Hei kënnt Dir dem David Wagner seng Ried wärend eiser Heure d’actualité iwwer d’Stroumpräisser liesen.
Op dëse Links fannt Dir eis Motounen déi vun der Majoritéit ofgeleent goufen.
D’Recht op Energie ass e fundamentaalt Mënscherecht, genausou wéi d’Recht op Gesondheet, d’Recht op Bildung, d’Recht op eng gesond Ëmwelt.
Jo, hei geet et ëm d’Recht op Dignitéit.
Déi duerch déi russesch Invasioun an der Ukrain verursaacht Energiedeirecht huet déi deemoleg Regierung dozou verleet fir am Hierscht vum 2022 Plafonnementer oder Subventiounen op divers Energiequellen anzeféieren : fir de Gas, de Mazout, de Bensinn, Pellets, déi urban Heizung an d’Elektrobornen fir Auto’en.
Beim Stroumpräis gouf iwwer de Kompensatiounsmechanismus eng Hëllef agefouert deen als Zil hat den globale Präis fir all Client op 21 Cents de Kilowatt ze stabiliséieren, eng Hëllef déi op Normalverbraucher limitéiert war (an nach ëmmer ass), also bis e Verbrauch vun 25.000 Kilowatt d’Joer.
Déi heite Regierung huet dunn d’läscht Joer decidéiert, et misst een déi Hëllefen ofschafen, bis op déi vum Stroum déi hallwéiert gouf, well mer rëm an der Normalitéit komm wieren.
Datt d’Energiepräisser awer erëm normal gi wieren, dat woen ech ganz staark ze bezweifelen.
De Mazoutspräis ass esou héich wéi virun 2 Joer an ass 2 bis 2,5 mol esou héich wéi 2020/21. De Gaspräis op den internationalen Echangen ass och 2 mol méi héich wéi 2020 – och wann do d’Formatioun vum Präis fir den Endclient méi komplizéiert ass.
Mee wat fir en Impakt hat d’Hallwéier vum Plafonnement op de Stroumpräis ?
D’Salariatskummer huet et berechent :
En duerchschnëttlechen Stot muss elo 270 Euro méi d’Joer bezuele fir de Stroum a 400 Euro méi fir de Gas vun datt do de Plafonnement ofgeschaaft gouf.
En duerchschnëttleche Stot mat enger Wärmepompel muss elo 1.077 Euro méi bezuele fir de Stroum pro Joer an 1.260 Euro méi wann en en Elektroauto huet.
Här Präsident,
Et war zwar net onbedéngt esou gewollt, mee zäitgläich mat der Ofschafung vun den Hëllefen ass och déi nei Tarifikatioun vum ILR a Kraaft getratt.
Déi huet awer och en Impakt op d’Finanze vun engem Stot.
Dat huet d’CSL och berechent :
Fir all Stot fir d’éischt, duerch d’Augmentatioun vun 11 % vun de Réseauskäschten eng generaliséiert Hausse vum Stroumpräis vu 5% verursaacht.
Duerno, all déi Stéit, déi en normalen Energieverbrauch hunn, sinn zwar net allze staark impaktéiert, mee mussen trotzdeem eng Hausse tëschent 5 an 8% verkraften.
Déi, déi ëm 10 oder 20 % am Depassement sinn, wäerten och eng Präishausse tëschent 16 an 28% erleiden.
Dat heescht, am grousse Ganze gewënnt keen eppes un deenen Ännerungen.
D’Regierung verteidegt sech mat Argumenter déi an eisen Aen an der Fro vum Stroumpräis net valabel sinn : d’Upassung vun der Steiertabell un den Index oder och d’Erhéijung vun der Allocation de vie chère.
Deen Impakt wäerten déi Äermst weiderhin ze spiere kréie well se net am Genoss vun de Steiermesure komme kënnen an d’Prime Energie wäert et och net kompenséieren.
Wat déi duerchschnëttlech Stéit ugeet, do wäert zwar eng Partie vun der Hausse vun de Präisser duerch d’Steiermesurë kompenséiert ginn.
Fir déi méi privilegéiert Stéit, déi an enger Wärmepompel oder an engem Elektroauto investéiere wollten, déi ginn elo duerch d’Entscheedunge vun dëser Regierung duerchernee bruecht.
Mee wéi gesot, déi heite Regierung ass der Meenung gewiescht datt mer zréck an der sougenannter Normalitéit wieren an aus deene Grënn, sot den Energieminister, misst een zréck zu de sougenannten « normale Marchéspräisser ».
Do muss een sech awer och d’Fro stelle wat gemengt gëtt mat normale Marchéspräisser wann ee vun der Energie schwätzt, zemools wann een dovunner ausgeet datt d’Energie e fundamentaalt Recht ass, zemools wou de Staat souguer laut EU-Recht e Monopolsrecht huet.
Wat wier dann den « normale Marchéspräis » vun der Schoul ?
Wat wier dann den « normale Marchéspräis » vum Gesondheetssystem ?
Wat wier dann den « normale Marchéspräis » vum ëffentlechen Transport ?
Ech weess net esou richteg wat d’Regierung versteet ënnert normal Marchéspräisser a wat dat iwwerhaapt bedeit an ob et iwwerhaapt erschwénglech ass ?
Ee vun den Argumenter vun der Regierung fir de Plafonnement ze hallwéieren, vu 60 op 30%, ass ze soen datt eise Stroumpräis am europäesche Verglach méi niddreg wier.
Wann ech awer d’Statistike vun Eurostat kucken, da muss ech feststellen datt dat nëmme wouer ass wa mer de Plafonnement bäibehalen.
Mam sougenannten normale Marchéspräis hätte mer ee vun den héichste Stroumpräisser europawäit, direkt hannert Irland.
Dat huet awer och domadder ze dinn datt mir eng ganz aner Opfaassung hu vun dat wat normal ass als Marchéspräis : mir berechnen nämlech d’Réseauskäschte mat a wälzen déi op d’Konsumenten of.
An do si mer beim Reseau : sollen d’Käschte vum Reseau am sougenannten normale Marchéspräis vum Stroum mat abegraff sinn ?
Do ass et awer jo och intressant, wann ech mer erlaben däerf, festzestellen datt den Här Minister engersäits vun « normale Marchéspräisser » schwätzt, anerersäits awer lo net ausschléisst fir d’Netzer gegeebenenfalls duerch de Budget ze finanzéieren.
An dorobber stäipt en sech op en Avis juridique dee ganz kloer seet datt de Stroum als staatleche Monopol kann ugesi ginn an an deem Sënn ëffentlech Interventiounen net als Distortioun vum EU-Konkurrenzrecht gesi kënne ginn. Dat seet an der Tëschenzäit jo och d’Kommissioun, well och si zu enger « normaler » Denkweis rëm gezwonge ginn an agesinn datt déi verschidde Liberaliséierungen net funktionéiert hunn an nëmme Misär veranstalt hunn.
An deem Kontext muss ech awer och soen datt ech et nach ëmmer net richteg novollzéie ka firwat dann den Här Minister, wéi e selwer behaapt huet, vun der Kommissioun op d’Fangere geschloe krut wéinst dem Plafonnement vum Stroumpräis.
Mee vläit kann en eis erkläre wouhier déi Géigesätz dann hierkommen.
Méi wéi och ëmmer si mir ganz kloer dofir – an dat war iwwregens ëmmer eis Positioun, mir brauchen eis do net ze wenden an ze kéieren – mir si ganz kloer dofir datt d’ëffentlech Hand erëm d’Handhab iwwert de Stroum, an iwwerhaapt iwwert d’Energie am allgemenge soll zréckkréien.
An deem Sënn si mer och der Meenung datt de Staat säin Undeel am Finanzement vun den Netzer soll eropsetzen a soumat d’Stéit vun deem Deel finanziell entlaaschten.
An deem Sënn wéilt ech eng éischt Motioun deposéieren, déi d’Regierung oprifft sech fir eng méi grouss Prise en charge vun den Netzkäschten anzesetze fir d’Stéit esou z’entlaaschten.
Zweetens : wéi sollen d’Tariffer ausgesinn ?
Déi beschte Manéier fir d’Kontroll vun den Tariffer ze sécheren ass selbstverständlech datt een als Land selwer esouvill wéi méiglech eege produzéiert an dat natierlech iwwer erneierbar Energien, well déi um Enn propper a méi bëlleg sinn.
Esou wäit si mer allerdéngs nach net. Mir si fir e konsequenten Ausbau vun der Produktioun vun erneierbaren Energien, mir sinn do och der Meenung datt d’ëffentlech Hand dat soll iwwerhuelen a mir sinn och der Meenung datt déi budgetär Mëttele solle fräigemaach ginn an dat och iwwer eng staark Kontributioun vu Leit mat héije Gehälter a mat méi héijer Besteierung vu Kapital.
Dat gesot, déi Situatioun ass leider nach zum Deel Zukunftsmusek well de politesche Wëlle leider feelt.
Mee et kann een elo schonn dofir suergen datt de Stroumverbrauch fir all Stot assuréiert gëtt an datt esouguer Leit déi Energie verbëtzen gestrooft ginn.
Amplaz dat Gepiddels wat mer an deene leschte Joren hate wou dann, soubal eng international Kris entsteet, d’Regierungen sech gezwonge gesi Plafonnementer anzeféieren oder mat Subventiounen ze schaffen an duerno ginn se rëm ofgeschaaft oder nëmmen zum Deel ofgeschaaft an da ginn se awer rëm agefouert an datt duerno eng nei Tarifikatioun entsteet wou d’Leit ufänke mussen ze rechne wéini a wat fir eng Maschinn se umaache solle fir net ze vill auszeginn.
Jee, amplaz vun deem ganze Chaos dee mir elo hunn, wou déi allermeescht vun eis guer net méi nokomme wat elo leeft, musse mer dofir suergen e propperen a nohaltege System anzeféieren.
Wat mir also fuerdere gläicht e bëssen deem wat mir beim Waasserpräis fuerderen.
Mir trieden a fir Einfachheet, Kloerheet a Gerechtegkeet.
An dëser Motioun déi ech elo deposéieren, fuerdere mer sozial gestaffelt Tariffer.
Dat heescht datt keen sech soll ruinéiere well en normal Stroum verbraucht, kee soll gestrooft gi wann en sech eng Wärmepompel oder en Elektroauto beschaaft a Leit déi iwwerdriwwe Stroum verbëtzen, jo, déi sollen natierlech bestrooft ginn.
Dofir brauch een och kloer établéiert Palier’e vum Stroumkonsum.
A Frankräich ass et och esou : do besteet zwar d’Méiglechkeet bei gewësse Fournisseuren ze goen a maartfixéiert Tariffer ze bezuelen, fir déi, déi aus iergendenger Ursaach dat esou wëllen, mee an der Reegel, fir den Ottonormalverbraucher wéi mir all, do gëtt et en ëffentlech fixéierten Tarif an et brauch een sech weider keng Suergen ze maachen ewéi deen Tarif ze bezuelen.
An et brauch een sech ëmsou manner Suergen ze maache fir et kënnen ze bezuele well den Tarif jo sollt sozial gestaffelt ginn.
Well wat mir elo mam Plafonnement maachen ass jo och schonn eng Form vu Staffelung vu datt de Plafonnement jo nëmme fir de Gebrauch vu manner vu 25.000 Kilowatt d’Joer gëllt, wat jo d’ailleurs och net jidderee wousst an deem ganze Kuddelmuddel. Dofir ass eis Propos net nëmme gutt fir d’Bierger, mee, well mir et jo gutt mam Energieminister mengen, wier et och gutt fir hien, well en dann net bräicht éiweg un d’Tariffer piddelen ze goe soubal et erëm zu enger neier Kris oder iergendenger Ursaach kënnt déi d’Déierescht op den internationale Mäert an d’Luucht dreift.