Datt bedeit, datt de Steiersystem muss progressiv, fair an transparent sinn, baséierend op dem Prinzip, datt all Persoun an Entreprise sech hirer reeller Kapazitéit no un der Finanzéierung vun der Allgemengheet bedeelegt. Dat setzt eng kloer, novollzéibar a verständlech Gesetzgebung viraus, souwuel op nationalem, wéi och op internationalem Niveau, déi dofir suergt, datt kee sech ka viru senger Steierverantwortung drécken.