Ëm wat geet et bei dësem Gesetz?
Dëst Gesetz setzt de Kader fir d‘Schafung vun engem Observatoire de la qualité scolaire, engem Organ dat sech aus 8 vum Minister ernannten Expert’en aus dem ëffentlechen a private Secteur zesummensetzt, dat fir d’Evaluatioun vum lëtzebuergesche Schoulsystem zoustänneg ass an den Optrag huet fir Analysen ze maache vun nationalen an internationalen Etuden iwwer d’Qualitéit an d’Organisatioun vun der Schoul.
Wat ass wichteg bei dësem Gesetz?
Analysen a Propositiounen déi zu der qualitativer Opwäertung vun engem Schoulsystem bäidroe si sécherlech wäertvoll an noutwendeg. Just ass bei dësem Gesetz kee Wäert op eng präzis Definitioun vun de Missioune vum Observatoire de la qualité scolaire geluecht ginn. D’Exigenze wat d’Kompetenzen an de Parcours vun den Expert’en ubelaangt, aus dem sech dëse Gremium zesummesetzt, si relativ niddreg am Verglach zu der Erfarung déi ee Proff oder Schoulmeeschter hautzedaags muss matbréngen. Anerersäits riskéieren d’Expert’en aus dësem Gremium relativ wéineg mat der Realitéit um Terrain vum Enseignement ze dinn. Och wann d’Expert’en sech kënne bei den Enseignant’en informéieren, sou leien dach awer d’Gespréichsronnen tëschent dem Minister a verschiddene Gewerkschaften op Äis.
Wéi hunn déi Lénk gestëmmt ?
Dogéint !
déi Lénk gesinn awer och ee Problem bei der politescher Neutralitéit vum Observatoire, de schliisslech un de Ministère attachéiert ass. Dee gréisste Probleem gesi mir och doranner datt dës Expert’en vum Minister arbiträr ernannt gin an datt d’Gesetz guer keng Ernennungskritären virgesäit. Den Erzéiungsminister huet d’Schlusswuert bei der Festléeung vun de Prioritéiten no deenen dem Observatoire seng Aarbecht sech wäert riichten. Iwwert eng Konventioun mat der Unilu an den Engagement vu Chercheuren a Chercheusen déi am nationalen- an internationale Bildungsberäich schonn etlech Studien duerchgefouert hunn an d’reegelméisseg Consultatioun vun den Enseignant‘en hätt een sech dëse Manöver kënne Spueren.