Wahlen.

Chamberwalen 2023.

Alles ze gewannen.

Eise Walprogramm fir d’Chamberwalen vum 8. Oktober 2023 op Lëtzebuergesch an op Franséisch grad wéi d’Informatiounen iwwer eis 60 Kandidat:Innen an de 4 Bezierker sinn op eiser spezieller Walsäit ze fannen:

https://2023.dei-lenk.lu

Chamberwalen 2018.

Engagéiert fir Verännerung.

De Walprogramm 2018 ass an engem breede participative Prozess ausgeschafft ginn. Déi proposéiert Mesure ginn Äntwerten op déi grouss Erausfuerderungen, souwuel um sozialen, wéi och um ekonomeschen an ökologesche Plang. De Programm rifft op zu engem Broch mat der aktueller Politik, déi d’sozial Inegalitéiten an d’Ëmweltzerstéierung ëmmer weider zouhuele léist.

Am Zentrum vun der Walcampagne fir d’Parlamentswale stoung eisen Engagement fir Verännerung. Eng Verännerung, déi eng Chance bitt fir e neien Opbroch an eng méi gerecht Gesellschaft, déi e méi respektvollen Ëmgank mat der Ëmwelt fleegt.

De Walprogramm an d’Manifest fir Verännerung kënnt dir hei ënnendrënner eroflueden.

Eis Walspotten, d’Kandidateprofiller a weider Informatioune sinn op eisem Wahlsite ze fannen: 

http://2018.dei-lenk.lu/


Europawalen 2019.

Eist Liewen. Net hir Profitter. 

D’Liewensbedingunge fir d’Aarbechterinnen an Aarbechter verbesseren an d’Muecht vun de Multinationale briechen : An hirem Walprogramm 2019 hunn déi Lénk eng ganz Panoplie vu Mesure proposéiert fir e solidarescht an ökologescht Europa.

De Walprogramm a weider Publikatioune fir d’Europawalen 2019 kënnt dir hei ënnendrënner eroflueden.


Gemengewahlen 2017.

Matbestëmmen. Wunnen. Plangen.

Bei de leschte Gemengewale stounge fir déi Lénk d’Demokratiséierung vun den Entscheedungsprozesser, d’Schafung vu bezuelbarem Wunnraum an eng sozial an ökologesch Gemengeplanung am Mëttelpunkt.

De ganze Walprogramm an d’Wahlclippe fir d’Gemengewalen 2017 fannt dir op folgender Adress: http://gemengen.dei-lenk.lu/

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe