déi Lénk hu vill Gesiichter. Mir sinn eng villfälteg Beweegung. Bei eis ginn et keng Parteipresidenz, keng Beruffspolitiker a keng Hierarchie. Eis Leit, déi eis no bausse Vertrieden sinn eis zwee Spriecher. An eis Leit déi, di politesch Orientéierung vun déi Lénk zesummen decidéieren, sinn vertrueden an der Nationalkoordinatioun (NAKO).
Portes-Paroles / Spriecher
Gary Diderich

De Gary Diderich huet 40 Joer, ass zu Déifferdéng grouss ginn wou hien elo matt sengen zwee Kanner an Partnerin wunnt. Säin éischt politescht Engagement hat hien mat 16 Joer bei der Jugendsektioun vum Mouvement écologique. Hien huet Philosophie studéiert an vun 2002-2017 bei enger Associatioun geschafft déi duerch non-formal Bildungsprojeten den sozialen Wandel ennerstëtzt huet. 2019 huet heen bénévole bei LIFE „de WG Projet“ lancéiert fir abordabel an kooperativ Wunnformen ze schafen.
Den Gary schafft als Integratiounsberoder an de Gemengen déi den Pakt vum Zesummeliewen ennerschriwen hunn.
Zënter 2016 ass heen Co-Spriecher vun déi Lénk an vun 2011-2020 wuar de Gary Gemengeconseiller zu Déifferdéng.
Carole Thoma

D’Carole Thoma huet 32 Joër, ass zu Diddeleng opgewuess a wunnt och haut nach do. Hatt huet zu Kaiserslautern Bauingenieurwesen studéiert a schafft säit 5 Joër am Bréckebau zu Lëtzebuerg. Während senger Studienzäit ass hatt 2011 Member vun déi Lénk ginn, huet als éischt bei der neigegrënnter Sektioun zu Diddeleng matgeschafft an huet sech dono och um nationale Plang politesch engagéiert. Säit 2015 ass hatt Co-Spriecherin vun déi Lénk.
D’Carole ass niewt der Parteipolitik och gewerkschaftlech engagéiert. Als Studentin ass hatt Member vum OGBL ginn a säit 2018 ass et am Comité vun der lokaler Sektioun vun der Gewerkschaft. Säit 2019 ass hatt zudem Member vun der Chambre des Salariés.
National Koordinatioun
De Kongress wielt all Joer eng National Koordinatioun (NaKo). Dëst Gremium ass zueleméisseg onbegrenzt, all Member ka kandidéieren an all Member vun déi Lénk kann un de Versammlungen deelhuelen. D’NaKo féiert déi Lénk dat ganzt Joer iwwer, hëlt déi wichteg politesch a finanziell Entscheedungen.
Member-innen vun der NaKo (25.03.2023)
ALVES DA SILVA Maria das Dores
ARENDT Patrizia
BAUM Marc
BAUMGARTEN Laurent
BILTGEN Laurent
CECCHETTI Myriam
CORREIA DA VEIGA Ana
DIALLO MAMADOU dit Korka
DIDERICH Gary
ERPELDING Thessy
EWEN Tessy
FERREIRA VALERIO R. Madalena
FISCH Laurent
FOETZ Guy
HANSEN Brenda
HOFFMANN André
JOST Frank
LANNERS Stéphanie
LIMBERG Dagmar
MONTAGNE Brice
MONTSERRAT Antonio
MULLER Ben
NEVES Sonia
OBERWEIS Nathalie
REDONDO Jean-Laurent
REULAND Nathalie
RODRIGUES DE OLIVEIRA HOFFMANN Jéssika
SIMON Claude
SMIT Julie
SPADA Fio
THOMA Carole
THÜMMEL Jean-Claude
TONNAR Serge
WAGNER David
WEIRICH Eric
WIES Line

D’Membere vum Koordinatiounsbüro (gewielt den 28. Mäerz 2023 vun der Nationaler Koordinatioun)
ARENDT Patrizia
BAUM Marc
CECCHETTI Myriam
DIDERICH Gary
ERPELDING Thessy
REULAND Nathalie
THOMA Carole
TONNAR Serge
WAGNER David