Augmenter le temps de travail, contrôler davantage les salarié.e.s et gaspiller les ressources naturelles. La Fedil (Fédération des industriels luxembourgeois) montre à nouveau qu’elle ignore tout des défis du pays et de la planète.
L’argument d’une pénurie de travailleuses et de travailleurs n’est pas nécessairement faux, mais le patronat est fautif puisqu’il n’a eu de cesse de dégrader les conditions de travail. Les attaques incessantes contre les salaires, la revendication d’une flexibilisation accrue du temps de travail et le recours à des contrats précaires ne sont évidemment pas de très bons arguments pour rendre les métiers de l’industrie attrayants. S’y ajoute désormais le soupçon collectif à l’encontre de salarié.e.s malades que la Fedil aimerait contrôler de manière plus stricte. Quelles leçons a-t-elle tiré de la pandémie ? Aucune visiblement.
La productivité a fortement augmenté ces dix dernières années. Les gains de la productivité ont été versés aux profits. Les salarié.e.s n’ont jamais vu ne serait-ce que la couleur de cet argent. Maintenant on leur fait croire que les problèmes de chaînes d’approvisionnement et les prix de l’énergie ne laissent pas de marge pour une amélioration des conditions salariales. Pourtant, ce sont justement les entreprises de l’industrie qui engrangent actuellement des profits records. Elles font tout pour gonfler les marges de profits sans tenir compte ni des salaires, ni du temps de vie des salarié.e.s.
En fin de compte, la conséquence logique du progrès technologique des dernières décennies doit être une réduction du temps de travail. Mais ce n’est pas que la productivité du travail qui joue un rôle. La protection des ressources naturelles, la possibilité de passer plus de temps avec sa famille et le partage égalitaire entre les genres du travail du care rendent indispensable un changement de paradigme dans l’économie. Et le temps du travail est un facteur essentiel.
Lors de la campagne électorale de 2018, déi Lénk avait déjà proposé une réduction progressive du temps du travail pour en arriver à une semaine de 32 heures. Cette réduction est de plus en plus urgente.
La Fedil démontre avec ses propositions qu’elle est une organisation archaïque, voire dangereuses qui fait primer le profit sur toutes les autres considérations, même sur la survie de la planète.
D’FEDIL weess net wat 40 Stonnen d’Woch schaffen heescht.
D’Aarbechtszäit verlängeren, d‘Salariée méi kontrolléieren an d’natierlech Ressourcen opbrauchen. D‘Fedil weist op e neits, dass se net versteet wat am Moment déi wierklech Defie fir d’Land an doriwwer eraus fir d’Mënschheet sinn.
D’Argument dass et un Aarbechter an Aarbechterinne feelt ass net onbedéngt falsch, mee et ass och dem Patronat seng Schold, well et säit Joren alles dru setzt Aarbechtsbedéngungen ze verschlechteren. Stänneg Attacken op d’Léin, d’Fuerderung no ëmmer méi flexibelen Aarbechtszäiten an d’Asetze vu prekären Aarbechtskontrakter sinn natierlech keng gutt Argumenter fir qualifizéiert Aarbechter an Aarbechterinnen an der Industrie unzelackelen. Elo kënnt och nach dobäi dass krank Salariéen ënnert Generalverdacht gestallt ginn a méi streng solle kontrolléiert ginn. Wéi eng Léiere goufen aus der Pandemie gezunn? Keng anscheinend!
Dobäi kënnt dass d’Produktivitéit an deene leschte Joerzéngte staark gewuess ass. Des Produktivitéitsgewënner sinn an de Profitter gelant, d’Aarbechter an d’Aarbechterinnen hunn dovunner wéineg gesinn. Haut elo kréien d’Leit virgegaukelt, dass Pandemie, Liwwerketteprobleemer an Energiepräisser kee Spillraum fir Verbesserunge fir d’Salariat bidden. Dobäi erziele grad Industriebetriber an dëser Zäit Rekordgewënner. Alles gëtt dru gesat fir d’Profitmargen eropzedrécken, sief et op Käschte vun de Léin oder der Liewenszäit vun de Salariéen.
Schlussendlech ass déi logesch Konsequenz vum technesche Fortschrëtt vun de leschte Joerzéngten eng Aarbechtszäitverkierzung. Mee net just d’Aarbechtsproduktivitéit spillt eng Roll. De Schutz vun den natierleche Ressourcen, méi Zäit fir Famill, déi eegen Entfalung a manner Stress an natierlech eng méi gendergerecht Opdeelung vun der Care-Aarbecht maachen en déifgräifend Ëmdenken an der Wirtschaft dréngend noutwenneg. An d’Aarbechtszäit spillt doran eng zentral Roll.
Schonn am Walkampf 2018 hunn déi Lénk ee progressiivt Erofschrauwe vun der Aarbechtszäit bis op eng 32-Stonnewoch proposéiert. Dës Reduktioun ass méi wéi jee dréngend.
D’Fedil beweist mat hire Proposen dass se eng vereelzt a souguer geféierlech Organisatioun ass, déi de Profit iwwert all aner Consideratioun stellt, a sief dat d’Iwwerliewe vum Planéit.