Klimaschutz dee jidderee sech leeschte kann.

déi Lénk trieden an fir:

  • En ëffentlech virfinanzéierte Renovatiounsprogramm vu Gebaier fir all Portmonni
  • Gestaffelt Präisser fir Waasser an Energie anstatt vun ongerechte Steieren an Taxen
  • Gemeinschaftlech a lokal Produktioun vun erneierbarer Energie
  • Investitioune vum Rentefong an de Masculinity anstatt an Atomkraaftwierker an a fossil Energien.

De Constat.

De Klimawandel deet wéi.

All Joer heefen sech d’Katastrophen déi duerch déi klammend Temperaturen op der Äerd ausgeléist ginn. Vill Mënsche gi schwéier getraff vun dëse Phenomener, besonnesch am globale Süden. Och an Europa spiere mir d’Konsequenze vun der Klimaverännerung ëmmer méi staark um eegene Leif: Dréchenten an Hëtztwellen am Summer, Stierm a Staarkreen wann et mol ofkillt, Feier an de Bëscher, Tornadoen a flaache Géigenden, heefeg Äerdrutschen an de Bierger.

Der Politik feelt et un de richtege Rezepter.

2015 gouf zu Paräis op der COP21 beschloss, dass d’Äerderwiermung net iwwer 1,5°C par rapport zu virindustriellen Zäiten soll erausgoen. Stand haut steiere mir awer op 2,5-3°C Erwiermung zou. D’Energietransitioun geet vill ze lues virun.

De Klimawandel ass eng Konsequenz vum System.

Ëmweltschied ganz vill mat Kapitalismus ze dinn. Mainstream-Politiker wëllen dës Zesummenhäng net gesinn, mee se sinn evident: ëmmer méi an ëmmer méi séier produzéiere fir ëmmer manner Käschten ze hunn an ëmmer méi Profit erauszepresse geet noutgedrongen un d’Liewegt, bei eis Mënschen, mee och an der Natur. Weider vill fossil Energien ze notze gehéiert zu dësem System mat dobäi, wëll eng séier Transitioun géif d’Multinationale vill ze vill Muecht a Sue kaschten.

Räicher verschmotze méi.

Klimawandel an de politeschen business-as-usual beschleunege sozial Ongläichheeten. Sämtlech Etüde weisen, dass den CO2-Ausstouss vu Leit mam Akommes klëmmt. Ultraräicher sinn ausserdeem oft Aktionäre vu grousse Multinationalen a sëtzen am CA vu Betriber déi verschmotzen. Et sinn dës Ultraräich, déi mat hiren Entscheedungen Ëmweltschied verursaachen, déi da rëm den normale schaffende Leit a besonnesch den äermste Mënschen am meeschte schueden.

Klimaschutz ass och eng Fro vu Geld.

Räich Leit sinn am mannste vun den Auswierkunge vum Klimawandel betraff, wëll si sech de Schutz an de Confort leeschte kënnen, déi di nei Technologië bidden. En Haus mat Energiepass A++ ass deier, eng Renovatioun ass laangwiereg, komplex a schléit och an d’Geld. Solaranlagen oder Wärmepompe kënnen sech vill Leit net leeschten, fir anerer sinn se – oft aus verständleche Grënn – net prioritär. Leit an der Locatioun hu kee Choix, se mussen dat huele wat se kréien a mat de Käschte liewen.

Eng sozial blann Klimapolitik stéisst op Widderstänn.

Wa jiddereen individuell fir sech suerge muss, mee net jiddereen dat dofir néidegt Geld a Wëssen huet, dann entsteet eng ongerecht Situatioun, déi vill Leit rose mécht. D’Regierung bezilt zwar Primmen u Stéit aus, déi energeetesch sanéieren a Solaranlagen opriichten, mee déi Primme komme prioritär do un, wou Leit schonn dat néidegt Startkapital hunn. All déi aner bleiwen op der Streck a mussen déi knaschteg Energie och nach weider deier bezuelen. Déi grouss Profiteuren heesche weider Shell, Total an ExxonMobil.

Eis Visioun :

D’Verantwortung fir Klimaschutz läit bei der Gesellschaft als Ganzt, net beim Eenzelem. Deementspriechend setze mir och an der Klima- an Ëmweltpolitik op sozial gerecht Ëmverdeelung an op ëffentlech Investitiounen an nohalteg Infrastruktur a Servicer, déi mir alleguer brauchen an notze kënnen.

Bis 2045 viséiere mir als déi Lénk eng karbonneutral Gesellschaft. Fir dohinner ze komme musse mir de Verbrauch vun de fossillen Energien an den nächsten zwee Joerzéngten op Null setzen a gläichzäiteg d’Grondlage leeë fir mat erneierbarer Energie all eis Bedürfnisser ofzedecken. Dat ass net einfach, mee net onméiglech. Op alle Fall musse mir dofir den Energieverbrauch wäit erofsetzen, e.a. och am Wunnberäich.

Den Ausbau vun erneierbaren Energien, besonnesch mat Photovoltaik, Wandrieder a Wärmepompen, muss beschleunegt ginn. All d’Potenzialer musse genotzt ginn. De Privatkonto wäert dobäi keng Hürd méi sinn, wëll mir op gemeinschaftlech a kommunal Initiativ an ëffentlech Finanzementer setze wëllen.

Energie ass fir déi Lénk en ëffentlecht Gutt a keng Wuer. Dowéinst muss den Energiesecteur och an den Déngscht vum allgemengen Interessi gesat ginn.

Nos propositions.

Ëffentlech virfinanzéiert Renovatiounen vu Wunnengen.

Energie aspuere mat Hëllef vun Investitiounen an d’Energieeffikassitéit vum Haus dierf net just de méi räiche Stéit virenthale sinn.

Wa mir eis Klimaziler erreeche wëllen, da muss all Stot besser fréier wéi spéider d’Méiglechkeet op eng Renovatioun an erneierbar Energieproduktioun kréien, onofhängeg vum Akommes.

Dofir wëlle mir en ëffentlech finanzéierte Renovatiounsprogramm vu Wunnhaiser op de Wee bréngen, den ouni Prêt bei Privatbanken a Verschëldung auskënnt. Domat maache mer Klimaschutz, verbesseren de Wunnconfort a stäerken och nach wichteg Zukunftsberuffer am Handwierk.

Gestaffelt Präisser fir Waasser an Energie anstatt vun ongerechte Steieren.

Den Zougank zu Waasser an Energie ass fir eis e Recht. Fir dat ze realiséieren, wëlle mir e Basisbedarf gratis zur Verfügung stellen an den iwwerméissege Verbrauch progressiv méi deier maachen. Mat dëser Stafflung vun de Präisser wëlle mir e verantwortlechen Ëmgank mat dëse wichtege Ressourcë favoriséieren an dat op eng sozial gerecht Aart a Weis.

Gestaffelt Präisser sinn eis Äntwert op indirekt Steieren an Taxen, déi de Basisverbrauch genee esou staark verdeiere wéi den exzessive Verbrauch an domat grad Leit mat klengem Akommes am stäerkste belaaschten.

Gemeinschaftlech a lokal Produktioun vun erneierbaren Energien.

Bei der Produktioun a Späicherung vun Energie setze mir op gemeinschaftlech Léisungen am Kader vun ëffentlechen Energienetzer.

Anstatt dass all Stot selwer all Investitioun stemme muss, wëlle mir op kommunalem Niveau, an den Dierfer an an de Quartier’en den Hiewel usetzen. Engersäits wat Stroum an Hëtzt ugeet, iwwer kooperativ Photovoltaik, Wärmepompen a Fernwärme, mee awer och wat de Stockage vun Energie ugeet.

De Rentefong raus aus Atom – an aus fossillen Energien!

2022 ginn 888 Milliounen € vum Rentefong an klimaschiedlech Entreprisen an de Beräicher Kuelekraaft, Pëtrol a Gas investéiert. 691 Milliounen € stiechen an der Atomindustrie.

D’Kapital am Rentefong kënnt vun de schaffende Leit fir eis Renten solidaresch ze finanzéieren. Des Reserven am Rentefong dierfen net an eng Wirtschaft fléissen, déi d’Liewensgrondlage vun zukünftege Generatiounen zerstéiert, mee solle genotzt ginn fir eng nohalteg Wirtschaft matopzebauen.

Dofir wëlle mir dass en Deel vum Rentefong an erneierbar Energien zu Lëtzebuerg an an der Regioun investéiert gëtt. Dësen Ausbau dierf net just privaten Investoren an Entreprisen iwwerlooss ginn.

Energie-Effizienz fir jiddereen.

D’Finanzéierung vun den energetesche Sanéierunge vu Wunnengen esou wéi d’Regierung se haut mécht, hëlleft just de Leit, déi genuch Suen hunn fir an hiert Haus kënnen z’investéieren. Fir Leit, déi wierklech op Ënnerstëtzung ugewise wieren an oft a besonnesch schlecht isoléierten Haiser wunnen, bleiwen des staatlech Hëllefen awer onerreechbar. Geld léine bei enger Bank ass fir si keng Optioun. déi Lénk hunn en eegent Konzept ausgeschafft, dat soll bewierken, dass all Proprietär d’Méiglechkeet krit, fir seng Wunneng energiegerecht ze renovéieren. Mat eisem Modell kéint all Stot eng Energie-Sanéierung op Mooss kréien. Staatlech Hëllefe géife mat eisem Modell vill méi staark u sozial Krittäre geknäppt ginn. Donieft soll et e staatleche Kredit ginn, wou de Remboursement vum Stot par rapport zu der finanzieller Situatioun an den erspuerten Energiekäschten (bedéngt duerch d’Renovatioun) gerechent géif ginn. Stéit mat wéineg Akommes kéinten op deem Wee ginn hire Wunnconfort verbessert kréien ouni finanziell belaascht ze – an Energie géif och gespuert ginn. Déi vill zousätzlech Opträg fir d’Handwierker géifen e Win-Win-Modell schafen. Wourop waarde mer?


La protection du climat accessible à tous.

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe