Un vol de mandat avec la complicité du LSAP.

Pour les élections communales de 2023, déi Lénk avait pour la première fois réussi à monter une liste à Schifflange. Nos quinze candidat.e.s avaient élaboré un programme et une campagne qui leur avaient permis de glaner pas moins de 9,8% des suffrages et ainsi d’intégrer le conseil communal avec un conseiller.

Aujourd’hui, ce conseiller, M. Admir Civovic, dit être en « désaccord idéologique profond et persistant » avec déi Lénk. Logiquement, il a rendu sa carte de membre. Nous nous permettons toutefois de douter du motif de M. Civovic qui, depuis les élections communales de juin, n’a à aucun moment approché les instances de déi Lénk ou les responsables de la section locale pour leur faire part de ses doutes, hésitations ou désaccords.

Nous savons simplement que M. Civovic refuse de démissionner de son poste de conseiller communal afin que celui-ci revienne à un.e candidat.e de la liste déi Lénk de Schifflange, liste grâce à laquelle M. Civovic a été élu. Certes, le mandat de conseiller est lié à la personne, mais M. Civovic a signé une déclaration sur l’honneur dans laquelle il s’engage à respecter les statuts de déi Lénk. Or, l’article 16 de nos statuts stipule ceci : « Si une personne élue au conseil communal n’est plus d’accord avec les positions programmatiques de base et les principes fondamentaux de déi Lénk (…) elle a l’obligation morale de démissionner du conseil communal. »

Aujourd’hui nous apprenons que le LSAP est disposé à intégrer M. Civovic dans sa fraction au conseil communal. Ce qui était suspect au départ prend les traits assez nets d’un vol de mandat orchestré par le parti socialiste. Le même parti qui avait crié au scandale et qui avait invoqué les principes démocratiques de base lorsque Christine Schweich, tête de liste malheureuse des socialistes à Mondercange, avait rejoint les rangs du DP.

Nous en appelons au sens de l’honneur de M. Civovic et à l’honnêteté intellectuelle du LSAP pour mettre fin à cette farce pathétique. Les règles de base de la démocratie et de la bienséance exigent une démission de M. Civovic et interdisent au LSAP de se faire les complices effrontés d’un vol de mandat honteux.

Communiqué par déi Lénk.

Keng Zäit méi ze verléieren !

Pressekonferenz iwwer d’Logementspolitik

Eng Partie Ministeren benotzen hir ministeriell Ressourcë fir mediewierksam op der leschter Ligne droite nach Walkampf ze maachen a grouss Bilan’en ze presentéieren. Ee ganz wichtege Bilan krute mer awer net gemaach, an zwar dem vum Henri Kox als Minister fir de Logement. Déi Gréng hunn zwar déi Deeg d’Presse invitéiert fir hir Logementspolitik fir déi kommend Jore virzestellen. Dat ass awer problematesch, wëll si jo déi lescht 5 Joer Logementspolitik ze verantworten hunn. Dat ass eng Flucht no vir.

Et wier fir all Regierung och gewot an enger komplexer an ëmmer méi schwéierer Immobilien- a Logementskris Bilan ze zéien. Et geet jo ëm Walkampf, net dorëm d’Blécker op e politeschen Echec ze zéien.

D’Regierung ass natierlech net un allem Schold. D’Deierecht an den Zënsschock sinn net hausgemaach. Mee weder des nach Virgängerregierungen hu politesch Anstalte gemaach fir déi stänneg Verschlëmmerung vun der Logementsproblematik ze verhënneren. Dësen Echec ass net eleng dee vum Logementsminister, mee dee vun enger ganzer Regierung, déi an dëser Zesummesetzung 10 Joer laang vill geschwat an annoncéiert huet, mee ënnert dem Stréch just iwwer eng permanent Verschlechterung vun der Situatioun presidéiert huet.

War et bis viru kuerzer Zäit nach esou, dass Leit mat mëttleren an héijen Akommes nach iwwer d’Ronne koume mat de Wunnengspräisser, sou huet sech dat elo verännert. Déi héich Zënsen, déi elo fir en Neibau oder -kaf musse bezuelt ginn, respektiv déi e Prêt à taux variable lo massiv verdeieren, treffen d’Mëttelklassen, déi schaffe ginn a mat hirem Verdéngscht e Prêt rembourséieren. Déi klammend Zënslaascht verdeiert d’Immobilien nach méi, obwuel hir Präisser réckleefeg sinn. Mee de Präisréckgang ass bei wäitem net grouss genuch fir d’Zënsehausse ofzefiederen. Konsequenz: vill Stéit kënne kee Prêt méi stemmen an hu keen Accès méi zu der Proprietéit. De Wunnengsnoutstand betrëfft sou also ëmmer méi Leit.

Dowéinst mussen och ëmmer méi Leit – Leit déi bis viru kuerzem kafe konnten – elo loune goen. Dat heescht dass ëmmer méi Leit op eng relativ kleng Unzuel u Locatiounswunnenge kommen. Doduerch klammen d’Loyerspräisser bei neie Locatioune ganz zolidd. Des Loyershaussen ginn doriwwer eraus dann och genotzt fir d’Loyeren a scho bestoende Locatiounsverträg eropzesetzen. Firwat net profitéieren, denken sech vill Bailleur’en. Konsequenz: Stéit déi bis elo gelount hunn, oft Stéit mat klengem Akommes, riskéiere komplett aus dem Logementsmarché erausgedréckt ze ginn, och wëll et bei wäitem net genuch abordabel ëffentlech Wunnenge ginn. D’Immobiliëkris betrëfft d’Leit sou also ëmmer schlëmmer.

Erstaunlech ass dass et op politeschem Niveau net esou wierkt, wéi wa mir an enger ausseruerdentlecher Situatioun wieren. D’Regierung huet och an de leschte Méint de Kapp an de Sand gestach a keng Mesure presentéiert, déi den Drock vun de Locatairen oder de Leit mat Emprunt kéint erofsetzen. Déi eenzeg déi all Dag an de Medien mat ëmmer neie Warnungen a Problemer optauchen, sinn d’Promoteuren an d’Baubetriber. Mir mengen, dass eng Drockkulisse muss opgebaut ginn, déi net just vu Promoteuren a Baubetriber kënnt, mee och vun den am meeschte betraffene Mënschen, also der grousser Zuel u Locatairen a Propriétairen, déi haut wierklech an Existenznout kommen. Den LSAP Wirtschaftsminister huet d’Baubetriber jo elo mat engem Spezialfonds an Héicht vun 100 Millioune bei der SNCI servéiert. Mir froen : Wat gëtt fir d’Leit gemaach ?

déi Lénk hunn an hirem Programm eng ganz Partie Mesuren ausgeschafft fir géint d’Wunnengsnout virzegoen. Doriwwer eraus imposéieren sech awer och méi dréngend Mesuren, fir de Leit direkt bei den héije Loyeren an Zënsen ze hëllefen.

Ganz kuerzfristeg – also direkt wann d’Chamber am Oktober erëm zesummekënnt – muss e Gel vun de Loyeren an eng Entlaaschtung fir Stéit mat Immobiliëprêt beschloss ginn. D’Banke mussen hei mat an d’Verantwortung geholl ginn, wëll si sinn et, déi an der aktueller Situatioun profitéieren. Donieft musse kreativ Léisunge fonnt ginn, fir de Leit mat Iwwerganksprêt, déi op hire Logementer sëtze bleiwen (an domat kee Kapital fir den neie Prêt hunn) ze hëllefen. Staat a Gemenge mussen hei eng aktiv Roll spillen.

Mëttelfristeg mussen déi Mesuren ëmgesat ginn, déi mir säit Jore scho priedegen. Eng Reform vum Loyersgesetz déi den Numm och verdéngt an de Locatairen hëlleft souwéi eng Beschleunegung bei der Schafung vun ëffentlechen an energeetesch renovéierte Wunnengen.

  1. Bei de Loyeren ufänken : en Deckel elo! Eng wierksam Brems direkt dono!

Constat : d’Loyer’en klammen elo vill méi séier wéi d’Kafpräisser, wëll duerch déi héich Zënssätz manner Leit eppes kafe kënnen. D’Demande klëmmt, d’Offer bleift. 2022 sinn d’Loyeren fir Appartementer ëm 11,1% a fir Haiser em 11,6% geklommen. Des Deierecht ass vill méi schro wéi déi allgemeng Deierecht déi tëscht 4 a 5% am selwechten Zäitraum louch.

Domat gemengt sinn natierlech nei Locatiounen an net déi bestoend Kontrakter. Ëmmer méi Leit beriichten eis awer och vun exorbitanten Haussen op bestoende Locatiounen. Et ass Anarchie am Marché, wëll Bailleur’en mengen den Index an d’Deierecht géife Loyerserhéijunge rechtfäerdegen. Dat ass awer net esou, sou Erhéijunge sinn illegal, och wann dat entspriechend Gesetz de facto net applizéiert gëtt. Och sinn Zënshaussen op engem Immobiliëprêt kee Grond fir de Loyer eropzesetzen. Déi Zënse kann de Bailleur schliisslech vun de Steieren ofsetzen. D’Regierung huet et awer net fäerdeg bruecht en wierksaamt Gesetz op de Wee ze bréngen. Dat ass ee vun de groussen Echec’en vun der aktueller Regierung.

Wat muss geschéien? Et muss direkt dofir gesuergt ginn, dass bestoend Locatiounen net méi deier ginn. Mee doriwwer eraus mussen d’Loyeren endlech dauerhaft gebremst ginn.

Eis Proposen :

  1. E Gel vun de Loyeren direkt nach am Hierscht beschléissen. Dëse soll soulaang a Kraaft bleiwen bis en neit Loyersgesetz prett ass.
  2. Eng direkt an degressiv Limitatioun vun de maximale Loyeren vu Wunnengen mat Energiepäss tëscht F an I aféieren. Besonnesch fir de kommende Wanter ass domat de Locatairen a schlecht isoléierte Wunnengen mat héijen Heizkäschten gehollef.
  3. Eng wierksam a laangfristeg wierkend Brems vun de Loyeren beschléissen, dat zum Zil muss hunn, dass kee Stot méi wéi 25% vu séngem Revenu fir de Loyer muss ausginn. Eist Gesetz läit do. An dat gesäit och weider Mesüren fir méi e faire Locatiounsmarché vir:
    1. D’Frais d’agence mussen vum Propriétaire bezuelt ginn ;
    1. Max. ee Mount Loyer als Garantie amplaz den aktuellen 3 Méint (an den 2 Méint am Projet de Loi vun der Regierung)
    1. D’Mietkommissiounen professionaliséieren (eng fir d’ganzt Land oder eng pro Zoustännegkeetsberäich vun den jeweilegen Friddengeriischter).
  4. Nei Keefer a Propriétairen ofsécheren

Constat: déi enorm héich Präisser hunn no an no vill Stéit aus dem Marché fir Wunnengskeef erausbuckséiert. Déi klammend Zënsen hunn dës Entwécklung ruckaarteg verschäerft, woubäi net d’Zënsen den eigentleche Problem duerstellen, mee déi generell vill ze héich Präisser, déi mat den Zënshaussen nach an eng nei Dimensioun katapultéiert goufen. Donieft sinn natierlech vill Menage mat lafenden Immobilienprêt’en elo massiv a Bedrängnis, wëll se d’Zënslaascht net méi packen. Lëtzebuerg läit mat enger Privatverscholdung vun 180% (Ratio Dette/Revenu) mat Holland un der Spëtzt an Europa. D’Wunnengspräisser sinn dorunner Schold. D’Zentralbank huet kierzlech berechent, dass 20% vun de Menagen dësem Kreditrisiko ausgeliwwert sinn. Besonnesch komplizéiert ass d’Situatioun vu Stéit mat Iwwerganksprêt, déi z.B. en Appartement verkaf hunn, fir mam Erléis eppes Neies ze finanzéieren an dat Aalt net verkaf kréien. Dat trëfft oft jonk Famillen, déi méi eppes Grousses gesicht hunn oder eeler Leit déi eppes méi Klenges an Adaptéiertes kaaft hunn. Des Situatioun vergréissert aktuell och de Leerstand.

Wat muss geschéien ? Et muss op breeder Front agewierkt ginn op den Immobiliëmarché fir ze verhënneren, dass Leit hir Haiser verléieren an ëmmer méi Leit op de Locatiounsmarché drécken. Dat wier net méi ze stemmen. Net eleng de Staat muss elo Verantwortung iwwerhuelen, mee och d’Banken, déi aktuell vun der Situatioun profitéieren.

Eis Proposen:

  1. Kuerzfristeg muss de Banke virgeschriwwe ginn, dass Leit mat Immobilieprêt d’Méiglechkeet musse kréien just d’Zënsen vun hirem Prêt ze rembourséieren, soulaang d’Zënsen sou héich sinn. De Prêt muss da kënne verlängert ginn sou dass e Stot dono NET méi muss pro Mount rembourséieren. Dat géif vill Stéit, déi haut op der Limite sinn, kräfteg entlaaschten.
    Donieft mussen d’Banken en minimalen Délai imposéiert kréien, dee se net ënnerschreiden dierfen, am Fall wou Stéit hire Prêt net méi bezuele kënnen. Et muss verhënnert ginn, dass Stéit hire Logement onverschold verléieren an dësen da versteet gëtt, wa puer Méint d’Zënslaascht ze héich ass.
  2. De Staat soll iwwer séng ëffentlech Promoteuren – zesumme mat de Gemengen an den Associatatiounen – Appartementer an Heiser opkafen, déi aktuell zum Verkaf an eidel stinn. Ganz oft hänke Stéit an Iwwerganksprêt’en, wëll se eben hir fréier Appartementer an Haiser net méi verkaf kréien. Doduerch geet Wunnraum verluer, lo wou grad an der Locatioun vill gebraucht gëtt. De Staat an d’Gemengen sinn attraktiv Keefer, wëll de Verkeefer keng Taxe op der Plus-Value muss bezuelen a soumat interessant Präisser kënnen négociéiert ginn. De Staat an d’Gemenge sollen des Wunnengen iwwer hir ëffentlech Promoteuren verlounen a ggf. renovéieren.
  3. Mëttelfristeg muss de Risiko fir Stéit um Immobiliëmarché minimiséiert ginn mat der Hëllef vun engem Fonds, dee Stéit finanziell stäipe soll, déi onverschold an d’Labrente kommen duerch héich Zënsen. Finanzéiert gi soll dëse Fonds iwwer eng Spezialtaxe op de Banke, déi jo duerch déi aktuell héich Zënsen op Prêt bei gläichzäiteg weider déiwen Zënsen um Erspuerte vun de Leit enorm héich Nettozënsgewënner verzeechnen. Spuenien ass op dëse Wee gaangen fir fir e sozialen Ausgläich ze suergen.

  4. D’energetesch Renovatioun beschleunegen an ëffentleche Wunnengspark séier vergréisseren.

Constat: déi ganz schwiereg Situatioun haut um Immobiliëmarché ass esou geféierlech, wëll den ëffentlechen an abordabele Wunnengsmarché verschwindend kleng ass par rapport zum privaten. E kann also net als Stabilisateur wierken a stellt um Terrain den Ament keng wierksam Alternativ zum private Marché duer. Manner wéi 2% vun de Wunnengen zu Lëtzebuerg sinn an der ëffentlecher Hand, wärend aner Länner a Stied hei bei 15 bis 25%. Eng Rei Projet’en vum Staat sinn zwar a Planung, mee déi daueren nach laang a se ginn och bei wäitem net duer fir d’Präisser um Marché ze beaflossen.

Den Abroch beim privaten Invest mécht grad elo awer eng massiv Steigerung vum ëffentlechen Invest néideg. Vun der Säit vun den Entreprisë gëtt vill un d’Regierung appelléiert fir ëffentlech Wunnengsbauprojet’en virzezéien. Déi Projet’en si gréisstendeels schonn duerchgeplangt a budgetiséiert. Engersäits kéint sou stabiliséierend op de Marché agewierkt ginn an d’Betriber an d’Aarbechtsplazen kéinten ofgeséchert ginn. Mee anerersäits awer och, wëll den Ureiz op privater Säit elo do ass, fir un de Staat an d’Gemengen ze verkafen.

D’energeetesch Renovatioun verleeft säit Jore just schleefend an ass wäit zréck hannert den Erwaardungen. Just Finanzsprëtzen u Privatstéit ginn hei net duer, besonnesch wann déi selwecht Stéit grad ënner der Präissdeierecht an den héijen Zënse leiden a kee Spillraum hu fir weider Investitiounen.

Wat ass néideg: den Investitiounsdrock muss vun de private Schëlleren erofgeholl an iwwer d’ëffentlech Hand gemaach ginn. D’Sue sinn do, ob am Rentefong, dee méi nohalteg investéiere muss, oder am Fonds Spécial Logement, deen däitlech opgestockt muss kënne ginn.

Eis Proposen:

  1. De Staat an d’Gemengen mussen als Buyer of last resort de Marché stabiliséieren an den Drock vun de Stéit erofhuelen. Nieft Wunnengen, déi aktuell eidel an zum Verkaf stinn, soll de Staat och verstäerkt VEFA opkafen fir den ëffentleche Wunnengspark séier ze vergréisseren. Mir hu schonn am Wanter 2023 eng Verduebelung vum Budget vum Fonds Spécial gefuerdert, fir des Investitiounen elo dëst Joer ze maachen.
  2. Zum Verkaf stoend Wunnengen, ob aal oder nei, a schlechtem oder gudden Zoustand, sollen vun der ëffentlecher Hand opkaf ginn. D’Steierbefreiung vun der réaliséierter Plus-Value maache sou Verkeef vu Privatbesëtzer an der aktueller Situatioun attraktiv. Op dem Wee kann de Bestand vun den ëffentleche Promoteuren séier an dezentral vergréissert ginn.
  3. Och Wunnengen a schlechtem Zoustand mussen proaktiv vun der ëffentlecher Hand kaf a sanéiert ginn. D’Avantagen dobäi sinn:
    1. Entlaaschtung vun Stéit, andeem de privaten duerch en ëffentlechen Invest an renovéiert an abordabel Wunnenge géif ersat ginn;
    1. Eng Beschleunegung vum Renovatiounstaux a Beitrag zum Klimaschutz;

Aarbecht fir d’Handwierks- a Baubetriber.


Plus de temps à perdre!

Conférence de presse sur le logement.

Sur la dernière ligne droite avant les élections, les ministres profitent de leurs ressources pour présenter devant les médias rassemblés leur bilan. Mais, le bilan du ministre du Logement, Henri Kox, fait toujours défaut. Et c’est normal puisque personne ne veut mettre en avant un échec durant cette période où il s’agit de convaincre les électeurs indécis.

Certes, on ne peut pas imputer tous les problèmes à l’actuel gouvernement. La hausse spectaculaire des intérêts et l’inflation sont des phénomènes qui ne dépendent pas de sa volonté. Mais il n’a rien fait non plus pour s’attaquer aux effets néfastes qu’elles produisent. La situation actuelle jette une lumière crue sur l’inactivité politique de la dernière décennie. Les classes moyennes commencent à ressentir la pression d’un marché de l’immobilier à la dérive en raison de la hausse des taux d’intérêts.

Les ménages ayant contracté des prêts se voient parfois dans l’impossibilité de les rembourser et sont forcés de vendre à une période où personne ne veut acheter. Ceux qui voulaient acquérir un bien immobilier préfèrent désormais louer. Et ainsi, les prix explosent sur le marché locatif. La crise frappe donc d’autant plus les ménages aux petits revenus obligés de louer.

Pour mettre une fin à cette crise qui risque de plonger de nombreuses familles dans la détresse, il faut agir maintenant. déi Lénk propose des solutions concrètes avec un impact direct. A court terme, lorsque la Chambre commencera à nouveau à se réunir en plénière, il faut un gel des loyers ainsi qu’une compensation pour les ménages qui peinent à rembourser leur prêt immobilier.

A moyen terme, il faut mettre en place les réformes que déi Lénk n’a eu de cesse de réclamer depuis des décennies : une réforme de la loi sur la bail à loyer et un système de financement étatique pour lancer une vaste campagne de rénovation énergétique. Les projets de loi que déi Lénk a déposé il y a maintenant des années continuent à moisir dans les tiroirs de la Chambre alors qu’ils contiennent les réponses aux défis actuels.

Notre programme électoral prévoit la création d’un fonds alimenté par une taxe spéciale pour les banques, les grandes gagnantes de la hausse des intérêts, afin de sécuriser les prêts de ménages qui souffrent de l’explosion des intérêts.

Notre système de financement public pour les rénovations énergétique est également prêt. Afin que chaque ménage puisse participer à un effort qui permettrait de réduire à la fois les émissions de CO2 et les factures d’énergie, il faut que l’État prenne ses responsabilités en mettant en place un préfinancement qui évite aux ménages de contracter des dettes auprès de banques privées.

Il va de soi que l’État, les communes et les associations actives dans le logement doivent aussi acquérir des logements afin d’augmenter considérablement le parc de logements abordables publics.

Giorgetti dëscht fir de Politgratin op.

Wann de Marc Giorgetti opdëscht – ee vun de gréissten Immobiliëpromoteuren am Land, deen iwwer 50 Hektar Bauland schwéier ass -, da grommelt beim Lëtzebuerger Politgratin schonn de Bauch. Ënnert aneren Dëschgenossen hunn den eemolegen LSAP-Minister Etienne Schneider, de Spëtzekandidat vun der CSV Luc Frieden, d’Stater DP-Buergermeeschtesch an Deputéierte Lydie Polfer an den DP-Staatsrot Alain Kinsch sech et gutt schmaache gelooss, wéi ee bei RTL ka liesen.

Wann ee weess wéi een enorme Pouvoir déi grouss Promoteuren am Land hunn, well si am Besëtz vun engem Groussdeel vum Bauterrain sinn an also effikass kënnen op d’Präisser vun den Immobilien awierke fir hir Täschen ze fëllen, dann ass et méi wéi verwerflech wann d’Politik sech bei dëse Promoteuren ubiedert.

Wéi dem Alain Kinsch seng Presenz weist, sinn enk Kontakter tëschent der héijer Kierpeerschaft an de Promoteuren anscheinend üblech. Et sief hei nach ee Mol hunn d’Affär Becca-Lux verwisen.

Wann ee wëll, dass Beweegung an d’Logementspolitik kënnt muss een och de Pouvoir vun de Promoteure briechen a wann een en dezente Politiker ass, da geet een net op esou een Iessen, aus Respekt fir déi vill Leit, déi sech zu Lëtzebuerg keng dezent Wunneng méi kënne leeschten.

D’Big Four an dichteg Geschäftsaffekote schreiwen d’Legislatioun fir d’Finanzplaz an d’Politiker drénken de Promoteuren de Schampes aus der Hand, wärend Aarbechter sech op Chantiere fir de Mindestloun de Réck futti maachen a Famillje mat engem normale Salaire sech keen Daach iwwert dem Kapp méi kënne leeschten.

Et ass ee Condensé vun allem wat hei am Land an der Politik schif leeft.


Girogetti dresse la table pour le gratin politique.

Quand Marc Giorgetti – l’un des plus grands promoteurs immobiliers du pays, propriétaire de plus de 50 hectares de terrains constructibles – dresse la table, l’estomac du gratin politique luxembourgeois grogne déjà. Entre autres commensaux, l’ancien ministre du LSAP Etienne Schneider, le candidat tête de liste du CSV Luc Frieden, la bourgmestre de la Ville et députée DP Lydie Polfer et le conseiller d’État DP Alain Kinsch ne se sont pas fait priés, comme vous pouvez le lire sur RTL.

Si l’on connaît l’énorme pouvoir des promoteurs qui possèdent une grande partie des terrains à bâtir et peuvent donc influencer efficacement les prix de l’immobilier pour remplir leurs poches, il est plus que répréhensible que des politiques acceptent ce genre d’invitation.

Comme le montre la présence d’Alain Kinsch, les contacts étroits entre le Conseil d’Etat et les promoteurs sont monnaie courante. Rappelons-nous de l’affaire Becca-Lux.

Pour voir des progrès dans la politique du logement, il faut briser le pouvoir des promoteurs et un homme ou une femme politique honnête ne se rend pas à un tel dîner, par respect pour les nombreuses personnes qui ne peuvent plus se payer un logement décent.

Les Big Four et les avocats d’affaires importants rédigent la législation pour la place financière et les politiques boivent le champagne des mains des promoteurs, tandis que les ouvriers des chantiers se cassent le dos pour le salaire minimum et que les familles avec un salaire normal ne peuvent plus se payer un toit sur leurs têtes.

C’est un condensé de tout ce qui ne va pas en politique dans ce pays.

The Empire strikes back.

De 16. August 2023 haten déi Lénk eng Logementsaktioun organiséiert wou mir eng Bâche op Spanplacke gehaangen hunn, déi d’Façade vun engem Gebai an der neier Avenue bedeckt, dat schonn säit Joeren einfach eidel stoe geloss gëtt. Op der Bâche, déi mer opgehaangen hunn, hu mer gefrot: „ Wiem gehéiert dëst Haus?“ Mat dëser Aktioun wollte mir zu Lëtzebuerg op de Problem vun der Immobiliëspekulatioun opmierksam maachen. An engem Land wou d’Wunnengsnout esou grouss ass, kënne mir eis et net erlaben d’Spekulatioun ze dulden.

Mir hunn d’Bâche erofgeholl, nodeem mir eng „mise en demeure“ vum enger Affekotenetüd kritt hunn, déi eis virgeworf huet eis um Privateegentum vu sengem Client vergraff ze hunn.

Mee wien ass dann de Client, deen direkt dat ganzt juristescht Arsenal ausschöpft fir eng politesch Partei mat engem rosene Bréif ofzeschrécken? Et handelt sech hei ëm d‘Firma mam Numm The Avenue Property SA. Eng Immobiliëgesellschaft also.

Et ass symptomatesch fir ee Land an deem de Privateegentum esou en héije Stellewert huet. D’Interesse vun enger pirvater Firma stinn hei kloer iwwert den Interesse vun der Allgemengheet. Souguer eng symbolësch Aktioun gëtt als direkten Ugrëff op d’Recht op Privatbesëtz ausgeluecht. Dobäi hu mer d’Gebäi verschéinert mat enger propperer rouder Bâche, déi eng délabréiert Korkwand mat Pabeierfetze vun aalen Affichen drop verstoppt huet. Et ass erstaunlech, dass d’Stader Gemeng dat iwwer Joeren an der neier Avenue einfach sou duld.

Dëst Gebai an der neier Avenue kéint ville Leit eng Wunngeleeënheet bidden. Esou Gebaier dierfe net einfach eidelstoen fir dass irgendeng obskur Boîte domat spekuléieren kann. The Avenue Property soll also sou séier wéi méiglech kucken dëse potenzielle Wunnraum ze mobiliséieren.

Fir retizent Spekultanten ze zwénge Wunnengen op de Maart ze bréngen, fuerderen déi Lénk eng Spekulatiounssteier.


L’empire contre-attaque.

Le 16 août 2023, la Gauche avait organisé une action logement pendant laquelle nous avions fixé une bâche sur des panneaux de bois aggloméré protégeant la façade d’un immeuble de la nouvelle avenue, qui est inoccupé depuis des années. Sur la bâche que nous avions accrochée, nous demandions : « À qui appartient cette maison ? » Par cette action, nous voulions attirer l’attention sur le problème de la spéculation immobilière au Luxembourg. Dans un pays où la pénurie de logements est si grande, nous ne pouvons pas nous permettre de tolérer la spéculation.

Nous avons retiré la couverture après avoir reçu une mise en demeure d’un cabinet d’avocats qui nous accuse de dégrader la propriété privée de son client.

Mais qui est le client qui épuise d’emblée tout l’arsenal juridique pour effrayer un parti politique avec une lettre au ton menaçant ? Il s’agit d’une société appelée The Avenue Property SA. Une société immobilière donc.

C’est symptomatique d’un pays dans lequel la propriété privée a une si grande valeur. Les intérêts d’une entreprise privée sont clairement supérieurs à ceux du grand public. Même une action symbolique est interprétée comme une atteinte directe au droit à la propriété privée. De plus, nous avons embelli le bâtiment avec une bâche rouge propre, qui cachait un mur de bois plaqué délabré avec des bouts de vieux affichages. Il est étonnant que la Ville de Luxembourg tolère tolère ainsi la spéculation immobilière sur une de ses artères principales.

Ce bâtiment situé sur la nouvelle avenue pourrait être transformé en une multitude de logements. De tels bâtiments ne devraient pas simplement rester vides pour qu’une obscure boîte puisse en faire un objet de spéculation. The Avenue Property devrait donc chercher à mobiliser ce potentiel d’espace d’habitation dans les plus brefs délais.

Pour forcer les spéculateurs réticents à mettre des logements sur le marché, la gauche réclame une taxe sur la spéculation.

Solidaritéit mat Cargolux Mataarbechter!

déi Lénk drécken hir voll Solidaritéit mat de streikende Cargolux-Salarieen aus a fuerderen hir Memberen op, dësen Donneschdeg virum Cargolux-Siège um Piquet deelzehuelen.

No 27 Sëtzunge sinn d’Verhandlunge fir en neien Accord gescheitert well d‘Patronat wesentleche Verbesserunge fir d’Mataarbechter net wollt zoustëmmen. Bei engem statutaresche Vote huet eng grouss Majoritéit vun de Membere vun den zwou Gewerkschaften LCGB an OGB-L déi lescht Propositioun vun der Cargolux formell ofgeleent. Cargolux huet 2022 1,4 Milliarden Euro Beneficer ageschäffelt. Fir déi Lénk ass et evident, dass d’Mataarbechter vun de gudde Resultater, déi duerch hir Aarbecht erreecht goufen, profitéiere sollen.

Mir erënneren drun, dass de Lëtzebuerger Staat Haaptaktionär vun der Cargolux ass. Am Mee huet déi Lénk Deputéiert Myriam Cecchetti den zoustännege Minister François Bausch an der Chamber iwwert d’Verhandlunge gefrot. Hien huet sech hannert dem Statut vun der Privatentreprise verstoppt fir all Verantwortung vu sech ze weisen. Verhandlunge géife vun der Direktioun gefouert ginn an d’Regierung géif sech aus den Diskussiounen eraushalen. déi Lénk refuséieren dëst Argument a behaapte weider, dass d’Regierung fir dësen Echec vum Sozialdialog responsabel ass.

Mir fuerderen all eis Memberen op, dësen Donneschdeg, de 14. September 2023 ab 9.00 Auer virum Cargolux-Siège, um Piquet deelzehuelen.


Solidarité avec les salarié·e·s de Cargolux!

déi Lénk exprime son entière solidarité avec les salarié·e·s en grève de Cargolux et appelle ses membres à rejoindre le piquet des grévistes ce jeudi devant le siège social de Cargolux.

Après 27 sessions, les négociations pour une nouvelle convention ont échoué en raison du refus des dirigeants de consentir à des améliorations conséquentes pour les salarié·e·s. Lors d’un vote statutaire, une grande majorité des membres des deux syndicats LCGB et OGB-L ont formellement rejeté la dernière proposition de Cargolux. La société aérienne de fret a engrangé des profits de 1,4 milliards d’euros en 2022. Pour déi Lénk, il est évident que les salarié·e·s doivent être associé·e·s aux bons résultats réalisés grâce à leur travail. 

Rappelons que Cargolux est majoritairement aux mains de l’État luxembourgeois. En mai, la députée déi Lénk Myriam Cecchetti avait interpellé le ministre responsable François Bausch au parlement au sujet des négociations. Celui-ci s’était caché derrière le statut d’entreprise privée de Cargolux pour récuser toute responsabilité. Les négociations seraient menées par le management et le gouvernement se tiendrait résolument en dehors des discussions. déi Lénk rejette cette argumentation et continue d’affirmer que la responsabilité du gouvernement est engagée dans cet échec du dialogue social.

Nous appelons tous nos membres à se joindre au piquet des grévistes ce jeudi 14 septembre 2023 à partir de 9 heures devant le siège social de Cargolux.

Flich mat Privatjets verbidden.

D‘Klimapolitik riskéiert d’Stéifkand vun dëser Walcampagne ze ginn. Dobäi werft d’Klimaverännerung ëmmer méi e groussen an däischtere Schied viraus. Mir musse méi séier ginn a virun allem gëllt et dohinner ze goe wou et wéi deet bei deenen déi am allermeeschte verschmotzen, nämlech bei déi Ultraräich. déi Lénk hunn dofir eng ganz einfach an effikass Fuerderung: Flich mat Privatjets verbidden.

Déi an der Chamber vertruede Parteien ëmginn d’Thema Klimaschutz respektiv halen e profil bas fir och nëmme kee virun de Kapp ze stoussen. Klimaschutz ass awer méi drénglech wéi jee : net réischt 2035 wéi ursprénglech vum IPCC virausgesot, mee schonn an 2-3 Joer iwwersprange mir déi 1,5°C Erwiermung vun der Äerd. De Paräisser Accord ass elo scho gescheitert, de Planéit brennt.

Mir sëtzen awer net all an engem Boot, wéi sou oft punkto Klimaverännerung behaapt gëtt. Verschidde ganz privilegéiert a räich Leit sëtzen an hirem Privatjet a fléien iwwer eis Käpp ewech. An enger rezenter Etüd vu CE Delft steet schwaarz op wäiss dass d’Zuel vun de Flich mat Privatjets explosiounsaarteg klammen.[1] An de leschte puer Joren huet sech hir Zuel verfënneffacht an domat och den CO2-Ausstouss vun dëse Privatflich.

Lëtzebuerg ass hei keng Ausnam. 2022 sinn 2767 Privatflich vu Lëtzebuerg gestart, also ronn 8 pro Dag. Top-Destinatioune fir dës Flich si Genf a Paräis, Destinatiounen also, déi séier mam Zuch z’erreeche sinn. Iwwerhaapt geet de Gros vun dëse Flich an Europa an zu Lëtzebuerg iwwer Distanze vu manner wéi 750 Kilometer. Des Entwécklung geschitt trotz klammenden Energiepräisser wat däitlech mécht, dass Verschmotzungsexzesser ni wäerte kënnen iwwer de Präis gestoppt ginn.

Et ass eng ëmmer méi kleng Grupp vun ëmmer méi Räichen a Mächtegen déi ëmmer méi e groussen Undeel vum globalen CO2-Ausstouss ze verantworten huet, ob direkt oder indirekt. Sou laang d’politesch Entscheeder sech net trauen, dësen Exzesser en Enn ze setzen, wäert et schwéier fale fir aner klimapolitesch Mesuren ze legitiméieren an sozial akzeptabel ze maachen. Firwat sollen d’Leit eng Steier um Kerosin akzeptéiere wouduerch d’Vakanz méi deier gëtt, wann eng Handvoll Profiteuren sech weider alles eraushuelen dierf? Soulaang eng privilegéiert Minoritéit gefillt an och tatsächlech vun all Reegel ausgeholl bleift, akzeptéiere vill Leit d’Reegel och net.

déi Lénk fuerderen dowéinst e.a. an hirem Programm, dass Flich mat Privatjets verbuede ginn, zu Lëtzebuerg mee am beschten europawäit. Domat viséiere mir engersäits gelounten also “privatiséiert” Fligere vu kommerziellen Ubidder an anerersäits d’Flich vu Maschinnen, déi enger Persoun gehéieren an déi also net gelount musse ginn. Mir sinn eis bewosst, dass dat eleng kee risegen Impakt op den CO2-Ausstouss huet. Mee Klimaschutz baut fir déi Lénk op Gerechtegkeet op. A wann et déi bis gëtt ass vill méi Klimaschutz méiglech. 

[1] https://www.greenpeace.org/static/planet4-luxembourg-stateless/2023/03/58905669-ce_delft_analysis_co2_emissions_of_private_aviation_in_europe_march_2023.pdf


Interdire les vols en jets privés.

La politique climatique risque de devenir le parent pauvre de cette campagne électorale. Le changement climatique fait peser une ombre de plus en plus grande et sombre sur l’avenir. Il faut aller plus vite et surtout il faut aller là où cela fait mal à ceux qui polluent le plus, à savoir les ultra-riches. déi Lénk a donc une revendication très simple et efficace : interdire les vols en jets privés.

Les partis représentés à la Chambre esquivent la question de la protection du climat et font profil bas pour ne heurter personne. Cependant, la protection du climat est plus urgente que jamais : ce n’est pas en 2035 comme initialement prévu par le GIEC, mais dans 2 à 3 ans que nous dépasserons déjà le réchauffement de la Terre de 1,5°C. L’Accord de Paris a déjà échoué, la planète est en feu.

Cependant, nous ne sommes pas tous logés à la même enseigne, comme on le prétend souvent en matière de changement climatique. Plusieurs personnes très privilégiées et riches sont assises dans leurs jets privés et s’envolent au-dessus de nos têtes. Une étude récente de CE Delft indique noir sur blanc que le nombre de vols en jets privés augmente de manière explosive.[1] Ces dernières années, leur nombre a quintuplé et avec lui les émissions de CO2 de ces vols privés.

Le Luxembourg ne fait pas exception. En 2022, 2.767 vols privés ont décollé depuis le Luxembourg, soit environ 8 par jour. Les principales destinations de ces vols sont Genève et Paris, des destinations rapidement accessibles en train. Force est de constater que la majorité de ces vols en Europe et au Luxembourg couvrent des distances inférieures à 750 kilomètres. Cette évolution se produit malgré la hausse des prix de l’énergie, ce qui montre clairement que les excès de pollution ne pourront jamais être stoppés par une politique des prix.

Il s’agit d’un cercle restreint de personnes de plus en plus riches et puissantes qui est responsable d’une part de plus en plus importante des émissions mondiales de CO2, que ce soit directement ou indirectement. Tant que les décideurs politiques n’oseront pas mettre un terme à ces excès, il sera difficile de légitimer d’autres mesures de politique climatique et de les rendre socialement acceptables. Pourquoi devrait-on accepter une taxe sur le kérosène, qui rend les vacances plus chères, si une poignée de profiteurs peuvent continuer à tout faire ? Tant qu’une minorité privilégiée semble au-dessus des règles, de nombreuses personnes n’accepteront pas non plus ces mêmes règles.

déi Lénk réclame donc e.a. dans son programme que les vols en jets privés soient interdits, au Luxembourg et dans toute l’Europe. Nous entendons par là d’une part les avions loués, c’est-à-dire « privatisés » auprès de prestataires commerciaux et d’autre part les vols de machines qui appartiennent à une personne privée. Nous sommes conscients que cela n’a pas un impact énorme sur les émissions de CO2. Mais pour déi Lénk la protection du climat repose sur la justice. Si cette justice est assurée, il est possible de mieux protéger le climat.

[1] https://www.greenpeace.org/static/planet4-luxembourg-stateless/2023/03/58905669-ce_delft_analysis_co2_emissions_of_private_aviation_in_europe_march_2023.pdf

Demokratie ass kee Spill.


Säit Méint a fir verschiddener säit Joren, investéieren eng Rei Parteien a Politiker vill Suen an Zäit fir Walkampf bei sougenannten Neo-Lëtzebuerger a Brasilien an an den USA maachen ze goen. Dës Woch gouf elo bekannt, dass nëmmen eng ganz geréng Zuel Convocatioune fir d’Walen am Oktober a Brasilien an an d’USA geschéckt goufen. De groussen Opwand vu Clement, Wiseler a Wolter huet sech also net bezuelt gemaach. Dat verwonnert eis net, wëll déi Leit meeschtens wéineg bis guer net vu politeschen Decisiounen zu Lëtzebuerg betraff sinn.  déi Lénk hu sech un dësem Walkampf a Brasilien an den USA net bedeelegt. 

Iwwer e Passus am Nationalitéitegesetz hat den deemolege Justizminister an aktuelle Spëtzekandidat vun der CSV, de Luc Frieden, et 2008 méiglech gemaach, dass Leit, déi beleeë kënnen, dass si ee Virfaren hunn deen am Joer 1900 d’Lëtzebuerger Nationalitéit hat, iwwert de „recouvrement“ d’Nationalitéit kënne kréien. Eng vun de politesche Konsequenze vun dëser Reform ass et, dass haut schonn zéngdausende Leit uechter d’Welt d’Lëtzebuerger Nationalitéit hunn a soumat och hei wiele kënnen, obwuel se nach ni hei waren an och vläicht ni plangen heihinner ze kommen.

déi Lénk waren deemols a sinn haut weider géint dës ethnesch Conceptioun vun der Nationalitéit mat där d’Nationalitéit weiderverierft ka ginn. D’Gesetz vum Luc Frieden huet de sougenannten “droit du sang” op d’Spëtzt gedriwwen, wëll et säitdeem duergeet fir en obskure Lien zu Lëtzebuerg iwwert e Stammbaam nozeweisen.

Fir déi Lénk ass et bedenklech, wéi eng Ustrengunge politesch Vertrieder a Vertriederinne vun enger Partie Parteien ënnerholl hunn, fir Wielerstëmmen a Brasilien an an d’USA sichen ze goen. Emsou méi batter stéisst dat op, wëll zu Lëtzebuerg ronn 50% vun den Awunner an Awunnerinnen net wielen dierfen, wëll se d’Nationalitéit net hunn. Si verbënnt mat Lëtzebuerg net just Folklore an e Stammbaam, mee hir alldeeglech Existenz. Se wunnen hei, schaffen hei, engagéieren sech hei, d’selwescht wéi mir alleguer och. Se si vun deem betraff wat zu Lëtzebuerg geschitt an decidéiert gëtt a missten dowéinst och politesch matentscheede kënnen.

Den Echec fir Wieler a Wielerinnen a Brasilien an an d’USA mobiliséieren ze goe misst jidderengem nach eng Kéier kloer maachen, dass Demokratie kee Spill ass.

Vill Parteien a Politiker, déi an de leschte Méint jenseits vum Atlantik op Stëmmefang waren, schéngen dat net verstanen ze hunn. Se wollte bequeem en net-existent Stëmmereservoir unzape goen, ouni sech dobäi mat de Problemer ausernee mussen ze setzen, déi d’Leit zu Lëtzebuerg hunn.


La démocratie n’est pas un jeu.

Depuis des mois, voire des années, certain partis et politiciens investissent beaucoup d’argent et de temps pour faire campagne auprès de néo-Luxembourgeois au Brésil ou aux Etats-Unis. Cette semaine nous avons appris que peu de convocations pour les élections ont été envoyées au Brésil et aux Etats-Unis. La débauche d’énergie des Clement, Wiseler et Wolter a donc été vaine. Ce qui ne nous étonne pas puisque ces néo-Luxembourgeois ne sont pas ou très peu concernés par les décisions politiques prises au Luxembourg. déi Lénk n’a pas participé à cette campagne au Brésil et aux Etats-Unis.

En 2008, Luc Frieden, l’actuelle tête de liste CSV qui était alors ministre de la Justice, a introduit un passage dans la loi sur la nationalité qui permet de recouvrer la nationalité luxembourgeoise si l’on parvient à prouver que l’on avait un ancêtre qui avait la nationalité luxembourgeoise en 1900. Cette procédure s’appelle le « recouvrement ». Une des conséquences est que des dizaines de milliers de personnes à travers le monde ont obtenu la nationalité luxembourgeoise et donc le droit de vote alors qu’elles n’ont jamais été au Luxembourg et qu’elles n’ont probablement pas l’intention d’y venir un jour.

A l’époque déjà, déi Lénk s’était opposé à cette conception ethnique de la nationalité qui permet en quelque sorte de léguer le passeport luxembourgeois. La loi de Luc Frieden a poussé la notion du droit du sang à l’extrême parce qu’il suffit de prouver un lien ténu et obscur au Luxembourg pour acquérir la nationalité.

déi Lénk est préoccupé par l’ampleur des efforts fournis par les représentants de certains partis politiques pour grappiller des voix au Brésil et aux Etats-Unis. Cette démarche est d’autant plus scandaleuse qu’environ 50% des habitants du Luxembourg n’ont pas le droit de vote parce qu’ils n’ont pas la nationalité.  Or le lien de ces habitants dépasse amplement le folklore et la généalogie. Il est forgé au quotidien. Ces personnes auxquelles nous refusons le droit de vote habitent ici, travaillent ici, s’engagent ici, comme nous tous. Elles sont concernées au premier chef par les décisions politiques prises au Luxembourg et pour cette raison elles doivent pouvoir codécider.

déi Lénk espère que l’échec cuisant de la mobilisation d’électeurs au Brésil et aux Etats-Unis aura fait comprendre que la démocratie n’est pas un jeu.

Les partis et les politiciens qui ont essayé ces derniers mois de grappiller des voix outre-Atlantique ne semblent en tout cas pas l’avoir compris. Ils pensaient pouvoir s’approvisionner tranquillement dans un réservoir électoral inexistant sans devoir répondre aux problèmes qu’ont les gens au Luxembourg.

Dëse Staatsrot gehéiert ofgeschaaft!

Recherche vu reporter.lu confirméieren eis, dass de Staatsrot eng ontransparent an ondemokratesch Institutioun am Staat ass. D’Interessekonflikter vu ville vu senge Memberen an d’Vetternwirtschaft déi dorausser entsteet sinn net méi tragbar a schueden der demokratescher a pluralistescher politescher Kultur an eisem Land. déi Lénk wëllen de Staatsrot a senger aktueller Form ofschafen an en duerch e gesellschaftlech representatiivt Berodungsgremium fir d’Chamber ersetzen.

Viru manner wéi engem Joer huet den Avis vum Staatsrot iwwer de Gesetzesprojet iwwer de Baulandvertrag kloer gewisen, wéi dem Staatsrot seng Avis’en zustane kommen. Bei dësem Projet wier d’Allmuecht vun de grousse Grondbesëtzer nämlech ageschränkt ginn wat eng wichteg Viraussetzung fir de Kampf géint d’Wunnengsnout ass an de Gemenge méi Poids an der urbanistescher Planung ginn hätt.

De Staatsrot huet dëse Projet a sengem Avis zerrappt a sou de status quo a Saache Bauterrain ënnermauert. En huet domat d’Partikularintresse vun de grousse Promoteuren a Spekulante verdeedegt, déi mir opgrond vun de rezenten Etüde vum Observatoire de l’Habitat jo zum Deel kennen.

Di nei Recherche vu reporter.lu veranschaulechen eis elo ganz gutt wéi eng Prozesser am Hannergrond wierken a wéi mächteg ekonomesch Interessen d’Fiedem zéie kënnen. Déi direkt wirtschaftlech Ofhängegkeet vum Lucien Lux géigeniwwer vum Flavio Becca, erméiglecht et dësem seng wirtschaftlech Interesse mat Hëllef vum Lucien Lux iwwer de Staatsrot duerchzesetzen.

Dëst ass e flagrant Beispill vu Vetternwirtschaft, mee et ass sécherlech just eent vu villen.

déi Lénk hunn net fir näischt am Januar 2023 eng Resolutioun[1] an der Chamber abruecht, déi e gesetzleche Kader verlaangt fir d’Membere vum Staatsrot z’obligéieren eng déclaration d’intérêts ze maachen. Dës Resolutioun gouf an d’Presidentekonferenz verwisen, wou se lo an engem Tirang verstëbst. Kee Wonner, wëll CSV, DP, LSAP, déi Gréng an den ADR hu keen Interesse u souenger Reform, wëll se selwer Memberen an de Staatsrot schécken.

déi Lénk wëllen en anere Staatsrot. E soll e berodend Gremium fir d’Chamber sinn a seng Membere sollen och eleng vun der Chamber nominéiert ginn. Déi gesellschaftlech Representativitéit vun dësem Gremium soll gestäerkt ginn andeem zivilgesellschaftlech Institutiounen an Organisatiounen der Chamber d’Membere virschloen. Esou eng Zesummesetzung vum Staatsrot kéint de schiedlechen Afloss vu mächtege Partikularintressen op de Gesetzgebungsprozess an Zukunft ofschwächen.


[1] https://www.chd.lu/fr/motion_resolution/4060

Il faut abolir ce Conseil d’Etat !

Une enquête de reporter.lu nous confirme que le Conseil d’Etat est bel et bien une institution opaque et anti-démocratique au sein de l’Etat. Les conflits d’intérêts de beaucoup de ses membres et le népotisme qui en découle ne peuvent plus durer, car ils mettent en péril le pluralisme politique et la culture démocratique dans notre pays. déi Lénk veut abolir le Conseil d’Etat dans sa forme actuelle en le remplaçant par une instance représentative de la société civile qui porte conseil à la Chambre.

Il y a à peine un an, l’avis du conseil d’Etat sur le projet de loi « Baulandvertrag » a donné un aperçu clair de la manière dont le Conseil d’Etat élabore ses avis. De fait, ce projet de loi aurait considérablement contraint le plein pouvoir des propriétaires de multiples terrains, ce qui est une condition requise pour lutter efficacement contre la crise du logement et accorder d’avantage de poids aux communes pour réaliser leurs planifications urbaines.

Le Conseil d’Etat a littéralement déchiré ce projet de loi dans son avis, entérinant ainsi le statu quo en matière de terrains constructibles. Par ce geste, le Conseil d’Etat a défendu les intérêts particuliers de gros promoteurs et spéculateurs de l’immobilier  qu’avait déjà révélés au grand jour l’Observatoire de l’Habitat.

Les nouvelles révélations de reporter.lu exposent à merveille les processus à l’œuvre dans les coulisses du Conseil d’Etat et mettent le doigt sur le pouvoir influent des intérêts économiques qui y tirent les fils. La dépendance financière directe de Lucien Lux par rapport à Flavio Becca permet à ce dernier de faire peser ses intérêts au Conseil d’Etat à travers Lucien Lux.

C’est un exemple flagrant de népotisme, mais ce n’est sûrement qu’un exemple parmi d’autres.

Ce n’est pas pour rien que déi Lénk a déposé une résolution[1] à la Chambre des Députés en janvier 2023 exigeant la mise en place d’un cadre légal pour obliger les membres du Conseil d’Etat de faire une déclaration d’intérêts. Cette résolution a été transférée à la conférence des présidents. Dès lors, elle prend la poussière dans un tiroir.

Et pour cause, car le CSV, le DP, le LSAP, déi Gréng et l’ADR envoient des membres de leurs partis au Conseil d’Etat et n’ont donc aucun intérêt à le réformer.

déi Lénk veut transformer le Conseil d’Etat pour en faire une instance au service de la Chambre et dont les membres sont nommés exclusivement par la Chambre. La représentativité de la société civile au sein de cette instance pourra être renforcée par l’implication des institutions et organisations civiles dans la suggestion de membres potentiels. Une telle constitution du Conseil d’Etat serait en mesure de contrecarrer l’influence nocive d’intérêts particuliers puissants sur le processus de législation.


[1] https://www.chd.lu/fr/motion_resolution/4060

De Staat soll Manuel Cardoso Constructions iwwerhuelen.

D’Bauentreprise Manuel Cardoso ass faillite. Anstatt dass des Entreprise elo tel quel verschwënnt a mat hir deels och Aarbechter an d’Aarbechterinnen, déi e wichtegt Kënne fir d’Zukunft hunn, soll de Staat des Entreprise opkafen an doraus déi éischt ëffentlech Wunnengsbaufirma maachen.

D’Entreprise Manuel Cardoso ass eng Entreprise de construction générale a vereent also all d’corps de métier déi gebraucht gi fir Wunnenge vun A bis Z ze bauen, vum gros oeuvre iwwer d’Elektresch bis hin zu de Plättercher an der Menuiserie. Och wann an de leschte Méint vill Aarbechter*innen d’Entreprise verlooss hunn, sou bleiwen awer ëmmer nach iwwer 100 Salariéen an der Entreprise, déi dréngend gebraucht gi fir ze bauen. Doriwwer eraus huet d’Entreprise Maschinnen a Geschier, dat alles prett do steet a kéint agesat ginn.

déi Lénk hu scho viru längerer Zäit d’Schafung vun enger ëffentlecher Baufirma an d’Spill bruecht. Esou eng Firma muss net aus dem Stee geschloe ginn, mee se kann och iwwer den Opkaf vun enger bestoender Entreprise realiséiert ginn. Elo ass d’Chance do.

Déi rezent Etüd vun der Konkurrenzautoritéit huet opgeluecht, dass am Bausecteur Dumpingléin bezuelt ginn an dowéinst och Personal feelt. Si leet no, dass dat och gezielt esou passéiert, wëll guer keen Interessi do wier, fir méi ze bauen, wëll soss d’Präisser kéinte falen. Mir hunn et also mat enger Form vu Kartell ze dinn.

Eng ëffentlech Baufirma kéint dësem verantwortungslose Geschäftsmodell en Enn setzen, andeem se de Bauaarbechter*innen an Handwierker*innen besser Léin an Aarbechtsbedéngunge géif bidden an domat eng Hiewelwierkung op de ganze Secteur hätt. Wann e private Betrib gutt Leit wëll kréien, da muss e matzéien oder en hat Pech. De Bausecteur géif esou insgesamt méi attraktiv ginn. Dat ass batter néideg fir mam Bau vu gënschtege Wunnengen an der energeetescher Renovatioun virunzekommen.

Eng ëffentlech Baufirma misst sech an den Ae vun déi Lénk exklusiv op de Bau vun de Projet’en vun ëffentleche Promoteure fokusséieren. Ëffentlech Promoteure sinn ofhängeg vu privaten Entreprisen, déi oft un ee vun de grousse Promoteuren ugegliddert sinn an déi natierlech prioritär mol hir eege Projet’en virzéien, op deenen d’Margen och méi héich sinn. Wéi héich déi Marge sinn, wësse mir jo och säit der Etüd vun der Konkurrenzautoritéit.

Déi rezent Zuelen déi de Logementsminister eis iwwer de Fonds Spécial ginn huet, weisen eis ganz däitlech, dass den Output vun ëffentleche Wunnengen an de leschten 3 Joer net geklommen ass, mee éischter réckleefeg ass. De Logementsminister versprécht an annoncéiert zwar vill, mee vill Konkretes koum bis elo nach net eraus.

déi Lénk mengen, dass et un der Zäit ass fir mat anere Rezepter ze schaffen. Déi al wierken net méi. Eng ëffentlech Baufirma ass een sou e Rezept.


L’État doit reprendre Manuel Cardoso Constructions.

L’entreprise de construction Manuel Cardoso vient de faire faillite. Au lieu de laisser disparaître cette entreprise et de perdre le savoir-faire important de ses salarié.e.s, l’État doit la racheter et en faire la première entreprise de construction de logements publique.

L’entreprise Manuel Cardoso est une entreprise de construction générale réunissant tous les corps de métiers qui interviennent dans la construction de logements. Du gros œuvre à la menuiserie en passant par le carrelage tous les savoir-faire y sont présents. Bien que de nombreux de salarié.e.s aient quitté l’entreprise ces derniers mois, il en reste toujours une centaine dont nous avons besoin pour continuer à construire. S’y ajoute que l’entreprise dispose de machines et d’outils divers dont on pourrait se servir immédiatement.

Il y a des mois déi Lénk a fait entrer au débat public l’idée d’une entreprise de construction publique. Une telle entreprise ne doit pas être créée à partir de rien, mais elle peut se faire en rachetant une entreprise existante. L’occasion se présente avec la faillite de Manuel Cardoso.

La récente étude de l’autorité de concurrence a montré que le secteur de la construction paie ses salarié.e.s au lance-pierre et la pénurie de personnel s’explique par ces salaires de misère. L’autorité pense que les entreprises pratiquent ces salaires indécents pour freiner le rythme de construction afin d’éviter une éventuelle baisse des prix des logements. Il s’agit donc d’une forme de cartel. 

Une entreprise de construction publique peut mettre un terme à ce modèle d’affaires douteux et irresponsable en proposant de meilleurs salaires et de meilleures conditions de travail aux salarié.e.s. Ce qui aurait un effet levier sur tout le secteur. Si une entreprise privée veut attirer du personnel compétent, elle va devoir payer. Ainsi, le secteur gagnerait en attractivité. Et c’est indispensable pour avancer avec la construction de logements abordables et la rénovation énergétique.

D’après nous, une entreprise de construction publique doit exclusivement se concentrer sur la construction des projets des promoteurs publics. Car ces promoteurs publics dépendent d’entreprise privée qui appartiennent en partie aux grands promoteurs privés du pays. Et ces derniers donnent la priorité à leurs propres projets qui présentent des marges plus juteuses. Et depuis l’enquête de l’autorité de la concurrence, nous connaissons les hauteurs indécentes qu’atteignent ces marges.

Les derniers chiffres fournis par le ministre du Logement concernant le Fonds spécial logement indiquent clairement que la construction de logements publics a connu un ralentissement ces trois dernières années. Malgré les annonces et les promesses du ministre, on ne voit pas les choses avancer.

déi Lénk estime qu’il est grand temps de changer de recettes, car les vieilles ne fonctionnent plus. Une entreprise publique serait une de ces nouvelles recettes.

D’Evaluatioun vum Revis kuerz niewelaanscht.

Haut de Moie gouf an der zoustänneger Chamberskommissioun de Bilan vum Revisgesetz virgestallt. Dat mat zwee Joer Verspéidung a ganz um Enn vun der Legislatur. Warscheinlech fir sécher ze goen, dass och nëmme keng Debatt stattfënnt. Net nëmmen ass et elo ze spéit fir dass eng richteg Debatt entsteet, well haut déi lescht Chambersëtzung virun de Walen ass, mee en plus ass déi fiederféierend Ministesch mëttlerweil net méi an der Regierung. D’Deputéierte kruten och nach wieder keng Dokumenter ausgedeelt an de moien ass sech och net wierklech Zäit geholl ginn fir ze diskutéieren.

Dës Aart a Weiss vun der Regierung ass alt erëm ee Beispill vun der Veruechtung déi se fir d’Chamber huet. Mee hei geet et net eleng ëm d’Chamber, mee och ëm déi Leit déi de Revis bezéien an um soziale Mépris vun deem Gesetz leiden. déi Lénk hunn ëmmer rëm eng Evaluatioun vun dësem wichtege Gesetz gefuerdert. Dass d’Regierung dat elo esou duerch d’Commissioun peitscht, just eet se an d’Vakanz geet, ass symptomatesch fir d’Demokratieverständnis vun der Regierung.

déi Lénk bleift och dobäi dass de Revis muss fundamental reforméiert ginn. An zwar esou dass d‘Revisempfänger Perspektive gebuede kréien. Mir gesinn haut dass dat Gesetz vun der DP-Ministesch Corinne Cahen d’Leit an der Aarmut hält an se op eng eekleg Aart a Weiss bevormundet.


L’Évaluation du Revis en passant.

Ce matin, le bilan de la loi Revis (revenu d’inclusion sociale) a été présenté aux député.e.s de la commission parlementaire compétente. Avec deux ans de retard et pile à la fin de la période de législature. Sans doute pour s’assurer qu’il n’y aura pas de débat sur ce sujet important. Il est non seulement trop tard pour mener un débat de fond puisque aujourd’hui se tiendra la dernière séance publique avant les élections, mais la ministre responsable du texte de loi a entretemps quitté le gouvernement. S’y ajoute que les député.e.s n’ont pas eu le moindre document et que ils et elles ont à peine eu le temps de poser des questions.

Cette façon de procéder est un énième exemple du mépris du gouvernement envers la Chambre des député.e.s. Or, il ne s’agit pas que de la Chambre ici, mais aussi des bénéficiaires du Revis qui sont les premières victimes du mépris social de cette loi. déi lénk ont toujours revendiqué une analyse approfondie des conséquences de ce texte. Le fait que le gouvernement le fait passer à toute vitesse avant les vacances d’été est symptomatique de l’idée de démocratie du gouvernement.

déi Lénk continue de soutenir que le Revis a besoin d’une réforme fondamentale dans le but de proposer de véritables perspectives à ses bénéficiaires. Nous constatons aujourd’hui que la loi de l’ancienne ministre DP Corinne Cahen maintient les gens dans la pauvreté tout en les plaçant sous tutelle d’une manière tout à fait insidieuse.

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe