Wéi mir fonctionnéiren.

Sozial Gläichheet, aktiv demokratesch Bedeelegung, individuell Entfalung op allen Niveau’en: dëst si gesellschaftlech Ziler déi och d’Fundament vum interne Liewe vun déi Lénk ausmaachen.

D’Memberschaft bei déi Lénk ass ëmmer eng individuell. Mat dëser Memberschaft sinn och all Rechter verbonnen (z.B. d’Stëmmrecht) an déi si fir jidderee gläich. Member si bei déi Lénk schléisst keng Memberschaft an enger anerer politescher Organisatioun aus. Donieft sinn eis Gremien oppen an och Net-Membere hunn d’Méiglechkeet sech un eisen Diskussiounen ze bedeelegen. Sou soll eng aktiv Bedeelegung vu méiglechst ville Leit erméiglecht ginn.

Duerch de Rotatiounsprinzip deelen sech wéinstens zwee Gewielter ee Mandat, wouduerch déi aktiv Mataarbecht vu méi Persoune gestäerkt an d’Entstoe vu BeruffspolitikerInne verhënnert gëtt. Natierlech respektéieren déi Lénk och de Prinzip vun der d’Paritéit bei der Besetzung vun de Wallëschten, de Gremien, eise Spriecher an dem Personal.

Déi wichteg politesch Entscheedunge fir d’Joer huelen déi Lénk op engem Kongress, op dem all Member stëmmberechtegt ass. SympathisantInne kënnen um Kongress deelhuelen an d’Wuert ergräifen, mee sinn net stëmmberechtegt. All Interesséierten ass wëllkomm um Kongress.

De Kongress wielt all Joer eng National Koordinatioun (NaKo). Dëst Gremium ass zueleméisseg onbegrenzt, all Member ka kandidéieren an all Member vun déi Lénk kann un de Versammlungen deelhuelen. D’NaKo féiert déi Lénk dat ganzt Joer iwwer, hëlt déi wichteg politesch a finanziell Entscheedungen. D’Deputéiert stëmme sech bei wichtege Froe mat dësem Gremium of.

D’National Koordinatioun setzt thematesch Aarbechtsgruppen an, déi de Programm vun déi Lénk verdéiwen an aner Initiativen ausschaffen. All Member vun déi Lénk kann an enger oder méi Aarbechtsgruppe matschaffen an och Net-Memberen hunn d’Méiglechkeet sech an Aarbechtsgruppen ze bedeelegen. Donieft sinn och déi lokal Sektiounen an der NaKo present an erstatte Bericht, wann et als néideg empfonnt gëtt.

Dat alldeeglecht politescht Liewe vun déi Lénk gëtt vum Koordinatiounsbüro (BuCo) organiséiert a besteet aus maximal 9 Memberen aus der NaKo. Hei gi Woch fir Woch organisatoresch, finanziell an administrativ Froe gekläert an d’politesch Aktualitéit suivéiert a kommentéiert. De BuCo ass och de Chef vum Personal vum Mouvement vun déi Lénk. D’Personal begleet déi verschidde Gremien an hirer Aarbecht an hëlleft d’Decisiounen ëmzesetzen.

Wéi schonn ugedeit sinn déi Lénk op lokalem a regionalem Plang och a Sektiounen organiséiert. Si bestinn aus de Memberen a SympathisantInne vun déi Lénk, déi an der jeeweileger Gemeng oder Regioun wunnen a si schaffen autonom. All aneren Interesséierte kann sech awer och enger Sektioun vun déi Lénk uschléissen a matschaffen. Do wou déi Lénk gewielte VertriederInnen am Gemengerot hunn, ass d’Sektioun och déi Plaz, wou d’Sëtzunge vum Gemengerot virbereet ginn. Obwuel d’Sektiounen autonom an an Eegeverantwortung schaffen, mussen si sech awer un d’Statuten an déi grondleeënd Ziler vun déi Lénk halen.

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe