Här President,
Sämtlech Rapporten an Evaluatiounen vum lëtzebuerger Schoulsystem déi opzedreiwe sinn soen dat selwescht aus: Déi Gesellschaftlech Ongläichheeten spiggele sech an der ëffentlecher Schoul erëm, a keng politesch Reform huet et bis elo faerdeg bruecht d’Reproduktioun vun dësen Ongläichheeten ze stoppen. Och wann tëscht 1970 an haut Villes geschitt ass, den historeschen Kontext an d’Erausfuerderungen un d’Gesellschaft an d’Politik evoluéiert hunn, bleift et bei dëser Bestännegkeet: Sou laang d’Gesellschaft vun strukturellen Ongläicheeten geprägt ass, bleift d’Schoul net dovu verschount. Sou laang d’Schoul des strukturell Ongläichheeten an hierem System widderhëllt, bleiwen sozial Ongerechtegkeeten a schoulesch Inegalitéiten bestoen.
Här President,
Den Optrag vun der ëffentlecher Bildung kann et net sinn een ongerechten sozialen Uerden oprescht ze erhalen, sou wéi mer dat mam meritokratesche System gewinnt sinn. Vill méi misst déi ëffentlech Bildung déi dreiwend Kraaft vun der Demokratie an der Emanzipatioun ginn. Esou een demokrateschen Bildungsoptrag riicht sech dann virun allem un déi Schüler, déi aus engem soziale Milieu kommen, wou d’Elteren net vill verdéngen an och keng grouss Schoulen gemaach hunn. Déi Schüler also, déi d’Réussite scolaire net an d’Wéi geluecht kruten.
D’Schülerinnen a Schüler hunn net déi selwescht Chancen fir gutt duerch d’Schoul ze kommen. Dat weist d’Magrip-Studie, sou wéi déi rezent Bildungsberichter. Mir mussen also kucken dat d‘Bildungschancen gerecht verdeelt ginn. Dofir brauche mir ee gerechte Schoulsystem.
Gläichzäiteg geet et och dorëms dat jiddereen deen zu Lëtzebuerg an d’Schoul geet fräi kann entscheeden op Grond vun senge Preferenzen a net just senge Kompetenzen a wéi eng schoulesch an berufflech Lafbunn en sech wëll orientéieren. D’Dieren vun der schoulesch Orientéierung mussen esou breed wéi méiglech opgemaach ginn. Eng zouen Dier fir eng aner Ausbildung, zum Beispill wann een sech ëmorientéiere wéilt oder well een soi-disant d’Kompetenzen dofir net hätt, suergt fir vill Frust ënnert de Schüler. 96% vun de Schüler déi 2021 d’Schoul un de Nol gehaangen hunn, hunn uginn dat se dat gemaach hunn well hinnen hir Filière an hir Ausbildung net gefällt. Dat ass dee meescht genannten Grond fir den Décrochage scolaire. Et léisst sech iwwer déi lescht 3 Joeren schätzen, dat all Joers 500 – 600 Schüler ënner 18 Joer d ‘Schoul opginn. Dat deit kloer op een Echec vun eisem Schoulsystem hin.
Här President,
D’ëffentlech Schoul bidd ville Jonken keng sécher Perspektiv op eng Aarbechtsplaz méi. Dat ass ee grave Problem an dee gëllt virun Allem fir d’Schüler aus der Formation professionnelle. D’Schüler am Parcours vun der Formation professionnelle, gehéiere majoritär zu de Schoulofbriecher. De Manktem u Léierplazen steet un 2. Plaz vun den Ursaachen fir de Schoulofbroch. 15% vun den Diploméierten aus der Formation professionnelle fanne keng Aarbecht. Dat geet aus der leschter Etude Transition Ecole Vie active erfir.
Och fir Jonker déi frësch vun der Uni kommen, ass d’Aussiicht op eng Aarbechtsplaz ëmmer méi geréng. Am Joer 2019 wuaren ëmmerhinn 22% vun de Jonken mat engem Unisdiplom op der sich no enger Aarbecht.
Här President,
Schoulofbroch, Jugendchômage och ëmmer méi Jugendaarmutt sinn eng Realitéit an eisem Land. Sou laang déi onsichtbar Hand vum fräie Marché den Aarbechtsmarché strukturéiert, gëtt et an Zukunft ëmmer méi schwiereg fir déi jonk Leit eng Aarbecht ze fannen, notamment wann hir Ausbildung den Exigenzen vun dësem Marché net méi entsprécht. D’Fro ass awer – wien decidéiert wat d’Beruffer vun der Zukunft solle sinn?
De Marché entscheed wat d’Beruffer vun der Zukunft sinn, d’Schüler gi just ausgebild fir de Marché ze fidderen. Déi nei Optioun N – N fir Finanzen, Entrepreneuriat a Marketing – déi am Secondaire Classique agefouert gëtt steet stellvertriedend dofir. Dobäi kéinten déi jonk Leit matbestëmmen wat d’Beruffer vun der Zukunft sinn. De Staat kann nei Aarbechtsperspektive schafen an d’ëffentlech Schoul kéint doran eng Virreiderroll spillen, fräi vun ekonomeschem Drock an arbiträren Calculer.
D’Employabilitéit vun de Schülerinnen a Schüler ass ganz sëcher ee wichtege Critère. D’Schoul huet awer nach ee ganz anere Bildungsoptrag, nämlech deen, all Schüler dozou ze befäegen, Zesummenhäng ze verstoen, matzedenken, sech auszedrécken, matzegestalten. Just esou kann et zu engem Paradigmewiessel an eiser Gesellschaft kommen. Da kann et och zu enger realer Matbestëmmung kommen, well eis Schüler zu mëndege Bierger gi sinn.
Här President,
Et geet net drëms ze wëssen wéi eng Aktivitéiten am rentabelsten sinn, mee wat mer an Zukunft un Aktivitéiten an Aarbechten brauchen fir dat eis Gesellschaft ka funktionnéieren, virun allem am Kontext vum Klimawandel. Handwierker brauche mer zum Beispill ëmmer. Ech ka mer keng Gesellschaft ouni Handwierker virstellen. Och am digitalen Zäitalter brauche mer Leit déi eng Stéchsäh kënnen an de Grapp huelen, den Daag flécken, Haiser bauen, de Waasserschued flécken a villes méi. Paradoxalerweis steet awer d’Handwierk u leschter Stell an eisem pyramidale Schoulsystem. D’Formation professionnelle ass weiderhin en Ofstellgleis fir Schüler déi et net bis an den Enseignement Général oder de Classique packen.
Här President,
D‘Recht op eng ëffentlech zougänglech Bildung, d‘Demokratiséierung vun der Schoul duerch d’Obligation scolaire – alles dat sinn politesch Diskussiounen an Ziler déi schon Joerzéngten zeréckleien. Des Ambitiounen ginn haut net méi duer. Haut dierf jiddereen an d’Schoul goen, wat nach laang net heescht dat jiddereen an der Schoul eng Ausbildung kritt, déi ëm henno am Liewen déi selwescht Chance bidd. Dorun ännert och eng Verlängerung vum Schoulpflichtalter näischt. Wat zielt ass dat no der Schoul genuch Méiglechkeeten bestinn fir dat wat ee geléiert huet och kennen unzewenden am Kader vun enger anstänneger Aarbechtsplaz.
Haut muss d’Politik sech als Zil ginn déi gesellschaftlech wéi och déi schoulesch Inegalitéiten ze bekämpfen. Haut brauche mer eng staark ëffentlech Schoul déi der sozialer Realitéit entsprécht.
De leschten Bildungsbericht weist ganz kloer dat d’Ongläichheeten vun der schoulescher Leeschtung net verschwonne sinn. D’Fakteuren déi des Ongläicheeten ausmaachen sinn engersäits an der Gesellschaft an anerersäits am Schoulsystem selwer verankert.
Sozial, ekonomesch a kulturell Facteuren, wéi d‘Sprooch, Klassenugehéiregkeet, den Gender an déi national Originn schafe Spaltungen ënnert de Schüler*Innen an determinéieren ganz staark hir Zukunftschancen. Eise Schoulsystem, mat senge Strukturen, senge Reegelen, reproduzéiert des gesellschaftlech Spaltungen, a verschäerft se souguer nach.
Här President,
D’Zuelen aus dem leschten nationale Bildungsrapport déi déi schoulesch Ongläicheeten beléeën, stinn an der Continuitéit mat deenen aus de Joeren virdrun. Dem Minister Meisch seng sëlleg Reformen hunn grondsätzlech näischt un der fundamentaler Ongerechtegkeet vun eisem Schoulsystem geännert. D’Schoulpolitik ass déi vum Status Quo.
Et ginn e puer Hiewelen déi ee misst zéien, fir den Schoulsystem fundamental kënnen ze änneren.
Konkret bedeit dat:
- Dass bei de Kanner am ganz jonken Alter am Meeschten investéiert muss ginn an am Meeschten ze machen ass fir d’Weichen an die richteg Richtung ze stellen
- Mär brauchen eng Opwärtung vun der Tâche vum Titulaire um Terrain a grad an deenen ëneschte Cyclen missten di kompetenzte Leit agestallt gi.
- Dass d’Exigenzen un d’Méisproochegkeet mussen iwwerschafft ginn. Ëmmerhin hunn di Meeschte Schülerinnen a Schüler mat Migratiounshannergrond Kentnisser an 5 Sproochen an dat ka jo awer net en Ausschlosskritär sinn.
- Dass d’Kompetenzsoclen am Fondamental als Indicateur funktionnéieren net als Ausschlosskritär.
- Dat am Fondamental och wierklech an Cyclen geschafft gëtt, esou wéi dat am Cycle 1 schon zanter der Reform vun 2009 ass.
- Dass d’Hierarchiséierung vun de Filièren am Secondaire muss verschwannen.
- Dass keng fréizäiteg Orientéierung an de Secondaire méi stattfënnt.
Här President,
An eisem Schoulsystem ass d’Sprooch ganz däitlech een Diskrimnatiounsfacteur. Dat ass mëttlerweil jidderengem heibannen bewosst. Et ass net realistesch ze erwarden dat jiddereen eis 3 Amtssproochen mat dem selweschten Perfektiounsgrad kéint beherrschen. Keen heibannen kann dat, an trotzdem setzt eise Schoulsystem ganz héich Erwaardungen un d’Schüler an un déi zukünftlech Enseignant’en wat d’Sproochekentnisser ugeet. Des Erwardungen sinn net méi zäitgeméiss. Zu Lëtzebuerg sinn gutt d’Halschent vun de Schüler aus der Immigratioun, dovun 21% aus enger éischter Generatioun.
Lëtzbuergesch ass net méi wéi nach an den 80er Joeren déi Sprooch déi am Meeschten bei de Schüler doheem geschwat gëtt. Portugiesesch ass déi meescht geschwaten auslännesch Mammesprooch. Déi lusophon Schüler sinn awer och déi, déi am Leeschtungsverglach am Mannste gutt ofschneiden. Ech soen bewosst am Mannste gutt, well souwuel an der Pisa Etude, wéi och am hauseegenen Monitoring schneiden eis Schüler all net besonnesch gutt of. Am Cycle 3 ereechen 18% vun de Schüler allgemeng de Kompetenzsockel net. Op 5e sinn et 46% , deenen hir Kompetenzen den Erwaardungen vum Socle net entspriechen. Mir schwätzen hei just vun de Basiskompetenzen: Liesen, Schreiwen, Rechnen.
Do wou de Leeschtungsecart tëschend lusophone Schüler an de lëtzebuergesch sproochegen fir d’éischte Kéier däitlech sichtbar gëtt, ass am Cycle 3. Ab do bleift deen Ecart bestoen bis an de Secondaire, bis op 5e zumindest.
Här President,
Dem Bildungsminister seng Virgängerin, d’Madame Mady Delvaux-Stehres hat emol d’Remark gemaach – den Socle de compétences wier en Indicateur, mee keng Guillotine. D’Erreechen vum Socle setzt pedagogesch Mesuren viraus, déi zwar deelweis vun der Reform vun 2009 virgesi wuaren, mee de facto nie tel quel an allen lëtzebuerger Schoulen ëmgesat gi sinn. Et ass deemols drëms gaangen de Redoublement ofzeschafen falls ee gewësse Kompetenzsocle net géing vun de Schüler*Innen erreecht ginn. Ouni d’Erwardungen un d’Leeschtung vun de Schüler erofzesetzen, sollt gekuckt ginn déi néideg Moyen’en u Personal an pedagaogeschen Outilen an der Klass sou anzesetzen fir dat jiddereen dee Kompetenzsocle kann errechen. De Socle ass an deem Sënn en Indicateur dee weist wéi vill Progrès gemaach ginn ass. Eng positiv Evaluatioun also. Sou wäit mir dat observéieren, ass de Redoublement net aus eise Schoule verschwonnen. Dat gëtt elo just anescht genannt an zwar Rallongement, mee och de Rallongement ass eng extrem demotivant Mesure.
Här President,
Mir mussen den Apprentissage vun de Sproochen op engem gemeinsame Nenner opbauen deen der grousser Diversitéit vun eiser Schülerpopulatioun gerecht ka ginn.
Wéi mer dat am Beschten maachen, si Froen déi elo endlech erfuerscht ginn, well de Minister jo och erkannt huet dass d’Méispoochegkeet ëmmer méi en Handicap gëtt fir eis Schülerpopulatioun. Mee leider ginn d’Decisiounen fir déi eng oder aner Mesure ëmzesetzen vum Minister iwwert de Knéi gebrach. Ee gutt Beispill dofir ass d’Aféeirung vun der Alphabetiséierung op franséisch am Fondamental. Do kann ee sech soen, jo firwat net, mee wann et esou ass dat just an e puer Testklassen op franséisch alphabéiséiert gett, während an deenen anere Klassen op däitsch alphabetiséiert gett an dono am Cycle 3 die 2 „Filièren“ zesumme kommen, dann ass et schwéier virstellbar, dat am C4 solle, onofhängeg vun der Alphabetiséierungssprooch, d’Kanner dee selwechte Niveau an alle Sproochen kënnen hunn. Da froen ech mech, à quoi bon? Dann hu mär näischt un der Komplexitéit vum Sproochenunterecht ënnerholl, mee just eppes un der Reihenfolg.
Dofir mist een sech op d’Fuerschung baséieren an och d’Rekommandatiounen aus deene sëllegen Etüde berücksichtegen, well wannesou eng Mesure vu vir eran net gutt genuch duerchduecht oder duerchfuescht ass, da kann se vill Schued bei de Kanner uriichten. D’Kanner si jo awer keng Testobjeten.
Här President,
D’Erwuardungen un d‘Sproochekompetenzen suerge net just fir schoulesch Inegalitéiten ab dem Fondamental, mee erschwéieren och den Zougang zu enger Aarbechtsplaz, notamment am Kader vun der Beruffsausbildung a schlussendlech verspäert et ville jonken Leit de Wee zu enger universitärer Ausbildung. Eng weider Schrauw un där een dréine misst, wir also déi vum Stellewäert vun der Méisproochegkeet am Kontext vun enger Gesamtevaluatioun vun de schouleschen a professionnelle Kompetenzen.
Et ass fairerweis wichteg dës sproochleg Exigenzen fir jiddereen nei unzepassen, well se elo schonn net méi fir jiddereen gëllen. Se gëllen net fir jiddereen um Aarbechtsmarché an och net am Kader vun den ëffentlechen International Schools.
Här President,
Aus dem wat aus dem Bildungsbericht erauszeliesen ass, bleift awer deen determinantste Diskriminatiounsfacteur an der Schoul de Bildungsgrad an de Kontosstand vun den Elteren.
Notamment, wann et ëm d‘Orientatioun nom Fondamental an d’Filiären vum Secondaire geet.
Engersäits wësse mer jo dat d‘Chance fir gutt duerch d’Schoul ze kommen méi kleng sinn fir déi Kanner, déi aus sozial an ekonomesch schwaachen Familljenëmfelder kommen. Anerersäits ginn et deene Schüler géigeniwwer Virurteeler, déi bei der Orientéierung matspillen. An de leschte Bildungsberichter gesäit ee ganz gutt wéi stuark des Virurteeler matspillen je nodeem a wéi eng Filière de Schüler*Innen orientéiert ginn. Do ginn et Zuelen déi kloer bezeien, dass d’Leeschtungen vun Schüler*Innen aus „guddem Haus“ zolitt iwwerschat ginn. De contraire ass de Fall bei de Schüler*Innen aus manner gutt beduchten Familljen. Si ginn sans gêne an hiere Leeschtungen ënnerschat.
Sou sinn de leschten Zuelen no 72% vun den sozioekonomesch méi staarken Schüler an de Classique orientéiert ginn, obwuel der nëmmen 52% d‘Fähegkeeten dofir haten.
Ëmgedréint sinn 16% vun den sozioekonomesch méi schwaache Schüler an de Classique orientéiert ginn, obwuel et hieren Punkten no der 37% hätte misste sinn.
D’Virurteeler suergen hei fir een Ecart deen ganz kloer en Faveur vun de sozial favoriséierten spillt.
Eise Schoulsystem bidd awer och hei erëm déi beschte Viraussetzungen op Weiderféierung an deelweis Verschäerfung vun dësen Ongerechtegkeeten.
Den Enseignement secondaire, mat sengen 3 grousse Filièren ass quasi esou opgebaut wéi déi pyramidal Klasseverhältnisser an eiser Gesellschaft. Et ass een immens segregativen an hierarchiséierten System. De Classique, un der Pyramidespëtzt, gëllt nach ëmmer als Voie royale fir eng akademesch Carrière an déi beschtbezuelten Jobs, och wann dat an der Realitéit net méi sou ganz stëmmt.
Den Technique gëllt nach ëmmer als „manner gutt“ wéi de Classique, obwuel och hei Méiglechkeeten op eng Studielafbunn bestinn.
Dann ganz ënnen steet d’Formation professionnelle, als Ofstellgleis fir jiddereen deen et net an den technique général packt. Paradoxalerweis, ass d’Handwierk « d’Réckgrad vun der lëtzebuergescher Ekonomie », wann ech de Minister dierf zitéieren. An domatt, misst d’Formation professionnelle jo dee selweschten Unerkennungswäert kréien ewéi d’akademesch Carrière. Dat ass awer net de Fall, an dat ass ee Mentalitéitsproblem souwuel ewéi eng Konsequenz vun engem Orientéierungssystem deen op sozialen Ausschlosskritären baséiert.
Wie wëll schon ee Kand an d’Formation professionnelle schécken, wa gewosst ass, dass domatt seng d’Zukunftschancen um Spill stinn?! An engem Kontext, wou déi politesch Responsabel déi akademesch Ausbildung als eenzeg voie de réussite duerstellen an och dofir suergen, dass dat esou ass, kann ee sech schwéier virstellen d’Elteren vun de Schüler*Innen an d’Schüler*Innen selwer fir d’Formation professionnelle kënnen ze begeeschteren.
Et verlaangt schon eng Revolutioun fir d’Hierarchiséierung vun de Filièren ofzeschafen. Déi Lénk wëllen dofir d’Gesamtschoul als revolutionnär Mesure developéieren. D’Gesamtschoul, dat ass ee System an deem d’Schüler*Innen net fréizäiteg an de Secondaire orientéiert ginn. Si bleiwen zesummen an enger selwescht Lafbunn, an engem Tronc commun, bis zum Schoulpflichtalter, also aktuell nach 16 Joer, a kënnen dann entscheeden a wéi eng spezialiséiert Filière si sech wëllen orientéieren. D’Gesamtschoul setzt viraus, dass d’Schüler de Choix vun hierer schoulescher a professionneller Orientéierung bewosst kënnen treffen, well si bis dohin den Iwwerbléck iwwer hier Kompetenzen a Preferenzen kënnen hunn.
Dofir géing an der Gesamtschoul och an Teams enseignéiert ginn, dat heescht zu e puer Enseignanten an Zesummenaarbescht mat spezialiséiertem pedagodeschem Personal dat sech ëm Schüler këmmert déi spezifesch Besoinen hunn. An der Gesamtschoul géing och effektiv a Cyclen geschafft ginn, sou wéi dat haut schon gesetzlech virgesinn ass. An an enger Gesamtschoul, ginn d’Schoulprogrammer esou ausgeschafft, dass all Schüler bis zu sengen 16 Joer kann en Abléck kréien an verschidden Fächer a souwuel theoretescht Wëssen ewéi praktesch Beruffserfahrungen sammelen. Och d’Handwierk, mat Atelieren a Stagen, wäer e wichtegen Deel vun dem Programm.
Här President,
Mir fuerderen de Come-back vum Tronc commun als zentral Mesure géint schoulesch Inegalitéiten. Dat ass keng utopesch Fuerderung, well wéi der wësst, gouf 1979 den Tronc commun vun der LSAP-DP Regierung gesetzlech gestëmmt…mee leider nie ëmgesat – well dono koum eng CSV Regierung.
Den Tronc commun wuar deemols an der Diskussioun wéinst dem Constat dat de Schoulsystem de neien ekonomeschen an demographeschen Erausfuerderungen net méi gewuess wier. Deemols ass gesot ginn, dat mir zu Lëtzebeurg missten eis eege Matière grise unzillen an dat de sozialen Determinus muss entschäerft ginn duerch d’Bildung, virun allem duerch d’Demokratiséierung vun der Schoul.
Deemols huet déi éischt Etude iwwer déi schoulesch Ongläichheeten Welle geschloen an breed Debatten opgemaach. Haut schéngen d’Informatiounen aus dem Bildungsbericht bal kee méi ze schockéieren. Dat ass dann och den Effekt vun der Gewunnescht vum Status Quo. Iergendwéi rullt et och wann et net gutt rullt. Mat dëser Mentalitéit wëlle mir briechen.
Här President,
Natierlech ass den Tronc commun just een Aspekt vun enger gréisserer struktureller Reform vun eisem Bildungssystem. Ouni eng grondop Reform bleift de lëtzebuergeschen Schoulsystem ongerecht, oneffikass, konservativ an almoudesch. Almoudesch, well en an den 70er Joeren hänke bliwwen ass. Konservativ well trotz alle Reformen déi de Minister ënnerholl huet a senger Mandatsperiod, sech grondsätzlech näischt a punkto Ongläicheeten geännert huet. Wat sech awer radikal geännert huet, dat ass d’Schoullandschaft. Mir hunn nieft den traditionnelle Schoulen, ëmmer méi international Schoulen. Nieft dem klasseschen Schoulsystem, huet de Minister ee parallelle Schoulsystem geschaf. Fir Schüler*Innen mat spezifesche Besoinen goufen nei Infrastrukture geschaf, déi hir Problemer aus der Schoul an d’Kompetenzzentren kënne verlageren. All Schoul huet säin Entwécklungsplang, all Lycée säi Profil a seng schoulesch Offer. Dee Lycée mat der beschter Offer, kritt déi beschte Schüler an domatt déi meeschte Moyenen fir ze funktionnéieren.
Déi grouss Changementer bestinn aus enger Zerstéckelung vun der Schoullandschaft, engem administrativen Waasserkapp, enger Individualiséierung vun der Schoulgemeinschaft an enger Hyperspezialiséierung vun der Ausbildung. Dem Minister seng sëlleg Reformen hunn de Problem vun de schouleschen Ongläichheeten ëmgaangen. Plus ça change, plus c’est la même chose. Dat ass Konservatismus.
Här President,
Et ass un der Zäit Courage ze weisen fir eng Rei Mesuren ëmzesetzen déi um Fundament vun eisem inegalitäre Schoulsystem rappe ginn.
Mir fuerderen een vereinfachten Zougang zu der Méisproochegkeet.
D’Ofschafen vun der fréizäiteger Orientéierung an de Secondaire.
D’Aféierung vum Tronc commun.
D’Enn vun der Hierarchiséierung tëscht den Filiären.
D‘Integratioun vun para-scolairen Aktivitéiten a vun de Kompetenzzentren an der Schoul selwer.
Multiprofessionnell Teams an de Klassesäll.
Dat, Här President, sinn vun eis, e puer konkret Mesuren fir géint déi schoulesch Ongläichheeten unzekämpfen.
Mir halen des Mesuren an enger Rei Motiounen fest, déi ech iech heimadder iwwerginn:
(Motiounen kuerz erklären)
Merci fir d’Nolauschteren.