Ried vum Jeanne Schosseler – 10 Dezember 2014

Aktioun virun der Chamber mam troyanische Pärd 10/12/2014

Bonjour,

Mir sinn haut hei zesummekomm fir drop opmiersam ze machen dat alleguer di Fräihandelstraiteeën vun deenen an de leschte Méint vill geschwart a geschriwwe guef nach net vum Dech sinn.

Haut deposéieren déi Lénk am Kader vum den Debaten iwert d’Kompétivitéit eng Motioun iwert den Sandueleg.

Mir hun een troyanischt Pärd gebastelt fir bildlech duerzestellen dat sëch hannert de Nimm vun de Freihandelsafkommen ganz vill verstoppt.

D’Douanestaxe, di sougenannte Barrières tarifaires solle faalen am Handel mat Canada oder Amerika. Et ginn der souwisou net méi vill. Wat fill méi wichtig ass fir di grouss transnational Firmen sinn d’Barrières non tarifaires déi faale sollen. An dat sënn d’Standaren déi sollen ugeglach ginn. Alles wat dem freien Handel, dem Striéwe nom Profir am Wee steet soll weg, an durfier heeschen se jo och Barrièren, well Emweltschutz, sozial Ofsëcherung sënn Hemmnisser wann et drëmm geet fir ee Maximum vu Profit ze machen.

Eng Fro déi sech fir eis stellt ass: wëlle mir dat, wëlle mir méi Handel mat Canada, USA, China, Japan.

Mir hun hei an Europa méi wéi genuch Pouleten, déi och scho net ennërt gudde Bedinnungen opwuessen, mir hun der souvill dass den Export an Afrika subventionnéiert gett.

Wëlle mer, dat déi Strukturen, déi de Kolonialismus iwerléiwt hun lo komplett futti gemach gin durch Freihandelsofkommen mat deene Länner. Kleng Baueren dohannen gin hir Poulten nähmlech net méi lass well si net konkurenzfähig sënn par rapport zu eise subventionnéierten Pouleten aus Zuchtbatterien.

Brauche mer ChlorPouleten aus USA, déi nach manner Platz hun wéi di europäisch, an déi trotz massivem Antibiotikagebrauch sou verseucht sinn dat se mussen duerch een Chlorbad goen fir dat de Konsument keng Infektioun kritt wann ënn së ësst.

An ass et net een Hohn fir Klima konferenzen ze machen fir den CO2Ausstouss rofzesetzen an op der anerer Säit solle Wueren iwert dausende vu Kilometer transportéiert gin där mir hei méi wéi genuch hun.

Eist Pärd huet ee grousse Bauch, do ass vill dran, ech wëll just e puer ganz schlëmm Emweltsënnen ernimmen déi risquéieren op eis zou ze kommen.

De Schieffergas, an Amerika si ganz Landstrëcher vun enger fréier mol flotter, grënger Landschaft an eng Steewüst verwandelt gin, d’Drénkwasser ass verseucht, Mensch an Dréiere gi krank och vun dem Dreck den ann der Loft ass. Ech kann iech nëmmen de Film Gasland rëckommandéieren.

Iwerhapt ass et äusserst androcksvoll vir Reportagen ze kucken iwer Zoustänn wéi se op anere Platzen um Globus scho existéieren.

A Kanda hun se eng Fläsch déi 2x sou grouss ass wéi Bayern total verseucht, an zerstéiert fir de Sandueleg rauszehuelen.

Dee Petrol därf am Moment nach net an d’EU agefuert gin well ee vill ze dreckeg ass, e mecht 25% méi CO2 wéi deen aneren. Mat Ceta dem Traité mat Canada wärte  mir deen Ueleg heihi kréien. Exxon an Total sinn amgang hir Raffinerien zu Rotterdam emzerüsten. A gleewt net dat déi dat géife machen wann se géifen dervun ausgoen datt daat Vebuet géif bestoe bleiwen.

Wéi ass et mat eisem Drinkwaaser, bleiwt dat an öffentlicher Hand oder mecht TISA d’Dir op fir ze privatiséieren. Nestlé waart drop fir och an Europa Leitungswasser a Plastiksfläschen ze fëllen an deier ze verkaafen.

Mat Drënkwasser ass vill Geld ze machen, a wéi gesoot d’Multien setze mat um Verhandlungsdëch.

D’Waaser ass ee Mënscherecht a keng Wuer

An TTIP-TAFTA si schon Abschnitter déi eis gut ëffentlich Daseinsvorsorge attakéieren, et mach sënn dat verschiddenes gestrach gin ass, mais et ass och egal, well wann et net an TTIP-TAFTA ass, dann ass et an TISA dem Accord iwert den Handel vun de Servicer, deen zwescht USA- UE an 28 anere Länner an Australien ënnert der égide vun der OMC ausgehandelt gëtt.

Nach hu mer zu Lëtzebuerg eng relativ gut sozial Ofsëcherung, an déi welle mer och behalen.

Pensiounen déi solidarisch durch d’Emlaageverfahren finanzéiert gin, mir brauche keng Privatassurancen wou duerno Pensiounen rauskommen dat Mënschen déi hirt ganz Léiwen hart geschafft hun knaps liewe kënnen.

Ee solidarische Krankesysteem, keng Klassemedizin wou di Reich sech Privatvesëcherungen kaafen an Spidäler bauen wou de Normalbierger net rakënnt.

Dat den ëffentlechen Dëngst ganz raus ass aus TTIP stëmmt sou net, et gëtt ëmmer eng Hannerdir, an déi heescht an desem Fall Subventionen.

Finanzéiert de Staat eng öffentlech Schoul kann eng Privatentreprise déi eng Schoul well opmachen deeselweschte Montant fuederen.

Et ass ni ze spéit fir gut ze machen, setze mer eis an fir eng aner Produktionsart a Weis,

Iwwerall op der Welt enstinn Cooperativen wou Mënschen sëch zesummen dinn vir Gidder an Léiwensmëttel anischt ze produzéieren, och hei zu Lëtzebuerg zillt d’Cooperative Terra um Eecherfeld biologischt Geméiss.

Fir dat d’Birger och an Zukunft Soom kenne kaafen deen net vu Monsanto a Co kénnt, fir dat jiddereen säi Soom vum Virjoer ka séien, aal bewärt Zorte, déi un d’lokalt Klima a Buedem ugepasst sënn, déi net geenmanipuléiert sinn durfir wiire mer eis géint d’Freihandelsofkommen.

Di Schiedsgerichter déi virgesi sinn, sënn eng Institution déi sëch de reguläre Gerichter substituéiert. Et sinn 3 Persounen een Affkot fir d’Firma déi kloot, well se mengt hire Benefice géif duerch ee Gesetz geschmälert gin deen ee Land am Intérêt vun der Ofsëscherung vu senge Biirger oder am Intérêt vum Emweltschutz geholl huet.
een Affekot fir de Staat deen ugesicht gett
an ee Richter, deen aus enger Etude d’Affaire kënnt.

Daat Ganzt ass eng Farce, sii machen sech mol net méi d’Méi fir den Uschein vu Parteilosigkeet ze ginn.
Et kann een sech ouni vill Fantasie virstellen dat d’Staaten déi normelerweis zu Miliounen a Milliardenentschädigungen veruetdeelt gin sech 2x wärten iwerleen iert se ee Gesetz machen zum Schutz vu Mënsch an Ëmwelt.
D’Staatkeesen déi lo schon eidel sinn well déi déi immensvill Geld hun baal keng Steiere bezuelen, gi natiirlech nach méi séier eidel wa Strofen un déi ze bezuele sinn déi immens vill Geld hun.

Et geet et och ëmm Transparenz, mais net nëmmen, mir hu neischt vun Transparenz wa mer neischt kënnen änneren, eng demokratisch Matarbecht vun de Birger, eng Kontroll vun de Birger ass verlangt, Geheimverhandlungen dierfe net sënn. D’Fro ass jo och weem d’Kommissioun déi d’Mandat huet fir ze verhandelen verantwortlech ass, de Bierger oder de Multien. Haut sinn et Multien well si sëtzen um Verhandlungsdech, daat muss sëch änneren,

Mir sollten eis asetzen fir lokal Produktion a Konsum. Héischwertig Gidder a Léiwensmettel sollen haptsächlech lokal produzéiert gin. De Konsument soll wësse wat a sengem Produkt drann ass an den Arbechter soll an engem sozial ofgesechten Emfeld schaffen

Setze mer eis ann fir lokal, dezentraliséiert Energieproduktion,

propert Drëckwaasser fir jiddereen,

Mir all hu d’Recht fir eng proper Loftze otmen

Gut Gemengeservicer a staatlich Daseinsvorsorge fir jiddereen.

Eng effektif demokratisch Kontroll vun de Birger a Birgerinnen iwert daat wat an hirem Numm geschitt.

Eng aaner Welt ass méiglech!

 

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe