Am Virfeld vun der COP30: D’Regierung mécht am Dossier Klimaschutz näischt!

De Mëttwoch den 29. Oktober huet an der Chamber, op Initiativ vun déi Lénk, eng Debatt stattfonnt iwwer d’COP30 Zu Belém a Brasilien. Dës Debatt war absolutt néideg well Klimapolitik fir déi schwaarz-blo Regierung keng Prioritéit ass, fir et léif ze soen. D’Zuele sinn alarméierend, d’Naturkatastrophen heefen sech, all d’Indicateure weisen an déi falsch Richtung.

déi Lénk hunn zwou Motiounen deposéiert:

  • déi éischt huet ënnert anerem eng Erhéijung vun der Lëtzebuerger Contributioun am Kampf géint de Klimawandel gefuerdert;
  • déi zweet huet gefuerdert datt d’Regierung sech verstäerkt géint Deforestatioun asetzt.

D’LSAP an déi Gréng hunn eis Motioune matgedroen, d’Regierung huet se alle béid verworf.


À l’approche de la COP30 : le gouvernement ne fait rien en matière de protection du climat !

Le mercredi 29 octobre, un débat a eu lieu à la Chambre des députés, à l’initiative de déi Lénk, sur la COP30 qui se tiendra à Belém, au Brésil.
Ce débat était absolument nécessaire, car la politique climatique n’est clairement pas une priorité pour le gouvernement noir-bleu — pour le dire gentiment.
Les chiffres sont alarmants, les catastrophes naturelles se multiplient, et tous les indicateurs pointent dans la mauvaise direction.

déi Lénk ont déposé deux motions :

  • La première demandait, entre autres, une augmentation de la contribution du Luxembourg à la lutte contre le changement climatique.
  • La seconde exigeait que le gouvernement renforce son engagement contre la déforestation.

Le LSAP et les Verts ont soutenu nos motions, mais le gouvernement les a toutes deux rejetées.

Regierung weist hiert duebelt Gesiicht an der Klimapolitik.

D’EU-Staaten si sech gëschter net eens ginn iwwer e Klimazil bis 2040. Doduerch kann d’EU och kee verbindlecht a credibelt Engagement fir d’COP30 zu Belém a Brasilie liwweren. Domat ass ëmmer méi a Fro gestallt, ob d’COP30 a Brasilien de batter néidege Fortschrëtt beim internationale Klimaschutz liwwere kann. De Serge Wilmes huet sech zu Bréissel enttäuscht gewisen iwwer dësen Echec. D’Regierung weist hei säin duebelt Gesiicht an der Klimapolitik. Zu Bréissel gëtt sech de schéine Männche gemaach, zu Lëtzebuerg gëtt géint Klima- an Ëmweltschutz geschoss. Dovu profitéieren net d’Leit, mee dat grousst Patronat an Investisseuren.

Am Summer huet d’Europäesch Kommissioun eng Propos op den Dësch geluecht fir d’Zäregase (Netto-Emissiounen) bis 2040 ëm 90% ze reduzéieren. Eng Rei Staaten, dorënner Frankräich, Italien a rezent och Däitschland, hunn am Virfeld vum Meeting gëschter zu Bréissel awer scho matgedeelt, dass se dat Zil esou net wëlle matdroen. Dobäi beinhalt d’Propos vun der Kommissioun esou vill Ausnamen a Flexibilitéiten am Klenggedréckten, dass och dës Propos net konform ass mat den Ziler vum Paräisser Accord an der Limitatioun vun der Äerderwiermung op maximal 1,5°C bis 2100. Mat hirer schwaacher Positioun riskéiert d’Europäesch Unioun zum Echec vun de Verhandlungen op der COP30 zu Belém bäizedroen.

D’Lëtzebuerger Regierung seet zu Bréissel, mat der Stëmm vun hirem Ëmweltminister Serge Wilmes, ambitiéis Zilsetzunge wëllen z’ënnerstëtzen a weist drop hin, dass Stéit, Entreprisen an Investore Plangbarkeet bréichten. Zréck zu Lëtzebuerg gesäit d’Realitéit awer ganz anescht aus. Ambitiéis Pläng hunn CSV-DP bis haut net präsentéiert, am Géigendeel : den Ëmwelt- a Klimaminister Serge Wilmes ass eng gro Maus vun dëser Regierung, déi een ni héiert oder gesäit. E kloren Entworf vun enger kohärenter a previsibeler Ëmwelt- a Klimapolitik, wéi de Serge Wilmes se zu Bréissel afuerdert, huet des Regierung sécher net.

Wann d’Regierung iwwer Klima-an Ëmweltschutz schwätzt, da just fir drop ze schéissen a Réckschrëtter ze decidéieren. Subventioune fir Photovoltaikanlage goufe reduzéiert an den neie Modell fir de Prefinanzement léisst weider op sech waarden. De schonn decidéierten Aus fir Mazouts- a Gasheizunge gouf vum Energieminister Lex Delles erëm réckgängeg gemaach. Den Ëmweltminister schéisst géint d’Klimagesetz a stellt sektoriell Klimaziler a Fro. Déi frontal Attack vun der Regierung op den Naturschutz wäert – sollt se ëmgesat ginn – en negativen Impakt op den Zäregasemissioun grad wéi och op d’Upassungsfäegkeet vu Leit an Natur hunn.

All dës Mesuren si schiedlech fir d’Klima an d’Ëmwelt. Mee se sinn och schiedlech fir déi ganz grouss Majoritéit vun de Leit zu Lëtzebuerg. Et sinn net Stéit déi vu méi flexibele Reegele beim Klimaschutz profitéieren, mee grouss Verschmotzer an der Industrie, déi doduerch aus der Verantwortung geholl ginn. Et sinn och net Stéit déi vun enger Verwässerung vum Naturschutz wäerte profitéieren, mee déi déck Promoteuren déi gär de maximale Profit aus hire Bauprojeten zéien. A kee Stot méi wäert eng Photovoltaikanlag op den Daach vum Haus bauen oder eng Heizung ersetzen, wann d’Regierung déi finanziell Ënnerstëtzung dofir erofsetzt a vermëttelt dass dat alles guer net esou prioritär wier. Wéi an der Sozialpolitik oder um Aarbechtsmaart, mécht d’Regierung och an der Klima- an Ëmweltpolitik eng knallhaart Politik am Interesse vun deenen, déi Mënschen an Natur fir sech schaffe loossen.


Le gouvernement montre son double visage en matière de politique climatique.


Les États de l’UE ne se sont pas mis d’accord hier sur un objectif climatique pour 2040. De ce fait, l’UE ne peut pas non plus fournir un engagement contraignant et crédible pour la COP30 à Belém au Brésil. Cela remet de plus en plus en question la capacité de la COP30 à livrer les progrès urgents et indispensables en matière de protection internationale du climat. Serge Wilmes s’est dit déçu à Bruxelles de cet échec. Le gouvernement montre ici son double visage en matière de politique climatique : à Bruxelles, il soigne son image, mais au Luxembourg, il attaque la protection du climat et de l’environnement. Et ce ne sont pas les citoyens qui en profitent, mais le grand patronat et les investisseurs.

Cet été, la Commission européenne a présenté une proposition visant à réduire de 90 % les gaz à effet de serre (émissions nettes) d’ici 2040. Plusieurs États, dont la France, l’Italie et récemment l’Allemagne, avaient cependant déjà indiqué avant la réunion d’hier à Bruxelles qu’ils ne voulaient pas soutenir cet objectif tel quel. Pourtant, la proposition de la Commission contient déjà tant d’exceptions et de flexibilités dans les petits caractères qu’elle n’est pas non plus conforme aux objectifs de l’Accord de Paris et à la limitation du réchauffement climatique à un maximum de 1,5 °C d’ici 2100. Avec une position aussi faible, l’Union européenne risque de contribuer à l’échec des négociations de la COP30 à Belém.

Le gouvernement luxembourgeois affirme à Bruxelles, par la voix de son ministre de l’Environnement Serge Wilmes, vouloir soutenir des objectifs ambitieux et souligne que les ménages, les entreprises et les investisseurs ont besoin de prévisibilité. Mais de retour au Luxembourg, la réalité est tout autre. Le gouvernement CSV-DP n’a présenté jusqu’à présent aucun plan ambitieux – bien au contraire : le ministre de l’Environnement et du Climat Serge Wilmes est une « souris grise » de ce gouvernement, qu’on n’entend ni ne voit jamais. Un projet clair d’une politique environnementale et climatique cohérente et prévisible, telle que Serge Wilmes la réclame à Bruxelles, son gouvernement n’en a certainement pas.

Quand le gouvernement parle de protection du climat et de l’environnement, c’est seulement pour torpiller la législation actuelle et décider de reculs. Les subventions pour les installations photovoltaïques ont été réduites et le nouveau modèle de préfinancement se fait toujours attendre. La suppression déjà décidée du mazout et des chaudières à gaz a été annulée par le ministre de l’Énergie Lex Delles. Le ministre de l’Environnement s’en prend à la loi climat et remet en question les objectifs climatiques sectoriels. L’attaque frontale du gouvernement contre la protection de la nature – si elle est mise en œuvre – aura un impact négatif sur les émissions de gaz à effet de serre ainsi que sur la capacité d’adaptation des populations et de la nature.

Toutes ces mesures sont néfastes pour le climat et l’environnement. Mais elles sont aussi néfastes pour la très grande majorité des habitants du Luxembourg. Ce ne sont pas les ménages qui profiteront de règles plus souples en matière de protection du climat, mais les grands pollueurs industriels, qui seront ainsi déchargés de leurs responsabilités. Ce ne sont pas non plus les ménages qui profiteront d’un affaiblissement de la protection de la nature, mais les gros promoteurs immobiliers qui veulent tirer le maximum de profit de leurs projets de construction. Et plus aucun ménage ne sera incité à installer des panneaux photovoltaïques sur le toit de sa maison ou à remplacer son chauffage si le gouvernement réduit l’aide financière et donne l’impression que tout cela n’est finalement pas prioritaire.

Comme en politique sociale ou sur le marché du travail, le gouvernement mène aussi en matière de climat et d’environnement une politique exclusivement au service de ceux qui exploitent les hommes et la nature à leur profit.

Och Lëtzebuerg muss däitlech méi maachen.

Gëschter huet den Internationale Geriichtshaff (IGH) zu Den Haag an enger Decisioun dat ënnermauert, wat mir amfong scho laang wëssen. Den IGH ënnersträicht nämlech dass d’Staaten vëlkerrechtlech verflicht sinn fir géint eng Verschlëmmerung vun der Klimaverännerung virzegoen. Geschitt dat net, da misste Staaten Entschiedegunge bezuelen u Länner a Regiounen, wou Mënschen duerch dëst Versoe Schued dovun droen an dat gemoss un hirer historescher Verantwortung. Lëtzebuerg steet also an der Verantwortung an et ass an éischter Linn un der Regierung fir dëser Verantwortung Rechnung ze droen.

Den IGH qualifizéiert eng propper, gesond an nohalteg Ëmwelt als e Mënscherecht, wat de Wee op mécht fir Entschiedegungen ze froe fir Fäll, wou dëst Recht net méi garantéiert ass. déi Lénk haten an hirer alternativer Verfassungspropos vun 2015 (déi 2022 an der Chamber verworf gi war) dat aklobart Recht op eng gesond an nohalteg Ëmwelt scho virgesinn an d’Obligatioun fir de Staat dëst Recht och ze garantéieren, also genee dat wat den IGH gëschter gefuerdert huet.

Interessant un dësem Avis vum IGH ass, dass si d’Obligatioune fir Staaten un déi maximal Erwäermung vun 1,5°C géigeniwwer vu préindustriellen Zäite bannen. Dat bedeit, dass d’EU-Klimapolitik an och dat Lëtzebuerger Klimagesetz am Prinzip net am Aklang wiere mat deem wat den IGH gëschter erkläert huet, well déi Zilsetzungen eng Temperatursteigerung vun iwwer 1,5°C bedeite wäerten. D’Ënnergruewe vun enger méiglechst ambitiéiser Klimapolitk, dat aktuell op europäeschem Niveau stattfënnt an och Ënnerstëtzung an der Lëtzebuerger Regierung fënnt, wier domat politesch wéi och rechtlech ze verwerfen.

D’Riichter vum IGH erkennen och eng éischt Kéier déi historesch Verantwortung vun de Staaten aus dem räichen Norden un a besonnesch och vun den Entreprisen, fir ewech de Petrolsentreprisen. Déi si laut IGH verflicht fir d’Schied opzekommen, déi se verursaachen. Dat weist op en neits, dass indirekt an ongerecht Steieren um Konsum déi vun de Leit bezuelt ginn (Emissiounshandel, CO2-Steieren…), keng Léisung sinn. Et geet vill méi drëms fir déi Entreprisen direkt ze besteieren an ze bestrofen, déi mat der bewosster Zerstéierung vum Klima Milliarde Gewënner asäckelen.

D’Conclusionen, déi aus dem Avis vum IGH ze zéie sinn, kéinten also net méi kloer sinn. De Klimaschutz muss intensivéiert an net zeréckgeschrauft ginn.D’Lëtzebuerger Regierung muss also hir Mesure fir de Klimaschutz verstäerke fir se konform mam 1,5°C-Zil ze maachen a sech op EU-Niveau fir dat selwescht asetzen. Virun allem awer muss d’Regierung déi historesch Verantwortung vu Lëtzebuerg eescht huelen an d’Hëllefen an Reparatiounszuelungen un de globale Süden ëm e Villfaches erhéijen, fir de Schued dee vu vergaangenem CO2-Ausstouss entstanen ass ze kompenséieren. D’Suen dofir muss d’Regierung bei grouss Verschmotzer siche goen an net bei déi vulnerable Mënschen.


Le Luxembourg doit également faire beaucoup plus.

Hier, la Cour internationale de justice (CIJ) de La Haye a confirmé dans un arrêt ce que nous savons depuis longtemps. La CIJ souligne que les États sont tenus, en vertu du droit international, de prendre des mesures contre l’aggravation du changement climatique. À défaut, ils devraient indemniser les pays et régions où des personnes subissent des dommages du fait de ce manquement, proportionnellement à leur responsabilité historique. Le Luxembourg porte donc une responsabilité, et il incombe en premier lieu au gouvernement d’en tenir compte.

La CIJ qualifie un environnement propre, sain et durable de droit humain, ce qui ouvre la voie à une demande d’indemnisation lorsque ce droit n’est plus garanti. Dans sa proposition constitutionnelle alternative de 2015 (rejetée par la Chambre des députés en 2022), déi Lénk avait déjà prévu le droit rà un environnement sain et durable et l’obligation pour l’État de garantir ce droit, soit exactement ce que la CIJ réclamait hier.

Ce qui est intéressant dans cet avis de la CIJ, c’est qu’il lie les obligations des États à un réchauffement maximal de 1,5 °C par rapport à l’ère préindustrielle. Cela signifie que la politique climatique de l’UE et la loi climatique luxembourgeoise ne seraient en principe pas conformes aux exigences de la CIJ, car ces objectifs impliqueraient une augmentation de la température de plus de 1,5 °C. Le travail de sape pour affaiblir la politique climatique la plus ambitieuse possible, actuellement en cours au niveau européen et bénéficiant également du soutien du gouvernement luxembourgeois, serait donc politiquement et juridiquement inacceptable.

Les juges de la CIJ reconnaissent également pour la première fois la responsabilité historique des États du Nord riche, et en particulier des entreprises, et surtout des compagnies pétrolières. Selon la CIJ, elles sont tenues de réparer les dommages qu’elles causent. Cela démontre une fois de plus que les taxes indirectes et injustes sur la consommation payées par les citoyens (échange de quotas d’émission, taxes sur le CO2…) ne sont pas une solution. Il s’agit bien davantage de taxer et de punir directement les entreprises qui engrangent des milliards en détruisant délibérément le climat.

Les conclusions de l’avis de l’CIJ sont on ne peut plus claires. La protection du climat doit être intensifiée, et non réduite. Le gouvernement luxembourgeois doit donc renforcer ses mesures de protection du climat afin de les rendre conformes à l’objectif de 1,5 °C et s’engager à en faire autant au niveau européen. Surtout, le gouvernement doit prendre au sérieux sa responsabilité historique et multiplier les aides et les réparations versées aux pays du Sud afin de compenser les dommages causés par les émissions de CO2 passées. Le gouvernement doit chercher les fonds nécessaires auprès des grands pollueurs et non auprès des personnes vulnérables.

De Sommet vun der Heuchlerei.

Mat enger Äerderwiermung, déi mëttlerweil bei 1,43°C läit, kënne mer de Paräisser Accord, deen eis op der Spuer vun enger maximaler Erwiermung vun 1,5°C sollt halen, fir gescheitert erklären. 2022 louch den CO2-Ausstouss dann och bei 57,4 Gigatonnen, een traurege Rekord. D’Klimaziler vun de Länner steieren eis op eng Erwiermung hin, déi tëschent 2,5 a 2,9°C läit, wann se dann agehale ginn.

Trotz dësem absolutt katastrophale Constat gëtt op de COPe weiderhin just vu „phasing out“ vu fossillen Energien oder vu „Kompensatioune“ fir CO2-Ausstouss geschwat amplaz iwwer d’Eliminatioun vum Ausstouss. Fir den Ausstouss un Zäregaser drastesch ze reduzéieren, well et ass dat wat mer brauchen, musse fossil Energien am Buedem bleiwen. Mee genau de Géigendeel geschitt am Moment: d’Exploitatioun vu fossillen Energië geet weider erop.

Dass de kapitalistesche System déi klammend Notzung vu fossillen Energien brauch, ass eng Evidenz. D’Wirtschaft muss ëmmer weider wuessen, Multinationale mussen ëmmer méi Benefice maachen. Dofir gëtt och net vu Reduktioune geschwat, mee vu Kompensatioune fir ausgestoussenen CO2. Eng Eliminatioun vun den Ausstéiss passt hei einfach net an d’Bild. Fir produktiv ze bleiwen, fir ze wuessen, brauch een Energie, an zwar esou vill, datt erneierbar Alternativen de Besoin net kënnen decken.

Deen ëmmer méi grousse Besoin un Energie ass och ganz massgeblech am Koalitiounsaccord vun der neier CSV-DP Regierung präsent. E schwätzt vill vun der Energeieproduktioun mee dofir ganz wéineg vun Energieaspuerungen. E passt perfekt an d’Bild vu Klimaschutz, dee grouss Wirtschaftsinteressen zu Dubaï op der COP28 wäerte vertrieden.

Dobäi kënnt, datt d’Kompensatiounen enger fundamental neo-kolonialistescher Logik ënnerleien. Am räichen Norden kafe mir – a virun allem grouss Multinationalen – CO2-Kreditter fir um business-as-usual kënne festzehalen an den ausbeuteresche Liewensstil vun den ieweschte Schichten ze rechtfäerdegen an esou huele mer dem globale Süde de leschte Spillraum, den nach bleift fir sech selbstbestëmmt gesellschaftlech a wirtschaftlech kënnen z’entwécklen. Mir erkafen eis d’Recht ze verschmotzen a schränken domat d’Liewenschancen vu Milliarde Leit am globale Süden an.

Dass d’COP28 elo an de Vereenegten arabeschen Emirate stattfënnt, ee Land dat säi Räichtum der extremer Exploitatioun vu fossillen Energien a vu Mënschen ze verdanken huet, huet ee ganz battere Bäigeschmaach. déi Lénk maachen sech op jiddefalls net vill Hoffnungen. Dobäi kënnt dass de President vun der COP28 de CEO vun enger grousser Pëtrolsfirma ass. Dat ass och ee méi wéi bedenktlecht Zeeche wat do gesat gëtt. Mir brauchen dréngend aner Modeller wa mer wierklech effikass géint d’Äerderwiermung wëlle virgoen. International Solidaritéit a Kooperatioun an en Enn vun der Wuesstems- a Gewënnlogik sinn onëmgänglech wa mer den zukünftege Generatioune wëllen ee Planéit hannerloossen ob deem si nach kënnen eenegermoosse gutt liewen. Et ass och dofir héich Zäit an d’Adaptatioun z’investéieren. De Klimawandel ass do a mir musse léiere mat dëser neier Realitéit ze liewen. D’Mënschen am globale Süden stinn nach viru méi groussen Erausfuerderungen. Et ass eis Verantwortung hire Staate mat den néidege finanziellen Hëllefen an Technologietransferten beim Klimaschutz a virun allem bei der Upassung un d’Äerderwiermung ze hëllefen.


Le sommet de l’hypocrisie.

Avec un réchauffement climatique actuellement de 1,43°C, nous pouvons déclarer que l’Accord de Paris, qui était censé nous maintenir sur la voie d’un réchauffement maximum de 1,5°C, est un échec. En 2022, les émissions de CO2 s’élevaient à 57,4 gigatonnes, un triste record. Les objectifs climatiques des pays nous orientent vers un réchauffement compris entre 2,5 et 2,9°C, s’ils sont respectés.

Malgré ce constat absolument catastrophique, les différentes COP continuent de parler uniquement de « sortie progressive » des énergies fossiles ou de « compensations » des émissions de CO2 au lieu de suppression des émissions. Afin de réduire drastiquement les émissions de gaz à effet de serre, car c’est ce dont nous avons besoin, les énergies fossiles doivent rester dans le sol. Mais c’est exactement le contraire qui se produit actuellement : l’exploitation des énergies fossiles continue de croître.

Que le système capitaliste ait besoin croissant d’énergies fossiles est une évidence. L’économie doit continuer à croître, les multinationales doivent faire de plus en plus de profits. C’est pourquoi on ne parle pas de réductions, mais de compensations pour le CO2 émis. Une élimination des émissions ne correspond tout simplement pas au fonctionnement de l’économie. Pour rester productif, pour croître, on a besoin d’une telle quantité énergie que les alternatives renouvelables ne peuvent pas suffire.

Le besoin toujours croissant en énergie est également largement présent dans l’accord de coalition du nouveau gouvernement CSV-DP. Il parle beaucoup de production d’énergie mais très peu d’économies d’énergie. Cela s’inscrit parfaitement dans l’image de protection du climat que les grands intérêts économiques représenteront à Dubaï lors de la COP28.

De plus, les compensations s’inscrivent dans une logique fondamentalement néocolonialiste. Dans le Nord riche, nous – et surtout les grandes multinationales – achetons des crédits de CO2 pour pouvoir continuer à faire comme si de rien n’était et pour justifier le style de vie démesuré des classes supérieures, et nous enlevons ainsi au Sud global la dernière marge de manœuvre qui reste encore pour l’autodétermination. Nous achetons le droit de polluer et limitons ainsi les chances de vie de milliards de personnes dans les pays du Sud. Le fait que la COP28 se déroule aujourd’hui aux Émirats arabes unis, pays qui doit sa richesse à l’exploitation extrême des énergies fossiles et des êtres humains, a un arrière-goût très amer. déi Lénk ne s’attend pas à grand-chose de cette COP. De plus, le président est le PDG d’une grande compagnie pétrolière. C’est un signe plus qu’inquiétant.

Nous avons besoin de toute urgence d’autres modèles si nous voulons lutter efficacement contre le réchauffement climatique. La solidarité et la coopération internationales ainsi que la fin de la logique de croissance et de profit sont indispensables si nous voulons laisser aux générations futures une planète sur laquelle elles peuvent encore à peu près bien vivre. Il est donc grand temps d’investir dans l’adaptation. Le changement climatique est là et nous devons apprendre à vivre avec cette nouvelle réalité. Les habitants des pays du Sud sont confrontés à des défis encore plus grands. Il est de notre responsabilité d’aider les États avec les aides financières et les transferts de technologies nécessaires à la protection du climat et surtout à l’adaptation au réchauffement climatique.

Question parlementaire concernant la contribution équitable du Luxembourg aux financements des pertes et dommages globaux liés au réchauffement climatique

Monsieur le Président,

Conformément à l’article 80 du Règlement de la Chambre des Députés, je vous prie de bien vouloir transmettre la question parlementaire suivante à Madame la ministre de l’Environnement, du Climat et du Développement durable.

Le financement des coûts des pertes et dommages, c’est-à-dire des dégâts irréversibles causés par des événements climatiques extrêmes liés au réchauffement climatique, est un des points essentiels actuellement débattus à la COP27 à Charm El-Cheikh en Egypte.


Même si les calculs exacts des coûts liés aux pertes et dommages s’avèrent compliqués, des estimations des coûts globaux existent et se situent entre 295 et 590 milliards d’euros en 2030 pour atteindre 1000 à 1800 milliards d’euros en 2050.
[1]

La responsabilité attribuée à chaque Etat en matière du financement de ces coûts liés au réchauffement climatique est déterminée en fonction de la somme cumulée de ses émissions de gaz à effet de serre jusqu’à aujourd’hui et de sa capacité économique.

L’ONG Action Solidarité Tiers Monde (ASTM) a réalisé à l’aide d’un outil de référence en la matière, à savoir le Climate Equity Reference Calculator, une estimation de la contribution équitable du Luxembourg aux financements des coûts des pertes et dommages. Le montant de la contribution avancé par ASTM s’élève ainsi à 324 millions d’euros par an en moyenne et correspond à 0,075% des coûts globaux liés aux pertes et dommages.[2]

Partant je voudrais poser les questions suivantes à Madame la ministre de l’Environnement, du Climat et du Développement durable :

  1. Madame la Ministre a-t-elle pris connaissance des calculs réalisés par ASTM ? Dans l’affirmative, est-elle d’accord avec la méthodologie des calculs et l’ordre de grandeur des montants ?
  2. Votre Ministère a-t-il déjà réalisé voir commandité des études et estimations sur la contribution équitable du Luxembourg en matière de pertes et dommages liés au réchauffement climatique ? Dans l’affirmative, quels en ont-été les conclusions ?
  3. Le gouvernement est-il prêt à prendre un engagement formel pour contribuer à un fonds international dédié au financement des pertes et dommages tout en sachant que le Luxembourg ne s’est jusqu’à présent pas positionné par rapport à un tel mécanisme de financement et ne s’est engagé à aucun financement dans ce contexte ? Dans l’affirmative, le gouvernement est-il prêt à prendre un engagement qui sera à la hauteur de la responsabilité historique et de la capacité économique du Luxembourg d’ici 2030 ? Dans l’affirmative encore, quel est le montant jugé adéquat par Madame la Ministre et comment le justifie-t-elle ?
  4. Madame la Ministre est-elle d’accord avec l’affirmation que le principe de la responsabilité commune mais différenciée en matière de réchauffement climatique ne vaut pas uniquement pour tenir compte des inégalités entre les pays du Nord et des pays du Sud, mais également pour prendre en compte les inégalités de revenus et de patrimoine au Luxembourg? Dans l’affirmative, quelles mesures préconise-t-elle pour faire en sorte que les contributions nationales du Luxembourg à un fonds international en matière de pertes et dommages soient financées équitablement ?

Veuillez croire, Monsieur le Président, à l’expression de mes sentiments respectueux.

Myriam Cecchetti

Députée


[1] https://www.wri.org/insights/loss-damage-climate-change

[2] https://actionsolidaritetiersmonde.org/wp-content/uploads/2022/11/Une-affaire-de-responsabilite%CC%81_ASTM_20221108-1.pdf

COP27 zu Sharm El-Sheikh: Setzt de Kapitalismus op d’Dagesuerdnung!

2022 war bis elo dat schlëmmste Joer wat d’Auswierkunge vun der Klimaverännerung ugeet. Getraff goufe wéi sou oft déi äermste Länner am Süden, mee och an Europa weisen sech d’sozial Ongläichheeten ëmmer méi duerch de Prisma vun der Klimaverännerung. Zu Sharm El-Sheikh sëtzen elo op Invitatioun vun engem repressive Regime d’StaatelenkerInnen a VertriederInne vu grousse Betriber a vun ONG’en zesumme fir iwwer de Klimaschutz ze verhandelen. D’COP’en ginn ëmmer méi lächerlech Veranstaltungen. D’COP27 fënnt an Ägypte statt wou de Regime äusserst repressiv virgeet mat CocaCola als Haaptsponsor : Greenwashing a sénger rengster Form.  Vill Entscheedendes wäert dobäi net erauskommen. Am Virfeld vun dëser COP goufen d’Erwaardungen deementspriechend schonn erofgespillt andeem vun enger Transitiouns-COP geschwat ginn ass. D’Klimakatastroph léisst awer längst keng esou Aussetzer méi zou.

D’UNO huet d’Rechnung gemaach : fir d’Äerderwiermung op 1,5°C ze beschränke mussen d’Zäregasemissioune bis 2030 géigeniwwer 2010  em -45% reduzéiert ginn. Dat wat d’Staate bis elo vu Pläng virgeluecht hunn féiert dogéint zu enger Steigerung vun den Emissiounen em +10% bis 2030. Dës Entwécklung bei den Zäregasemissioune wäert zu enger Erhéijung vun der duerchschnëttlecher Temperatur op der Äerd em 2,4°C bis 2,8°C féieren, ënnert der Bedingung awer, dass déi annoncéiert Engagementer awer och tatsächlech ëmgesat ginn. Et geet an déi komplett falsch Richtung.

D’UNO huet d’Staaten deementspriechend virun dëser COP dozou opgefuerdert hir Engagementer beim Klimaschutz eropzesetze fir d’Fënster fir d’1,5°C Zil sou laang wéi méiglech nach opzehalen. D’EU an domat och Lëtzebuerg hunn dëst awer net gemaach. Lëtzebuerg fält am Engagement dann och zréck (-55% CO2-Ausstouss bis 2030) wärend Länner wéi Däitschland (-65%) an Dänemark (-70%) hir Ziler awer däitlech verschäerft hunn. D’Lëtzebuerger Regierung ass beim Klimaschutz also wéineg ambitiéis an iwwerzeegend, och wann se ëmmer eppes aneres behaapt.

De grousse Verhandlungspunkt zu Sharm El-Sheikh ass d’Klimagerechtegkeet. Heibäi geet et an éischter Linn em d’Loss and Damages, also d’Entschiedegungen, déi virun allem Staaten am globale Süde beusprochë fir irreversibel Schied, déi d’Klimaverännerung an dëse Gesellschafte verursaacht. Bezuelt gi sollen des Entschiedegunge vun de Verursaacher vun den Zäregasemissiounen. Op der Brems stinn hei déi räich Staaten, dorënner d’EU an d’USA an dat aus guddem Grond: si schützen déi grouss Petrolsmultinationalen ExxonMobil, Shell, TotalEnergies a co. déi historesch fir 70% vun den Zäregasemissioune verantwortlech sinn[1] a soumat all Joer Entschiedegungen a Milliardenhéicht misste bezuelen.

Fir déi Lénk ass d’Klimagerechtegkeet déi zentral Fro, net nëmmen tëscht de Staaten, mee och tëscht de soziale Klassen innerhalb vun de Staaten. Eng rezent Etüd vun Oxfam[2] weist zurecht drop hin, dass et déi international Klass vun de ganz Räichen ass, déi am meeschte polluéiert an déi och ëmmer méi polluéiert. Déi räichst 1% wäerte Stand haut am Joer 2030 fir 16% vun de globalen CO2-Emissioune verantwortlech sinn. Innerhalb vun dësem 1% ginn et natierlech och déi Superräich mat de Villen an de Yachten, déi d’Ongläichheeten ëmmer méi grotesk maachen. Des sozial Ongläichheeten dreiwen d’Äerderwiermung staark mat un a musse bekämpft ginn.

D’COP27 wéi hir Virgängerinne wäert dat natierlech net thematiséieren. Dat ka se och net, wëll international Wirtschaftsbezéiungen, de Welthandel an d’Finanzflëss ausgeklammert sinn. De Kapitalismus ass zu Sharm El-Sheikh net op der Dagesuerdnung.


[1] https://www.cdp.net/en/articles/media/new-report-shows-just-100-companies-are-source-of-over-70-of-emissions

[2] https://oxfamilibrary.openrepository.com/bitstream/handle/10546/621305/bn-carbon-inequality-2030-051121-en.pdf


COP27 à Sharm El-Sheikh: C’est le capitalisme qu’il faut mettre à l’ordre du jour!

2022 était la pire année en termes de conséquences du changement climatique. Comme souvent ce sont les pays les plus pauvres du Sud qui ont été frappés. Cependant, en Europe aussi les inégalités sociales se manifeste davantage sous le prisme du climat. Depuis dimanche, les dirigeant.e.s d’Etat et des représentant.e.s d’entreprises et d’ONG se sont réuni.e.s à Sharm El-Sheikh afin de négocier de la protection du climat. La COP est sur le point de devenir un événement dérisoire. Elle se déroule sur le territoire d’un régime répressif avec CocaCola comme sponsor principal : du green washing pur et simple. Il n’en résultera rien de décisif, car bien en amont de cette COP, les ambitions ont été révisées vers le bas à tel point qu’il a été question d’une COP transitionnelle. L’imminence de la catastrophe climatique ne permet pourtant plus de tels digressions.

Les calculs de l’ONU sont faits : pour maintenir le réchauffement planétaire à 1,5%, les émissions de gaz à effet de serre devront être réduites de 45% par rapport à 2010 jusqu’en 2030. Jusqu’à présent, les mesures planifiées par les Etats vont plutôt dans le sens d’une augmentation des émissions à hauteur de 10% jusqu’en 2030. Cette évolution mènera à terme vers une augmentation de la température moyenne sur terre de 2,4°C à 2,8°C sous condition toutefois que les engagements annoncés seront effectivement réalisés. Les choses prennent un mauvais tournant.

Par conséquent, l’ONU a exhorté les Etats à renforcer leurs engagements pour la protection du climat afin de garder ouverte le plus longtemps possible l’issue des 1,5°C. Ni l’Union européenne, ni le Luxembourg n’ont respecté les consignes de l’ONU. Le Luxembourg a revu ses engagements à la baisse en visant -55% d’émissions CO2 jusqu’en 2013 contre -65% pour l’Allemagne et – 70% pour le Danemark qui ont chacun renforcé leurs objectifs. Le gouvernement luxembourgeois manque clairement d’ambition en matière de protection du climat et ne parvient pas à convaincre bien qu’il dit souvent le contraire.

La justice climatique est au centre des négociations à Sharm El-Sheikh. Il s’agit notamment de trouver des accords sur les loss and damages, c’est-à-dire les dédommagements que les Etats de l’hémisphère Sud réclament pour contrecarrer les dégâts irréversibles provoqués par le changement climatique au sein de leurs sociétés. Les dédommagements devront être payés par les principaux responsables des émissions de gaz à effet de serre. Les Etats riches, dont l’UE et les Etats-Unis, sont récalcitrants. Et pour cause, car ils protègent les multinationales du pétrole comme EXXON Mobil, Shell, TotalEnergies et cie. lesquels sont historiquement responsables de 70% des émissions de gaz à effet de serre[1] et qui devraient par conséquent être amenés à payer des dédommagements à hauteur de milliards.

Pour déi Lénk la justice climatique est un enjeu central entre les Etats, mais également entre les classes sociales à l’intérieur des Etats. Une étude récente d’Oxfam[2] indique justement que la classe internationale des super-riches pollue le plus et continue à polluer toujours plus. En 2030, le 1% des plus riches sera responsable de 16% des émissions de CO2 au niveau global.

Parmi ce 1% se trouvent les super-riches avec leurs villas et yachts qui rendent les inégalités grotesques. Les inégalités sociales qui participent fortement au réchauffement climatique. Il est urgent de les combattre.

Evidemment, comme ses prédécesseurs, la COP 27 ne thématisera pas ce défi. Elle en est incapable. Les relations économiques internationales, le commerce global et les flux financiers sont écartés des discussions. Le capitalisme n’est pas à l’ordre du jour à Sharm El-Sheikh.


[1] https://www.cdp.net/en/articles/media/new-report-shows-just-100-companies-are-source-of-over-70-of-emissions

[2] https://oxfamilibrary.openrepository.com/bitstream/handle/10546/621305/bn-carbon-inequality-2030-051121-en.pdf

COP21: Ein Abkommen mit (zu)vielen Haken.

In Paris wurde am Samstag nach langen und zähen Verhandlungen ein neues Klimaabkommen beschlossen. Den Beschluss als historisch zu bezeichnen ist jedoch falsch und verfrüht, denn der Text enthält viel Unverbindliches und nur sehr wenige Fortschritte. Ob das Pariser Abkommen wirklich der Ausgangspunkt eines wirksamen Kampfes gegen die Erderwärmung sein wird, hängt jetzt von den nationalen politischen Maßnahmen ab.

Begrüßenswert ist die Verständigung der Vertragsparteien auf das – wenn auch unverbindliche – Ziel, die durchschnittliche Erderwärmung nach Möglichkeit auf 1,5 Grad gegenüber dem vor-industriellem Niveau zu begrenzen. Diese Einigung ist ambitionierter als das bisherige 2 Grad-Ziel, erscheint jedoch vor dem Hintergrund der freiwilligen Zusagen der Staaten (INDC), deren Umsetzung die Erderwärmung bestenfalls auf 3 Grad beschränken könnte, als rein symbolisch. Wie und unter welchen Bedingungen diese freiwilligen Zusagen verstärkt werden müssen oder ab welchem Jahr die weltweiten Emissionen spätestens sinken müssen, um das 2 Grad-Ziel zumindest theoretisch erreichbar erscheinen zu lassen, verrät uns der Text von Paris nicht.

Somit liegen die Hoffnungen einzig und allein auf der Eigenverantwortung der Staaten. Inwiefern sie diese im internationalen Standortwettbewerb und unter den Zwängen des Wachstumsdogmas überhaupt wahrnehmen können und wollen, ist jedoch mehr als fraglich.

Gerechtigkeit wird kleingeschrieben.

Neben der Glaubwürdigkeit des 1,5 Grad-Ziels ist auch die Klimagerechtigkeit als weiteres Opfer der Verhandlungen von Paris zu beklagen. Der Text beinhaltet zwar Aussagen zur gerechten Transition, doch diese wurden nur in der Präambel untergebracht und haben keine rechtliche Verbindlichkeit. Dasselbe gilt auch für die Einhaltung der Menschenrechte und die Rechte indigener Bevölkerungen.

Die Finanzierung des Klimaschutzes, die es Entwicklungsländern ermöglichen soll sich einerseits vor den Folgen des Klimawandels zu schützen und andererseits ihre politischen Maßnahmen für die Beschränkung ihrer Treibhausgasemissionen zu stemmen, bleibt weiterhin ungelöst. Wie schon in Kopenhagen werden Finanzhilfen in Höhe von 100 Milliarden Dollar pro Jahr ab 2020 versprochen. Doch ohne verbindliche und solide Finanzströme von Norden nach Süden, werden viele Entwicklungsländer ihre oft sehr ambitionierten Klimaschutzmaßnahmen nicht umsetzen und ihre Bevölkerungen nicht vor Verwüstung und Hunger schützen können.

Wie muss es jetzt weitergehen?

Frühestens 2018 soll es eine erste Evaluierung und – falls möglich – ab 2023 eine Anpassung der freiwilligen Klimaschutzzusagen geben. Viele Staaten, darunter auch die Europäische Union und natürlich auch Luxemburg, müssen ihre Anstrengungen bis zu diesem Zeitpunkt deutlich nach oben korrigieren. Geschieht diese Anpassung nicht, wird auch die allerletzte Chance auf eine minimale Beschränkung der Erderwärmung verspielt sein. Den Preis dafür werden in aller erster Linie die ärmsten Teile der Weltbevölkerung bezahlen.

Evolution future du Fonds de Compensation vu les résultats de la COP21

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe