De Plang vun der Regierung fir Aarmut ze bekämpfen ass enttäuschend. Och wann eenzel Moossnamen duerchaus sënnvoll sinn, ginn awer haaptsächlech nëmme Symptomer bekämpft, awer net déi strukturell Ursaachen, firwat ëmmer méi Leit hei am Land riskéieren an d’Prekaritéit ofzerutschen. D’Regierung verfollegt d’Logik vun der Verallgemengerung vun der Sozialhëllef a leeft domadder de Problemer ëmmer nëmmen hannendrun.
Dem Luc Frieden seng Regierung hat sech d’Bekämpfung vun der Aarmut op de Fändel geschriwwen. Mee bis elo war dovun net vill ze mierken, am Géigendeel. D’CSV-DP Regierung huet d’Rechter vun den Aarbechterinnen an Aarbechter systematesch mat de Féiss getrëppelt an et stoung scho laang net méi esou schlecht ëm de Sozialdialog wéi am Moment; den 28. Juni hunn iwwer 20.000 Mënsche géint déi asozial Politik vun der schwaarz-bloer Regierung manifestéiert; den Innenminister Leon Gloden, deem säi Platzverweis net duerch de Staatsrot kënnt, verwiesselt Aarmutsbekämpfung mam Kujenéiere vun deenen Äermsten; an an der Logementspolitik gëtt weider de grousse Promoteuren an de Multiproprietären de rouden Teppech ausgerullt. Alles dat ass de Géigendeel vun Aarmutsbekämpfung.
Et ass och ëmmer erëm wichteg an dëser Diskussioun e puer Zuelen ze nennen, déi weisen dass et ville Leit hei am Land net gutt geet: all véiert Kand zu Lëtzebuerg ass aarm an 13,4% vu Leit déi eng Aarbecht hu liewen trotzdeem ënnert der Aarmutsgrenz, an domat ass Lëtzebuerg Tabelleleschten an der EU; den Aarmustrisiko huet awer besonnesch och bei de Rentnerinnen a Rentner bäigeholl, iwwer déi lescht 10 Joer huet en sech verduebelt vu 5 op 10,7%. Am räiche Lëtzebuerg schützt d’Aarbecht also scho laang net méi géint d’Aarmut.
déi Lénk fuerdere strukturell Reformen.
Den Haaptgrond vun Aarmut bleift zu Lëtzebuerg de Logement, an zemools d’Präisser vun de Loyeren. Déi Locatairë mat deenen niddregste Paien, stieche méi wéi 50% vun hirem « revenu disponsible » an de Loyer, am stäerkste betraff sinn elengerzéiend Fraen. Et muss och bemierkt ginn, dass den Taux u Locataire staark zougeholl huet, 33% si mëttlerweil op d’Location ugewisen. Aus deem Grond fuerderen déi Lénk ee Loyersdeckel. Et ass net méi novollzéibar, dass de d’Regierung mat hirer Subside-Politik iwwerdeiert Logementspräisser finanzéiert an esou dozou bäidréit dass Promoteuren a Multiproprietäre sech d’Täsche voll stiechen.
Deen zweete Grond sinn déi ze niddreg Paien. De Mindestloun läit zu Lëtzebuerg ënnert der Aarmutsgrenz an dat ass ee Skandal a sech. Dofir komme mer hei am Land net laanscht eng substantiell Erhéijung vum Mindestloun wa mer wëllen dass d’Aarbecht virun der Aarmut soll schützen. An dat soll och am Alter wouer sinn. Wann ee säi liewe laang geschafft huet, muss ee kënnen am Alter roueg an onbekëmmert sinn. déi Lénk fuerderen dofir och eng Erhéijung vun der Mindestrent op den Niveau vum Mindestloun.
Dëst sinn dräi konkret Pisten, déi de Problem vun der Aarmut strukturell uginn. Et huet kee Wäert eng Almosepolitik ze bedreiwe wou hei an do ee Prozentsaz am Dispositif vun der Sozialhëllef ugepasst gëtt, wann d’Logementspräisser scho laang den Domän vun der Vernonft verlooss hunn a wann d’Paien an d’Renten net méi duer gi fir dezent ze liewen.
Plan national contre la pauvreté : Une simple lutte contre les symptômes.
Le plan du gouvernement pour combattre la pauvreté laisse un goût amer. Même si certaines mesures isolées peuvent sembler pertinentes, l’essentiel se limite à traiter les symptômes sans s’attaquer aux causes structurelles qui poussent un nombre croissant de personnes dans la précarité. La logique suivie consiste à généraliser l’aide sociale, ce qui revient à courir derrière les problèmes au lieu de les prévenir.
Le gouvernement de Luc Frieden avait pourtant inscrit la lutte contre la pauvreté parmi ses priorités. Jusqu’ici, difficile d’en voir la trace — au contraire. La coalition CSV–DP a bafoué les droits des travailleuses et travailleurs, et le dialogue social ne s’était plus trouvé dans un état aussi inquiétant depuis longtemps. Le 28 juin, plus de 20 000 personnes ont manifesté contre la politique antisociale du gouvernement noir-bleu. Le ministre de l’Intérieur, Léon Gloden, dont le Platzverweis a encore été retoqué par le Conseil d’État, semble confondre lutte contre la pauvreté et stigmatisation des plus vulnérables. Quant à la politique du logement, elle continue de dérouler le tapis rouge aux grands promoteurs et aux multipropriétaires. Tout cela va exactement à l’encontre d’une stratégie de lutte contre la pauvreté.
Quelques chiffres méritent aussi d’être rappelés pour comprendre l’ampleur du problème : un enfant sur quatre au Luxembourg vit dans la pauvreté ; 13,4 % des personnes ayant un emploi restent pourtant sous le seuil de pauvreté — un triste record dans l’UE ; et le risque de pauvreté a particulièrement augmenté chez les retraitées et retraités, doublant en dix ans, de 5 % à 10,7 %. Dans un pays riche comme le Luxembourg, le travail ne protège donc plus de la pauvreté.
La cause principale de la pauvreté reste le logement, en particulier la flambée des loyers. Les locataires aux revenus les plus faibles consacrent plus de 50 % de leur revenu disponible au loyer, les femmes seules avec enfants étant les plus touchées. Il faut également noter que la proportion de locataires a fortement augmenté : 33 % de la population dépend désormais de la location. C’est pourquoi déi Lénk revendiquent un plafonnement des loyers. Il n’est plus acceptable que, par sa politique de subsides, le gouvernement finance des prix immobiliers excessifs et contribue ainsi à remplir les poches des promoteurs et des multipropriétaires.
Le deuxième facteur, ce sont les salaires trop bas. Le salaire minimum au Luxembourg est inférieur au seuil de pauvreté, et cela est en soi un scandale. Nous ne pouvons donc pas faire l’impasse sur une augmentation substantielle du salaire minimum si nous voulons que le travail protège réellement contre la pauvreté. Et cela doit également être vrai pour la retraite. Quand on a travaillé toute sa vie, on doit pouvoir vivre l’âge de la retraite dans la tranquillité et sans inquiétudes. C’est pourquoi déi Lénk demandent aussi une augmentation de la pension minimale au niveau du salaire minimum.
Ce sont là trois pistes concrètes qui abordent structurellement le problème de la pauvreté. Il ne sert à rien de pratiquer une politique de charité où l’on ajuste, ici et là, un pourcentage dans le dispositif d’aide sociale, lorsque les prix du logement ont depuis longtemps quitté le domaine de la raison et que les salaires comme les pensions ne suffisent plus pour vivre dignement.