7368 – Ratification Amendements au Protocole de Göteborg (Loftqualitéit)

Ëm wat geet et ?

D’Loftqualitéit gëtt europa- a weltwäit staark beanträchtegt duerch verschidde Substanzen, déi bei der Verbrennung vu fossillen Energien oder an industrielle Prozesser fräigesat ginn a schiedlech fir d’Gesondheet vun de Mënsche sinn. Déi opgrond vum Volume vum Ausstouss problemateschst Substanze sinn d’Stéckstoffdioxider (NOx) an d’Feinpartikelen (PM 2.5). Béid Substanze ginn an éischter Linn am Transportsecteur a bei der Erzeugung vu Stroum vu Kuelekraaftwierker ausgestouss. Besonnesch Feinpartikele kënnen immens wäit, iwwer honnerte Kilometeren, vun der Loft transportéiert ginn a sou regional an national Grenzen iwwerschreiden.

Fir dëser Pollutioun Meeschter ze ginn, gouf 1979 d’Genfer Konventioun iwwer d’grenziwwerschreidend Loftverschmotzung ënnerschriwwen. Des Konventioun gouf iwwer d’Joren ëmmer erëm aktualiséiert, e.a. mam Protokoll vu Göteborg (1999), dat verbindlech Ziler fir Signatairë vun der Konventioun festgehalen huet. Et geet drëm déi schiedlech Substanzen innerhalb vu festgeluechten Zäitraim ze reduzéieren. D’Amendementer un dësem Protokoll (2012) gesi verbindlech Ziler fir 5 Substanze fir: NOx, Feinpartikelen, SO2, NH3 an NMVOC. Des Reduktiounsziler betreffen den Zäitraum 2010-2020 respektiv 2021-2030 an doriwwer eraus. D’Lëtzebuerg ass wéi déi aner europäesch Staaten Vertragspartei vun der Konventioun vu Genf a vum Protokoll vu Göteborg. Wéi och beim Klima a beim Protokoll vu Kyoto an dem Paräisser Accord, verflicht sech d’Europäesch Unioun, fir bestëmmte Reduktiounen ze maachen a verdeelt national Ziler un d’europäesch Staaten, och u Lëtzebuerg.

Wat ass wichteg ?

Lëtzebuerg ratifizéiert d’Amendementer um Protokoll immens spéit, 7 Joer no der Ënnerschrëft am Joer 2012. Dat spillt awer nëmme bedéngt eng Roll, wëll Lëtzebuerg wéi gesot iwwer d’europäesch Direktiven an dem Beräich u Reduktiounsziler gebonnen ass. Déi Direktiv, déi des Reduktioune virschreift ass d’National Emissions Ceiling Directive (NEC-Directive) a gouf 2016 fir d‘lescht adaptéiert. Se schreift Reduktiounsziler fir déi ganz EU fir an och fir Lëtzebuerg. Den Detail heiriwwer ass um Portail vun der Europäescher Ëmweltagence ze fannen.

Aus dësen Donnée’en geet ervir, dass Lëtzebuerg seng Reduktiounsziler fir NOx a Feinpartikele ganz däitlech verfeele wäert (2030 wäert den NOx-Ausstouss 5mol ze héich sinn), wa keng sérieux Mesuren ënnerholl ginn. Grond dofir ass déi enorm héich Quantitéit u Sprit, deen zu Lëtzebuerg verkaf gëtt. Aus dësem Grond dierf Lëtzebuerg dofir optéieren, dass nëmmen dat an d’Berechnung afléisst, wat tatsächlech vun dem Sprit zu Lëtzebuerg verbraucht gëtt. Mee och dann ass et ouni méi déifgräifend politesch Moossname schwéier, d’Ziler z’erreechen.

Dëse Choix werft awer wichteg Froen op. Duerch de groussen Export vu Sprit, dee säit 2 Joer och erëm massiv zouhëlt, wëll d’Länner nieft eis méi héich Accisen um Sprit agefouert hunn, fléisse vill Recetten an d’Staatskeesen. Gläichzäiteg exportéiert Lëtzebuerg awer d’Ënweltschied an déi fir Mënsch geféierlech gesondheetlech Konsequenzen duerch hallef Europa, ouni dofir opzekommen. Et ass also ganz ähnlech wéi beim CO2, dee Lëtzebuerg duerch déi vill gefuere Kilometere mat Auto’en a Camion‘en an duerch de Spritexport, an d’Atmosphär ausstéisst an d’Konsequenzen dovunner ginn awer an éischter Linn op anere Plazen op der Äerd am stäerkste gespuert, besonnesch am Süden, vun den äermste Leit, déi am meeschte vun enger intakter Ëmwelt liewen. Wien huet d’Verantwortung fir des Schied? Wien kënnt dofir op?

Bei den Emissiounen, déi bei dësem Gesetz betraff sinn, kënnt awer nach eng aner Komponent derbäi. Se betreffen och direkt d’Gesondheet vun de Leit, déi zu Lëtzebuerg an an der Groussregioun liewen, wëll se sech staark do konzentréieren, wou se och ausgestouss ginn. Dowéinst ginn op staark befuerene Stroossen am Land och ze héich Belaaschtunge mat NOx a Feinpartikele gemooss. Fir dogéint virzegoen, ginn an der Reegel nei Stroosse gebaut, fir de Verkéier aus de Stied an Dierfer ze zéien. Och des Regierung mécht dat, mat enger ganzer Rei vun neie Stroossen, déi gebaut solle ginn. Domat ass awer kee Problem geléist. E gëtt éischter verlagert, andeem d’Verschmotzung op engem méi groussen Territoire verdeelt gëtt. Et ass also ganz ähnlech wéi fréier bei Kuelekraaftwierker, wou d’Kamäiner ëmmer méi héich gebaut goufen, fir d’Verschmotzung mat SO2 méi groussflächeg ze verdeelen.

D’Konsequenzen dovunner sinn ëmmer méi Verkéier an Autoen, an doduerch och eng Verschlechterung vun der Loftqualitéit, déi zu Lëtzebuerg 2017 circa 300 Mënscheliewe kascht huet. An Europa gëtt déi Zuel op 500.000 geschat. Och hei sinn an éischter Linn déi Leit betraff, déi op den Haaptaxe wunnen, wëll se d’finanziell Moyen’en net hunn, fir a méi deiere Wunnlagen e Logement ze kafen oder ze lounen.

Lëtzebuerg ass awer och duerch d’Verschmotzung duerch Kuelekraaftwierker betraff, déi NOx a Feinstaub ausstoussen, dee bis op Lëtzebuerg verwirbelt gëtt. Mir hunn an enger Parlamentarescher Fro, op des Problematik opmierksam gemaach. Och wann des Pollutioun net vu Lëtzebuerg ausgeet, sinn d’Regierungen awer Kompliz vun dëser knaschteger Energieproduktioun. A kengem Land an der EU ginn et manner erneierbar Energien. Mir leien do 2017 bei 6,4%, wéi Eurostat des Woch bekannt ginn huet.

Wéi huet déi Lénk gestëmmt ?

Dofir. Mir sinn natierlech dofir, dass d’Staaten verbindlech Ziler gesat kréie wat d’Reduktioun vu gesondheetsschiedleche Substanzen ugeet. Déi international Konventiounen an d’europäesch Direktiven an dem Beräich sinn dofir ganz wichteg. Op d’Fro, wéi des Reduktioune sollen erreecht ginn an ob se iwwerhaapt duerginn, gëtt et bis elo awer keng Äntwert. Mat Steierkonkurrenz um Sprit, mam Subventionéiere vun toxesche Multinationalen am Energieberäich an enger Regulatioun vun den Ofgase vun Auto’en a Camion’en, déi net wäit genuch geet, ass des Situatioun op alle Fall net an de Grëff ze kréien. Mee dat ass awer de Wee, deen d’EU an och Lëtzebuerg ginn.

Méi Informationen iwwert de Projet de Loi 7368 fannt Dir hei.

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe