Antworten von déi Lénk auf die Frage der « Association professionnelle des éducateurs gradués» (www.apeg.lu) und des « Lëtzebuerger Beruffsverband fir sozial Arbecht » (www.lbsa.lu).
1) Fir eng qualitativ héichwäerteg Kanner- a Jugendbetreiung am Kader vun der non-formaler Bildung
Fir déi Lénk ass d’Kanner- a Jugendbetreiung immens wichteg. Grad wéi bei der Edukatiounspolitik ass et hei, wou ee kann als Gesellschaft agräifen, fir méi Chancegläichheet ze erreechen. D’Realitéit vun all Kand ass verschidden – all Kand ass eenzegaarteg an huet verschidde Charakteren an Eegenschaften. Mee sozial a kulturell Fakteure maachen, datt d’Schicksal vun engem Kand nach ëmmer vill ze vill quasi virbestëmmt ass. Fir déi Lénk kann een dogéint nëmmen ugoen, andeems een all Kand a senger ganzer Perséinlechkeet fördert, an net nëmmen op d’Besoin’e vun der Schoul oder spéider dem Arbechtsmaart hinn. Esou eng resultatorientéiert Approche riskéiert negativ Konsequenze fir ganz Generatiounen ze hunn. Nach ni si Kanner esouvill Stonnen am Dag betreit ginn. Dëst ass eng Chance, mee och eng Gefor. Fir d’Chancen auszenotze mussen all déi Bedeelegt, vun der Politik iwwert d’Eltere bis hin zum edukative Personal, grad esou gudd an de Kanner- a Jugendbetreiungsstrukturen wéi och an der Schoul, eng grondlegend Debatt féieren. Déi Lénk hunn intern a mat Akteuren aus deene Beräicher ee Joer laang intensiv um Thema geschafft an ee Positiounspabéier ausgeschafft. Een Deel zum Thema Kannerbetreiung ass an dëser Äntwert annexéiert.
Fir datt Qualitéit kann erreecht ginn brauch et eiser Meenung no:
1) Een déiwe gesellschaftlechen Débat iwwert Erzéiung: wat wëlle mer wéi a wéini?! Fir eis ass dobäi eng wichteg Fro: Wéi kënnen mer de Kanner et nach erméiglechen „Fräizäit“, an domadder ënnert anerem selbstbestëmmt Spillen, ze erliewen?
2) D’kohärent a konsequent Emsetzung vun deem gesellschaftleche Konsens, dee bei dësem Debat misst erauskënnt. Mäer setzen eis eis dofir an, datt dat eng Visioun vun Erzéiung ass déi Selbstbestëmmung, Demokratie a Chancegläichheet fördert. Fir déi Lénk geet dat net ouni eng déifgräifend Reform vun der Schoul, a mat dëser Reform zesumme solle Ganzdagsschoulen ausgebaut ginn. Do wou et (nach) net zu Ganzdagsschoule kënnt, soll eng staark Vernetzung tëschent Schoul a Maison Relais geschéien.
3) Déi néideg Mëttelen: Infrastrukturen, genuch Personal wat no hiirer Formatioun bezuelt gëtt, héichwäerteg Weiderbildung, Begleedung (Coaching, Supervisioun, Qualitéitsentwecklung,…)
2) Verbesserunge bei der Formatioun vun de sozioedukative Beruffer
Et ass schwéier konkret a spezifesch Verbesserunge bei der Grondausbildung ze fuerderen, well d’Leit Formatioune kënnen an der ganzer Welt suivéieren, virun allem och an der europäescher Grenzregioun. Do wou d’Chamber politesch Afloss drop kann hunn ass d’Formatioun op der Uni.lu. Hei däerf net de Feeler gemaach ginn datt bei der Formatioun exklusiv op d’Wëssensvermëttlung gesat gëtt a sech dann dobäi op sougenannte Basics limitéiert gëtt. Bei den edukative Beruffer ass d’Persoun de Schlëssel zur qualitativer pädagogescher Aarbecht. Dofir muss d’Formatioun ee ganzen Entwécklungsprozess virgesinn, deen den angehenden Educateuren a Sozialpädagogen et erméiglecht, Kompetenzen a virun allem och eng humanistesch Approche ze entwéckelen déi onabdingbar sinn fir eng qualitativ héichwäerteg Aarbecht spéider am Beruff. Net feelen däerfen an der Ausbildung och d’Aspekter vun der Teamaarbecht, vun der Leedung vun engem Team fir Educateur gradué’en – dëst méiglechst partizipativ a kooperativ, vun der Partizipatioun, der Inklusioun an der Genderpädagogik.
Niewt der Grondausbildung muss och onbedéngt d’Formation Continue verstäerkt ginn, an et muss Kloerheet geschafe ginn, wéivill Formation Continue een däerf maachen a wéivill ee muss maachen. 16 Stonne pro Joer bei enger voller Tâche ass fir déi Lénk den absolute Minimum. An der Stad Lëtzebuerg sinn elo scho 50 Stonne virgesinn an et ass och éischter dat wat graduell soll ugestriewt ginn. Een Deel vun der Formation Continue soll fräi wielbar sinn vun der Eenzelpersoun, een aneren Deel soll unhand vun der Personalentwécklung vun der Kannerbetreiungsstruktur gekuckt ginn, fir datt an de pädagogeschen Ekippen déi Kompetenze kënne geziilt entwéckelt ginn déi fir d’Ëmsetze vum pädagogesche Konzept néideg sinn.
3) Gemeinsam Richtlinne fir eng gemeinsam Erzéiungspolitik
Déi grondlegend gesellschaftlech Debatt déi mäer fuerderen soll och zu gemeinsame Richtlinne féieren. Et ass wichteg all d’Akteuren déi mat der Erzéiung ze dinn hunn, méi no zesummenzebrengen. D’Visioun vun déi Lénk ass dobäi déi vun der Ganzdagsschoul. Mee d’Ganzdagsschoul kann ee sech net esou virstellen wéi wann dat déi aktuell Schoul wäer déi dann einfach nach e puer Stonne méi laang dauert. Nee, ganz an guer net: déi Schoul muss ufänke ganz aanescht ze funktionnéieren a sech vill méi no de Bedierfnesser an de Rythme vun de verschiddene Kanner riichten. Eis Visioun vun der Schoul ass beschriwwen am Dossier “Pour une vraie réforme de l’école”, deen op eisem Site kann erofgeluede ginn: http://elodeilenk.org/2013/09/18/pour-une-vraie-reforme-de-lecole-dossier/ .
Dee Moment géif d’Personal vun engem Employeur an enger Struktur zesummeschaffen an et bräicht ee keng komplizéiert Instrumenter wéi PEP, déi dann nach zousätzlech zum PRS an dem pädagogesche Konzept vun der MR dobäikommen. Villméi kann een dann ee pädagogescht
Konzept fir d’Ganzdagsschoul entwéckelen an innerhalb dovunner Raum fir geziilt Léiere schafen, awer och fir fräit Spill a fräit Léieren. Esoulaang et awer nach keng flächendeckend Ganzdagsschoule gëtt ënnerstëtzen déi Lénk all Ustrengungen an Initiativen déi d’Zesummenaarbecht tëschent de Bedeelegten ënnerstëtzen, esou wéi eis Gemengerootsvertrieder et schonn um kommunale Niveau maachen. Vernetzung mat aneren Akteuren ass an alle Fäll nach ëmmer wichteg, wéi virun allem mat den Elteren, mee och mat der LASEP a mat lokale Sports- an d’ Kulturveräiner.
4) Gerecht Bewäertung vun de Carrièren vun den Edukateuren an Sozialpädagogen
Déi Lénk ennerstëtze voll a ganz d’Fuerderung vun der APEG an der LBSA déi absolut legitim ass. Mäer fannen et bedenklech fir eis Gesellschaft, datt esou wichteg Beruffer, déi essentiell fir d’Entwécklung vu ville Kanner a Jonke sinn, net déi néideg Unerkennung kréien. Nach ëmmer schwiewe vereelzt Konzeptioune ronderëm, wéi wann d’Kannerbetreiung eng Aarbecht wäer déi jidderee ka maachen an déi „einfach“ wäer. D’Beruffsbild muss onbedéngt valoriséiert ginn, fir datt déi Aarbecht déi geleescht gëtt och déi verdéngten Unerkennung kritt, a fir datt d’Leit déi sech dee Beruff eraussiche wësse wat vun hinne gefuerdert gëtt an esou och d’Qualitéit ka gesëchert ginn.