20% Bio-Landwirtschaft bis 2020: Eng gesond Landwirtschaft schaaft gutt Aarbecht.

Ekonomesch wéineg Impakt, dofir ekologesch awer ëmsou méi. Doduerch zeechent sech d’Landwirtschaft zu Lëtzebuerg aus.

Nëmmen 0,3% vum Lëtzebuerger BIP kommen aus der Landwirtschaft. Domat ass Lëtzebuerg ënnert de Schlussliichter an Europa. Donieft sinn och nëmmen 1,2% vun den Aarbechtsplazen an der Agrikultur ugesidelt. Eisen Territoire eegent sech net, fir eng riseg landwirtschaftlech Produktioun, trotzdeem ass méi dran. Dass et sech an der Landwirtschaft net em de lukratiivste Secteur handele kann, weist d’Verhältnis tëscht Aarbechtsplazen a Wertschöpfung an der Agrikultur.

D’Landwirtschaft hëlt awer eng ganz wichteg Stellung beim Schutz vun der Ëmwelt an dem Klima an. Haut ass dat a ville Fäll keng positiv. Dat ass net dem eenzele Bauer seng Schold, deen dofir suerge muss, dass säi Betrib an engem ëmmer méi schwieregen Ëmfeld iwwerhaapt iwwer d’Ronne kënnt. Dofir hëllefen och nëmme strukturell Moossnamen a méi cibléiert ëffentlech Investitiounen. D’Benotzung vu chemesche Planzeschutzmëttel an d’Ausbrénge mat ze staarken Nitrat-haltegen Dünger sinn eng Gefor fir d’Qualitéit vum Drénkwaasser an zerstéieren no an no d’Aartevillfalt op a ronderëm de Felder. Virun allem sinn se awer och eng Gefor fir d’Gesondheet vum Mënsch.

déi Lénk hunn eng aner Virstellung vun der Landwirtschaft. Se muss ekonomesch méi wichteg ginn a méi Leit eng gutt Aarbecht bidden. Landwirtschaft muss awer och zum Erhalt vun enger gesonder Ëmwelt bäidroen.

D’biologesch Landwirtschaft ass méi schounend fir Mënsch an Natur. Se representéiert aktuell knapp 3% vun der genotzter Agrarfläch zu Lëtzebuerg. Och do si mir e Schlussliicht an Europa. Mat enger konsequenter a gezielter Subventiounspolitik muss et méiglech sinn, dësen Undeel drastesch eropzeschrauwen. Haut mécht d’Regierung weiderhin eng Politik mat der Strenz, déi awer virun allem grouss, méi staark industriell Produktioune bevirdeelegt.

déi Lénk wëllen dat änneren a viséiere bis 2025 en Bio-Undeel vun 20% an der Landwirtschaft un. Mee de Fokus läit net eleng op Bio-Betriber. Nieft dem ekologeschen Aspekt, spillt d’Landwirtschaft och eng wichteg sozial Roll. Mir wëllen déi Roll opwäerten. Betriber mussen dofir och opgrond vun dem beschäftegte Personal an dem Gewiicht wat se op lokal/regional Vermaartungs- a Verwäertungskette leeë gehollef kréien an net méi opgrond vun der produzéierter Quantitéit.

http://2018.dei-lenk.lu/

Nieft dem Ausbau vun der Bio-Landwirtschaft, fuerderen déi Lénk och nach:

(-) Eng Diversifikatioun vun der Produktioun, fir nieft der Fleesch- a Mëllechproduktioun och méi heemesch Geméisproduktioun ze fërderen. De Landwirtschaftsministère muss dofir déi richteg Subventioune virgesinn;

(-) Eng méi konsequent Formatioun a Recherche am landwirtschaftleche Beräich;

(-) De Schutz vu landwirtschaftlech wäertvolle Flächen. De Staat an d’Gemenge mussen ähnlech wéi beim neien Naturschutzgesetz Pool’en vun Agrarflächen uleeën an se Betriber a jonken Agrikulteure fir nohalteg landwirtschaftlech Projet’en verpachten.

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe