This page uses cookies for statistical purposes. The statistics are anonymous, but for security reasons you IP-address is saved for a limited period of time.
Déi mënschlech Aarbecht schaaft Räichtum, sozial Bindungen a bréngt dat gemeinsaamt Wuelbefanne virun.
Sie muss dofir och dee Stellewäert kréien, deen se verdéngt. All Mënsch muss kënnen un der Aarbecht Deel huelen an huet e Recht op eng sécher Aarbecht, eng korrekt Bezuelung, déi et engem erlaabt uerdentlech ze liewen, a respektvoll Aarbechtskonditiounen. Mir hu kollektiv d’Méiglechkeet dofir ze suergen, datt jidderee vum geschaafene Räichtum ka profitéieren duerch eng gerecht Verdeelung vun de geschaafene Wäerter an enger méi solidarescher Verdeelung vun der Aarbecht.
Aujourd’hui, la Cour de justice de l’Union européenne (CJUE) a arrêté que la directive européenne sur le salaire minimum est très largement compatible avec le droit européen. Le gouvernement luxembourgeois n’échappera pas à la transposition de cette directive, qui doit garantir un salaire protégeant contre la pauvreté et renforcer le système des conventions collectives de travail. déi Lénk salue cette décision.
Le gouvernement du Danemark avait attaqué cette directive en arguant que le texte empiétait sur la souveraineté nationale. Dans l’arrêt publié aujourd’hui, la CJUE ne donne raison au Danemark que sur deux points particuliers, qui ne mettent aucunement en péril le texte de la directive.
déi Lénk tient à rappeler que le Luxembourg est le pays de l’Union européenne qui compte le plus de travailleurs et de travailleuses pauvres — une honte pour l’un des pays les plus riches de la planète. Face à ce constat, le cynisme du ministre du Travail, Georges Mischo, est une gifle pour les travailleuses et travailleurs : son projet consistant à exclure les traitements de la fonction publique du calcul du salaire médian afin d’artificiellement le baisser est une magouille digne des plus grands illusionnistes. Or, les critères définissant le seuil d’un salaire décent restent inchangés après l’arrêt.
La facilitation des négociations de conventions collectives de travail, prévue par la directive, est confirmée dans son intégralité par la CJUE et le rôle des syndicats est confirmé. Cet arrêt marque un progrès fondamental dans la lutte pour de meilleures conditions de travail. Le gouvernement CSV-DP doit transposer la directive. S’il respecte le texte européen, une hausse conséquente du salaire social minimum luxembourgeois ainsi qu’une croissance du taux de conventions collectives sont tout simplement inévitables. déi Lénk continuera d’exercer la pression nécessaire et de dénoncer toute tentative du gouvernement CSV-DP de se dérober à ses responsabilités. En un premier temps, déi Lénk demande à ce que cet arrêt de la CJUE soit mis à l’ordre du jour de la prochaine commission parlementaire du travail.
D’Direktiv iwwert de Mindestloun huet eng zolitt Basis!
Haut huet de Geriichtshaff vun der Europäescher Unioun (EuGH) decidéiert, datt d’europäesch Direktiv iwwert de Mindestloun am grousse Ganzen am Aklang mam EU-Recht steet. D’Lëtzebuerger Regierung wäert der Transpositioun vun dëser Direktiv net entgoen, déi en Akommes soll garantéieren, dat géint Aarmut schützt an de System vun de Kollektivverträg stäerkt. déi Lénk begréisst dës Decisioun.
D’Regierung vun Dänemark hat d’Direktiv ugegraff a behaapt, den Text géif an d’national Souveränitéit agräifen. Am haut publizéierten Urteel gëtt den EuGH Dänemark just an zwee spezifesche Punkte Recht, déi awer de Kär vun der Direktiv net a Fro stellen.
déi Lénk wëll drun erënneren, datt Lëtzebuerg dat Land an der Europäescher Unioun ass, wou et am meeschten Aarbechterinnen an Aarbechter gëtt, déi trotz Aarbecht aarm sinn — eng Schimmt fir ee vun de räichste Länner vun der Welt. Am Bléck op dës Situatioun ass de Zynismus vum Aarbechtsminister Georges Mischo ass eng op de Bak vun den Aarbechterinnen an den Aarbechter: säi Plang, d’Traitementer vu Beamten aus der Berechnung vum Medianloun erauszehuelen, fir dëse kënschtlech ze drécken, ass eng Trickserei wéi se nëmmen Zauberer geléngt. D’Krittäre fir een dezente Loun ze berechnen, bleiwen awer nom Urteel onverännert.
D’Vereinfachung vum Aushandele vu Kollektivverträg, wéi se an der Direktive virgesinn ass, gouf vum EuGH integral bestätegt an d’Roll vun de Gewerkschafte gouf ënnerstrach. Dëst Urteel ass e fundamentale Fortschrëtt am Kampf fir besser Aarbechtskonditiounen. D’CSV-DP-Regierung muss d’Direktiv ëmsetzen. Wa si den europäeschen Text respektéiert, da sinn eng substantiell Erhéijung vum soziale Mindestloun an eng besser Ofdeckung duerch Kollektivverträg einfach onëmgänglech. déi Lénk wäert weiderhin de néidegen Drock ausüben an all Versuch vun der CSV-DP-Regierung denoncéieren, sech hirer Verantwortung ze entzéien. Als éischte Schrëtt fuerdert déi Lénk, datt dëst Urteel vum EuGH op d’Dagesuerdnung vun der nächster parlamentarescher Aarbechtskommissioun gesat gëtt.
Entrevue Gewerkschaftsunion-déi Lénk : Konsequent géint Verschlechterunge vum Aarbechtsrecht.
De 14. Oktober hunn sech déi Lénk an d’Union des syndicats OGBL-LCGB op enger Entrevue iwwer déi onsozial Politik vun der Regierung ausgetosch. D’Gewerkschaftsunioun an déi Lénk si sech eens an hirer Aschätzung iwwer de Bilan vun zwee Joer CSV-DP: dës Regierung huet et kloer op déi schaffend Leit ofgesinn an zéckt net fir ëmmer erëm nei rout Linnen z’iwwerschreiden an d’Gewerkschafte virun de Kapp ze stoussen.
Deementspriechend gëllt et weider konsequente Widderstand géint all Verschlechterunge fir déi schaffend Leit ze leeschten, wann néideg och op der Strooss. Méi wéi 25.000 Mënschen hunn den 28. Juni op der Strooss géint de Sozialofbau vun dëser Regierung protestéiert. Dës beandrockend Präsenz huet d’Regierung deels zum Alenke bruecht, wëll se eng Partie vun hire Reformvirschléi huet misse fale loossen, besonnesch bei de Renten. De Gesetzesprojet dee lo fir d’Rentereform um Dësch läit wierkt och dowéinst guer net duerchduecht a werft méi Froen op wéi en der beäntwert. D’Regierung gesäit mat dësem Projet, wéi bei villen aneren och, net gutt aus. Dobäi wier eng gerecht an nohalteg Rentereform déi eise System iwwer déi nächst 30 Joer ofgeséchert hätt, mat de Virschléi vun de Gewerkschaften an och vun déi Lénk méiglech gewiescht.
Fir déi kommend Méint muss de Fokus elo um Kampf géint déi annoncéiert Verschlechterunge beim Aarbechtsrecht leien. Den Aarbechtsminister Georges Mischo huet mat senger Annonce d’Plattformaarbecht am CPTE ouni d’Gewerkschaften ze diskutéiere kloer Faarf bekannt. Hien sicht den nächste Konflikt a probéiert laanscht d’Gewerkschaften ze legiferéieren. Sollt den Här Mischo bei senger Haltung bleiwen, riskéieren déi dausende Plattformaarbechter an – aarbechterinnen och an Zukunft net déi Rechter an déi sozial Ofsécherung ze kréien, déi hinnen zousteet.
OGBL-LCGB an déi Lénk si sech eens dat et net zu weidere Verschlechterungen am Aarbechtsrecht kommen dierf. Dofir blécke mir och besuergt op d’Verhandlungen déi d’Regierung wëll iwwer d’Aarbechtsorganisatioun féieren. Hei riskéiert d’Béchs vun der Pandora opgemaach ze gi fir eng Afrostellung op breeder Front vun de Reegelen iwwer d’Aarbechtszäiten, sou wéi sech d’Patronat dat och wënscht. Sollt d’Regierung op dee Wee goen, wier dat e massive Réckschrëtt fir all déi schaffend Leit an hir Familljen.
D’Union des syndicats an déi Lénk wäerten dowéinst weider am enken Austausch bleiwe fir den Drock op d’Regierung héich ze halen a géint déi réckschrëttlech Politik zesummen unzekämpfen.
Entretien Union des syndicats – déi Lénk : Une opposition résolue contre les détériorations du droit du travail.
Le 14 octobre, déi Lénk et l’Union des syndicats OGBL-LCGB se sont rencontrés pour un entretien au sujet de la politique antisociale du gouvernement. L’Union syndicale et déi Lénk partagent le même constat concernant le bilan de deux ans de gouvernement CSV-DP : ce gouvernement s’en prend clairement aux travailleuses et travailleurs, et n’hésite pas à franchir à répétition de nouvelles lignes rouges, heurtant ainsi les syndicats de plein fouet.
En conséquence, il s’agit de continuer à opposer une résistance déterminée à toute détérioration des conditions pour les travailleurs, y compris dans la rue si nécessaire. Plus de 25 000 personnes ont manifesté le 28 juin contre le démantèlement social mené par ce gouvernement. Cette impressionnante mobilisation a partiellement fait reculer le gouvernement, qui a dû renoncer à une partie de ses propositions de réformes, notamment en matière de pensions. Le projet de loi actuellement sur la table concernant la réforme des retraites apparaît ainsi peu réfléchi et soulève plus de questions qu’il n’en résout. Avec ce projet – comme avec beaucoup d’autres – le gouvernement ne donne pas une bonne image de lui. Pourtant, une réforme des retraites juste et durable, qui aurait assuré notre système pour les 30 prochaines années, aurait été possible avec les propositions des syndicats et de déi Lénk.
Dans les mois à venir, la priorité doit désormais être donnée à la lutte contre les détériorations annoncées du droit du travail. Le ministre du Travail, Georges Mischo, a clairement montré ses intentions en annonçant vouloir discuter du travail sur plateforme au CPTE sans les syndicats. Il cherche la confrontation et tente de légiférer en contournant les organisations syndicales. Si M. Mischo persiste dans cette voie, des milliers de travailleuses et travailleurs de plateformes risquent de ne toujours pas bénéficier des droits et de la protection sociale qui leur reviennent.
L’OGBL, le LCGB et déi Lénk s’accordent sur le fait qu’il ne doit pas y avoir de nouvelles détériorations du droit du travail. C’est pourquoi nous regardons également avec inquiétude les négociations que le gouvernement souhaite entamer sur l’organisation du travail. Il y a un risque réel que la « boîte de Pandore » soit ouverte, permettant une remise en cause généralisée des règles relatives au temps de travail, comme le souhaite le patronat. Si le gouvernement emprunte cette voie, ce serait un recul massif pour toutes les travailleuses, tous les travailleurs et leurs familles.
L’Union des syndicats et déi Lénk continueront donc à rester en étroite concertation afin de maintenir la pression sur le gouvernement et de lutter ensemble contre cette politique rétrograde.
Pressekonferenz fir d’politesch Rentrée: Alternative fir méi sozial Gerechtegkeet.
Ee Joer schlecht Entscheedungen an eng Serie vu Kommunikatiounspannen hunn d’Regierung vu Luc Frieden politesch entlarvt. Si hëlt Entscheedungen zu Laaschte vun de schaffende Leit, weist autoritär Zich a versteet net, firwat d’Leit sech dogéint wieren. Ob bei de Kollektivverträg, den Aarbechtszäiten, dem Gefuddels beim Mindestloun oder der Rentereform – dës Politik huet dat Vertrauen zerstéiert, dat si versprach hat opzebauen. An den Ëmfroe fält d’CSV, an dat ass kee Wonner.
Am Géigesaz dozou stinn déi Lénk mat klorer Haltung a konsequenter Aarbecht un der Säit vun deene Leit, déi vun dëser Regierung attackéiert ginn. Mir gewanne Vertrauen, well mir net nëmme schwätzen, mee handelen – an dat mat Perspektiv a Konsequenz. Ob bei de Pensiounen, dem Recht op Ofdreiwung oder der Unerkennung vum palästinensesche Staat: mir hu politesch Akzenter gesat, déi d’Regierung zu Reaktioun gezwongen hunn. déi Lénk droen dozou bäi, d’politesch Agenda ze bestëmmen.
Gläichzäiteg wiisst eis Beweegung: vill nei Membere kommen dobäi, virun allem jonk Leit, déi sech engagéieren. An op der Strooss, bei de Maniffen a bei gewerkschaftleche Mobiliséierungen ass déi Lénk staark vertrueden. Dëse Schwong huele mir mat an dat neit politescht Joer.
D’Ofdreiwen duerch d’Verfassung schützen.
Am Mee 2024 hate mir eis Propos d’Recht op Ofdreiwung an der Verfassung ze verankeren deposéiert. No ville positiven Avisen an och eng gréng Luucht vum Staatsrot, huet sech an der zoustänneger Kommissioun ee Kompromëss erausgeschielt. Et gëtt net méi vu Recht, mäi vu Fräiheet geschwat. Al d’Parteie bis op d’ADR droen dat mat an esou wäert an noer Zukunft duerch eis Initiativ dozou kommen dass d’Ofdreiwen duerch d’Verfassung geschützt gëtt.
Palästina: de Genozid muss gestoppt ginn
D’Katastroph a Gaza weist, wat geschitt, wann d’Militariséierung zur Normalitéit gëtt: Gewalt an Zerstéierung ouni Limitten. Mir fuerderen, datt de Genozid a Gaza gestoppt gëtt an d’Relatiounen zum Staat Israel iwwerduecht ginn. D’Unerkennung vum palästinensesche Staat war längst iwwerfälleg – mir hunn dat schonn 2014 an der Chamber gefuerdert. déi Lénk hält den Drock héich: mir hunn eng Aktualitéitsstonn zu Sanktiounen ugefrot a bleiwen an der Mobiliséierung aktiv.
Logement: d’Locataire stäerken.
D’Regierung war ugetrueden fir d’Logementskris ze léisen – mee näischt ass geschitt. De Bausecteur verléiert Personal, d’Präisser bleiwen onbezuelbar an d’Regierung hält um falsche Glawe fest, de Marché géif sech selwer reguléieren. Kee Loyersdeckel, keng Steier op Spekulatioun, mee Projeten, déi d’Privatinteresse stäerken amplaz d’Allgemengwuel. déi Lénk huet hei eng kloer Alternativ: e Loyersdeckel, eng ëffentlech Baufirma an eng däitlech Stäerkung vun de Rechter vun de Locatairen. Wunnen ass e Mënscherecht – kee Profittgeschäft.
Den ëffentlech Pensiounssystem stäerken.
Wat d’Regierung als „Reform“ vum ëffentleche Pensiounssystem presentéiert, ass eng reegelrecht Attack op déi Lounofhängeg. Ideologesch Verblendung an Arroganz hunn eng seriö Diskussioun onméiglech gemaach. déi Lénk huet eng sozial gerecht Alternativ virgeluecht, déi d’Renten op 30 Joer ofséchert, déi keng Verschlechterung bedeit an déi d’Situatioun vun de ville Rentner mat Mindestpensioun däitlech verbessere géing.
Keen Cent méi an d’Oprëschtung.
Mir deelen d’Suerge vu ville Leit iwwer d’Kricher a Konflikter weltwäit. Mee d’Äntwert op dës Geforen ass net eng nei Oprëschtungsspiral, déi Suen ofzitt, déi mir fir Logement, Klima a sozial Gerechtegkeet brauchen. déi Lénk seet kloer: kee Cent méi fir Militariséierung, esou laang d’Leit hei am Land sech hir Wunneng net méi leeschte kënnen.
déi Lénk geet gestäerkt an dat neit politescht Joer – mat klorem Programm, mat Energie, a mat der Iwwerzeegung, datt eng aner Politik méiglech ass: sozial, gerecht a konsequent.
Des alternatives pour plus de justice sociale.
Un an de mauvaises décisions et une série de maladresses de communication ont politiquement démasqué le gouvernement de Luc Frieden. Ce gouvernement prend des décisions au détriment des travailleurs et travailleuses, adopte des tendances autoritaires et ne comprend pas pourquoi la population se soulève contre sa politique. Qu’il s’agisse des conventions collectives, du temps de travail, des tours de passe-passe autour du salaire minimum ou de la réforme des retraites – cette politique a détruit la confiance qu’elle prétendait restaurer. La chute du CSV dans les sondages n’a donc rien d’étonnant.
À l’inverse, déi Lénk défend une ligne claire et un travail cohérent aux côtés de celles et ceux qui subissent les attaques de ce gouvernement. Nous gagnons la confiance des gens, car nous ne faisons pas que parler, nous agissons, avec cohérence et vision. Que ce soit pour les retraites, le droit à l’avortement ou la reconnaissance de l’État palestinien, déi Lénk a imposé des jalons politiques qui ont forcé le gouvernement à réagir. Notre travail contribue à définir l’agenda politique du pays.
Dans le même temps, notre mouvement grandit : de nombreux nouveaux membres nous rejoignent, notamment de jeunes militant·es. Dans la rue, lors des manifestations et des mobilisations syndicales, déi Lénk est fortement représenté. Nous emportons cette dynamique positive avec nous dans la nouvelle année politique.
Protéger le droit à l’avortement dans la Constitution.
En mai 2024, déi Lénk a déposé sa proposition visant à inscrire le droit à l’avortement dans la Constitution. Après de nombreux avis positifs et le feu vert du Conseil d’État, un compromis s’est dégagé au sein de la commission compétente : on ne parle plus de « droit », mais de « liberté ». Toutes les formations politiques, à l’exception de l’ADR, soutiennent cette approche. Ainsi, grâce à notre initiative, la liberté d’avorter sera prochainement protégée par la Constitution.
Palestine : le génocide doit cesser.
La catastrophe à Gaza montre les conséquences d’une militarisation devenue la norme : violence et destruction sans limites. Nous exigeons que le génocide à Gaza cesse immédiatement et que les relations avec l’État d’Israël soient réévaluées. La reconnaissance de l’État palestinien était depuis longtemps nécessaire – nous l’avions déjà demandée en 2014 à la Chambre. déi Lénk maintient la pression : nous avons demandé une interpellation consacrée à des sanctions et restons actifs dans la mobilisation pour la paix et la justice.
Renforcer les droits des locataires.
Le gouvernement s’était engagé à résoudre la crise du logement, mais rien n’a été fait. Le secteur de la construction perd du personnel, les prix restent inaccessibles et le gouvernement s’accroche à l’illusion que le marché se régulera de lui-même. Aucun plafonnement des loyers, aucune taxe sur la spéculation, mais des projets qui favorisent les intérêts privés au détriment du bien commun. déi Lénk propose une alternative claire : un plafonnement des loyers, une entreprise publique de construction et un renforcement des droits des locataires. Le logement est un droit, pas une marchandise.
Renforcer le système public de retraite.
Ce que le gouvernement présente comme une « réforme » du système public de retraite est en réalité une attaque directe contre les salarié·es. L’idéologie et l’arrogance empêchent toute discussion sérieuse. déi Lénk a présenté une alternative socialement juste, garantissant le financement des retraites pour les 30 prochaines années, sans dégradation des conditions actuelles, et améliorant la situation des retraité·es percevant une pension minimale.
Pas un centime de plus pour la militarisation.
Nous partageons les inquiétudes de nombreuses personnes face aux guerres et aux conflits à travers le monde. Mais la réponse à ces menaces ne peut être une nouvelle spirale d’armement, qui détourne des moyens nécessaires au logement, au climat et à la justice sociale. déi Lénk le dit clairement : pas un centime de plus pour la militarisation, tant que la population de ce pays n’a plus les moyens de se loger dignement.
déi Lénk aborde cette nouvelle année politique renforcée : avec un programme clair, de l’énergie, et la conviction qu’une autre politique est possible — sociale, juste et cohérente.