Matschaffen.

Bei déi Lénk matschaffen ass ganz einfach. Dofir ginn et prinzipiell zwou Méiglechkeeten.

Op lokalem oder regionalem Plang hu mir op verschiddene Plazen Sektiounen. Hei ka jiddereen, ob Member oder Net-Member vun déi Lénk, mathëllefen, sief et bei der Diskussioun iwwer aktuell politesch Themen an der Gemeng oder der Regioun oder bei ganz konkreten Initiativen, wéi der Organisatioun vun engem Stroossestand oder enger Veranstaltung.

Op nationalem Plang besteet d’Méiglechkeet an den themateschen Aarbechtsgruppen matzeschaffen. Och hei kann all interesséiert Persoun matschaffen, ob Member oder net. Des Gruppe beschäftege sech am jeeweilegen Themeberäich mat spezifesche Froen, verdéiwen de politesche Programm vun déi Lénk a schloe konkret Initiative fir.

Déi heiten Aarbechtsgruppe ginn et den Ament: Logement, Aarbecht a Soziales, Educatioun, Feminismen, Ekologie a Klima, Ekonomie, Internationales a Nei Technologien.

Loscht fir bei engem Thema bei déi Lénk matzeschaffen? Interessi un engem aneren Thema, dat net an der Lëscht steet? Da mellt Iech beim Sekretariat.

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe