Chamber.

Eis Deputéiert.

Nathalie Oberweis (zënter Mee 2021).

D’Nathalie ass den 20. Februar 1983 gebuer an ass Mamm vun zwee Kanner. Duerch seng Erfarung als Journalistin huet d’Nathalie virun allem geléiert nozelauschteren an déi richteg Froen ze stellen. Obwuel hatt eigentlech ni wollt Member vun enger Partei ginn huet hatt bei déi Lénk di richteg Plaz fonnt fir sech fir seng Idealer z’engagéieren.

Nodeems hatt sech jorelang fir Mënscherechter am Noen Osten an an Afrika agesat huet, féiert hatt den Engagement fir eng méi gerecht Gesellschaft elo bei déi Lénk virun. D’Nathalie ass de 19. Mee an der Chamber vereedegt ginn. D’Nathalie beschäftegt sech haaptsächlech mat der Logements- an der Steierpolitik mee awer och mat der Gesondheet (déi genee Opdeelung vun den Theme fannt der hei).


Myriam Cecchetti (zënter Mee 2021).

D’Myriam ass den 23. Mäerz 1966 gebuer an ass Mamm vun dräi Kanner. Hatt schafft als Léierin an ass spezialiséiert op Kanner mat spezifesche Besoinen. Vun 2005 bis 2010 war d’Myriam Gemengeréitin fir déi Gréng zu Suessem a vun 2010-2017 souz hatt fir déi Gréng am Schäfferot. D’Myriam huet decidéiert sech bei déi Lénk z’engagéieren, well hatt niewent sengem Engagement fir d’Ëmwelt eng staark sozial Oder huet a well fir hatt Ëmwelt a sozial Gerechtegkeet Hand an Hand ginn.

Säin Engagement bei “Eis Epicerie Zolwer”, déi d’Myriam presidéiert, ass ee Beispill dofir. Säit de Gemengewale 2017 souz d’Myriam fir déi Lénk am Gemengerot zu Suessem wou hat awer säi Mandat néiergeluet huet fir sech op d’Chamber ze konzentréieren, wou hatt de 19. Mee 2021 vereedegt gouf. D’Myriam beschäftegt sech haaptsächlech mat Ëmwelt- a Schoulpolitik mee awer och mam Thema Aarbecht. (déi genee Opdeelung vun den Theme fannt der hei).


Transparenzregister

Hei Fannt Dir de Register vun all den Entrevuen, déi déi Lénk Fraktioun iwwert d’Zäit hat am Kader vun hirer parlamentarescher Aarbecht. Am Sënn vu méi Transparenz hunn déi Lénk decidéiert de Relevé vun hiren Entrevuen hei um Site ze verëffentlechen.

Registre de transparence

Vous trouverez ici le registre de tous les entrevues qu’a eu le groupe parlementaire déi Lénk dans le cadre de son travail parlementaire. Pour plus de transparence déi Lénk a décidé de publier le relevé de ces entrevues ici sur son site.

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe