Dans le cadre de sa dernière restructuration à l’échelle européenne, ArcelorMittal met à l’étude des transferts de postes vers l’Inde et la Pologne. Des emplois au Luxembourg sont également concernés par cette étude.
L’État Luxembourgeois, qui est représenté au sein du Conseil d’administration du sidérurgiste, a toujours massivement investi dans le groupe. Depuis 2016, Arcelor Mittal a bénéficié de plus de 24 millions d’euros d’aides publiques. Celles-ci étaient censées financer entre autres choses la décarbonation de la production. L’État a toujours soutenu l’activité d’ArcelorMittal au pays et il a même participé à une joint-venture pour le financement du nouveau siège d’Arcelor au Kirchberg pour lequel l’État débourse la moitié, soit 273,5 millions d’euros.
Les chiffres du groupe sont sains : au troisième trimestre 2025, ArcelorMittal a enregistré un chiffre d’affaires de 15,7 milliards de dollars. Avec cette nouvelle tentative de restructuration massive, la relation de confiance est ébranlée. De telles annonces ont déjà eu lieu par le passé et se sont toujours soldées par des licenciements partiellement financés par l’État par le biais de la préretraite. Ainsi, de 2007 à 2019 l’État a payé 300 millions d’euros pour la pré-retraite.
Face à cette situation critique, la sensibilité politique déi Lénk demande une réunion d’urgence des commissions parlementaires compétentes en la matière, en présence des ministres concernés. Il est indispensable de tenir informé les députés de l’évolution d’un dossier de cette ampleur.
Eng Well vun Entloossungen deit sech un.
Am Kader vu senger leschter Restrukturéierung op europäeschem Plang ënnersicht ArcelorMittal d’Verlagerung vu Posten an Indien a Polen. Och Aarbechtsplazen zu Lëtzebuerg si vun dëser Etüd betraff.
De lëtzebuergesche Staat, deen am Verwaltungsrot vum Stolkonzern vertrueden ass, huet zanter jee massiv an de Grupp investéiert. Zënter 2016 huet ArcelorMittal méi wéi 24 Milliounen Euro un ëffentlechen Hëllefen kritt. Dës sollte ënner anerem d’Dekarboniséierung vun der Produktioun finanzéieren. De Staat huet d’Aktivitéite vun ArcelorMittal am Land ëmmer ënnerstëtzt an huet sech souguer un enger Joint-Venture fir d’Finanzéierung vum neie Sëtz vun Arcelor um Kierchbierg bedeelegt, woubäi de Staat d’Hallschent iwwerhëlt, also 273,5 Milliounen Euro.
D’Zuele vum Grupp si gesond: am drëtten Trimester 2025 huet ArcelorMittal en Ëmsaz vu 15,7 Milliarde Dollar erwirtschaft. Mat dësem neie Versuch vun enger massiver Restrukturéierung gëtt d’Vertrauensverhältnis awer erschüttert. Esou Ukënnegunge gouf et schonn an der Vergaangenheet, an si hunn ëmmer nees zu Entloossunge gefouert, déi zum Deel vum Staat iwwer d’Pré-retraite solidarité matfinanzéiert goufen. Sou huet de Staat tëscht 2007 an 2019 ronn 300 Milliounen Euro fir d’Pré-retraite ausginn.
Wéinst dëser kritescher Situatioun fuerdert déi politesch Sensibilitéit déi Lénk eng Drénglechkeetsreunioun vun de zoustännege parlamentaresche Kommissiounen, a Presenz vun de betraffene Ministeren. Et ass onbedéngt noutwenneg, d’Deputéiert iwwer d’Entwécklung vun engem Dossier vun dëser Gréisst um Lafenden ze halen.