Woufir mir stinn.

déi Lénk sinn eng Bewegung vu Leit, déi sech aus ganz ënnerschiddleche Grënn, mat ganz verschiddene Biographien an Erfahrungen an a ville Formen politesch engagéieren. Si verbënnt awer alleguer een Zil: sie schaffen all zesummen mat fir eng méi gläich, fräi a gerecht Gesellschaft.

Mir stinn an der Traditioun vu fortschrëttleche gesellschaftleche Bewegungen. D’Aarbechterbewegungen, déi de Sozialstaat, vun dem mir all profitéieren, laang erkämpft hunn a bis haut verdeedegen. D’Ëmweltbewegungen déi eis fréi op d’ekologesch Krisen opmierksam gemaach hunn an haut méi wéi je déi zerstéierech Wirtschaftspraktiken a Fro stellen. D’Fraebewegungen, déi d’Gläichberechtegung iwwer d’Jorzéngte a verschiddene Beräicher duerchgesat hunn an hir Kämpf ëmmer op en Neits weiderféieren. D’Alterglobaliséierungsbewegungen, déi international Bezéiungen op Solidaritéit a Mënscherechter anstatt op Konkurrenz an Ausbeutung nei begrënne wëllen. D’Friddensbeweegungen, déi eis ëmmer erëm drun erënneren, dass Demokratie a Gerechtegkeet ni mat Krich a Gewalt erreecht kënne ginn.

All dës Bewegungen an d’Leit, déi sech an hinnen engagéieren, hu mat hirem Asaz d’Basis fir dat geluecht, woufir déi Lénk sech haut staark maachen. Mir engagéieren eis fir déi Verännerungen, déi eis Gesellschaft hei an elo méi gläich a méi fräi maache kënnen an hëllefe sou mat d’Grondlagen ze leeën fir dat wat an Zukunft z’erreechen ass. Wëll et sinn d’Kämpf vun haut, déi eng aner Welt an Zukunft méiglech maachen. 

 “Wëll et sinn d’Kämpf vun haut, déi eng aner Welt an Zukunft méiglech maachen.”

Dësen Engagement kascht Kraaft. Et ass e Wee mat Erfolleger a mat Réckschléi. Et ass e Kampf géint Géigner, déi Muecht a Räichtum op sech vereenen an net zécken hir Interessi’en duerchzesetzen, oft mat alle Mëttelen. Mee et ass méiglech, dëse Kampf ze gewannen.

déi Lénk engagéieren sech iwwerall do, wou d’Leit Ënnerstëtzung an Iwwerzeegung brauchen. Mir sti Säit u Säit mat dene Leit, déi hir Rechter verdeedegen a schaffe mat Campagnen an Aktiounen mat dorun fir neier ze schafen. Mir diskutéieren an entscheeden an oppene Gremien an hëllefen d’Leit ze forméieren, fir dass si sech un der politescher Debatt kënne bedeelegen. Mir sinn am Parlament oft déi eenzeg Oppositioun géint de politesche Mainstream  a schaffe réigelméisseg Virschléi am Interesse vun de Leit aus. Mir engagéieren eis an eisen Dierfer a Quartier’en a schaffen mat Partner- Organisatiounen an den Nopeschregiounen an europawäit zesummen, fir eis Iddien ze stäerken an politesch Terrain ze gewannen iwwer eis national Grenzen ewech.

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe