kaddo virun de Wahlen un déi Leit, déi en déi nächst Joër mat groussem Effort wäerte mussen zeréckbezuelen.
Kolleeginnen a Kolleegen,
En einfachen Trick, wann ee politesch Mesuren net wëll emsetzen, ass d’Verantwortung un d’europäesch Unioun ofzeginn an deen huet eis Regierung nawell perfektionnéiert.
Zanter Joeren kämpft d’Zivilgesellschaft zum Beispill dofier dass Lëtzebuerg sech e Liwwerkettegesetz gëtt fir d’Betrieber endlech dofier zur Verantwortung ze zéihen, dass hier Produiten am Respekt vun de Mënscherechter a vum Emweltschutz hiergestallt ginn. Am 21. Joerhonnert misst dat scho längst Normalitéit sinn. Mä hei am Land gëtt déi Diskussioun ëmmer nees ofgewiert andeems op d’europäesch Unioun verwise gëtt.
Net manner penibel ass et a Punkto Plateformeoarbecht, also Uber, Wedely a wéi se all heechen. Emmer méi Leit verkafen hier Oarbechtskraaft iwwer dese Wee a wéint mangelnder bis net-existanter Reglementéierung ginn se net anstänneg dofier bezuelt, riskéieren an d’Scheinselbststännegkeet ze rutschen a si kaum sozial ofgeséchert. Hei brauche mer schnellstméiglech e gesetzlesche Kader fir déi Leit ze schützen, mä et geschitt näicht, well all Responsabilitéit un d’EU ofgi gëtt. Et ass dach lächerlech, dass de lëtzebuergeschen Kommissär fir Oarbecht iwwerall Reklamm fir eng Reegelung a Punkto Plateformeoarbecht mécht, mä a sengem eegene Land, wou seng eege Partei den Oarbechtsminister stellt, net op deem Sujet geschafft gëtt! Natierlech brauche mer a ganz ville Beräicher e legale Kader, deen iwwer déi national Grenzen erausgeet, mä dat eent verhënnert dach net dat anert. En attendant, dass sech déi europäesch Institutiounen op eppes eenege – wat an desem Fall nach kinnt daueren – ass et un der lëtzebuergescher Regierung Responsabilitéit z’iwwerhuelen a mam gudde Beispill virzegoen. Am Fall vun der Plateformeoarbecht wier dat mol net komplizéiert. D’Salariatskummer huet eng détailléiert Gesetzespropositioun formuléiert, déi mer als déi Lénk och offizell bei der Chamber déposéiert hunn. D’Majoritéit misst just Neel mat Käpp maachen an domat hieren eegenen Kommissär zu Bréissel ënnerstëtzen.
Dat gravéierendst Beispill wéi d’Regierung sech weigert, Verantwortung z’iwwerhuelen ass a bleiwt awer de Klimaschutz an dat ass inakzeptabel. Lëtzebuerg huet den zweethéchsten ekologesche Foussofdrock hannert der Fussballnatioun Qatar! Mäer funktionnéieren net nohalteg a wëssen dat säit Joeren.
Ma d’Regierung erkläert eis, mier wieren um gudde Wee, well mer an de leschte Joeren eis Ziler aus dem Paräisser Klimaaccord respektéiert hätten. An de leschte Joeren. Während der Pandemie. Duerch Akafen vu Bilanzen. Hu mer Ziler agehalen vun engem Accord, deen emol net duergeet, fir d’Erderwäermug op 1,5° ze begrenzen.
Mäer maachen den absolute Minimum an eis Engagementer fir den CO2-Ausstouss ze reduzéieren si vill manner ambitéis wéi an anere Länner. An d’Regierung verschléisst béid Aan virun der Réalitéit. Wéi kann et zum Beispill sinn, dass Lëtzebuerg iwwer säi Pensiounsfong ëmmer nach massiv a fossil Energien, Fracking an Entreprisen investéiert, déi et mat de Mënscherechter net ganz esou serieux huelen? Dat ass aus ekologeschen a soziale Grënn – a franchement gesondem Mënscheverstand – net ze verstoen.
Kolleeginn a Kolleegen,
4 Joer ass et hier, dass déi Lénk 2019 an der Chamber eng Résolutioun agereecht hunn fir dass d’Urgence climatique sollt als solch unerkannt ginn. Dir wësst, dass déi aner Parteien déi Résolutioun deemools ofgewiert hunn. Ma wann eng Majoritéit sech schon net dozou beweeje léisst, den Terme „urgence“ ze akzeptéieren, wéi soll se dann kapabel sinn, déi néideg politesch Mesuren emzesetzen?
„Qui aurait pu prédire – il y a un an – la crise climatique aux effets spectaculaires?“ Dat sot den Emmanuel Macron, gudde Kolleeg vum Xavier Bettel, sënngeméis a senger Neijoersried – vun desem Joer wuelgemierkt. Sou lächerlech et kléngt, genau dat schéngt de Problem ze sinn. Mäer schwätzen net réicht säit gëschter iwwer d’Klimakrise a mäer heibannen an och vill Leit dobaussen, déi wëssen, dass et net 5 vir mä 5 op 12 ass, an dass mer elo nach esou just kënnen d’Steier eremräissen fir déi schlëmmste Katastrophen ze verhënneren. D’Zäite vu klenge Reformen, wou e Schallimo-Verbuet a Joghurtsmaschinnen d’Klima gerett hätten, si scho laang eriwwer.
Mäer si matten an der Klima-Kris dran. Eng Kris ass e Wendepunkt a mäer hunn de Choix: wëlle mer esou virufueren wéi bis elo oder wëlle mer eng aner Politik maachen? Déi 1. Optioun, de “Weider-esou” kann nëmmen d’Äntwert si vu Leit, déi d’Ausmoss vun der Kris nach net verstanen hunn: „qui aurait pu prédire la crise climatique?“.
Fir all déi aner, déi an der Réalitéit liewen, ass kloer: mäer brauchen e system change. Mäer mussen erausklammen aus der Logik vum éiwege Wirtschaftswuesstum hin zu enger sozial gerechter an nohalteger Gesellschaft. Säit eiser Grënnung kämpfe mer fir ekosozialistesch Verännerungen, wéi zum Beispill d’Aféieren vun engem gestaffelte Waasserpräiss op lokalem Niveau. Mäer mussen iwwerall dofier suergen, dass jidderee genuch huet fir ze liewen – an dass gläichzäiteg d’Verbëtze bestrooft gëtt. An déi selwescht Logik gëllt bei der Oarbecht. Eng strukturell Reduzéierung vun der Oarbechtszäit ass net nëmmen héich iwwerfälleg, se ass och méiglech a souguer néideg fir d’Oarbecht méi gerecht ze verdeelen an der Iwwerproduktioun entgéintzewierken.
Kolleeginnen a Kolleegen,
2023 sti wichteg Décisiounen virun eis. Mat de Gemengewahlen am Summer an de Chamberwahlen am Hierscht wäerten déi politesch Weichen gestallt ginn fir déi nächst 5 Joer. Et däerfe keng 5 Joer vum “Weider-esou” ginn.
Vill Leit, virun allem Jonker hu keng Perspektiv méi. D’Verspriechen, dass et deenen nächste Generatiounen eng Kéier soll besser goen, wéi deene virrëschten, ass just nach woarm Loft.
Sie gesinn, wéi d’Schéier tëschent oarm a räich ëmmer weider ausernee geet an dass et quasi onméiglech gëtt, sech aus eegene Mëttel aus der Oarmut erauszehiewen. Während ëmmer méi Leit dem Oarmutsrisiko ausgesat sinn an an net adaptéierten kléngen Wunnéngen mussen ënnerkommen, gëtt gläichzäiteg eng Minoritéit ëmmer méi räich, op Käschten vun der Allgemengheet.
Während vill Jonker ënner Depressiounen an eco-anxiety leiden, well se d’Konsequnzen vun der Klimakris an 20, 30 joer komme gesinn, mussen se nokucken, wéi d’Regierung während Méint de Spritverbrauch vun décken SUV’en subventionnéiert.
Eis Gesellschaft schaft keng Perspektive méi fir déi Leit. An deene jonke Generatiounen mécht sech eng Roserei an eng Frustratioun breed, well sie d’Gefill hunn – a sie hu Recht domat – dass se net gehéiert, net eecht geholl ginn.
Et gëtt héich Zäit, dass eng aner Politik hei am Land gemat gëtt. Eng Politik, déi net de Profit an de Besëtz un éischter Plaz gesäit, mä déi d’Intérêten vun der Majortéit vun de Leit vertrëtt. Wien d’Debatten an der Chamber verfollegt, dee weess, wéi oft d’Kräfteverhältnisser 2 géint 58 sinn. Déi Lénk sinn ganz oft déi eenzeg, déi sech konsequent asetzen fir méi sozial Gerechtegkeet. Déi d’Oarmut wëlle bekämpfen an net déi Oarm.
E stoarkt Resultat vun déi Lénk bei de Wahlen dest Joer wäert e Signal sinn.
E Signal un déi aner Parteien, dass d’Zäite vum “Weider-esou” eriwwer sinn. Dass d’Leit eng aner Politik wëllen fir a Richtung vun enger méi gerechter, enger ekosozialistescher Gesellschaft ze goen. Dass et net duergeet, vu sozialer Gerechtegkeet a grénger Politik ze schwätzen, ouni ze handelen. Dass d’Leit real Suergen hunn an sech net méi mat bëlleger Angschmacherei virum “Auslänner op der Stater Goar” splécke loossen. Dass Oppositioun méi ass, wéi inhaltsleer Propaganda, déi je nom leschte Politmonitor ugepasst gëtt. Dass de “séchere Wee” ausgedingt huet.
Eng Stäerkung vun déi Lénk wäert och e Signal sinn un d’Zivilgesellschaft: Gewerkschaften, Emwelt- a Mënscherechtsorganisatiounen, déi Dag fir Dag fir méi sozial Gerechtegkeet a Klimaschutz kämpfen. E Signal, dass hier Fuerderunge gehéiert ginn an dass et sech lount, fir déi Wäerter ze kämpfen.
An eng Stëmm fir déi Lénk wäert e Signal sinn fir all déi Leit, déi Dag fir Dag am Hamsterrad dréien, déi trotz Oarbecht an Oarmut musse liewen.
Grad a Krisenzäiten wéi der aktueller, ass et wichteg, de Leit opzeweisen, dass déi sozial Inégalitéiten, d’Politik am Intérêt vun enger Minoritéit, Spekulatioun um Wunnéngsmarché an d’Klimakris keng Naturgesetzer sinn. Mäer alleguer hunn et an der Hand.
Eis Aufgab – an domat halen ech op – wäert et sinn, an desem Joer de Leit nees eng Perspektiv opzeweisen.
Eng Perspektiv, dass et och aanescht geet, wa mer eis net splécke loossen mä zesummen de Wee ginn a Richtung vu Gerechtegkeet a Solidaritéit. A genau dofir stinn déi Lénk.