Campagnen.

Logement

2016 hunn déi Lénk eng grouss Logementscampagne gestart.

D’Zil vun dëser Campagne ass et op d’Wunnengskris an hir Ursaachen anzegoen a gläichzäiteg eng Rei konkret Proposen auszeschaffe fir d’Recht op Wunne fir jidderee kënnen zu Realitéit ze maachen.

déi Lénk hunn ënnert anerem zwou Gesetzesproposen ausgeschafft. Eng Propos gesäit fir, dass d’Agencekäschte vum Opdraggeber, oft de Proprietär, iwwerholl solle ginn. Déi aner Propos huet als Zil d’Loyerspräisser anzedämmen.

Dës a vill aner Dokumenter, déi am Kader vun der Campagne ausgeschafft goufen, fannt Dir op engem spezielle Site: http://wunnen.dei-lenk.lu/

déi Lénk schaffe weiderhin aktiv um Sujet Logement. Am Dezember 2019, am Kontext vun der Logementsdebatt an der Chamber, hunn déi Lénk 5 Motiounen eraginn. Déi 5 Motiounen hunn eng kloer Stoussrichtung: Net weider einfach just nokucken, Staat a Gemenge mussen d’Saach an d’Hand huelen. 

Verfassung

Demokratie stäerken a nei demokratesch a sozial Rechter schafen. Mat dëser Zilsetzung hunn déi Lénk eng alternativ Verfassung ausgeschafft. Eis aktuell Verfassung gëtt den Erausfuerderunge vum 21. Joerhonnert net gerecht. Nëmmen eng Verfassung déi eng Matbestëmmung vun allen Awunner an Awunnerinnen erlaabt, bei Walen, mee och bei alle wichtege Froe vun der sozialer, ekologescher a wirtschaftlecher Planung vun der Zukunft, entsprécht och wierklech de Krittäre vun enger Demokratie.

Dës a weider Propositioune kënnt dir hei méi genee noliesen. http://verfassung.dei-lenk.lu/

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe