Vendredi Rouge.

E Roude Freideg bitt d’Geleeënheet fir an engem ongezwongene Kader iwwer gesellschaftlech a politesch Themen ze diskutéieren, déi d’Leit beweegen. Op engem Roude Freideg kann e Riedner oder eng Riednerin aus dem In- oder Ausland Wëssen an Aschätzungen iwwer eng bestëmmte Fro aus lénker Siicht virstellen an dono mat de Nolauschterer doriwwer diskutéieren. De Roude Freideg ass e gemittlecht an onverbindlecht Treffen op engem fréie Freidegowend. 

D’Rout Freideger si gratis an eng Umeldung fir deelzehuelen ass net néideg. Jidder Interesséierten ass wëllkomm.

D’Videoopnam vum leschte Roude Freideg ass ëmmer op dëser Säit verfügbar. D’Opname vun all eise Roude Freideger säit méi ewéi 10 Joer sinn op eisem Kanal op Youtube ze fannen.Propose fir en Thema an e Riedner oder eng Riednerin fir e Roude Freideg sinn ëmmer wëllkomm, och wa mir net ëmmer alle Virschléi gerecht kënne ginn. Dir kënnt eis gäere schreiwen op sekretariat@dei-lenk.lu.

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe