2 géint 58 : Alternativ Verfassungspropose vun déi Lénk an der Chamber ofgelehnt.

Rapport vun der Commissioun

Här President,

Léif Kolleegen a Kolleeginnen,

Et ass mir eng grouss Éier a Freed, haut als Rapportrice um Riednerpult ze stoen. Ech soe Merci dofir.

Am parlamentareschen Dossier 6956 mat dem Titel Proposition de révision portant instauration d‘une nouvelle Constitution, stécht immens vill Aarbecht. Ech sinn dowéinst frou, datt den Dossier mam haitege Vott zum verdéngten Ofschloss vun enger laanger Prozedur kennt.

De Rapport wäert an enger éischter Ligne kuerz op de generellen Historique, d‘Aarbechten an der zoustänneger Kommissioun souwéi op d’Prise de position du Gouvernement an den Avis vum Conseil d‘État agoen. An enger zweeter Ligne präsentéieren ech déi grouss Lignë vun der Propositioun, andeems ech eng Rei Artikelen a Erklärunge virstelle wäert.

All déi aner Elementer an Erklärunge fannt dir am schrëftleche Rapport ausféierlech beschriwwen.

I.

De 24ten Februar 2016 gouf d‘Propositioun vum Serge Urbany an der Chamber deposéiert an den 8ten Mäerz 2016 ass den Dossier als recevabel deklaréiert ginn.

An der Prise de position du Gouvernement vum 22ten Abrëll 2016, gëtt dorobber verwisen, datt an der zoustänneger Kommissioun aktuell d‘Propositioun 6030 fir eng Verfassungsrevisioun diskutéiert gëtt. Vu, datt dës Propositioun d‘Resultat vun engem laangen Diskussiounsprozess ass, vu datt den Auteur säit 2012 Deel vun den Diskussiounen ass, a, vu, datt d‘Substanz vun der Propositioun 6956 Deel vu den Aarbechten an der Kommissioun ass, steet geschriwwen, datt een net am Detail op déi eenzel Bestëmmunge vun der Propositioun 6956 anzegoe brauch.

Am Avis vum Conseil dÉtat vum 10ten Oktober 2017, steet, datt amplaz vun enger detailléierter Analyse vun den Artikele vun der Propositioun 6956, de Conseil d‘État op seng Avise vum 6ten Juni 2012 a vum 14ten Mäerz 2017 verweist, déi mam Dossier 6030 zesummenhänken. Dës Avise géifen dem Conseil d‘État seng Positioun zur Verfassungsrevisioun ausräichend duerleeën.

Souwuel d‘Prise de position du Gouvernement, wéi och den Avis vum Conseil d‘État hunn also op den Dossier 6030 verwisen an dorobber verzicht d‘Artikele vum Dossier 6956 explizitt an de jeeweilege Stellungnamen ze analyséieren.

No der Prise de position du Gouvernement vum 22ten Abrëll 2016 an dem Avis vum Conseil d‘État vum 10ten Oktober 2017, gouf den 22ten November 2017 de Marc Baum vun der zoustänneger Kommissioun als Rapporteur designéiert.

Eng Woch méi spéit, den 29ten November 2017, gouf dunn d‘Propositioun, d‘Prise de position du Gouvernement souwéi den Avis vum Conseil d‘État an der Kommissioun examinéiert.

An dësem Kontext hunn d‘Membere vun der Kommissioun déi investéiert Aarbecht gewierdegt, och wann ee wat d‘Substanz betrëfft net enger Meenung wor. Finalement gouf  festgehalen, datt dës virgestallte Propositioun net déi grouss Lignë vum Dossier 6030 erëmspigelt – aus deem jo d’Dossieren 7575, 7700, 7755 a 7777 ervirginn –  an, datt een den Dossier 6956 parallel dozou weiderlafe léisst.

Den 23ten November 2021 hunn ech dunn vum Marc Baum d‘Relève iwwerholl an den 2ten Dezember 2021 stoung den Dossier nach eemol um Ordre du jour vun der Kommissioun.

De 7ten Dezember 2022 huet d‘Kommissioun de Rapport adoptéiert an mam haitege Dag steet den éischte Vott um Programm.

Vu dat déi erwäänten Dossieren 7575, 7700, 7755 a 7777, déi eng Revisioun vun der aktueller Constitutioun uviséieren, jo och eng éischt Kéier gestëmmt sinn, an dës Woch viraussiichtlech eng zweet Kéier gestëmmt ginn, proposéiert d‘Kommissioun der Chamber den Dossier 6956 net ze stemmen.

II.

Här President,

Léif Kolleegen a Kolleeginnen,

Ech ginn elo iwwer zum zweeten Deel vu mengem Rapport, wou ech déi grouss Lignë vun der Propositioun virstelle wäert.

D‘Propositioun beinhalt ganzer 18 Kapitele mat insgesamt 203 Artikelen. Dofir beschränken ech mech a mengem mëndleche Rapport op d‘Thematike vum Staat, der Citoyennetéit, de Grondrechter an der Demokratie.

Dat éischt Kapitel vun der virgeschloener Constitutioun proposéiert d‘Staatsform vun enger Republik a beinhalt eng ausféierlech Definitioun vum Staat.

Méi genee gesot schléit dësen Text der Gesellschaft eng Definitioun vum Staat vir, déi den Accent vir un allem op de Sozialstaat leet. Ënnert anerem huet dëse Sozialstaat d’Verflichtung, ee staarke Schutz vun de Grondrechter ze garantéieren a géint sozial Ongläichheete virzegoen. All dëst soll am Aklang mat enger nohalteger Entwécklung fir Mënsch a Ëmwelt realiséiert ginn.

Wéi am Rapport méi ausféierlech beschriwwe gëtt, kann sech de Sozialstaat fir d‘Auteuren net op een oder e puer Rechter souwéi op eng oder e puer Institutioune reduzéiere loossen. De Sozialstaat ass vill méi fir si. En ass ee komplext Konstrukt wat sech iwwerall an der ganzer Gesellschaft erëmspigelt.

Wärend dat éischt Kapitel ënnersträicht, datt de politesche pouvoir vun de Bierger.innen ausgeet, definéiert dat zweet Kapitel méi genee wien d‘Bierger.inne sinn.

D‘Auteure schloen eng Definitioun vir, déi net méi ausféierlech op dem Krittär vun der Nationalitéit berout. Si lee fest, datt d‘Bierger.innen all déi Persoune sinn, déi déi lëtzebuergesch Nationalitéit hunn, souwéi déi Persounen, déi säit mindestens fënnef Joer am Land wunnen.

Donieft gëtt de politeschen Alter op 16 Joer festgeluecht an d’Walflicht als Biergerflicht definéiert.

All dës Punkte sinn explizitt am selwechte Kapitel verankert.

Dat drëtt Kapitel betrëfft d‘Grondrechter a beinhalt eng 70 Artikelen. Dës grouss Zuel un Artikele spigelt d‘Wichtegkeet vun dësem Deel vun der Propositioun erëm.

D‘Kapitel fänkt mam Artikel 14 un, dee verfüügt, datt « La dignité humaine est inviolable. L‘Etat garantit son respect sans aucune restriction et interdit tout traitement et toute peine qui la violerait. »

D‘Auteure vun der Propositioun sinn der Meenung, datt d‘Notioun vun der « dignité humaine » eleng stoend net sou einfach ze definéieren ass an esouguer séier zu ënnerschiddlechen Interpretatioune féiere kann.

Aus dësem Grond vertrieden d’Auteuren d‘Meenung, datt een d‘« dignité humaine » an der Constitutioun genau an ausféierlech definéiere muss, also festhale muss wéi eng Rechter a Flichten aus der Notioun ervirginn.

Aus Zäitgrënn verzichten ech elo dorobber all Artikel eenzel opzezielen, mä ech ënnersträiche gären, datt d‘Propositioun explizitt an als aklobar Rechter, Rechter wéi d‘Recht op eng Wunneng, d‘Recht op eng mënschewierdeg Aarbecht, d‘Recht op Bildung souwéi d‘Recht op den Zougang zu de grondleeënden Bedürfnisser, zum Beispill zu Liewensmëttel, dem Gesondheetsberäich souwéi Waasser a Stroum, virgesäit.

Andeems een d’Rechter, déi mat der Notioun vun der « dignité humaine » a Verbannung bruecht kenne ginn, op konstitutionellem Niveau explizitt als aklobar Rechter verankert, garantéiert een e staarke Schutz vun dëse soziale Rechter.

Genee esou verdäitlecht de grad präsentéierten Deel de Gedanke vun den Auteuren, datt d‘sozial Gerechtegkeet eng essentiell Grondviraussetzung dofir ass, dat jiddwereen déi aner liberal Rechter iwwerhaapt notze kann.

Eng weider Intentioun vum drëtten Kapitel ass et aktuell an akut Problemer wéi zum Beispill de Klimawandel unzegoen.

Den Abschnitt iwwert « Les droits environnementaux » beinhalt 8 Artikelen, déi zum Beispill festhalen, datt de Staat obligéiert ass an all sengen Aktiounen de Prinzip vum développement durable ze respektéieren.

D‘Propositioun verankert dann och de « principe de précaution » an der Constitutioun, dee virgesäit, datt wann ëmmer ee Risiko vun irreversibele Schied fir d‘Ëmwelt oder fir d‘Gesondheet besteet, déi zoustänneg Autoritéiten déi noutwenneg Moossnamen huele musse fir eben dës Schied ze vermeiden.

Allgemeng wellen d‘ Auteur‘ en iwer dese Wee an der Constitutioun selwer staark Barrièrë géint d‘Ëmweltzerstéierung anzebauen an sech sou als Gesellschaft zu engem effektive Schutz vun der Ëmwelt ze verflichten.

Ier ech elo gläich zum Schluss vum Rapport kommen, wëll ech nach e puer Wieder zur Thematik vun der Demokratie soen.

Wéi erwäänt schléit dës Propositioun vir de politeschen Alter op 16 Joer erofzesetzen an de Krees vun de Walberechtegte Persounen ze erweideren, andeems ebe virgesinn ass, datt d‘Walrecht net méi réng ob dem Krittär vun der Nationalitéit berout.

D‘Auteure vun der Propositioun sinn sech allerdéngs och ganz genee bewosst, datt eng lieweg Demokratie net nëmmen dorobber beschränken dierf ginn, datt d‘Bierger.innen all puer Joer eemol wiele ginn.

D‘Auteure schloen dowéinst ee Bierger.inneninitiativerecht, als een zentrale Punkt vun der Erweiderung vun der Demokratie vir. Dëse Mechanismus ass am Artikel 120 am Detail beschriwwen.

Fir dass dëst Kärstéck vun direkter a participativer Demokratie sou effikass wéi méiglech ass, gesäit d‘Propositioun dräi Etappe vir.

An enger éischter Etappe präsentéiert ee Birger.inne Kommitee ee Virschlag fir ee Gesetz.

Wann mindestens 0.5% vun den op de Wallëschten ageschriwwene Birger.innen dem Virschlag zoustëmmen, da geet dëse Virschlag weider an d‘Chamber.

Wann d‘Chamber de Virschlag ofleent, da kennen d’Initiatoren an enger zweeter Etappe nach eemol probéieren Ënnerschrëften ze sammelen. Kréie si 2.5% zesummen, da muss d‘Chamber sech nach eng Kéier mat dem Virschlag beschäftegen.

Leent d‘Chamber de Projet allerdéngs nees of, da kann de Kommitee an enger drëtter a leschter Etappen ee Referendum verlaangen.

Den Text gesäit also eng substantiell Verdéiwung vun der direkter Demokratie vir ouni dobäi awer d‘Dir opzemaachen fir eng Bagatelliséierung vun dem direktdemokrateschen Instrument.

III.

Här President,

Léif Kolleegen a Kolleeginnen,

D‘Propositioun déi ech haut präsentéiere konnt gouf am Kader vun dem Debatt iwwert d‘Revisioun vun der Constitutioun entworf. Eng Debatt, déi eis säit ville Jore begleet.

D‘Propositioun erhierft net den Usproch op Vollstännegkeet, Perfektioun a Feelerfräiheet, mä si gesäit sech als ee konstruktive Beitrag vun dësem genannten Debat.

Andeems d‘Auteuren ee kompletten a konkreten Text virgeluecht hunn, deen ee weidere Bléckwénkel duerleet, denken ech, datt dëst och vollkomme gelongen ass.

Ech soen Iech villmools Merci.


Ried vum Nathalie Oberweis

Här President, léiw Kolleegen an Kolleeginnen,

Natierlech hu mir all eise politesche Brëll un an et wonnert mech deemno net dass dir net ganz mat eiser Verfassungpropos averstanen sitt.

Ech verteidegen se nawell hei !

Mee ech kann et net oft genuch soen : eis Verfassung ass einfach besser wéi déi vun der Majoritéit an der CSV.

An ech soen dat net wéi e bellege slogan.

Nee : eis Verfassung ass wi eng Bibel ; léiw Kolleegen a Kolleeginnen. Wirklech : et fennt een emmer erem nei Inspiratioun. Et fennt een och, fir déi déi dat brauchen, en Anker.

Kuckt, eis alternativ Verfassung erzielt eis vun enger Gesellschaft di inklusiv ass, di gerecht ass. Si verkierpert eng Visioun no enger anerer Gesellschaft déi op staarke Wäerter baséiert.

Si gett eis Äntwerten op di vill Froen di mer hunn.

Äntwerten op di Multikrisen an dene mer sinn.

Mir sinn zudéiwst iwerzeegt dass mir des alternativ Gesellschaftsbild brauchen. Mir kennen net esou weiderfueren wéi bis elo.

Jiddereen wees dat !

Och wann dir eis Verfassung haut net matdrot sinn ech zimlech iwerzeegt dass et des Verfassung ass di mir brauchen. Ech mengen och dass verschiddener oder souguer vill an dese Reien mat eiser Verfassung sympatiséieren.

Brauche mer des Verfassung well mir, Bierger a BiergerInnen, brauchen eng e neie Gesellschaftsprojet : mir wessen dass des Gesellschaft wéi se den Ament fonctionnéiert an eng Mauer wäert rennen well se net nohalteg ass. Mir wellen eng Gesellschaft déi nohalteg ass, well se inklusiv ass, well se jidderengem eng Plaz araumt, well se de Raichtem gerecht verdeelt an dofir de Gruew tescht eis manner grouss mecht.

Mir brauchen des Visioun, dese Gesellschaftsprojet, well mir verléieren all Hoffnung an déi aktuel Gesellschaft déi dominéiert gett vun sozio-ekonomeschen Ongläicheeten déi wuessen, Akkumulatioun vu Räichtem a Privilegien fir di eng a Kakahuetten fir di aner.

Mir brauchen des Verfassung well mer och d’ Hoffnung an de politesche System wi en den Ament fonctionnéiert verléieren. Vill Bierger a Bierginnen si resignéiert well se sech näischt méi vun desem verkrustesten politesche System erwarden. Mir brauchen Erneierung.

Des Verfassung huet virun allem Äntwerten op di vill Krisen an dene mer sinn : d’ Wunnengskris, de sozio-ekonomeschen Gruew mat sengem gesellschaftlechen Ongläichheeten déi wuessen ; Klimakris an Biodiversitéitskrisen. Mat deser Verfassung wier de Risiko manner grouss dass Kricher ausbriechen an Mensche mussen flüchten.

Eis Verfassung seet eis : Alternativen sinn méigleg. Dat wat mer den Ament erliewen, di Multikrisen an dene mer sinn an wou mer vun enger an di nächst navigéieren sinn Ausdrock vun engem System dee net méi ze droen ass, dee sech per force well erhalen fir de bien être vun enger Minoritéit iwer de bien être collectif.

Ech géing souguer soen dass eis Alternativ alternativlos ass. Mir kommen nämlech net derlanscht d’ Basis fir méi eng gerecht an inklusiv Gesellschaft ze leen, fir en Zesummeliewen wou mer mateneen an net géinteneen oder lanschteneen schaffen an liewen.

Et ass en zukunftorientéierten Text deen virun allem Jonken mee och sos Minoritéiten an aner marginaliséiert Gruppen Perspektiven bidd.

Jo, natierlech stellt eis Verfassung d’ Privilegien a Fro : Privilegien vun Eeleren iwer Jonker, vun denen déi besetzen iwer déi déi keen Besetz hun, denen déi d’Wahlrecht haut hun vis-à-vis vun denen déi kee Wahlrecht hunn. An jo mir stellen all Privilegien a Fro : och déi vun enger Monarchie iwer di Normalstiewleg. Well et fir eis nëmmen Normalstiewleg Leit ginn. Jiddereen ass gläich ! Deemno gesäit eis Verfassung e Republikanesche System viir mat enger President.In.

Eis Verfassung ass ambitieis. Si huet Ambitiounen fir eis Gesellschaft déi ech jo schon zum Deel beschriwen hunn : e Gesellschaftsprojet deen op enger neier Wäertebasis fundéiert : Gerechtegkeet, Solidaritéit, Empathie. Ambitieis well dese Gesellschaftsprojet dee mir zeechnen op staarke Prinzipien fundéiert : e staarke Sozialstaat, en extensive Katalog vun aklobare Grondrechter.

Natierlech ass eis Verfassung amibitiéis well et, do wou mer haut stinn, net duergeet mat klengen Ännerungen.

Jo, a weg entschellegt mech, mir sinn der Meenung dass d’ Verfassung vu Majoritéit an CSV net op der Héischt sinn vun denen Erausfuerderungen virun dene mir haut stinn.

Aus desem Constat eraus dann ass eis Verfassung gebuer : d’ Feststellen dass mer eng Refonte, eng Neiopstellung um Niveau vun der Verfassung brauchen.

Well den Text deen Majoritéit an CSV proposéiert hunn, spiggelt eiser Meenung no emmer nach zevill eng Verfassung aus dem 19. Joerhonnert erem di zwar geupdated gouf mee keng nei Jalon’ en setzt fir en 21. Joerhonnert.

Et ass eiser Meenung no eng verpasste chance ! Eng verpasste Chance well et hätt ee jo kennen Bierger a Biergerinnen begeeschteren fir eng Neiasuriichtung. Natierlech net mat dem Text vu Majoritéit an CSV mee mat desem !

Gitt de Bierger a Biergerinnen di Texter ze liesen, eis Verfassung an déi vu Majoritéit an CSV an ech si mer secher dass de Gros eise Projet ennertsetzt.

Wa mer wessen dass eng Verfassung als Grondgesetz dat wichtegst Gesetz ass, da wesse mer dass et de Grondsteen leet fir alles wat dono kennt.

Dofir loosst mech et hei nach emol soen : eng Verfassung muss net minimalistesch sinn. Si kann och extensiv ausgeluecht sinn sou wéi eis Verfassung dat mecht.

All denen déi mengen eng Verfassung misst neutral sinn, soen ech : Neutralitéit gett et net.

All Gesetz spiggelt di gesellschaft Kräften an d’ Schreft vum Auteur erem.

An eis well sech kloer, konkret, ambitieis a fortschrettlech.

Well se kloer a konkret ass, ass se onmessverständlech.

Iwer 18 Kapitelen an 203 Artikelen gett d’ Fundament vun der zukünfteger Gesellschaft konkret ausgeluecht.

Eis Verfassung gesäit e maximum a Garantien viir, e bidd Perspektiven well en all eis Rechter am Détail festhällt.

D’ Kapitel iwer Grondrechter huet 70 Artikelen ! A 70 Artikelen ginn aklobar Grondrechter festgehalen an dat, Kolleeginnen a Kolleegen, sinn alles Rechter déi mir hunn a brauchen. Mir erfanne näischt !

Mir proposéieren just dass Biergerinnen a Bierger gestäerkt ginn !

A 70 Artikelen hale mir fest wat mir enner Mënschewürd verstinn. Mir wellen deen Term konkret ausleen an u konkrete Rechter festmaachen fir dass mir eis all eens sinn wat mer drenner verstinn. De Prinzip vun der Menschewürd bennt eis dann och zesummen als Gesellschaft. Mir gesin deemno e Recht op Wunnen viir. Wunnen ass en existenzielle Besoin dofir gehéiert dat eiser Meenung no an eng Verfassung.

Mir gesin och e Recht op Arbecht viir well mer eis iwer an duech eis Arbecht entfaale kennnen an eng Plaz an eng Roll an der Gesellschaft fannen.

Eis Verfassung verpflicht de Staat des weideren géint Armutt an sozial Ausgrenzung viizegoen. De Staat muss géint sozial Ongläichheeten viirgoen an dat enner anerem iwer eng progressiv Steierpolitik sou wéi mir se hei schon e puermol duergeluecht hunn. Och eise Schoulsystem muss esou gestalt ginn dass en net méi sozial Ongläichheeten reproduzéieren an an dem Kontext invitéieren ech iech den podcast Schlechte Schüler vum Radio 100,7 ze läuschteren !

Net just stäerke mer de Bierger hir  Rechter mee d’ Bierger an BiergerInnen kréien Accès zum Verwaltungsgeriicht wou si direkt hir Rechter kennen akloen. 

Och erweidere mer d’ Biergerrechter well mir halen um Awunnerwahlrecht fest. Mir si nach emmer fundamental der Meenung dass mer den Ament mat knapp 50 % Wahlberechtegten hei am Land e graven demokrateschen Defizit hunn.

Mir stäerken och gär eis Institutiounen andems mer se zB méi transparent gestalten mee och andems mer Interessekonflikter ennerbannen. Deemno wäer et zB net méi méigleg Députéiert a Buergermeeschter zuglaich ze sinn.

Ee Prinzip dee mir besonneg um Häerz lait ass de Principe de précaution dee mir an der Verfassung bei den Emweltrechter  festhalen. Dat bedeit souvill wéi dass  wann e Risiko besteet dass Gesondheet oder Emwelt kennen zu Schued kommen, zB bei engem Projet, da mussen di effentlech Autoritéiten de Precautiounsprinzip uwenden.

Et gett dach näischt méi vernünfteges hautzudags wi de Precatiounsprinzip Verfassungstechnesch festzehalen !

D’ Verfassung hällt och enner anerem fest dass de Staat geint den enormen ekologeschen Foussofdrock viirgeet. Des Verfassung hellt de Staat vill méi staark a Verantwortung wéi dat bis elo de Fall ass. Si verpflicht de Staat deemno vill méi staark sech ze engagéieren fir Menscherechter an Emweltrechter, fir eng nohalteg an inklusiv Entwecklung.

Ech sin haut houfreg des Verfassungspropos dierfen viirzestellen. Ech sin houfreg d’ Suite vum Marc Baum, David Wagner, vum Serge Urbany an dem Änder Hoffmann kennen ze huelen. Ech well si vun hei aus honoréieren fir hir Arbecht, hiren Engagement an hir Visioun.

Mee ech sinn awer och traureg well ech mer de villen Krisen bewosst sinn an deene mir déiw stiechen an ech mir och bewosst sinn dass d’ Majoritéit hei bannen net op de Wee geet vun enger Verfassung déi Äntwerten op Krisen huet. Well des Verfassung ass dat : si leet Schinnen fir eng Krisepolitik ze machen. Et ass och eng Verfassung di Krisesecher ass am Senn wou se preventiv wierkt !

Ech sinn traureg well et ass eng verpasste Chance, nees emol. Mir steieren leider weider vun enger Kriis an di nächst ouni eist Denken an Handelen a Fro ze stellen.

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe