Keng Zäit méi ze verléieren !

Pressekonferenz iwwer d’Logementspolitik

Eng Partie Ministeren benotzen hir ministeriell Ressourcë fir mediewierksam op der leschter Ligne droite nach Walkampf ze maachen a grouss Bilan’en ze presentéieren. Ee ganz wichtege Bilan krute mer awer net gemaach, an zwar dem vum Henri Kox als Minister fir de Logement. Déi Gréng hunn zwar déi Deeg d’Presse invitéiert fir hir Logementspolitik fir déi kommend Jore virzestellen. Dat ass awer problematesch, wëll si jo déi lescht 5 Joer Logementspolitik ze verantworten hunn. Dat ass eng Flucht no vir.

Et wier fir all Regierung och gewot an enger komplexer an ëmmer méi schwéierer Immobilien- a Logementskris Bilan ze zéien. Et geet jo ëm Walkampf, net dorëm d’Blécker op e politeschen Echec ze zéien.

D’Regierung ass natierlech net un allem Schold. D’Deierecht an den Zënsschock sinn net hausgemaach. Mee weder des nach Virgängerregierungen hu politesch Anstalte gemaach fir déi stänneg Verschlëmmerung vun der Logementsproblematik ze verhënneren. Dësen Echec ass net eleng dee vum Logementsminister, mee dee vun enger ganzer Regierung, déi an dëser Zesummesetzung 10 Joer laang vill geschwat an annoncéiert huet, mee ënnert dem Stréch just iwwer eng permanent Verschlechterung vun der Situatioun presidéiert huet.

War et bis viru kuerzer Zäit nach esou, dass Leit mat mëttleren an héijen Akommes nach iwwer d’Ronne koume mat de Wunnengspräisser, sou huet sech dat elo verännert. Déi héich Zënsen, déi elo fir en Neibau oder -kaf musse bezuelt ginn, respektiv déi e Prêt à taux variable lo massiv verdeieren, treffen d’Mëttelklassen, déi schaffe ginn a mat hirem Verdéngscht e Prêt rembourséieren. Déi klammend Zënslaascht verdeiert d’Immobilien nach méi, obwuel hir Präisser réckleefeg sinn. Mee de Präisréckgang ass bei wäitem net grouss genuch fir d’Zënsehausse ofzefiederen. Konsequenz: vill Stéit kënne kee Prêt méi stemmen an hu keen Accès méi zu der Proprietéit. De Wunnengsnoutstand betrëfft sou also ëmmer méi Leit.

Dowéinst mussen och ëmmer méi Leit – Leit déi bis viru kuerzem kafe konnten – elo loune goen. Dat heescht dass ëmmer méi Leit op eng relativ kleng Unzuel u Locatiounswunnenge kommen. Doduerch klammen d’Loyerspräisser bei neie Locatioune ganz zolidd. Des Loyershaussen ginn doriwwer eraus dann och genotzt fir d’Loyeren a scho bestoende Locatiounsverträg eropzesetzen. Firwat net profitéieren, denken sech vill Bailleur’en. Konsequenz: Stéit déi bis elo gelount hunn, oft Stéit mat klengem Akommes, riskéiere komplett aus dem Logementsmarché erausgedréckt ze ginn, och wëll et bei wäitem net genuch abordabel ëffentlech Wunnenge ginn. D’Immobiliëkris betrëfft d’Leit sou also ëmmer schlëmmer.

Erstaunlech ass dass et op politeschem Niveau net esou wierkt, wéi wa mir an enger ausseruerdentlecher Situatioun wieren. D’Regierung huet och an de leschte Méint de Kapp an de Sand gestach a keng Mesure presentéiert, déi den Drock vun de Locatairen oder de Leit mat Emprunt kéint erofsetzen. Déi eenzeg déi all Dag an de Medien mat ëmmer neie Warnungen a Problemer optauchen, sinn d’Promoteuren an d’Baubetriber. Mir mengen, dass eng Drockkulisse muss opgebaut ginn, déi net just vu Promoteuren a Baubetriber kënnt, mee och vun den am meeschte betraffene Mënschen, also der grousser Zuel u Locatairen a Propriétairen, déi haut wierklech an Existenznout kommen. Den LSAP Wirtschaftsminister huet d’Baubetriber jo elo mat engem Spezialfonds an Héicht vun 100 Millioune bei der SNCI servéiert. Mir froen : Wat gëtt fir d’Leit gemaach ?

déi Lénk hunn an hirem Programm eng ganz Partie Mesuren ausgeschafft fir géint d’Wunnengsnout virzegoen. Doriwwer eraus imposéieren sech awer och méi dréngend Mesuren, fir de Leit direkt bei den héije Loyeren an Zënsen ze hëllefen.

Ganz kuerzfristeg – also direkt wann d’Chamber am Oktober erëm zesummekënnt – muss e Gel vun de Loyeren an eng Entlaaschtung fir Stéit mat Immobiliëprêt beschloss ginn. D’Banke mussen hei mat an d’Verantwortung geholl ginn, wëll si sinn et, déi an der aktueller Situatioun profitéieren. Donieft musse kreativ Léisunge fonnt ginn, fir de Leit mat Iwwerganksprêt, déi op hire Logementer sëtze bleiwen (an domat kee Kapital fir den neie Prêt hunn) ze hëllefen. Staat a Gemenge mussen hei eng aktiv Roll spillen.

Mëttelfristeg mussen déi Mesuren ëmgesat ginn, déi mir säit Jore scho priedegen. Eng Reform vum Loyersgesetz déi den Numm och verdéngt an de Locatairen hëlleft souwéi eng Beschleunegung bei der Schafung vun ëffentlechen an energeetesch renovéierte Wunnengen.

  1. Bei de Loyeren ufänken : en Deckel elo! Eng wierksam Brems direkt dono!

Constat : d’Loyer’en klammen elo vill méi séier wéi d’Kafpräisser, wëll duerch déi héich Zënssätz manner Leit eppes kafe kënnen. D’Demande klëmmt, d’Offer bleift. 2022 sinn d’Loyeren fir Appartementer ëm 11,1% a fir Haiser em 11,6% geklommen. Des Deierecht ass vill méi schro wéi déi allgemeng Deierecht déi tëscht 4 a 5% am selwechten Zäitraum louch.

Domat gemengt sinn natierlech nei Locatiounen an net déi bestoend Kontrakter. Ëmmer méi Leit beriichten eis awer och vun exorbitanten Haussen op bestoende Locatiounen. Et ass Anarchie am Marché, wëll Bailleur’en mengen den Index an d’Deierecht géife Loyerserhéijunge rechtfäerdegen. Dat ass awer net esou, sou Erhéijunge sinn illegal, och wann dat entspriechend Gesetz de facto net applizéiert gëtt. Och sinn Zënshaussen op engem Immobiliëprêt kee Grond fir de Loyer eropzesetzen. Déi Zënse kann de Bailleur schliisslech vun de Steieren ofsetzen. D’Regierung huet et awer net fäerdeg bruecht en wierksaamt Gesetz op de Wee ze bréngen. Dat ass ee vun de groussen Echec’en vun der aktueller Regierung.

Wat muss geschéien? Et muss direkt dofir gesuergt ginn, dass bestoend Locatiounen net méi deier ginn. Mee doriwwer eraus mussen d’Loyeren endlech dauerhaft gebremst ginn.

Eis Proposen :

  1. E Gel vun de Loyeren direkt nach am Hierscht beschléissen. Dëse soll soulaang a Kraaft bleiwen bis en neit Loyersgesetz prett ass.
  2. Eng direkt an degressiv Limitatioun vun de maximale Loyeren vu Wunnengen mat Energiepäss tëscht F an I aféieren. Besonnesch fir de kommende Wanter ass domat de Locatairen a schlecht isoléierte Wunnengen mat héijen Heizkäschten gehollef.
  3. Eng wierksam a laangfristeg wierkend Brems vun de Loyeren beschléissen, dat zum Zil muss hunn, dass kee Stot méi wéi 25% vu séngem Revenu fir de Loyer muss ausginn. Eist Gesetz läit do. An dat gesäit och weider Mesüren fir méi e faire Locatiounsmarché vir:
    1. D’Frais d’agence mussen vum Propriétaire bezuelt ginn ;
    1. Max. ee Mount Loyer als Garantie amplaz den aktuellen 3 Méint (an den 2 Méint am Projet de Loi vun der Regierung)
    1. D’Mietkommissiounen professionaliséieren (eng fir d’ganzt Land oder eng pro Zoustännegkeetsberäich vun den jeweilegen Friddengeriischter).
  4. Nei Keefer a Propriétairen ofsécheren

Constat: déi enorm héich Präisser hunn no an no vill Stéit aus dem Marché fir Wunnengskeef erausbuckséiert. Déi klammend Zënsen hunn dës Entwécklung ruckaarteg verschäerft, woubäi net d’Zënsen den eigentleche Problem duerstellen, mee déi generell vill ze héich Präisser, déi mat den Zënshaussen nach an eng nei Dimensioun katapultéiert goufen. Donieft sinn natierlech vill Menage mat lafenden Immobilienprêt’en elo massiv a Bedrängnis, wëll se d’Zënslaascht net méi packen. Lëtzebuerg läit mat enger Privatverscholdung vun 180% (Ratio Dette/Revenu) mat Holland un der Spëtzt an Europa. D’Wunnengspräisser sinn dorunner Schold. D’Zentralbank huet kierzlech berechent, dass 20% vun de Menagen dësem Kreditrisiko ausgeliwwert sinn. Besonnesch komplizéiert ass d’Situatioun vu Stéit mat Iwwerganksprêt, déi z.B. en Appartement verkaf hunn, fir mam Erléis eppes Neies ze finanzéieren an dat Aalt net verkaf kréien. Dat trëfft oft jonk Famillen, déi méi eppes Grousses gesicht hunn oder eeler Leit déi eppes méi Klenges an Adaptéiertes kaaft hunn. Des Situatioun vergréissert aktuell och de Leerstand.

Wat muss geschéien ? Et muss op breeder Front agewierkt ginn op den Immobiliëmarché fir ze verhënneren, dass Leit hir Haiser verléieren an ëmmer méi Leit op de Locatiounsmarché drécken. Dat wier net méi ze stemmen. Net eleng de Staat muss elo Verantwortung iwwerhuelen, mee och d’Banken, déi aktuell vun der Situatioun profitéieren.

Eis Proposen:

  1. Kuerzfristeg muss de Banke virgeschriwwe ginn, dass Leit mat Immobilieprêt d’Méiglechkeet musse kréien just d’Zënsen vun hirem Prêt ze rembourséieren, soulaang d’Zënsen sou héich sinn. De Prêt muss da kënne verlängert ginn sou dass e Stot dono NET méi muss pro Mount rembourséieren. Dat géif vill Stéit, déi haut op der Limite sinn, kräfteg entlaaschten.
    Donieft mussen d’Banken en minimalen Délai imposéiert kréien, dee se net ënnerschreiden dierfen, am Fall wou Stéit hire Prêt net méi bezuele kënnen. Et muss verhënnert ginn, dass Stéit hire Logement onverschold verléieren an dësen da versteet gëtt, wa puer Méint d’Zënslaascht ze héich ass.
  2. De Staat soll iwwer séng ëffentlech Promoteuren – zesumme mat de Gemengen an den Associatatiounen – Appartementer an Heiser opkafen, déi aktuell zum Verkaf an eidel stinn. Ganz oft hänke Stéit an Iwwerganksprêt’en, wëll se eben hir fréier Appartementer an Haiser net méi verkaf kréien. Doduerch geet Wunnraum verluer, lo wou grad an der Locatioun vill gebraucht gëtt. De Staat an d’Gemengen sinn attraktiv Keefer, wëll de Verkeefer keng Taxe op der Plus-Value muss bezuelen a soumat interessant Präisser kënnen négociéiert ginn. De Staat an d’Gemenge sollen des Wunnengen iwwer hir ëffentlech Promoteuren verlounen a ggf. renovéieren.
  3. Mëttelfristeg muss de Risiko fir Stéit um Immobiliëmarché minimiséiert ginn mat der Hëllef vun engem Fonds, dee Stéit finanziell stäipe soll, déi onverschold an d’Labrente kommen duerch héich Zënsen. Finanzéiert gi soll dëse Fonds iwwer eng Spezialtaxe op de Banke, déi jo duerch déi aktuell héich Zënsen op Prêt bei gläichzäiteg weider déiwen Zënsen um Erspuerte vun de Leit enorm héich Nettozënsgewënner verzeechnen. Spuenien ass op dëse Wee gaangen fir fir e sozialen Ausgläich ze suergen.

  4. D’energetesch Renovatioun beschleunegen an ëffentleche Wunnengspark séier vergréisseren.

Constat: déi ganz schwiereg Situatioun haut um Immobiliëmarché ass esou geféierlech, wëll den ëffentlechen an abordabele Wunnengsmarché verschwindend kleng ass par rapport zum privaten. E kann also net als Stabilisateur wierken a stellt um Terrain den Ament keng wierksam Alternativ zum private Marché duer. Manner wéi 2% vun de Wunnengen zu Lëtzebuerg sinn an der ëffentlecher Hand, wärend aner Länner a Stied hei bei 15 bis 25%. Eng Rei Projet’en vum Staat sinn zwar a Planung, mee déi daueren nach laang a se ginn och bei wäitem net duer fir d’Präisser um Marché ze beaflossen.

Den Abroch beim privaten Invest mécht grad elo awer eng massiv Steigerung vum ëffentlechen Invest néideg. Vun der Säit vun den Entreprisë gëtt vill un d’Regierung appelléiert fir ëffentlech Wunnengsbauprojet’en virzezéien. Déi Projet’en si gréisstendeels schonn duerchgeplangt a budgetiséiert. Engersäits kéint sou stabiliséierend op de Marché agewierkt ginn an d’Betriber an d’Aarbechtsplazen kéinten ofgeséchert ginn. Mee anerersäits awer och, wëll den Ureiz op privater Säit elo do ass, fir un de Staat an d’Gemengen ze verkafen.

D’energeetesch Renovatioun verleeft säit Jore just schleefend an ass wäit zréck hannert den Erwaardungen. Just Finanzsprëtzen u Privatstéit ginn hei net duer, besonnesch wann déi selwecht Stéit grad ënner der Präissdeierecht an den héijen Zënse leiden a kee Spillraum hu fir weider Investitiounen.

Wat ass néideg: den Investitiounsdrock muss vun de private Schëlleren erofgeholl an iwwer d’ëffentlech Hand gemaach ginn. D’Sue sinn do, ob am Rentefong, dee méi nohalteg investéiere muss, oder am Fonds Spécial Logement, deen däitlech opgestockt muss kënne ginn.

Eis Proposen:

  1. De Staat an d’Gemengen mussen als Buyer of last resort de Marché stabiliséieren an den Drock vun de Stéit erofhuelen. Nieft Wunnengen, déi aktuell eidel an zum Verkaf stinn, soll de Staat och verstäerkt VEFA opkafen fir den ëffentleche Wunnengspark séier ze vergréisseren. Mir hu schonn am Wanter 2023 eng Verduebelung vum Budget vum Fonds Spécial gefuerdert, fir des Investitiounen elo dëst Joer ze maachen.
  2. Zum Verkaf stoend Wunnengen, ob aal oder nei, a schlechtem oder gudden Zoustand, sollen vun der ëffentlecher Hand opkaf ginn. D’Steierbefreiung vun der réaliséierter Plus-Value maache sou Verkeef vu Privatbesëtzer an der aktueller Situatioun attraktiv. Op dem Wee kann de Bestand vun den ëffentleche Promoteuren séier an dezentral vergréissert ginn.
  3. Och Wunnengen a schlechtem Zoustand mussen proaktiv vun der ëffentlecher Hand kaf a sanéiert ginn. D’Avantagen dobäi sinn:
    1. Entlaaschtung vun Stéit, andeem de privaten duerch en ëffentlechen Invest an renovéiert an abordabel Wunnenge géif ersat ginn;
    1. Eng Beschleunegung vum Renovatiounstaux a Beitrag zum Klimaschutz;

Aarbecht fir d’Handwierks- a Baubetriber.


Plus de temps à perdre!

Conférence de presse sur le logement.

Sur la dernière ligne droite avant les élections, les ministres profitent de leurs ressources pour présenter devant les médias rassemblés leur bilan. Mais, le bilan du ministre du Logement, Henri Kox, fait toujours défaut. Et c’est normal puisque personne ne veut mettre en avant un échec durant cette période où il s’agit de convaincre les électeurs indécis.

Certes, on ne peut pas imputer tous les problèmes à l’actuel gouvernement. La hausse spectaculaire des intérêts et l’inflation sont des phénomènes qui ne dépendent pas de sa volonté. Mais il n’a rien fait non plus pour s’attaquer aux effets néfastes qu’elles produisent. La situation actuelle jette une lumière crue sur l’inactivité politique de la dernière décennie. Les classes moyennes commencent à ressentir la pression d’un marché de l’immobilier à la dérive en raison de la hausse des taux d’intérêts.

Les ménages ayant contracté des prêts se voient parfois dans l’impossibilité de les rembourser et sont forcés de vendre à une période où personne ne veut acheter. Ceux qui voulaient acquérir un bien immobilier préfèrent désormais louer. Et ainsi, les prix explosent sur le marché locatif. La crise frappe donc d’autant plus les ménages aux petits revenus obligés de louer.

Pour mettre une fin à cette crise qui risque de plonger de nombreuses familles dans la détresse, il faut agir maintenant. déi Lénk propose des solutions concrètes avec un impact direct. A court terme, lorsque la Chambre commencera à nouveau à se réunir en plénière, il faut un gel des loyers ainsi qu’une compensation pour les ménages qui peinent à rembourser leur prêt immobilier.

A moyen terme, il faut mettre en place les réformes que déi Lénk n’a eu de cesse de réclamer depuis des décennies : une réforme de la loi sur la bail à loyer et un système de financement étatique pour lancer une vaste campagne de rénovation énergétique. Les projets de loi que déi Lénk a déposé il y a maintenant des années continuent à moisir dans les tiroirs de la Chambre alors qu’ils contiennent les réponses aux défis actuels.

Notre programme électoral prévoit la création d’un fonds alimenté par une taxe spéciale pour les banques, les grandes gagnantes de la hausse des intérêts, afin de sécuriser les prêts de ménages qui souffrent de l’explosion des intérêts.

Notre système de financement public pour les rénovations énergétique est également prêt. Afin que chaque ménage puisse participer à un effort qui permettrait de réduire à la fois les émissions de CO2 et les factures d’énergie, il faut que l’État prenne ses responsabilités en mettant en place un préfinancement qui évite aux ménages de contracter des dettes auprès de banques privées.

Il va de soi que l’État, les communes et les associations actives dans le logement doivent aussi acquérir des logements afin d’augmenter considérablement le parc de logements abordables publics.

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe